LWB Luxemburger Wörterbuch
 
matschëlleg bis Matrass, Mätrass, Matras, Matela(ss), Mätlass, Mëtterass (Bd. 3, Sp. 102b bis 103b)
 
-schëlleg Adj.: «mitschuldig» — du hues jo matënnerschriwwen, da bas de och m.; -schläfen, -schlefen trans. Verb.: «mitschleppen» — et as ëmmer u mir fir d'Kanner matzeschläfen — ech muss dech iwerall m., géi emol eleng eraus — looss dech nët iwerall sou m.; -schwätzen intr./trans. Verb.: «mitsprechen» — hei kanns du nët m., du bas nach ze kleng a verstees näischt dervun — do hun ech awer och nach e Wuert matzeschwätzen (ein Wort mitzureden) — übtr.: an där Affär hun nach allerhand Saache matgeschwat (haben noch andere Erwägungen mitgesprochen) — wann een (betont) hei matzeschwätzen huet, da sin ech et, an nët du!; -sins. sub mat; -spillen intr. Verb.: «mitspielen, mitwirken» — looss d'Kand m. — de Jhang huet am Theater matgespillt — übtr.: an da spillen séng miserabel Manéieren och nach mat (seine sehr schlechten Manieren) — do spillt nach villes mat, wat mir nët wëssen; 2) «hart, übel mitspielen» — et as em al (schro) matgespillt gin; -stëmmen intr. Verb.: «sich an der Wahl, Abstimmung beteiligen» — déi aner Kéier kann ech och m. — ech hun nët matgestëmmt (habe mich an der Wahl, Abstimmung nicht beteiligt); -streiden intr. Verb.: «mitstreiten» — en huet och matgestridden, obschongs en näischt do ze din hat — spaßh. zu jem., der in eine Gesellschaft kommt: kënns de m.?; -wiirken intr. Verb.: «mitwirken» (Neol.) — dazu: -wiirkung F.; [Bd. 3, S. 103] -zéien intr. Verb.: «mitziehen, begleiten» — en as matgezunn, wéi wann en zu äis géif gehéieren; -zielen trans./intr. Verb.: 1) «mitzählen» — déi aus dem Haus (s. d. sub 4) sin all matzezielen — du bas aus dem Haus, du ziels nët mat (wirst nicht mitgezählt); 2) «mitzählen, seine Bedeutung haben» — bei dene Froen ziels de nët mat, du kenns jo näischt dervun — dat klengt Geräbbel zielt och mat (die kleinen Geldmünzen zählen ebenfalls) — Abl.: Matgeziels N.: «Nebenkosten» — mat all deem M. kommen ech op dausend Frang; 3) «gleichzeitig zählen» — ech hu matgezielt, et stëmmt.
 
Matador M.: «angriffslustiger Wortführer».
 
mateg (Echt.: mat(t)ig) Adj.: 1) «kraftlos, schlapp» — séng m. Glidder — cf. matt; 2) übtr.: «welk, saftlos» — Echt.: d'Rommele säin su m. voan der laanger Drécht (nach der langen Trockenheit und Hitze).
 
Matelote (wie frz.) F.: «Art Fischragout».
 
Maténg (Ton: 2, lok.: Rümelingen) F. und M.: «Nichtsnutz» — hien as e M. — dazu: maténg in Ausrufen: kërmaténg (s. d. sub: kër) — cf. zackërment — frz.: mâtin.
 
Mater I M.: «Meister, Werkzeugführer» (Wb.06).
 
Mater II F.: «Matritze» — s. Matritz.
 
Materi(ën), Matiri, Matiréi, Matjär (Nösl.: Mateerjen — alle Ton: 2) M.: «Eiter» — s. Äter.
 
Material, Matrial N.: «Material» (Roh-, Werkstoff) — an där Wuer as gutt M. — s. Matière sub 1)a.
 
Materialist M. — wie hd.
 
Materiel (wie frz.) M.: 1) «Warenabteilung, Warenlager» (in größeren Betrieben, Verwaltungen) — e schafft am M.; 2) (lok.) «Material» — s. Material.
 
materiell Adj.: «materiell» — m. as fir e gesuergt — wéi as séng m. Situatioun? — 't wor mer m. onméiglech fir ze kommen (geradezu unmöglich).
 
Maternité (wie frz., Ton: 2), Maternitéit (Ton: 4) F.: «Entbindungsanstalt».
 
Maternus männlicher Vorname: «Maternus» — erscheint als: Terren, Ter(r)ens, Ternes (s. d.).
 
Mates männlicher Vorname: «Matthias, Matthäus» — erscheint als: Maats, Maatchen, Matz, Matjas, Matei, Mattéi, Matteis, Mattes, Matti(s), Mattchen, Mattjen, Mattäi — s. Mätt, Teis, Matteis — Kinderreim: M., koach Kapes / koach sauer, koach séiss / koach deiner Mamm e poar Héinerféiss (C) — häufiger Hausname: Mates, Matëssen — Ra.: lo as et wéi op Matëssen hirer Hochzäit, do haten se näischt Rescht.
 
Mates- -brout, Matzbrout N. — s. Mateskuch; -kéis M.: «Quark» — cf.: Stoffi, wäisse Kéis, Fittchen; -klak M.: «Dummkopf» — lo stin ech do wéi M. — Kinderreime: M. / Flou am Sak / Lais um Réck / fauschtendéck — M. / schäiss an d'Tak / hief et op / 't gët eng gutt Botterzopp (MKr. Nr. 188/9).
 
Mates-, Maats-, Matzkuch M.: «ungesäuertes Passahbrot der Juden» — (Handelsjuden brachten den Kindern früher auf Verlangen M., dünne, weiße, geschmacklose Scheiben, mit; M. ist heute um Ostern beim Bäcker zu kaufen) — cf. -brout.
 
mathematesch Adj.: «mathematisch» — dat as m. richteg, mä sou gesäit et anescht aus (mag in der Theorie richtig sein).
 
Mathematik (Ton: 3) F. — wie hd. — iron. (Echt.): duerfir muss ee schuns héier M. kenen a geléiert hoan (wenn jem. eine gehörige Dummheit begeht) — dat as héier (héich) M. fir mech (das ist mir zu gelehrt).
 
Matière (wie frz., Ton: 1) F.: 1) a. «Stoff, Rohstoff» — aus wat fir (enger) M. as dat Stéck gemaacht? — dazu: M. première (wie frz., gewöhnlich beide Wörter Ton: 1) F.; b. Druckerspr.: «Buchstabenmetall» (Zusammensetzung von Zinn, Antimon usw.); 2) a. «Lehrstoff» — d'M. fir mar as zimlech schwéier; b. Druckerspr.: «Lesestoff» — et as zevill M. do fir an dës Nummer vun der Zeidong; 3) «Eiter» — s. Materi(ën).
 
Matill (Ton: 1) weiblicher Vorname: «Mathilde» — erscheint als: Tilli, Tillchen, Matilli.
 
Matinée (wie frz., Ton: 1) F.: 1) «Vorstellung (Kino, Theater, Konzert) am Nachmittag»; 2) «Morgenrock» (Damenkleidung).
 
MatjärM. (und F.) — s. Materi(ën), Matière sub 3).
 
Matrass, Mätrass, Matras, Matela(ss), Mätlass, Mëtterass (Ton: 1) F.: 1) «Matratze» — eng krénge M. — eng wolle M. — Zussetz.: Fiedermatrass (Sprungfedermatratze); 2) lok. (pej.): [Bd. 3, S. 104] «Dirne» — in der Zussetz.: Offizéieschm.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut