LWB Luxemburger Wörterbuch
 
mëléieren, mäléieren bis Mëllechhändler (Bd. 3, Sp. 129a bis 130b)
 
mëléieren, mäléieren trans. Verb.: 1) «mischen»; 2) «einmischen» — mëléier dech nët an hire Sträit.
 
mëléiert Adj.: «meliert» — en huet gro m. Hoer (grau meliertes Haar).
 
Melickshaff Stellenbez. bei Echternach: «Melickshof».
 
Melicksheck, Melécksheck ON.: «Melickheck» — Häusergruppe der Gemeinde Consdorf, Kanton Echternach — 280.
 
Mëll I, Mells. Mëlani.
 
Mëll II, Mëllem, Méil, Mill, Moll (lok. Redingen, Bettborn: Méil(d), Miel(d)) F.: 1) «Melde» (Atriplex) — anermools wéi d'Leit an den Hongerjore M. giess hun, amplaz Schlappmous (früher als die Leute in Hungerjahren Melde statt Kohl aßen); 2) «Gänsefuß» (Chenopodium) — Zussetz.: Gaarde-, Sau-, Schwéngsmëll (s. d.).
 
Mëll III M.: «Abfall beim Dreschen» (Weizen, bes. Hafer, gebraucht als Viehfutter) — Abl.: Gemëlters N.: (allgemein) «Abfall» — im bes.: «Abfall von Kaff, Hülsen».
 
Mëll IV F. — s. Mëlz.
 
Mëll V M. — s. Mill V.
 
mëll (Westen: méil) Adj.: 1) «weich, mürbe, locker» — d'Bire si m. gin, wéi se gemautscht woren — d'Grompre sin erkaalt, se si ganz m. — de Botter as esou m. wéi Schass — de Buedem as m. — elauter mëlle Buedem am Gaart — e Schwier gët m. — zapp d'Kuuscht an de Kaffi, da gët se m. — 't as esou m. wéi Dreck; substantiv.: eppes méi Mëlles — abweisend: e Mëllen och (cf. Dreck sub 8) und Lëmpchen sub 1)a; 2) «lind, mild» — 't as ze m. fir ëm Krëschtdag — e mëlle Reenchen (Regen) — e mëlle Wanter — in dieser Bed. auch im Westen: méil(d) (s. d.) — 't as méild Wieder — eng mëll Lëftchen — 't gët m. (es taut auf); 3) «gar (gekocht)» — d'Grompere si m. — d' Fleesch vun esou enger aler Kou gët nët m. — spaßh.: as de Kaffi bal m.? (ist der Kaffee fertig?) — as d'Zopp m.? (die Suppe fertig?); 4) «mild» (Geschmack) — e mëlle Wéngchen; 5) «mildherzig, gutmütig» — en huet esou e mëllt Häerz — e mëlle Charakter — du bas ze m. fir mat esou Leiden ëmzegoen — dat Klengt as ze m. fir ënner déi Bouwen — en huet en Häerz m. ewéi Botter; 6) «verweichlicht» — an déngem Alter däerf ee nët méi sou m. sin; 7) «fügsam, nachgiebig» — dee wäerte mer nach m. kréien — zu gudder Lescht hu mer se awer m. kritt — fäert nët, si gi nach m.
 
Mëll-/ mëll- -kapp M.: «Dummkopf»; [Bd. 3, S. 130] -koppeg, -koppig, -keepig, -käppig Adj.: «schwachsinnig, altersschwach, dumm».
 
Mëllbierchen F. — s. Millebéinchen sub 1).
 
mëlldéidegs. mäindéideg.
 
Mëllech (s. LSA Karte Nr. 52) F.: 1) «Milch» — Raa.: e Meedchen, wéi M. a Blutt (Mädchen mit zarter Gesichtsfarbe) — anderer (abfälliger) Zus.: a Päerdsblatz — dien huet seng M. (all) gin (seine Schuldigkeit getan, auch: er hat seine besten Leistungen hinter sich — cf. Ä sub 1) — dat as och all M. déi s du gës (wenn jemand nur sehr wenig oder selten arbeitet oder Geringes leistet) — déi beschte Kou kann nët méi M. gin wéi se huet — en huet séng M. (er ist erledigt, auch: er ist unterlegen — cf. Britt sub 3) — dat kënnt him ewéi dem Bock d'M. (er hat viele Mühe damit) — engem d'Ram vun der M. huelen (jem. hereinlegen) — wann déi Musek spillt (wann hie séngt), da geet d'M. ëm (wird die Milch sauer) — wéivill Auer as et? spaßh. Antwort: e Véierel op déck M. — lokales Wortspiel mit Méilech (Milch), méi(ge)lech (möglich): as et M.? sot d'Kaz, du hat se Schmant geleckt — ähnlich: 't ka M. sin, sot d'Kaz, du hat se Steif geleckt — 't as Méilech, sot de Kueder, du huet e Brach geleckt —s. Ham II und kachen II sub b — Eigenschaft, Art der Milch: séiss M., déck M. (geronnene Milch), blo, dënn, déck, frësch, frësch gestrache, réi, gekacht, geckeg, gebeetscht, gedréit, gejhummt, gefummst, gefuppt, geschmännt, jhauseg, ofgeschäfft, entraamt, moer, sauer, harreleg, pasteuriséiert M. — d'M. geet (as) ëm, gët sauer, gët gesiën, huet de Schellem, huet de Wanter am Aasch — beim Kochen: d'M. lääft iw(w)er, brennt un, si brenzt, mécht eng Maul (zieht Falten beim Kochen), gët gekillt (gekühlt) — d'M. fengen (s. d.) — Kuh als Milchspender: wou keen Auder, as och keng M. — d'Kou gët d'M. schwéier (schwer), liicht (leicht zu melken), léisst d'M. lafen — déi éischt M. nom Kaalwen heescht Béist (s. d.); 2) «milchiger Pflanzensaft» (etwa von Löwenzahn, Wolfsmilchgewächsen); 3) «Milchreife» (Getreide) — de Wääss as an der M. — d'Huewer kënnt elo an d'M.; 4) «Samen der männlichen Fische» — cf. Mëllercher II — Zussetz: Béchse-, Bock- Botter-, Gäässe-, Hexe-, Hunne-, Iesels-, Kéi-, Maandel-, Päerds-, Schoofsmëllech.
 
Mëllech- -auto M.: «Milchtransportauto»; -ämer M.: «Milcheimer»; -bock M.: «Milchgestell» (Sammelgestell, auf dem die Milchkannen zum Transport in die Molkerei abgestellt werden); -bräch F. — s. -zapp; -bräi M.: «Milchbrei» (aus Milch und Mehl zubereitet für Kleinkinder); -bréitchen N.: «Milchbrötchen» (mit Milch gebackenes Brötchen, Semmel) — dafür auch (in bestimmter Form): Ooschkichelchen und Tréiesch Bréitchen; -brudder M.: «Milchbruder»; -buttéck M. — s. -geschäft; -dëppchen N.: 1) «Milchkännchen» (bei Tisch); 2) «Milchgefäß» (zum Milchholen); -dëppen N.: «Milchtopf» (meist blaugrüne Tonkrüge mit blauen Verzierungen, aus Speicher (Eifel), Echternach oder Laroche (Belgien), worin die Milch sich frischhalten läßt, oder die Sahne aufbewahrt wird) — lok. (Syrtal) dafür auch: Gäässendëppchen; -féiwer N. und F.: 1) «Milchfieber» (Euterkrankheit der Kühe); 2) «Kindbettfieber»; -filter M.: «Milchfilter»; -fläsch F.: «Milchflasche»; -fra F.: «Milchfrau»; -geld N.: 1) «Milchgeld, zum Kauf der Milch bestimmt»; 2) «Erlös für an die Molkerei gelieferte Milch». -geschäft N.: «Milchhandlung»; -gesiicht N.: «Milchgesicht» (verächtlich); -glas N.: «Milchglas» (durchscheinendes, nicht durchsichtiges Glas); -handel M.: «Milchhandel» — en huet säi M. verkaaft; -händler M.: «Milchhändler»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut