LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Gemauers bis Maulëpskäppchen (Bd. 3, Sp. 107a bis 109b)
 
Gemauers N. — Zussetz.: a-, ënner-, ver-, zou-maueren (s. d.).
 
Mauerer M. verkürzt für: Fräimau(er)er (s. d.).
 
Maufel (mεufəl, Echt.: Mufel, Pl. Mifel — Pl. Luxemburg-Stadt: Maifel — Pl. Mäifel, Méifel, Dim. Mäifelchen, Maifelchen, Pl. Mäifelcher, Maifelcher) M.: 1) «Mundvoll, Bissen» — ech hun haut nach kä M. giess (keinen Bissen gegessen) — ech hat haut nach kee M. am Monn (dsgl.) — knaps huet en de M. aus dem Monn, da schafft en ewell erëm — looss d'Kou nach e M. friessen, da fiers de heem (noch ein Maulvoll fressen, dann treibst du sie heim) — iess nach e M. — e verseet kee M. — en entseet kengem gudde M. oder: en entseet engem gudde M. nët — ech hu mer Maufele (Maufelen an de Kaffi) gemaacht (Brotschnitte zum Essen eingeweicht, in Kaffee, Milch) — ech hat fir honnert Frang Fleesch, a mir hun et mat hongrege Mäifel giess (obschon ich für Hundert Franken Fleisch gekauft hatte, langte es kaum) — d'Heescher hun et mat hongrege Mäifel giess (die Bettler haben es mit Heißhunger gegessen) — Spw.: dee gär e M. hëlt, muss de Mond opdin (man muß sich schon bemühen) — Raa.: un engem décke M. (bei den décke Mäifel) as nach keen erhingert (wenn jem. allzu dicke Brotschnitte oder Fleischstücke beanstandet) — du liefs vun der Freed an de gudde Mäifel — hie geet léiwer der Aarbecht aus der Wee, an de gudde Mäifel no (verzichtet gerne auf die Arbeit, schätzt aber gutes Essen) — e gët de M. aus dem Monn fir en hier (er gibt alles für ihn her) — en huet em de M. aus dem Monn gin — spaßh. Zusatz: du huet en em eng Jhick (s. d. sub II 1) gin — e vergonnt em de M. nët am M. (s. vergonnen) — e kuckt em de M. aus dem Monn (er sieht ihm gierig beim Essen zu) — Bauernregel: e M. Grings am Abrëll (Zeit der Not) as méi wäert wéi e Fudder Grumm ëm Luksdag (18. Oktober, Zeit der Fülle); übtr.: 2) a. «nettes, kleines Kind» (bes. Mädchen) — du léiwe klenge M. (Mutter zu ihrem Kind); b. «nettes Frauenzimmer» (bes. das Dim.) — dat wir e M. fir de Papp — en aartleche M. — s. Mäifelchen.
 
maufeleg (lok.: Grevenmacher) Adj./Adv.: «wohlschmeckend».
 
maufelen intr. Verb.: 1) «mit vollen Backen kauen»; 2) «mit Behagen essen» — et maufelt sech gutt (es schmeckt sehr gut); 3) «zahnlos kauen» — dazu: eramaufelen trans./ intr. Verb.: «gierig essen» — wat deen eramaufelt — auch: wat dee maufelt — Abl.: Gemaufels N.
 
Maul (mεul — lok. Mosel, Nösl.: mAul, Lux.-Stadt: mA·ul, W.: mo:l, mε:l, Osten (Vianden, Echt., Kt. Remich): mO·l — Pl. Mailer, Dim. Mailchen) F. u. (selten) M.: 1) «Mund» (fast immer pej.) — eng M. wéi eng Scheierpaart, wéi e Bakuewelach (sehr groß) — eng M. wéi eng Peffermillen, en Affekot (ein loses Mundwerk, Gewandtheit im Reden) — en huet än an elauter M. (dsgl.) — 't as nëmme M. wat un em as (dsgl.) — eng vergëfte (s. d.) M. — eng gëfteg M. — eng beschasse M. — e kann d'M. nët halen (er kann nicht schweigen, auch: er kann nichts verschweigen) — e kritt d'M. nët op (er spricht nicht) — e schneit eng M. wéi e Schong (er schmollt) — hatt huet sech d'M. gefierft (sich geschminkt) — dong d' (de) M. (gewöhnlich: d'M.) op an huel déi Pastill hei — hie kritt der an de M., meist: hie kritt der an d'M. — du kriss der op d'M. (Schläge) — si kucken sech mat der M. (sie streiten) [Bd. 3, S. 108] — du rapps d'M. och ëmmer op (redest immer zu gelegener und ungelegener Zeit) — e räisst d'M. op bis hannert d'Oueren (sperrangelweit) — hie muss séng M. iwwer alles rëselen — du häss d'M. nët sollen sou wäit opräissen, da wir der näischt geschitt (hättest nicht soviel reden, schwatzen sollen) — deem as d'M. nët voll ze schäissen (er hat ein loses Mundwerk) — derb abweisend zu jem., der dauernd spricht: hätts de an d'M. geschass! — looss mech aus dénger (beschassener) M. eraus — hal du dach d' (de) M., déng domm M. — gëf ëm d'M. voll, dann hält en se zou (stopfe ihm den Mund) — du bas dach soss nët op d'M. gefall (sonst nicht schüchtern) — soss bass de dach eng M. an eng aner, eng M. an där aner, eng M. an elauter, eng M. (zungenfertig, redselig) — déi huet eng Schnëss an der M. (ein loses Mundwerk) — engem d'M. laangen (meist: de Mond — s. d.) — huel d'M. nët esou voll (prahle, schwatze nicht so viel) — nu géi a stopp de Leiden d'Mailer (stelle die Leute zur Rede) — deem hun ech d'M. gestoppt an dat nët ze knaps — dat deet erëm de Leiden hir (beschasse) Mailer gon (das gibt erneut Gerede) — dat as erëm de Leiden d'Mailer opgerappt (dsgl.) — eng Mailchen ewéi e Räilach (eine kleines Mündchen) — lauschter wéi d'Mailercher gin (wie die Mädchen plappern) — Raa.: en huet eng M., 't kënnt een e mat engem Pangkoch kommëzéieren (ein großes Maul) — eng M., 't kënnt een e Brout aschéissen (dsgl.) — deem geet d'M. wéi der Int den Aasch (den Hënner), wéi enger Gääss, déi Mëspel frësst — deem geet d'M. op wéi den Aasch, ouni datt en et weess (er redet unüberlegt) — en huet eng grouss M., mä 't as näischt bei der Heck (redet großspurig, doch ohne Kenntnisse) — fir all Mailer ze stoppe, misst ee vill Stëpp hun — deem kritt een d'M. nët mat engem Stréiwësch gestoppt — än an der M. hänken hun (Mosel: mißgünstig von jem. reden) — deem hat ech d'M. voll gin (zurechtgewiesen) — engem an d'M. lafen (eine unliebsame Begegnung machen) — esou bal wéi d'M. nët méi geet, huet den Aasch Feierowend (wenn man nicht mehr essen kann, ist das Ende nahe) — waren d'Aen nees méi grouss wéi d'M.? (meist: de Bauch s. d.) — wann een engem d'M. voll gët, kann een nët méi fleten — wann deen emol stierft, da muss d'M. nach extra dout geschloe gin — ech wëllt deem nët an d'M. falen — besser enger aler Sau an d'M. gefall wéi där aler Klap — besser där durech den Aasch gefall, wéi durech d'M. — besser an eng däreg Heck, wéi där an d'M. gefall — en as mat der M. op d'Schnëss getrollt (derb: er fiel auf das Gesicht) — en as op d'M. gaang (dsgl.) — op eemol kriss d'eng mat der M. op d'Schnëss (burschikos: einen Kuß) — dafür auch: Mailchen F.: «Küßchen» — gëf mer eng M. (Mutter z. Kind) — wenn jem. prahlend von seinen Heldentaten erzählt, antwortet man häufig: jo, mat der M.; 2) «Tiermaul» (Rindvieh, Pferd, Hund, Schaf, Ziege — s. auch: Schnëss) — éier den Hond d'M. gewëscht hat (sofort) — cf. Gaul; 3) (iron.) «künstliches Gebiß» — ech hu méng M. beim Zänndokter — ech hat méng M. nach nët un; 4) «Öffnung an Gegenständen, Werkzeugen» — d'Schong rappen d'M. op (die Vorderkappe ist zerrissen oder die Sohle hat sich gelöst).
 
Maul- / maul- -aafsblumm F.: «Löwenmaul» (Antirrhinum) — s. Maulëfsblumm, -lëppercher, Maulëpskäppchen, Léiwemailchen; -af M.: 1) «Gaffer, Maulaffe»; 2) «Maulwurf» — s. Maulef. -afen intr. Verb.: «Maulaffen feilhalten, gaffen» — en huet déi ganzen Zäit gemaulaaft — wat stees de do ze m., géi a schaff eppes; -déier N.: «Maultier»; -eisen N.: «Maulklemme»; -friddchen, -fritz, -hännes, -jhang, -mates, -tinnes M., -mrei F.: «Schwätzer(in), Prahler(in)»; -houer F.: «Frauenzimmer, das es liebt unzüchtige Reden zu führen» (Wb.06); -iesel (Ton: 2) M.: «Maulesel» — e bläert wéi e M.; -kuerf M.: «Maulkorb» (für Hunde und Ochsen) — übtr.: mer hänken dir e M. un (wenn jem. gehässig oder bissig redet); -lëpperchen Plur. tant.: «Löwenmäulchen» — s. Maulaafsblumm; -mécher M.: «Fratzenschneider, Schwätzer»; -mooss Adj.: «mundgerecht» — hien huet alles m. geliwwert — d'Zopp as m. — cf. mondschléieg; -plach M.: «vorderste Spitze des Nachens» (Wb.06); -spär F.: 1) «Maulklemme» — s. Mauleisen; 2) «Kieferkrampf» — pass op, op eemol kriss de d'M. (zu jem. der viel redet); [Bd. 3, S. 109] -spill I N. — s. Mondspill; -spill II (Echt.), -spilles (lok.: Osweiler) N.: «Geschwätz» — d'Leit musse jo ëmmer hiirt Maulspill hun — Echt.: d'Moulspill oan eppes hoan; -strëpp F.: «Mundharmonika» (iron.) — s. Mondspill.
 
Maulëf M.: «Maulwurf» — erscheint als: Maulaf, Maulbéch, Maulbëss, Maulbock, Maulbureg, Maulëp, Maulërt, Maulës, Maulop, Maulof, Mauluf, Bondorf: Maulup, Maupléch, Maulwuerf, Sierck: Mauerwollef, Remerschen: Maupläi, Molëf, Molop, Grevenmacher: Maulworref — sonst auch: Hillécher (s. d. sub 3) — Mosel und Sauer: Stëllep — Raa.: en as gelidden wéi de M. am Killgaart (er ist unerwünscht) — Nösl. spaßh.: en héit de M. oder: e fänkt de M. (bes. wenn jem., der zuviel getrunken hat, im Wirtshaus schläft) — — en as ewéi e M. (sucht heimlicherweise Geheimnisse zu erfahren) — Folkl.: um den Maulwurf aus den Gärten fernzuhalten, soll man Maulëfskraut (s. d.) pflanzen; belegt in Scheidgen, Perlé.
 
Maulëfs- -koup M.: «Maulwurfhügel» — mar fuere mer d'Maulëfskéip schläfen (spräden — mit einer Schläf, Päerdsschläf — s. d. — die Maulwurfshügel ebnen) — übtr.: wat huet dee Maulëfskéip am Gesiicht (dicke, rote Geschwüre im Gesicht); -kraut N.: 1) «kreuzblättrige Wolfsmilch» (Euphorbia lathyris); 2) «Bilsenkraut» — Folkl.: diese Pflanzen sollen Maulwürfe und Wühlmäuse aus dem Garten fernhalten; -mann M.: «Maulwurffänger» — Folkl.: «in meiner Knabenzeit kam ein Mann aus dem Waldland (s. d.), mit einer Mütze aus Zunder (Schwamp — s. d.) und einem Wams aus Maulwurfsfellen, um die 'schädlichen' Tiere in den Wiesen zu fangen; seine Beute führte er in einem Schiebkarren, als eine Art Trophäe, durch das Dorf; benötigte er etwas Zunder um seine Pfeife anzuzünden, so nahm er ein Stück von seiner Mütze (C)»; in den dreißiger Jahren war der Maulwurffang lohnend, Belgier betreiben dieses Handwerk im Ösling; -pelz M.: «Maulwurffell».
 
mauleg Adj.: «schwatzhaft» — dee maulege Jhängelchen huet alles ausgeklaatscht — sou änt maulegt Mënsch (schwatzhaftes Weib) — e maulegt Stéck (dsgl.).
 
Maulegkät, -keet F.: «Schwatzhaftigkeit».
 
maulen (mit kurzem Diphtong, mεulən, moulen) intr. Verb.: 1) «schwatzen, prahlen» — e mault an e mault, an et gët näischt; 2) «nörgeln, aufbegehren» — du hues ëmmer ze m., éier s d'eppes schaffs — maul nët laang a fuer duer — deen huet nun awer géint alles ze m.; 3) «plappern» (Kind) — lauschter, wéi dat Klengt mault!; 4) «ausplaudern, rapportieren, hinterbringen» (bes. in der Schule — lok. Mosel: bemaulen) — — hei huet ee gemault — 't gët nët gemault, héiert der! — Mosel: hien huet éis bemault (er hat uns verraten, er hat ausgeplaudert) — dazu: (e)rëmmaulen — dee geet alles e. — Abl.: Gemauls N.: «Geschwätz, Genörgel» — sou en dommt G. — wat féiers du fir e G. — Zussetz.: (e)rëm-, no-, ver-, zermaulen.
 
Maulen, Maules (kurzer Diphtong) N.: «Geschwätz» — Ra.: all M. hëlleft näischt, 't muss och gedait gin (s. daien).
 
Maulëpskäppchen M.: «Löwenmaul» (Antirrhinum majus).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut