LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Meër bis méileg (Bd. 3, Sp. 125b bis 127b)
 
Meër (lok.: Strassen) F.: «Mähre» im Kinderreim: Hühü M./ siwen Dosen Eër / hätt dat Héngche méi geluegt / dann hätt ech der och méi matbruecht — cf. Mier.
 
Mees-chen F. Dim. zu Mäs (s. d.).
 
Meess-chen, Miess-chen (Nösl., Mos.: Miiss-chen) F.: «kleines Maß» — eng M. Wäin — s. Miissen II.
 
Mëff F.: «Schmollmund» — hatt mécht eng M. — cf. Schnuff.
 
Mëffelcher (lok.: Wormeldingen) Pl.: «Fastnachtsgebäck» — cf. Nonnefascht.
 
mëffen intr. Verb.: «muffig, unangenehm riechen, schmecken» — cf. mipsen.
 
mëfferen (lok. Berburg: mëffelen) intr. Verb.: 1) «greinen, wimmern» — cf. hénkelen sub 3); 2) «nörgeln» — nu nët gemëffert! — cf. grang(el)en sub 2) — Abl.: Gemëffers N.; dazu: Sankt Mëffert (imaginärer Heiliger) «der hl. Greiner» — (s. Gr. Nr. 1151 — der hl. Muffert).
 
Mëfferer M.: «Greiner, Nörgler».
 
mei Interj., Ausruf der Verwunderung, der Klage, des Schmerzes — o m., bas du ewell do! — o m., wat geet dat elo gin, wou de Papp dout as! — o m., wat deet dat wéi! — wiederholt: o m., o m.! wat gi mer elo maachen? — verstärkt: mameini — m. wat s de nët sees! — m. wärrech! — s. mäin sub 3) — cf. ma(i)ja.
 
Mei F.: «Stock beim Giischspill, der zum Schlagen der Giisch — s. d. [Bd. 3, S. 126] — und zum Messen dient» — beim Spielanfang dazu zum Ruf: Giisch! der Gegenruf: Mei; das Spiel selbst heißt: Giisch oder: Giisch-mei — Rufe beim Spiel: Hopp, Giisch, Mei, schlo drop, dann as se hei!
 
méi (Osten, Mosel, Nösl.: mi — s. LSA Karte Nr. 108) «mehr» A. in attribut. Stellung beim Subst. (bezeichnet einen bestimmten höheren Grad der Menge, der Bedeutung, der Wertung) — mir hun elo m. Grompren wéi zejor — wat méi Leit, wat méi Iddien — wat s de m. Zäit hues, wat s de manner méchs — et si m. Leit komm, wéi mer gemengt haten — en huet m. Schold wéi bor Geld (wéi Wäertschaft) — en huet m. Aarbecht, wéi e fäerdeg bréngt — 't si m. Ketten wéi rosen Honn — en huet m. an der Kopp, wéi an der Täsch — wie bitt m.? (wer bietet mehr?); B. Adv. bedeutet: 1) «Steigerung, Höheres — höheren Rang, größere Menge, größeren Wert, das Übersteigen von etwas als Maß Angesehenem» — hie mengt e wir m. wéi déi aner — dee ka m. wéi Brout iessen (er ist gelehrt, verschlagen, auch: kann zaubern) — et as (sin der) m. wéi eng Dosen — den Ämer as m. wéi voll — et as eppes m. wéi fënnef Auer — (eppes) m. odder manner — ech hun honnert Frang m. kritt wéi erwaart — wat m., wat léiwer! — dat schmaacht (freet) no m. — 't as nët vill, 't as awer alt m. wéi näischt — dat as nët m. wéi richteg wéi (ge)recht — sou eppes as nët méi wéi duer gespaut — ech ka nët m. fir e man — dat as m. wéi genuch — e Schrack m. an ech wir an d'Baach gefall — wat een den Dreck m. réiert, wat e m. sténkt — wat ee m. huet, wat ee gär m. hätt — wann et nët m. as ewéi dat (ewéi dat as) — soss näischt méi? — (kascht dat) nët m.? — en huet et nët m. anescht gedon — ech si m. wéi eemol laanscht komm — et hätt ee m. dervunner héiere wann et wouer gewiescht wir — lok.: ech hu keng m. Suen sonst: keng Sue m. — Spw.: keng m. Sue, keng m. Freed — spaßh.: dat as mäi m. beschte Kostüm — Kinderspr.: ech hu m. vill Bommen wéi s du; 2) mit Negation, Wiederholung, Fortdauer; «wieder, weiter, nochmal, ferner» — ech soe näischt m. — dat duerfs de nët m. (maachen) — eemol, awer nët m. — dat geschitt mer ni m. — iron. fragend: nët m.? — ech si ni m. mat — mat dir spillen ech kees m.; — Komp.: méi bildet den Komp. fast aller Adj. und Adv.: m. arem, m. krank, m. dacks, m. breet, m. laang, m. schéin, m. gutt neben besser, m. ënnen, m. lénks usw. — du bas m. domm wéi déng Féiss (wéi de Gebrauch as, wéi laang) — hien as m. krank wéi e mengt — Nösl.: wann et esu wirr, dann hätte mer mi dack jett hiren — verstärkter Komp.: vill(eg) m. — hien as vill(eg) m. grouss wéi s du — deen as elo vill(eg) m. domm, wéi soss — spaßh.: m. besser gutt — neuerdings bürgern sich Komp. auf -er ein wie: helleger, schéiner wobei es sich aber nicht immer um den eigentlichen Komp. handeln muß z. B.: eng gréisser Zomm (eine größere Summe) aber: hien as m. grouss (größer) — dat kann engem Gréissere (m. Grousse) geschéien — en eleren Här (ein älterer Herr) aber: en as m. al (er ist älter).
 
Méi-/méi- (mehr) -erendeels Adv.: «meistenteils» — s. meeschtendeels; -eremols. méimools; -erhät, -erheet F.: «Mehrheit, Majorität» — vorgezogen: de gréissten Deel; -mol, -mools Adv.: «mehrmals»;
 
Méi (Echt.: Mi, Untersauer: Mee) F.: «Mühe» — Raa.: et as verluere M. — et as nët der (M.) wäert (es lohnt sich nicht — hier fällt oft Méi aus) — et as emol nët der (M.) wäert fir dervun ze schwätzen — gëf der weider keng M. (bemühe dich nicht, es ist doch umsonst, zwecklos) — där M. sin ech enthuewen — ech hu mer all M. vun der Welt gin, et wor ëmsoss — ech hu méng léif M. mat him gehat (meine liebe Mühe) — ouni M. kritt een näischt — Kinderspr.: bas de béis? dann hues de zwou Méien, béis ze bleiwen odder rëm gutt ze gin — wéi geet et am Stot? — Antwort: all Woch, siwe Méien (Echt.) — sprichwörtl.: ouni M., kritt ee Lais a Fléi — M. a Suerg sin d'Lous vun den aarme Leiden — Zussetz.: Krëschteméi (s. d.).
 
Méi-/méi- -séileg Adj./Adv.: 1) «beschwerlich, mühsam» — eng m. Aarbecht — mat méiséileger Nutt (Echt).; 2) «durch Krankheit, Alter schwach, unbeholfen, kümmerlich» — der wësst nët wéi m. ech dru sin — et as mer sou m.; -séilegkät, -keet F.: «Mühseligkeit» — dat Framënsch as mat alle Méiséilegkäte geplot — lo as en dout a [Bd. 3, S. 127] sénger ville Méiséilegkeeten enthuewen.
 
meiden trans. Verb.: «meiden» — Ra.: wat ee nët ka leiden, muss ee m. — si hun äis laang Zäit gemidden.
 
Méidéngen ON.: «Medingen» — Dorf der Gemeinde Contern, Kanton Luxemburg — 508.
 
Méiderbox F.: «Miederhose» (Kinderkleidung: die Knöpfe sind am Mieder, die Knopflöcher an der Hose).
 
méien (lok.: Redingen) refl. Verb.: «sich bemühen» — méi dech nët (gib dir keine Mühe); Zussetz.: be-, ofméien (s. d.).
 
méi(n)en (s. LSA Karte Nr. 103) trans./intr. Verb.: «mähen» — (Konjug.: Nösl., Ind. Präs.: ich miën, du micks, hä mickt; Ind. Prät.: mickt; Part. Prät.: gemickt; Echt., Part. Prät.: gemicht) — mir hun nach alles ze m. — et as alles geméi(n)t om Flouer — en huet et glat (ratz) ewech geméint (kahl weg gemäht) — d'Fruucht läit do wéi geméit (nach einem Unwetter) — haut gët nët méi mat der Séchel an och bal nët méi mat der Séissel geméit — übtr. Ra. Echt.: dat as him en gemichte Wis (vorteilhaft für ihn) — Mähweise: queesch, schréi m. (schräg, nach der Schmalseite des Ackers), ronn m. (im Kreis), op de Jon, op de Gank, op Gäng, op Schuadde (Schwaden), op Strae m. — am Jon m. (in der Mäherreihe) — Zussetz.: bäi-, eraus-, lassméi(n)en — cf. flausen.
 
Méimaschin F.: «Mähmaschine» — d'Gras gët all mat der M. geméit.
 
Méidrescher (lok. Nösl.: Méidresch F.) M.: «Mähdrescher» — s. Mädrescher.
 
Méi(n)er(t), Midder, Mäder, Mëder (Osten, Nösl.: Miër) M.: «Mäher» — hien as en éischte M. — Nösl.: Néckel wor e bise Miër, et schnutt em wi der Däiwel (N. war ein sehr tüchtiger Mäher, er hatte große Geschicklichkeit im Wetzen, so daß die Sense sehr gut schnitt).
 
Méierloun M.: «Mäherlohn, Schnitterlohn».
 
Méier F.: «Märe, frei erfundene Geschichte» — dat si sénger Méieren.
 
Méierendréier M. — s. Mallendréier, Rapportendréier — dazu das Fem.: Méierendréiesch.
 
méierzen, mouerzen (Nösl.: muerzen) intr. Verb.: «nach Schlamm, moorig schmecken, riechen» — d'Fësch hun al geméierzt.
 
méig(e)lech Adj.: «möglich» — bei dir as nun awer alles m. — Ausruf der Überraschung, Entrüstung, Verwunderung: 't as (dach) nët m.! — sou eppes kann dach nët m. sin! — as et m.? — wéi as sou eppes m.? — substantiv.: ech hu mäi Méiglechst gemaach(t) — Zussetz.: mënscheméiglech (s. d.).
 
méig(e)lecherweis Adv.: «möglicherweise».
 
Méig(e)lechkät, -keet F.: «Möglichkeit» — mir hun elo nach eng M.
 
Méil M. — s. Mëll V, Mill V.
 
méil(d) (lok.: Westen) Adj.: «mild» (nur vom Wetter gesagt, attrib.) — 't as méil Wieder aber: d'Wieder as mëll (s. d.).
 
méileg Adj.: «mit Mühe».

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut