LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Mediokrëtéit bis méien (Bd. 3, Sp. 124a bis 127a)
 
Mediokrëtéit F.: «Mittelmäßigkeit» — frz. médiocrité.
 
meditéieren intr. Verb.: «sinnieren» — frz. méditer — Abl.: Gemeditéiers N.
 
Mëd(de)zin, Mëddizin, Meedzin, Mezin (lok.: Midderzin) 1) «Heilkunde» (Wissenschaft) — hie stodéiert M.; 2) a. «Arznei, Heilmittel, Heiltrank» — bei him hëlleft all M. näischt méi; b. übtr.: «etwas sehr Gutes, auch: etwas sehr Bitteres» — 't as eng M. (etwas sehr Gutes, leider zu wenig) — dat as kee Wäi méi, ma eng gelleg M. (sehr guter Wein) — du schneids e Gesiicht, 't mengt een et wir eng M. (etwas sehr Bitteres) — e schléckt dat wéi wann et eng M. wir (widerwillig); c. spaßh.: «Schnaps, Wein» — wann ech muerges keng M. huelen, schafft et sech nët.
 
Mëd(de)zinnsfläsch F.: «Medizinflasche».
 
mees.I.
 
mee, mää Ruf der Ziege — s.II.
 
Meed Pl. von Mod (s. d.).
 
Meeds-/Moods- -aarbecht F.: «demütigende Arbeit» (Arbeit, die nur von Dienstmägden verrichtet wird); -geschwätz N.: «unzuverlässiges Gerede» (Neuigkeiten, die von Dienstmägden herrühren).
 
Meedchen, Miedchen (Pl. Medercher, Mosel: Medeche, Nösl.: Mädchen, Pl. Mädercher) N.: 1) «Mädchen» — e braavt, dichtegt, fäint, fläissegt, frecht, grousst, gräisslecht, houfregt, klengt, knujhelegt, léift, onschëllegt, proppert, schéint, scheit (scheues), staarkt, stolzt, zerguttst(ert) (ordentliches), wonnerbaart M. — du aremt M. (bedauernd) — déi kleng Medercher (die jungen Mädchen, Kinder — auch spaßh.: weibliche Jugend) — déi kleng Medercher musse nët alles wëssen (Antwort auf eine vorwitzige Frage, zuerst an Mädchen, dann allgemein) — déi kleng Medercher gehéieren owes an d'Bett an nët op d'Gaass — en as nawell frou mat dene klenge Medercher — deen alen Iesel gesäit déi kleng Medercher och nach gär (geet och nach gär mat dene klenge Medercher (liebt noch den Umgang mit jungen Mädchen) — ent M. wéi e Bild (ein bildschönes Mädchen) — ent M. wéi eng Popp (adrettes, auch: unpersönliches, ausdrucksloses Mädchen) — ent M. wéi eng (hëlze) Madonna (s. d.) — e M. am beschten Alter (im heiratsfähigen Alter) — dat as e M. no méngem Iddi (nach meinem Geschmack) — mat engem M. goen (freien, Umgang haben) — wéi ech nach M. wor (vor meiner Heirat) — nach M. sin (unverheiratet, unberührt sein) — eist Marri as M. gin (hat das Pubertätsalter erreicht) — 't as nach [Bd. 3, S. 125] en aalt M. am Haus (eine alte Jungfer) — hien as an all M. verléift (s. d.) — en huet e räicht M. bestuet (ein reiches Mädchen geheiratet) — dat as e M. mat eppes hannendrun (ein reiches Mädchen) — e wor esou voll, e wousst nët méi of en e Jong (s. d.) odder e M. wir — d'Jonge bei d'Jongen, d'Medercher bei d'Medercher (Ruf der Kinder — Trennung — beim Spiel) — Raa.: d'Medercher sin ewéi d'Kazen, gär geschmeechelt a krazen och gär — e gesäit léiwer e jongt M. wéi eng al Fra — ech hätt dat (scil.: Meedchen) léiwer réi wéi dech gebroden — hätts d'et (scil.: M.) an d'Box gefiddert! — ech wëllt ech hätt et a méng wäertes Box gefiddert (das Mädchen gefällt mir sehr) — Rat des Vaters an den Sohn: bleif ewech, vir vun de Medercher an hanne vun de Päerd — brav (s. d. sub 2) Medercher a gutt Gäns gi mat Zäiten heem — Medercher an Är (Eier) versuergen sech nët laang — déi schéi Medercher sin all an der Häll — dat schéinste M. kann nët méi gin, wéi et huet (man kann das Unmögliche nicht verlangen) — et muss ee mat dene Medercher danzen (s. d. sub 1) déi een huet — schéi Medercher gi schéi Brauten — schéi Medercher an zerrasse Kläder bleiwe gär hänken — ënner ons Medercher gesot (spaßh. beim Beginn eines nicht für Mädchen, d. h. nicht für jedermann bestimmten Gesprächs) — kleng Medercher hun dacks grouss Oueren (Mädchen horchen oft gerne) — dat as d'M. fir an eis Kichen (fir déi schwéier Dëppen ze droen — die Schnur, die wir uns wünschen) — Spruch: Ribben no Krëschtdag, Äppel no Päischtdag, Medercher déi an d'drëssegt (Joer) gin, rompeleg a verdréchent sin — in Volksliedern: dat M., wat ech huelen, dat huet e kromme Fouss, et raut mech all mäi Liewen, datt ech et huele mouss (wurde vom blannen Theis gesungen) — et wor emol e M. vu Götzen (bekanntes Volkslied) — verächtl: 't as een ewéi e (klengt) M. (Junge mit weibischen Manieren, auch: überempfindlicher, schwächlicher Knabe); 2) «Tochter» (auf dem Lande dem städtischen Duechter [s. d.] vorgezogen, meist gar nicht anders benannt — Mißverständnisse entstehen dadurch, daß: eist Meedchen auf dem Lande «unsere Tochter», in der Stadt «unser Dienstmädchen» bedeutet) — mir hun äis e klengt M. kaaft (bei der Geburt einer Tochter) — mir hun dräi Jongen an ee M. (drei Söhne und eine Tochter); 3) «Dienstmädchen» — auch Dim. zu: Mod (s. d.); 4) «Geliebte, Braut, Schatz» — e geet all Owes mat séngem M. spadséieren — wéi d'Zaldoten om Bal woren hat jidderee säi boort M. bei sech — léin mer däi M. (oft ganz harmlos, z. B. zu einem Tanz); 5) (nur im Pl..) «Prostituierte» —e geet bei d'Medercher (er sucht Prostituierte auf); 6) übtr.: «Pikdame» (in verschiedenen Kartenspielen, wie Kujong, Mënsch — s. d. — dafür auch: Mitt, Schwaarzt — s. d.).
 
Meede, Mäde, Méide, Midde in der Ra.: ze M. gon (auf Freiersfüßen, auf Brautschau gehen) — cf. Geleënheet.
 
Meede-, Mäde-, Méidegänger M.: 1) «Freiersmann»; 2) «Heiratsvermittler» (Ga) — si haten d'M. haut — s. Hellech(t)smann.
 
Meenz ON.: «Mainz» (Deutschland).
 
Meër (lok.: Strassen) F.: «Mähre» im Kinderreim: Hühü M./ siwen Dosen Eër / hätt dat Héngche méi geluegt / dann hätt ech der och méi matbruecht — cf. Mier.
 
Mees-chen F. Dim. zu Mäs (s. d.).
 
Meess-chen, Miess-chen (Nösl., Mos.: Miiss-chen) F.: «kleines Maß» — eng M. Wäin — s. Miissen II.
 
Mëff F.: «Schmollmund» — hatt mécht eng M. — cf. Schnuff.
 
Mëffelcher (lok.: Wormeldingen) Pl.: «Fastnachtsgebäck» — cf. Nonnefascht.
 
mëffen intr. Verb.: «muffig, unangenehm riechen, schmecken» — cf. mipsen.
 
mëfferen (lok. Berburg: mëffelen) intr. Verb.: 1) «greinen, wimmern» — cf. hénkelen sub 3); 2) «nörgeln» — nu nët gemëffert! — cf. grang(el)en sub 2) — Abl.: Gemëffers N.; dazu: Sankt Mëffert (imaginärer Heiliger) «der hl. Greiner» — (s. Gr. Nr. 1151 — der hl. Muffert).
 
Mëfferer M.: «Greiner, Nörgler».
 
mei Interj., Ausruf der Verwunderung, der Klage, des Schmerzes — o m., bas du ewell do! — o m., wat geet dat elo gin, wou de Papp dout as! — o m., wat deet dat wéi! — wiederholt: o m., o m.! wat gi mer elo maachen? — verstärkt: mameini — m. wat s de nët sees! — m. wärrech! — s. mäin sub 3) — cf. ma(i)ja.
 
Mei F.: «Stock beim Giischspill, der zum Schlagen der Giisch — s. d. [Bd. 3, S. 126] — und zum Messen dient» — beim Spielanfang dazu zum Ruf: Giisch! der Gegenruf: Mei; das Spiel selbst heißt: Giisch oder: Giisch-mei — Rufe beim Spiel: Hopp, Giisch, Mei, schlo drop, dann as se hei!
 
méi (Osten, Mosel, Nösl.: mi — s. LSA Karte Nr. 108) «mehr» A. in attribut. Stellung beim Subst. (bezeichnet einen bestimmten höheren Grad der Menge, der Bedeutung, der Wertung) — mir hun elo m. Grompren wéi zejor — wat méi Leit, wat méi Iddien — wat s de m. Zäit hues, wat s de manner méchs — et si m. Leit komm, wéi mer gemengt haten — en huet m. Schold wéi bor Geld (wéi Wäertschaft) — en huet m. Aarbecht, wéi e fäerdeg bréngt — 't si m. Ketten wéi rosen Honn — en huet m. an der Kopp, wéi an der Täsch — wie bitt m.? (wer bietet mehr?); B. Adv. bedeutet: 1) «Steigerung, Höheres — höheren Rang, größere Menge, größeren Wert, das Übersteigen von etwas als Maß Angesehenem» — hie mengt e wir m. wéi déi aner — dee ka m. wéi Brout iessen (er ist gelehrt, verschlagen, auch: kann zaubern) — et as (sin der) m. wéi eng Dosen — den Ämer as m. wéi voll — et as eppes m. wéi fënnef Auer — (eppes) m. odder manner — ech hun honnert Frang m. kritt wéi erwaart — wat m., wat léiwer! — dat schmaacht (freet) no m. — 't as nët vill, 't as awer alt m. wéi näischt — dat as nët m. wéi richteg wéi (ge)recht — sou eppes as nët méi wéi duer gespaut — ech ka nët m. fir e man — dat as m. wéi genuch — e Schrack m. an ech wir an d'Baach gefall — wat een den Dreck m. réiert, wat e m. sténkt — wat ee m. huet, wat ee gär m. hätt — wann et nët m. as ewéi dat (ewéi dat as) — soss näischt méi? — (kascht dat) nët m.? — en huet et nët m. anescht gedon — ech si m. wéi eemol laanscht komm — et hätt ee m. dervunner héiere wann et wouer gewiescht wir — lok.: ech hu keng m. Suen sonst: keng Sue m. — Spw.: keng m. Sue, keng m. Freed — spaßh.: dat as mäi m. beschte Kostüm — Kinderspr.: ech hu m. vill Bommen wéi s du; 2) mit Negation, Wiederholung, Fortdauer; «wieder, weiter, nochmal, ferner» — ech soe näischt m. — dat duerfs de nët m. (maachen) — eemol, awer nët m. — dat geschitt mer ni m. — iron. fragend: nët m.? — ech si ni m. mat — mat dir spillen ech kees m.; — Komp.: méi bildet den Komp. fast aller Adj. und Adv.: m. arem, m. krank, m. dacks, m. breet, m. laang, m. schéin, m. gutt neben besser, m. ënnen, m. lénks usw. — du bas m. domm wéi déng Féiss (wéi de Gebrauch as, wéi laang) — hien as m. krank wéi e mengt — Nösl.: wann et esu wirr, dann hätte mer mi dack jett hiren — verstärkter Komp.: vill(eg) m. — hien as vill(eg) m. grouss wéi s du — deen as elo vill(eg) m. domm, wéi soss — spaßh.: m. besser gutt — neuerdings bürgern sich Komp. auf -er ein wie: helleger, schéiner wobei es sich aber nicht immer um den eigentlichen Komp. handeln muß z. B.: eng gréisser Zomm (eine größere Summe) aber: hien as m. grouss (größer) — dat kann engem Gréissere (m. Grousse) geschéien — en eleren Här (ein älterer Herr) aber: en as m. al (er ist älter).
 
Méi-/méi- (mehr) -erendeels Adv.: «meistenteils» — s. meeschtendeels; -eremols. méimools; -erhät, -erheet F.: «Mehrheit, Majorität» — vorgezogen: de gréissten Deel; -mol, -mools Adv.: «mehrmals»;
 
Méi (Echt.: Mi, Untersauer: Mee) F.: «Mühe» — Raa.: et as verluere M. — et as nët der (M.) wäert (es lohnt sich nicht — hier fällt oft Méi aus) — et as emol nët der (M.) wäert fir dervun ze schwätzen — gëf der weider keng M. (bemühe dich nicht, es ist doch umsonst, zwecklos) — där M. sin ech enthuewen — ech hu mer all M. vun der Welt gin, et wor ëmsoss — ech hu méng léif M. mat him gehat (meine liebe Mühe) — ouni M. kritt een näischt — Kinderspr.: bas de béis? dann hues de zwou Méien, béis ze bleiwen odder rëm gutt ze gin — wéi geet et am Stot? — Antwort: all Woch, siwe Méien (Echt.) — sprichwörtl.: ouni M., kritt ee Lais a Fléi — M. a Suerg sin d'Lous vun den aarme Leiden — Zussetz.: Krëschteméi (s. d.).
 
Méi-/méi- -séileg Adj./Adv.: 1) «beschwerlich, mühsam» — eng m. Aarbecht — mat méiséileger Nutt (Echt).; 2) «durch Krankheit, Alter schwach, unbeholfen, kümmerlich» — der wësst nët wéi m. ech dru sin — et as mer sou m.; -séilegkät, -keet F.: «Mühseligkeit» — dat Framënsch as mat alle Méiséilegkäte geplot — lo as en dout a [Bd. 3, S. 127] sénger ville Méiséilegkeeten enthuewen.
 
meiden trans. Verb.: «meiden» — Ra.: wat ee nët ka leiden, muss ee m. — si hun äis laang Zäit gemidden.
 
Méidéngen ON.: «Medingen» — Dorf der Gemeinde Contern, Kanton Luxemburg — 508.
 
Méiderbox F.: «Miederhose» (Kinderkleidung: die Knöpfe sind am Mieder, die Knopflöcher an der Hose).
 
méien (lok.: Redingen) refl. Verb.: «sich bemühen» — méi dech nët (gib dir keine Mühe); Zussetz.: be-, ofméien (s. d.).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut