| mauen (selten) intr. Verb.: «durch Mundziehen seine Mißbilligung bekunden» — wat hues de dann näs ze m.?
Mauer (Pl. Maueren. Dim. Maierchen — phV. cf. Ltb. 74 — LSA Karte 131) F.: «Mauer, Wand» — eng dréche M. (ohne Mörtel) — eng hallefscheedlich (s. d.) M. — eng dënn M. — eng banne (innen) M. — eng bausse, baussenzeg, bäissescht M. (Außenmauer) — fréier sin d'Mauere mat Läm gebaut gin, dofir waren se sou déck — et stin nëmme méi e puer Maueren do vum Schlass (Ruinen) — 't as eng héich M. ëm den Haff — eng M. bewerfen (s. d.) — d'M. ausfouen (s. d.) — mir hun d'M. ëm de Gaart gefléckt (ausgeflickt) — mir hun nach Drot iwwer (op) d'M. gemaacht (Drahtgeflecht über der Gartenmauer angebracht) — reif dech nët laanscht d'M., d'Wäiss (Tünche) geet of — d'Zaldote, d'Gefaange, d'Stodente sin iwwer d'M. gaangen (die Soldaten, Häftlinge, Studenten sind heimlich aus der Kaserne, dem Gefängnis, dem Internat ausgebrochen) — deem as keng M. ze héich (er ist waghalsig, unternehmungslustig, übermütig) — d'Zaldote stoungen do ewéi eng M. bei der Parad (stocksteif) — d'Kou steet ewéi eng M. (beim Decken durch den Stier) — dazu (obsz.): hatt hält stall wéi eng M. — Sportsspr.: eng M. maachen (durch Aufstellen der Spieler das Fußballtor schützen) — Raa.: en as esou knaschteg, wann een e widder eng M. géing klaken, e bléif drun hänken — fir eng Drëpp géing en eng M. ausgoen (das Unmögliche tun) — 't as fir eng M. auszelafen, fir mam Kapp widder eng M. ze lafen (Ausruf der Verzweiflung, des Unwillens) — da renn mam Kapp durech d'M., mä pass op, d'M. as méi haart wéi däi Kapp (zu einem Eigensinnigen, Starrköpfigen) — ech sti virun enger M. (vor unüberwindlichen Schwierigkeiten) — lo stät e mam Kapp bei der Mauer — abweisend: mam Réck laanscht d'M. — häls de d'M. un? (zu jemand, der sich an eine Mauer lehnt) — ech hätt eng M. (en Haus — s. d. sub 1) op e gebaut (ich hatte vollstes Vertrauen in ihn) — hien huet en un d'M. gedréckt (in der Diskussion in die Enge getrieben, an die Wand gedrückt) — d'schinesesch M. (lok. spaßh. für die lange Einfriedigungsmauer der Domäne Kockelscheuer); Abl.: Gemaiers, Gemaiesch N.: «Gemäuer» — su en aalt G. — Zussetz.: Brand-, Buurg-, Festungs-, Gaarde-, Grenz-, Grond-, Haapt-, Kallek(s)-, Kiirfechs-, Konvikts-, Läm-, Näid-, Permangs-, Prisongs-, Säite-, Sträit-, Wéngerts-, Zillemauer.
Mauer- / mauer- -blimmchen F.: «Mauerblümchen»; -fochs M.: «Mauerfuchs» (Schmetterling); -fou F.: «Mauerfuge»; -haart, mauerenhaart Adj.: «stocksteif» — ech sin m. stoe bliwwe vun Aangscht — vun elauter Virwëtz as et m. stoe bliwwen; -kap F.: «Mauerkappe» (Abschrägung zum Abfließen des Wassers); -kraitchen N.: «Mauerpfeffer» (Sedum acre); -krécher (lok.: Dönningen: -vull) M.: «Hausspatz» — s. Karmësch; -lat F.: «Mauerlatte» (liegt auf der Mauer, die Käffer — s. d. — werden daran angenagelt); -mësch F. — s. -krécher; -rat M. und F.: «Hausratte»; -raut F.: «Mauerraute» (Asplenium ruta-muraria — an Mauern wachsende Farnart); -sauerampel M.: «schildartiger Ampfer» (Rumex scutatus); [Bd. 3, S. 107] -(e)schaf M.: «Wandschrank» — cf. Bëffchen; -schlëffer M.: «Gartenschläfer» (Eliomys quercinus) — s. Léier V; -schnouer F.: «Fluchtschnur» (Maurerspr.); -seelchen N.: «Zymbelkraut» (Linaria cymbalaria) — auch: Laiskräitchen (s. d. sub 1); -spatz M.: «Bergspatz» (Wb.06); -stän, -steen M.: «Mauerstein» (Ggs.: Ha-stän — s. d.); -stull M.: «Deckstuhl der Dachdecker»; -(e)verbond M.: «Fachwerk» (eichene Bohlen, Madrillen — s. d. — im Mauerwerk); -vull M. — s. -krécher; -wierk N.: «Mauerwerk»; -wollef (lok.: Sierck) M.: «Maulwurf»; -zill F.: «Ziegel» (zum Mauern).
maueren trans. Verb.: 1) a. «mauern» — fréier gouf mat Läm gemauert (Lehm als Mörtel verwendet); b. (lok.: Echt.) «mauern ohne das Handwerk erlernt zu haben» (im Nösl. dafür: steemetzeren — s. d.); 2) übtr.: a. (wie hd.) «nichts riskieren, ohne Not passen» (Kartenspiel) — dazu: Mauerer M. — dir M., d'Hänn voll Trëmp an ze passen!; b. «unsportlich spielen» (Fußball — dafür auch: bëtonnéieren); Abl.: Gemauers N. — Zussetz.: a-, ënner-, ver-, zou-maueren (s. d.).
Mauerer M. verkürzt für: Fräimau(er)er (s. d.).
Maufel (mεufəl, Echt.: Mufel, Pl. Mifel — Pl. Luxemburg-Stadt: Maifel — Pl. Mäifel, Méifel, Dim. Mäifelchen, Maifelchen, Pl. Mäifelcher, Maifelcher) M.: 1) «Mundvoll, Bissen» — ech hun haut nach kä M. giess (keinen Bissen gegessen) — ech hat haut nach kee M. am Monn (dsgl.) — knaps huet en de M. aus dem Monn, da schafft en ewell erëm — looss d'Kou nach e M. friessen, da fiers de heem (noch ein Maulvoll fressen, dann treibst du sie heim) — iess nach e M. — e verseet kee M. — en entseet kengem gudde M. oder: en entseet engem gudde M. nët — ech hu mer Maufele (Maufelen an de Kaffi) gemaacht (Brotschnitte zum Essen eingeweicht, in Kaffee, Milch) — ech hat fir honnert Frang Fleesch, a mir hun et mat hongrege Mäifel giess (obschon ich für Hundert Franken Fleisch gekauft hatte, langte es kaum) — d'Heescher hun et mat hongrege Mäifel giess (die Bettler haben es mit Heißhunger gegessen) — Spw.: dee gär e M. hëlt, muss de Mond opdin (man muß sich schon bemühen) — Raa.: un engem décke M. (bei den décke Mäifel) as nach keen erhingert (wenn jem. allzu dicke Brotschnitte oder Fleischstücke beanstandet) — du liefs vun der Freed an de gudde Mäifel — hie geet léiwer der Aarbecht aus der Wee, an de gudde Mäifel no (verzichtet gerne auf die Arbeit, schätzt aber gutes Essen) — e gët de M. aus dem Monn fir en hier (er gibt alles für ihn her) — en huet em de M. aus dem Monn gin — spaßh. Zusatz: du huet en em eng Jhick (s. d. sub II 1) gin — e vergonnt em de M. nët am M. (s. vergonnen) — e kuckt em de M. aus dem Monn (er sieht ihm gierig beim Essen zu) — Bauernregel: e M. Grings am Abrëll (Zeit der Not) as méi wäert wéi e Fudder Grumm ëm Luksdag (18. Oktober, Zeit der Fülle); übtr.: 2) a. «nettes, kleines Kind» (bes. Mädchen) — du léiwe klenge M. (Mutter zu ihrem Kind); b. «nettes Frauenzimmer» (bes. das Dim.) — dat wir e M. fir de Papp — en aartleche M. — s. Mäifelchen.
maufeleg (lok.: Grevenmacher) Adj./Adv.: «wohlschmeckend».
maufelen intr. Verb.: 1) «mit vollen Backen kauen»; 2) «mit Behagen essen» — et maufelt sech gutt (es schmeckt sehr gut); 3) «zahnlos kauen» — dazu: eramaufelen trans./ intr. Verb.: «gierig essen» — wat deen eramaufelt — auch: wat dee maufelt — Abl.: Gemaufels N.
Maul (mεul — lok. Mosel, Nösl.: mAul, Lux.-Stadt: mA·ul, W.: mo:l, mε:l, Osten (Vianden, Echt., Kt. Remich): mO·l — Pl. Mailer, Dim. Mailchen) F. u. (selten) M.: 1) «Mund» (fast immer pej.) — eng M. wéi eng Scheierpaart, wéi e Bakuewelach (sehr groß) — eng M. wéi eng Peffermillen, en Affekot (ein loses Mundwerk, Gewandtheit im Reden) — en huet än an elauter M. (dsgl.) — 't as nëmme M. wat un em as (dsgl.) — eng vergëfte (s. d.) M. — eng gëfteg M. — eng beschasse M. — e kann d'M. nët halen (er kann nicht schweigen, auch: er kann nichts verschweigen) — e kritt d'M. nët op (er spricht nicht) — e schneit eng M. wéi e Schong (er schmollt) — hatt huet sech d'M. gefierft (sich geschminkt) — dong d' (de) M. (gewöhnlich: d'M.) op an huel déi Pastill hei — hie kritt der an de M., meist: hie kritt der an d'M. — du kriss der op d'M. (Schläge) — si kucken sech mat der M. (sie streiten) [Bd. 3, S. 108] — du rapps d'M. och ëmmer op (redest immer zu gelegener und ungelegener Zeit) — e räisst d'M. op bis hannert d'Oueren (sperrangelweit) — hie muss séng M. iwwer alles rëselen — du häss d'M. nët sollen sou wäit opräissen, da wir der näischt geschitt (hättest nicht soviel reden, schwatzen sollen) — deem as d'M. nët voll ze schäissen (er hat ein loses Mundwerk) — derb abweisend zu jem., der dauernd spricht: hätts de an d'M. geschass! — looss mech aus dénger (beschassener) M. eraus — hal du dach d' (de) M., déng domm M. — gëf ëm d'M. voll, dann hält en se zou (stopfe ihm den Mund) — du bas dach soss nët op d'M. gefall (sonst nicht schüchtern) — soss bass de dach eng M. an eng aner, eng M. an där aner, eng M. an elauter, eng M. (zungenfertig, redselig) — déi huet eng Schnëss an der M. (ein loses Mundwerk) — engem d'M. laangen (meist: de Mond — s. d.) — huel d'M. nët esou voll (prahle, schwatze nicht so viel) — nu géi a stopp de Leiden d'Mailer (stelle die Leute zur Rede) — deem hun ech d'M. gestoppt an dat nët ze knaps — dat deet erëm de Leiden hir (beschasse) Mailer gon (das gibt erneut Gerede) — dat as erëm de Leiden d'Mailer opgerappt (dsgl.) — eng Mailchen ewéi e Räilach (eine kleines Mündchen) — lauschter wéi d'Mailercher gin (wie die Mädchen plappern) — Raa.: en huet eng M., 't kënnt een e mat engem Pangkoch kommëzéieren (ein großes Maul) — eng M., 't kënnt een e Brout aschéissen (dsgl.) — deem geet d'M. wéi der Int den Aasch (den Hënner), wéi enger Gääss, déi Mëspel frësst — deem geet d'M. op wéi den Aasch, ouni datt en et weess (er redet unüberlegt) — en huet eng grouss M., mä 't as näischt bei der Heck (redet großspurig, doch ohne Kenntnisse) — fir all Mailer ze stoppe, misst ee vill Stëpp hun — deem kritt een d'M. nët mat engem Stréiwësch gestoppt — än an der M. hänken hun (Mosel: mißgünstig von jem. reden) — deem hat ech d'M. voll gin (zurechtgewiesen) — engem an d'M. lafen (eine unliebsame Begegnung machen) — esou bal wéi d'M. nët méi geet, huet den Aasch Feierowend (wenn man nicht mehr essen kann, ist das Ende nahe) — waren d'Aen nees méi grouss wéi d'M.? (meist: de Bauch s. d.) — wann een engem d'M. voll gët, kann een nët méi fleten — wann deen emol stierft, da muss d'M. nach extra dout geschloe gin — ech wëllt deem nët an d'M. falen — besser enger aler Sau an d'M. gefall wéi där aler Klap — besser där durech den Aasch gefall, wéi durech d'M. — besser an eng däreg Heck, wéi där an d'M. gefall — en as mat der M. op d'Schnëss getrollt (derb: er fiel auf das Gesicht) — en as op d'M. gaang (dsgl.) — op eemol kriss d'eng mat der M. op d'Schnëss (burschikos: einen Kuß) — dafür auch: Mailchen F.: «Küßchen» — gëf mer eng M. (Mutter z. Kind) — wenn jem. prahlend von seinen Heldentaten erzählt, antwortet man häufig: jo, mat der M.; 2) «Tiermaul» (Rindvieh, Pferd, Hund, Schaf, Ziege — s. auch: Schnëss) — éier den Hond d'M. gewëscht hat (sofort) — cf. Gaul; 3) (iron.) «künstliches Gebiß» — ech hu méng M. beim Zänndokter — ech hat méng M. nach nët un; 4) «Öffnung an Gegenständen, Werkzeugen» — d'Schong rappen d'M. op (die Vorderkappe ist zerrissen oder die Sohle hat sich gelöst).
Maul- / maul- -aafsblumm F.: «Löwenmaul» (Antirrhinum) — s. Maulëfsblumm, -lëppercher, Maulëpskäppchen, Léiwemailchen; | |