LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Mandolinneklub bis mannst (Bd. 3, Sp. 86a bis 87b)
 
Mandolinneklub M.: «Mandolinenvereinigung».
 
Maneesch (lok: Manéisch) M.: 1) «Göpelwerk» (Kreis, wo die Pferde gehen) — du géings nawell gutt an de (am) M.; 2) auch F.: «Reitbahn» (Reitschule, Zirkus).
 
Manéier (Ton: 2) F.: 1) «Art u. Weise» — op déi M. — da's keng gutt (nët déi richteg) M. fir déi Saach unzepaken — da's sou séng M. — op déi M. gët en et och alt gewuer — dat as eng gutt (gelënd) M. fir em (ihm) (engem) eppes bäizebréngen — op eng (betont) M. (in gewisser Hinsicht) wor dat nët esou schlecht — et gët nëmmen eng (betont) M. fir him et ze soen — hien huet him et op séng (betont) M. ze verstoe gin — dat as eng gelunge (s. d.) M. fir mat de Leit ëmzegoen — wat eng M.!; 2) «Umgangsform» (häufig Plur.) — dat as keng M. (so benimmt man sich nicht) — wou hues du déng Manéiere geléiert (hier)? — wat Manéieren! — wat hues du Manéieren — en huet keng Manéieren — Vergleiche: Manéieren ewéi e Stall-, Päerdskniecht, wéi eng Virkäfesch, wéi e Schwäin — en huet souvill Manéieren ewéi hanne mäin Aasch — Zussetz.: Bauere-, Häre,- Säckdréiesch-, Statermanéieren.
 
Manéierebuch (lok.: Esch/Alzette) N.: «Anstandsbuch, Handbuch der Höflichkeit» — wou huet die säi M. gelooss?
 
manéierlech Adj./Adv.: «höflich, wohlerzogen, bescheiden, artig» — wann een em dat esou fäi (fäin a) m. bäibréngt — léier m. iessen — spaßh.: en huet esou ganz m. séng véier Stécker Ham erageschloën.
 
Manéierlechkät, -keet F.: «Anstand».
 
Manéiwer, Manëwer, Manöver I M.: 1) «Manöver» — d'Zaldote sin am M.; 2) «Kniff, Machenschaft» — dee M. do kenne mer — da's (alles nëmme) blanne M. (Spiegelfechterei).
 
Manöver II M.: a. «Handlanger» (für alle Arbeiten); b. (Bergbau) «Schlepper» — s. Handlaanger, Appertsmann.
 
manëwréieren, manövréieren intr. Verb.: «manövrieren» — d'Lokomotiv as am Gaang ze m. — übtr.: en huet manövréiert, bis en se hannereneen hat — (er hetzte so geschickt, bis sie rauften) — se hu manövréiert, bis se hien agestach haten (sie gingen so geschickt, hinterlistig zu Werke, bis sie die Erbschaft erschlichen hatten).
 
Manescht ON.: «Manderscheid» — s. Schlënnermanescht, Nuechtmanescht.
 
Mang F. — s. Maang.
 
mang, mank Adj.: «fehlend, selten» — cf. maangen.
 
Mangan (Ton: 2) M.: «Mangan» (Erz).
 
Mange-tout, Mañschtu (Pl. Maschtuën) F.: «Art Zuckererbse».
 
Mangna-bonen (lok.: Mariboniën) Pl. F.: «Magnum bonum» (Kartoffelsorte).
 
Mangold M.: «Mangold» (Form der Runkelrübe mit fleischigen Blattstielen und Blättern; dient als Gemüse).
 
Maniaque (wie frz.) M.: «grillenhafter, närrischer Mensch».
 
maniaque, maniak (Ton: 3) Adj.: «grillenhaft» — e maniacke Geck — sief nët esou m.
 
Manie (wie frz.) F.: «Neigung zu unbewußten Wiederholungen in der Sprechweise, der Gebärde» — en huet sou eng M., fir bei all zweet Wuert 'nët' odder 'nëdir' ze soën — 't as eng M. bei him, sech ëmmer mat der Nues ze huelen, wann en eppes virbréngt.
 
Manifest M. — wie hd.
 
manifest Adj./Adv.: «offenbar, klar» — du bas nun awer e manifesten Iesel — dat as dach m.
 
Manifestatioun F.: «öffentliche Kundgebung».
 
manifestéieren intr. Verb.: «manifestieren» — den éischte Mä gin se all zesumme m. (nehmen alle an der öffentlichen Manifestation teil) — waars de mat m.?
 
Manik (meist Ton: 2) F.: 1) «Sperrvorrichtung, Bremse» — s. Miggenick, und Mekanik; 2) «Maschine» — cf. Jhermanik; 3) «Kniff» (übtr. Ga) — e kennt d'Manicken (versteht das Getue) — Zussetz: Händschemanik (s. d.).
 
man(n)ikeg, mannikeleg Adj./Adv.: «anstellig, geschickt».
 
Manicure (wie frz., doch Ton: 1) F.: 1) «Handpflege» — ech gin an d'M. (zur Handpflege); 2) «Handpflegerin» — ech wor bei d'M. — se huet fir M. geléiert.
 
Manikuss, Mänikuss(i) M.: «Kind, kleines Männchen».
 
Manila-stréi (Ton: 2) N.: «Manilahanf» (Bastfasern der auf den Philippinen [Bd. 3, S. 87] heimischen Faserbanane) — dazu: Manilashutt M.
 
manipuléieren trans./intr. Verb.: 1) «handhaben» — en huet dru manipuléiert, bis en de Motor futti hat — übtr.: 't muss een deen e bëss-che m. (ihn ein wenig bearbeiten); 2) «verdächtig handeln» — se m. sou dorëmmer, 't gefällt mer nët.
 
Manipulatioun F.: «Kniff» (z. B. in Geschäft und Politik) — dat sin esou Manipulatiounen, maach datt et alt riicht räisst.
 
Manitu M.: «Hauptvorsteher, Direktor» (spaßh.) — iron.: hien as de (grousse) M. hei am Haus.
 
Manivelle (wie frz.) F.: «Handkurbel».
 
Mank M.: 1) «Fehler» — wéi ech et ewech gin hun, du wor kee M. drun, lo as et futti; 2) «Mangel» — mer haten emol kee M. u Botter am Krich — mir sin ze M. komm (der Vorrat ging uns aus) — cf. Manktem.
 
mankéieren, mangéieren trans./intr. Verb.: 1) «verfehlen, nicht treffen, nicht erreichen» — ech hun den Hues mankéiert — Kegelsp.: de rechte Bauer hun ech nach käs mankéiert (noch niemals gefehlt) — dat kann ech nët m. (nicht verfehlen) — een nët m. (jem. schlagen — Wb. 06); 2) «unterlassen» — ech wäerd nët m., déi aner Kéier bis bei dech eranzekommen (nicht unterlassen dich zu besuchen, bei dir vorzusprechen); 3) «mißglücken» — dat kann nët m.; 4) (lok.) «zögern» (negativ gebr.) — en huet nit mankéiert (nicht gezögert); 5) «versagen» — de Motor huet mankéiert — bei där Maschin do mankéiert näischt — déi Dir hei mankéiert nët, fäert nët dofir (lockert sich nicht).
 
manken intr. Verb.: 1) «fehlen» — da gitt dir lo m. (werdet ihr uns jetzt fehlen, abwesend sein) — en huet nach ni bei Dësch gemankt (er hat nie bei Tisch gefehlt u. immer tüchtig gegessen) — nët gemankt, dir Hären! (langen Sie tüchtig zu!) — 't gët nët gemankt (wir werden tun, was wir zu tun haben); 2) «mangeln» — 't mankt hinnen u Villes (es mangelt ihnen an Vielem) — d'Brout fänkt un ze m. — 't as nët d'Geld dat (wat) mankt ('t as nët um Geld wou et mankt — es mangelt nicht an Geld); 3) «hinken» — mam lénkse Fouss m. (auf dem linken Fuß hinken) — cf. dazu: lamen II, limmen; 4) «nachlassen» — de Grousspapp fänkt un ze m. (am Iessen) — d'Béischte fänken un ze m. (fressen nicht mehr so viel) — d'Feier mankt, lee eppes no — cf. sub 1); 5) «mißglücken, versagen» — s. mankéieren sub 3).
 
Manko M.: «Fehlbetrag».
 
Manktem M.: «Mangel, Entbehrung» — sief du roueg, du hues nach kä M. gehat (gelidden) — mir hun nëmme M. u Suën (spaßh.: es fehlt uns nur am Geld) — hei bei äis as kä M. u Waasser.
 
mann Adj./Adv.: 1) «gering, geringfügig, wenig» — Steigerung: manner, am mannsten, dat mannst — sou m. wéi méiglech (so wenig wie möglich) — schwätz sou m. wéi méiglech — ech hun näischt zevill an näischt ze m. (genau was ich benötige) — mer sträichen sou m. Mëllech (so wenig Milch) — ech hu fënnef Frang ze m. (es fehlen mir fünf Franken) — hien huet ze m. an der Kääss (zu wenig in der Kasse) — 't as mer ze m. (zu gering, unter meiner Würde) manner: 't sin zéng Sou m. wéi honnert Frang (weniger als) — ä Frang de manner (ein Franken weniger — lok. für: ä Frang m.) — eppes méi odder m. (mehr oder weniger) — dat do as m. wéi näischt — ech sin nët m. wéi s du (dir ebenbürtig) — dat Framënsch as nun awer m. wéi näischt (Gutts — taugt nichts) — d'Kou gët all Dag m. Mëllech (immer weniger) — m. konnt ech nët man — mannst: dat as méng mannste Suerg (geringste Sorge) — d'Geld as méng mannste Suerg, dat m. wat mer hun (iron.) — dat as dat m. wat ech fir dech konnt man (Freundschafts-, Höflichkeitsbeweis) — du bas nun ower de mannsten an der Klass (der geringste) — dat Framënsch as dat m. wat ech kennen a wat et gët — op d'm. muss du dee Präis kréien (wenigstens) — dat as sénger mannster eng (solche Streiche sind bei ihm nichts Ungewöhnliches) — mengs de dat géing? — Antwort: O Mamm, dat as dach dat m. — de Kniecht as awer dat m. vum mannsten — du kënns (awer) op d'm. merci soën (könntest dich wenigstens bedanken) — wann ech nach dat m. vun der héieren, fléis (fliegst) de vrun d'Dir; 2) «schwach, schwächlich» — sou mann hätt ech nët gemengt, datt s de wiirs (auch übtr.: erbärmlich).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut