MéiMéi-méi-méiséilegMéiséilegkät-keetmeidenMéidéngenMéiderboxméienméi(n)enMéimaschinMéidrescherMéi(n)er(t), Midder, Mäder, MëderMéierlounMéierMéierendréierMéierendréieschméierzen, mouerzenméig(e)lechméig(e)lecherweisMéig(e)lechkät, -keetMéilméil(d)méilegMeilegeldmeilen, méilenMéilerMéim, Méin, Mimm, Mumm, MoumMéindeg, Méindig, Määndeg, Meendeg, MéindenméindesmeinersechsMéinertméisam, méisemMéis-chenMéischdrëf, Méischtrëf, Määschdrëf, Mëschdrëf, MiesdrëfMéischduerf, Méischdërf, Méischtrëf, MëschdrëfMéischtrëf, Meeschdrëf, MeeschdorrefméissegMéisseggankMéisseggängerMéiwMéizchenméizenMekanicksmullmekaneschMekanik, MekenikMécanicienMekanissjä, Mekanissjen, MekanissiMekanoMekesmelakegMëlañgemëlañgéierenMëlani, MelaniMëlass, Melaass, MolassMëläsMelchiormelden, mellenMellesMeldongmëléieren, mäléierenmëléiertMelickshaffMelicksheck, MelécksheckMëllMellMëllMëllem, Méil, Mill, MollMëllGemëltersMëllMëllmëllMëll-mëll-MëllkappMëllkappMëllbierchenmëlldéidegMëllechMëllech-MëllechautoMëllechämerMëllechbockMëllechbrächMëllechbräiMëllechbréitchenMëllechbrudderMëllechbuttéckMëllechdëppchenMëllechdëppenMëllechféiwerMëllechfilterMëllechfläschMëllechfraMëllechgeldMëllechgeschäftMëllechgesiichtMëllechglas | Méi (Echt.: Mi, Untersauer: Mee) F.: «Mühe» — Raa.: et as verluere M. — et as nët der (M.) wäert (es lohnt sich nicht — hier fällt oft Méi aus) — et as emol nët der (M.) wäert fir dervun ze schwätzen — gëf der weider keng M. (bemühe dich nicht, es ist doch umsonst, zwecklos) — där M. sin ech enthuewen — ech hu mer all M. vun der Welt gin, et wor ëmsoss — ech hu méng léif M. mat him gehat (meine liebe Mühe) — ouni M. kritt een näischt — Kinderspr.: bas de béis? dann hues de zwou Méien, béis ze bleiwen odder rëm gutt ze gin — wéi geet et am Stot? — Antwort: all Woch, siwe Méien (Echt.) — sprichwörtl.: ouni M., kritt ee Lais a Fléi — M. a Suerg sin d'Lous vun den aarme Leiden — Zussetz.: Krëschteméi (s. d.).
Méi-/méi- -séileg Adj./Adv.: 1) «beschwerlich, mühsam» — eng m. Aarbecht — mat méiséileger Nutt (Echt).; 2) «durch Krankheit, Alter schwach, unbeholfen, kümmerlich» — der wësst nët wéi m. ech dru sin — et as mer sou m.; -séilegkät, -keet F.: «Mühseligkeit» — dat Framënsch as mat alle Méiséilegkäte geplot — lo as en dout a [Bd. 3, S. 127] sénger ville Méiséilegkeeten enthuewen.
meiden trans. Verb.: «meiden» — Ra.: wat ee nët ka leiden, muss ee m. — si hun äis laang Zäit gemidden.
Méidéngen ON.: «Medingen» — Dorf der Gemeinde Contern, Kanton Luxemburg — 508.
Méiderbox F.: «Miederhose» (Kinderkleidung: die Knöpfe sind am Mieder, die Knopflöcher an der Hose).
méien (lok.: Redingen) refl. Verb.: «sich bemühen» — méi dech nët (gib dir keine Mühe); Zussetz.: be-, ofméien (s. d.).
méi(n)en (s. LSA Karte Nr. 103) trans./intr. Verb.: «mähen» — (Konjug.: Nösl., Ind. Präs.: ich miën, du micks, hä mickt; Ind. Prät.: mickt; Part. Prät.: gemickt; Echt., Part. Prät.: gemicht) — mir hun nach alles ze m. — et as alles geméi(n)t om Flouer — en huet et glat (ratz) ewech geméint (kahl weg gemäht) — d'Fruucht läit do wéi geméit (nach einem Unwetter) — haut gët nët méi mat der Séchel an och bal nët méi mat der Séissel geméit — übtr. Ra. Echt.: dat as him en gemichte Wis (vorteilhaft für ihn) — Mähweise: queesch, schréi m. (schräg, nach der Schmalseite des Ackers), ronn m. (im Kreis), op de Jon, op de Gank, op Gäng, op Schuadde (Schwaden), op Strae m. — am Jon m. (in der Mäherreihe) — Zussetz.: bäi-, eraus-, lassméi(n)en — cf. flausen.
Méimaschin F.: «Mähmaschine» — d'Gras gët all mat der M. geméit.
Méidrescher (lok. Nösl.: Méidresch F.) M.: «Mähdrescher» — s. Mädrescher.
Méi(n)er(t), Midder, Mäder, Mëder (Osten, Nösl.: Miër) M.: «Mäher» — hien as en éischte M. — Nösl.: Néckel wor e bise Miër, et schnutt em wi der Däiwel (N. war ein sehr tüchtiger Mäher, er hatte große Geschicklichkeit im Wetzen, so daß die Sense sehr gut schnitt).
Méierloun M.: «Mäherlohn, Schnitterlohn».
Méier F.: «Märe, frei erfundene Geschichte» — dat si sénger Méieren.
Méierendréier M. — s. Mallendréier, Rapportendréier — dazu das Fem.: Méierendréiesch.
méierzen, mouerzen (Nösl.: muerzen) intr. Verb.: «nach Schlamm, moorig schmecken, riechen» — d'Fësch hun al geméierzt.
méig(e)lech Adj.: «möglich» — bei dir as nun awer alles m. — Ausruf der Überraschung, Entrüstung, Verwunderung: 't as (dach) nët m.! — sou eppes kann dach nët m. sin! — as et m.? — wéi as sou eppes m.? — substantiv.: ech hu mäi Méiglechst gemaach(t) — Zussetz.: mënscheméiglech (s. d.).
méig(e)lecherweis Adv.: «möglicherweise».
Méig(e)lechkät, -keet F.: «Möglichkeit» — mir hun elo nach eng M.
Méil M. — s. Mëll V, Mill V.
méil(d) (lok.: Westen) Adj.: «mild» (nur vom Wetter gesagt, attrib.) — 't as méil Wieder aber: d'Wieder as mëll (s. d.).
méileg Adj.: «mit Mühe».
Meilegeld N.: «Fahrtentschädigung der Eisenbahnbeamten, des Zugpersonals».
meilen, méilen intr. Verb.: 1) «stippig werden bei Äpfeln (vom Fruchtfleisch), schorfig sein von Äpfeln (auf der Schale)» — d'Äppel si geméilt (die Äpfel sind stippig geworden — im Frühjahr — d. h. fleckig im Fruchtfleisch) — d'Äppel si beméilt (haben Schorfflecken); 2) übtr.: «bekleckern» — Leit déi alles beméilen a beschäissen; 3) refl. (lok.: Vianden) «sich beeilen».
Méiler lok. Var. zu Mëller (s. d.).
Méim, Méin, Mimm, Mumm, Moum (Dim. Méimchen, Mimmchen) F.: 1) veraltet, früher vom Gesinde gebraucht: «Meisterin»; 2) spaßh.: a. «Ehefrau» — a wat seet eis M. dann dozou?; b. «Hausmutter»; 3) «alte Frau» — dafür Nösl. auch: Memi (s. d.); 4) «(Groß-) Tante».
Méindeg, Méindig, Määndeg, Meendeg, Méinden (Südwestecke: Mounden, Moundeg, Osten und Nösl.: Moondig) M.: «Montag» — bloe M. (blauer Montag) — e kuckt dran ewéi de bloe M. (katzenjämmerlich) — e M. si mer do (am Montag) — mir kommen de (e) M. (am nächsten Montag) — wéini as dat da geschitt? Antwort: de M., e M. (am Montag) — e M. de Muergen (am Montagmorgen) — de leschte M. (am letzten Montag) — Zussetz.: Fues-, Kiirmes-, Ouschter-, wäissen Ouschter-, Päischtméindeg.
méindes (phV. s. d. vor.) Adv.: «montags» — all m. as Wäschdag — m. muer(g)es (montags morgens) — deen huet säi méindest Gesiicht nach un (er ist schlecht gelaunt) — Wetterregel: wann et sonndes reent a méindes och, da gët et (dach) nach eng schéi Woch — Nösl.: wann et sonndes [Bd. 3, S. 128] räänt a moondes nët, da verjääss daastes dës Kiddel nët.
meinersechs — s. mäinersechs.
Méinert M.: 1) — s. Méi(n)er(t); 2) (lok.: Oberkorn) «langbeinige Spinne».
méisam, méisem Adj.: «mühsam, beschwerlich».
Méis-chen N.: 1) Dim. zu Mous (s. d.); 2) bes.: «Krauskohl» — dafür auch: Wäärjhem, Zaffuëjer, Zaffouescher — Nösl.: krauselicht Mous — cf. Kabes II.
Méischdrëf, Méischtrëf, Määschdrëf, Mëschdrëf, Miesdrëf ON.: «Mösdorf» — Dorf der Gemeinde Mersch, Kanton Mersch — 244.
Méischduerf, Méischdërf, Méischtrëf, Mëschdrëf ON.: «Möstroff» — Dorf der Gemeinde Bettendorf, Kanton Diekirch — 185.
Méischtrëf, Meeschdrëf, Meeschdorref ON.: «Mörsdorf» — Dorf der Gemeinde Mompach, Kanton Echternach — 362.
méisseg Adj.: «müßig, untätig» — en as keng Stonn m. — méisseg ze goe féiert zu jidd Näischnotzegkät — Aufforderung: sëtz nët esou m. do — spöttisch: de méissege Mann (der Wirt) — Spw.: besser Mécke gefaang, wéi m. gaang — s. sub Méck; 2) «untauglich, sinnlos» — dat si sénger méisseger Plangen a Gedanken — dat as méissegt Geschwätz (sinnloses Gerede); 3) «unbeackert, brach» — en huet dat Stéck ewell laang m. leie loossen — dat Stéck läit m. (dafür lok. Merkholtz: 't as engt egdelt Stéck); 4) «überdrüssig» — e gët der Saach geschwë m.; 5) refl. mit dem Modalv. goen: «meiden» — looss dech deem Borscht sénger m. goen, soss hëllefen ech der op (meide diesen Burschen, stelle den Umgang mit ihm ein) — looss dech där Saach m. goen (géi der Saach m. — stelle diese Umtriebe ein) — looss dech dees m. goen (kümmere dich nicht darum) — géi dech ménger m. (laß mich in Ruhe).
Méisseggank M.: «Müßiggang».
Méisseggänger M.: 1) «Müßiggänger» — en dëskréiert wéi e M. (er schwatzt wie ein M.); 2) «Sprengung, die ohne Wirkung bleibt» — cf. Fascht sub 3).
Méiw F.: «Möwe».
Méizchen F.: «rundes Backwerk» (Ga). | |