LWB Luxemburger Wörterbuch
 
méig(e)lecherweis bis Meldong (Bd. 3, Sp. 127b bis 129a)
 
méig(e)lecherweis Adv.: «möglicherweise».
 
Méig(e)lechkät, -keet F.: «Möglichkeit» — mir hun elo nach eng M.
 
Méil M. — s. Mëll V, Mill V.
 
méil(d) (lok.: Westen) Adj.: «mild» (nur vom Wetter gesagt, attrib.) — 't as méil Wieder aber: d'Wieder as mëll (s. d.).
 
méileg Adj.: «mit Mühe».
 
Meilegeld N.: «Fahrtentschädigung der Eisenbahnbeamten, des Zugpersonals».
 
meilen, méilen intr. Verb.: 1) «stippig werden bei Äpfeln (vom Fruchtfleisch), schorfig sein von Äpfeln (auf der Schale)» — d'Äppel si geméilt (die Äpfel sind stippig geworden — im Frühjahr — d. h. fleckig im Fruchtfleisch) — d'Äppel si beméilt (haben Schorfflecken); 2) übtr.: «bekleckern» — Leit déi alles beméilen a beschäissen; 3) refl. (lok.: Vianden) «sich beeilen».
 
Méiler lok. Var. zu Mëller (s. d.).
 
Méim, Méin, Mimm, Mumm, Moum (Dim. Méimchen, Mimmchen) F.: 1) veraltet, früher vom Gesinde gebraucht: «Meisterin»; 2) spaßh.: a. «Ehefrau» — a wat seet eis M. dann dozou?; b. «Hausmutter»; 3) «alte Frau» — dafür Nösl. auch: Memi (s. d.); 4) «(Groß-) Tante».
 
Méindeg, Méindig, Määndeg, Meendeg, Méinden (Südwestecke: Mounden, Moundeg, Osten und Nösl.: Moondig) M.: «Montag» — bloe M. (blauer Montag) — e kuckt dran ewéi de bloe M. (katzenjämmerlich) — e M. si mer do (am Montag) — mir kommen de (e) M. (am nächsten Montag) — wéini as dat da geschitt? Antwort: de M., e M. (am Montag) — e M. de Muergen (am Montagmorgen) — de leschte M. (am letzten Montag) — Zussetz.: Fues-, Kiirmes-, Ouschter-, wäissen Ouschter-, Päischtméindeg.
 
méindes (phV. s. d. vor.) Adv.: «montags» — all m. as Wäschdag — m. muer(g)es (montags morgens) — deen huet säi méindest Gesiicht nach un (er ist schlecht gelaunt) — Wetterregel: wann et sonndes reent a méindes och, da gët et (dach) nach eng schéi Woch — Nösl.: wann et sonndes [Bd. 3, S. 128] räänt a moondes nët, da verjääss daastes dës Kiddel nët.
 
meinersechss. mäinersechs.
 
Méinert M.: 1)s. Méi(n)er(t); 2) (lok.: Oberkorn) «langbeinige Spinne».
 
méisam, méisem Adj.: «mühsam, beschwerlich».
 
Méis-chen N.: 1) Dim. zu Mous (s. d.); 2) bes.: «Krauskohl» — dafür auch: Wäärjhem, Zaffuëjer, Zaffouescher — Nösl.: krauselicht Mous — cf. Kabes II.
 
Méischdrëf, Méischtrëf, Määschdrëf, Mëschdrëf, Miesdrëf ON.: «Mösdorf» — Dorf der Gemeinde Mersch, Kanton Mersch — 244.
 
Méischduerf, Méischdërf, Méischtrëf, Mëschdrëf ON.: «Möstroff» — Dorf der Gemeinde Bettendorf, Kanton Diekirch — 185.
 
Méischtrëf, Meeschdrëf, Meeschdorref ON.: «Mörsdorf» — Dorf der Gemeinde Mompach, Kanton Echternach — 362.
 
méisseg Adj.: «müßig, untätig» — en as keng Stonn m. — méisseg ze goe féiert zu jidd Näischnotzegkät — Aufforderung: sëtz nët esou m. do — spöttisch: de méissege Mann (der Wirt) — Spw.: besser Mécke gefaang, wéi m. gaang — s. sub Méck; 2) «untauglich, sinnlos» — dat si sénger méisseger Plangen a Gedanken — dat as méissegt Geschwätz (sinnloses Gerede); 3) «unbeackert, brach» — en huet dat Stéck ewell laang m. leie loossen — dat Stéck läit m. (dafür lok. Merkholtz: 't as engt egdelt Stéck); 4) «überdrüssig» — e gët der Saach geschwë m.; 5) refl. mit dem Modalv. goen: «meiden» — looss dech deem Borscht sénger m. goen, soss hëllefen ech der op (meide diesen Burschen, stelle den Umgang mit ihm ein) — looss dech där Saach m. goen (géi der Saach m. — stelle diese Umtriebe ein) — looss dech dees m. goen (kümmere dich nicht darum) — géi dech ménger m. (laß mich in Ruhe).
 
Méisseggank M.: «Müßiggang».
 
Méisseggänger M.: 1) «Müßiggänger» — en dëskréiert wéi e M. (er schwatzt wie ein M.); 2) «Sprengung, die ohne Wirkung bleibt» — cf. Fascht sub 3).
 
Méiw F.: «Möwe».
 
Méizchen F.: «rundes Backwerk» (Ga).
 
méizen (Ösling, Süden) trans./intr. Verb.: «nach mehr verlangen, den Appetit anregen» — dat do as eppes dat méizt (schmeckt gut, verlangt nach mehr) — 't méizt nët méi (ich habe genug davon, es verlangt mich nicht mehr danach) — manchmal spaßh., in angeblich abweisendem Ton gebraucht: ee, dat do méizt jo! (als handle es sich um eines der ähnlich gebildeten, tadelnden Verben).
 
Mekanicksmull F.: «mechanischer Backtrog».
 
mekanesch Adj.: «mechanisch».
 
Mekanik, Mekenik (Ton: 3) F.: «Bremse, Hemmvorrichtung am landwirtschaftlichen Wagen» — erscheint auch als: Manik, Méckenik, Mëgënek, Wiltz: Megenik, Bœven: Mikanik, Reckingen (Mess): Mikenik, Nösl., Gilsdorf: Miggenik, Bettingen (Mess), Mosel: Mécanique (wie frz.), Manik, Rosport: Jamenek.
 
Mécanicien (wie frz., Ton: 3), Mekanissjä, Mekanissjen, Mekanissi M.: «Mechaniker, Maschinenschlosser» — en huet fir M. geléiert — en as M. bei der Eisebunn, an engem (enger) Garage.
 
Mekano (Ton: 1 oder 2) M.: «Metallbaukasten» (nach einer bestimmten Marke).
 
Mekes M.: «Geld» — cf. Méck sub 4).
 
melakegs. malakeg.
 
Mëlañge (von frz. mélange, Ton: 1 oder 2) M.: 1) allgemein: «Mischung» (Kaffee, Zuckerbohnen, Backwerk); 2) (lok.) «Buff (Magenbitter) mit Branntwein» — gët mer e M.
 
mëlañgéieren trans. Verb.: «mischen, vermischen» — s. auch: mëléieren — frz. mélanger.
 
Mëlani, Melani (Ton: 1) weiblicher Vorname: «Melanie» — erscheint auch als: Mëll, Mell(chen), Melli, Meli, Minni, Lani, Lann(i).
 
Mëlass, Melaass, Molass (Ton: 1) M.: «Zuckerrübensirup» — dafür auch: Rommelsgebääss (Westen), Zaroup (Nösl.), Mischtrol(l) (lok.: Niederkerschen), Jhitz, Jhips (s. d. sub I), Leckschister (lok.: Hamm).
 
Mëläs (Ton: 1) F.: «Lärche» — lok. dafür: eng Tënn déi schléift.
 
Melchior männlicher Vorname: «Melchior» — erscheint als: Melcher, Mëllécher, Méilécher (die beiden letzten Formen auch als Hausname).
 
melden, mellen (Nösl.: mälen) trans./intr. Verb.: 1) a. «melden, anzeigen» — de Bierg mellt, d'Gehëlz schwätzt (Bergmannspr.: das Hängende zeigt Einsturzgefahr an) — d'Auer mellt (die Uhr zeigt den Schlag an) — den Zuch mellt (die Signalglocke der Eisenbahn ertönt) — tommel [Bd. 3, S. 129] dech, et huet ewell gemellt (Zug) — et gouf am Radio gemellt — d'Zeidong mellt Frascht (Wettervorhersage) — dat muss de der Poliss m. — de Chef huet d'Affär misse m. — den Zuch as mat enger Stonn Verspéidong gemellt — den Hond huet gemellt, et muss eppes an der Wier sin (der Hund hat Laut gegeben, gebellt); b. Kartenspiel (Sechsundsechzig, Belote usw.): «ansagen» — ech hun nach zwanzeg (véierzeg) ze m. (König und Königin der gleichen Farbe) — en huet dës elo honnert gemellt — si hu liicht wannen, si mellen äis dout (haben durch Ansagen das Spiel gewonnen); substant.: Melles N. — spillt dir, mir hu M. — ech hun e Koup M. — hues de näischt M.?; c. «berichten» — wat hues de ze m.?; d. «befehlen» — du hues hei näischt ze m. — spaßh. dafür auch: karmellen — wat wëlls du dann hei ze (kar)m. hun?; 2) refl.: a. «sich bemerkbar machen, ankündigen» — de Mo mellt sech, 't as bal Mëtteg (man verspürt Hunger) — d'Kand mellt sech, gëf em d'Fläsch — mell dech alt näs emol (gib Nachricht von dir, Telefon, Schreiben, Besuch) — a! mells de dech erëm? — ech hu mech missen om Polissbüro m. — du brauchs nët ze fäerten, e mellt sech schons (macht seine Ansprüche schon geltend) — den Zaldot as sech m. komm — wann et ëm d'Mëttesstonn geet, mellt hien sech — fir sou schéin Deeg wéi d'Kiirmes, mellt een sech ëmmer — méng Rematisseme mellen sech — 't huet eppes sech gemellt (bei abergläubisch aufgefaßtem Vorzeichen); b. «bewerben» — ech hu mech fir déi nei Plaz gemellt — fir dee Posten hun sech der vill gemellt — wéi et drëm hiergong, du huet keen sech gemellt (zu einer Dienstleistung) — Zussetz.: of-, umellen (s. d.).
 
Meldong (lok.: Meléng, Melléng) F.: «Meldung, Mitteilung, Nachricht» — hien huet keng M. méi gedoen (keine Nachricht mehr gegeben) — en huet keng M. dervu gedoen (gar nichts verraten) — d'Zaldoten hu M. kritt fir direkt ofzemarjhéieren — iwwer déi Saach elo muss ech M. maachen (Meldung erstatten) — den Hond huet Melléng gedoen (hat Standlaut gegeben).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut