MercimerciMerciersfabrikMercierskellerenMerciersmusekMerdeMerdageMèreMergel, MiergelMergelbuedemmergelen, miergelenMergenhaffMerikaMerikaner(in)Mëriñk, Merrink, MéringueMëriñkentaartMerinos-schof, Merrjinos-schofMerinoswollMéritemeritéieren, merdéieren, mertéierenMerkelMerlanMërrelMertertMëschMësche(n)-MëschenaschtMëschennaschtMëscheboxMëschefrächenMëschegulliMëschemännchenMeschMëschasi, MaschasiMësch(e)lerMësch(e)lerbroutmëschengemëschtGemëschsMëschmaschinMëschong, MëschonkMëscht, Mëst, Mascht, MastMëscht-mëscht--äMëschtbaatschMëschtbauerMëschtbeiMëschtbierMëschtbierdMëschtbockMëschtbrietMëschtgräfMëschtgreefMëschtguewelMëschthafMëschthammelMëschthattMëschthattMëschtkarMëschtkinnekMëschtklappMëschtknollMëschtkoupMëschtkrabbelerMëschtkrazerMëschtkrécherMëschtkriw(w)elerMëschtkropMëschtluederMëschtméckMëschtnaassMëschtschléierMëschtschloMëschtschloMëschtstullMëschtteimerMëschttëmmerMëschtwaasserMëschtwonMëschte-MëschtekaulMëschtekoupMëschtepiddelerMëschteplazMëschteplazmës(ch)tegmëschten, maschtenMëschtelMëschtesMëskotMëskote-MëskotegoûtMëskotewäinMëskotnossMëspel, MëschpelMëspelchenMëspelt, MëstelMëspelterMëss(jen) | Merci (wie frz., Ton: 1) M.: «Dankeswort, Dankgefühl» — as dat däi M.? — en huet kee M. fir keen — vun deem do erwaart der kee M. — en huet keen Äddi (s. d.) a kee M. — an du hat ech mäi M. — ech krut eng ganz Täsch voller Merciën, an där gi vill dran — sénger Merciën as ee gewass (iron.) — de M. as om Katterwang erhéngert (iron.) — dir huet (dir kritt) kee M. derfir (vun de Leit) — et as mer kee M., wann de Kuch nët geroden as (es befriedigt mich nicht) — hun ech elo de M.? (wenn das Kleinkind seine Notdurft auf das Kleid der Mutter verrichtet hat) — cf. Dank.
merci Interjekt.: «danke» — m. villmools, villmools m. (vielen Dank) — da so schéi m. (zum Kinde) — m., datt der komm sid — ablehnende Antwort (entrüstet): abbee m. (dann)! — äddi (awuer) a m. — en huet nët awuer a nët m. gesot (er ist auf und davon) — wéi geet et? — Antwort: m. der Nofro — m. fir d'Gesellschaft (auch iron.) — ech kommen der m. soe fir déng Gutthät — deen do huet geléiert m. soen — e géing sech d'Zong léiwer ofbäissen ewéi m. ze soen — as et m.,jo odder neen?
Merciersfabrik F.: «frühere Champagnerabfüllung der Firma Mercier in Luxemburg-Bahnhof» — dazu:
Mercierskelleren Pl. M.: «tiefe Felsenkeller dieser Firma».
Merciersmusek F.: «Betriebsmusik dieser Firma».
Merde (wie frz., gespr. mεrt) F.: 1) «Scheiße» (nur übtr.) — wat as dat eng M. (a. welch schmutzige, beschwerliche Arbeit; b. welch schmutziges Wetter) — cf. Schissi; 2) Interj. etwa: «verflucht» (häufig gebrauchter Kraftausdruck, ohne daß jedoch meist dem Sprecher die skatologische Bedeutung des Wortes — Exkremente, Scheiße — bewußt wäre, auch zu: o Märri umgebogen) — in Zussetz.: merdalor (merde alors), m. alör — spaßh. Zusatz: dat as kee klengen Dreck — verstärkend: Kremillnondimerd; 3) Druckersprache: «alles was fettig ist» — dazu (lok.: Rümelingen): Merdage (wie frz. gebildet) M. — maach däi M. (tue was du nicht lassen kannst).
Mère (wie frz.) F.: 1) «Vorsteherin in einem Nonnenkloster» — diese ist: m. supérieure; 2) «Titel und Anrede der Nonnen z. B. in Töchterpensionaten»; 3) «Herbergsmutter in Jugendherbergen».
Mergel, Miergel M.: «Mergel» (Bodenart) — de M. gouf gebrannt fir d'Feld ze mëschten.
Mergelbuedem M.: «Mergelboden».
mergelen, miergelen trans. Verb.: «Mergel in den Boden mischen».
Mergenhaff M.: «Hof bei Folscheid» — Gemeinde Folscheid, Kanton Redingen — andere Bezeichnung: Frillschterhaff, Éischterhaff.
Merika N. (gelegtl. gebrauchte verkürzte Form zu: Amerika (s. d.)) — ech gin a M. — hei an dem grousse M. (Gonner, Prairieblummen) — spaßh.: Schlamerika.
Merikaner(in) M. und F. (gelegtl.) «Amerikaner(in)».
Mëriñk, Merrink, Méringue (wie frz. — Pl. Mërriñken) F.: «Schaumgebäck» (aus Eiweiß und Zucker) — Zussetz.: Mëriñkentaart F. [Bd. 3, S. 138]
Merinos-schof, Merrjinos-schof N.: «Merinoschaf».
Merinoswoll F.: «Wolle des Merinoschafes».
Mérite (wie frz .— Pl. Meritten) M.: «das Verdienst» — du hues kee M. derbäi — en hat séng Meritten — en huet all séng Meritten opgezielt — cf. Verdéngscht sub 2).
meritéieren, merdéieren, mertéieren trans. Verb.: «verdienen» (meist übtr.) — du meritéiers Streech — en huet nëmme kritt, wat e meritéiert huet — cf. verdéngen.
Merkel M.: «einjähriges Bingelkraut» (Mercurialis annua) — dafür auch: Koukraut, Schësserkraut (s. d.).
Merlan (wie frz., Ton: 1 — Pl. Merlañën) M.: 1) «Weißling» (Merlangus vulgaris); 2) «Schellfisch».
Mërrel M. — s. Märel III.
Mertert ON. — s. Mäertert.
Mësch (Pl. Mëschen, Dim. Mëschelchen) F.: «Spatz, Sperling» (Hausund Feldspatz) — cf. Karmësch — weitere Namen: Feld-, Gewane-, Hecke-Karm., Mauerkrécher, Daachvujel — die hd. Form Spatz ist weit verbreitet — der Sperling ruft: Pätterche, Pätterche, mëscht der bal? oder: Filipp! Filipp! Marijänn, jänn, jänn — frech (s. d. sub 1) wéi eng M. — d'Mëschen hun deem an d'Akaul gebaut (er ist ein grober, unsauberer Mensch) — Raa.: lo geet der M. de Schwanz aus (jetzt fällt die Entscheidung — cf. Kaz sub 1) — 't as besser eng M. an der Hand wéi eng Dauf om Daach — Zussetz.: Feld-, Gewane-, Gras-, Hecke-, Kar-, Schmuelmësch.
Mësche(n)- -ascht, -nascht N.: «Spatzennest»; -box F.: 1) — s. Boxegueder sub 1); 2) «Schlitzhose» (Ga) — dafür auch: Guederbox; -frächen F.: «weiblicher Spatz»; -gulli M.: «Dummkopf» (Schimpfwort) — sou e M.!; -männchen M.: «männlicher Spatz».
Mesch M.: «Morast» — a blouf än mol halen am suppege M. (Gonner, Prairieblummen — zu engl.: mash).
Mëschasi, Maschasi M. — s. Messager.
Mësch(e)ler (Echt. auch: Mëschelter) M.: 1) «Mengkorn, Mischgetreide» — dazu: Mësch(e)lerbrout N.: «Brot aus Mischgetreide» — adverbial gebr.: wéi geet et? — Antwort: sou mëschler, 't as auszehalen; 2) übtr.: «unzuverlässiger Mensch» — den Éim Péit as och där M. een (z. B. bei Wahlen, man kann sich nicht auf ihn verlassen).
mëschen trans./refl. Verb.: 1) «mischen» — ech hun de Bëtong gemëscht — cf. Kleien; dazu Verbadj.: gemëscht — eng gemëscht(e) Schoul (Einheitsschule mit Mädchen und Knaben) — e gemëschte Kouer, Gesank (gemischter Chor, Gesang) — 't as e Musécksstéck fir gemëschte Kouer — Neol.: mat gemëschte Gefiller — Abl.: Gemëschs N.: «Mischung»; 2) «einmischen» — Ra.: mësch dech an näischt, da kënns d'an näischt — mësch dech nët an dene Leiden hir Saachen, an hire Stot — hie mëscht sech an alles — do huet een am beschte sech nët dran ze m. — Zussetz.: vermësche(le)n (s. d.).
Mëschmaschin F.: «(Beton-)Mischmaschine».
Mëschong, Mëschonk F.: 1) «das Mischen»; 2) «die Mischung».
Mëscht, Mëst, Mascht, Mast F.: 1) a. «Mist, Exkremente, Tierkot» — d'Kou mécht esou dënn M. — Frage des Tierarztes: mécht d'Päerd geschéckerlech M. (ist das Pferd nicht verstopft?) — hues de d'M. aus dem Stall gefouert? — Raa.: dee mécht och nët méi laang (vill) M. hei (wird in Kürze entlassen werden, auch: er stirbt bald) — du hues och nët laang M. do gemaacht (bist nicht lange auf diesem Posten geblieben); b. «Dung» — Ra.: en as mir léiwer an der M., wéi am Fudder (von einem Faulpelz) — gefault M. (verrotteter Dung) — ech droe M. an de Wéngert — mir féieren haut M. (d' M. haut) — ech lueden d'M. op d'Kar — mar gi mer M. spräden — d'M. gët op dem Mëschtekoup getässelt — mir hun eng Karécht (eng Fouer, en Tëmmer) M. kritt — e Bauer, dee M. verkeeft, verkeeft d'Brout vum Dësch — e sténkt ewéi M. — en as faul, liddreg (träge) ewéi M. — naass ewéi M. — domm wéi M. — sou eng liddreg M. (Faulpelz); c. «Misthaufen» (der Misthaufen vor dem Bauernhaus galt ehemals als das Zeichen der Wohlhabenheit) — wat huet dir eng M. (Mëschten) virum Haus leien! (einen stattlichen Misthaufen) — prahlend: mir hu méi M. ënnerem Dësch (Überreste vom Tisch) leien ewéi dir virum Haus (cf. sub 2) — en as nëmmen do freie gaang, wou eng déck M. (Mëschte) virum Haus loug — d'M. wiisst hinnen an [Bd. 3, S. 139] d'Haus (von einem faulen Bauern gesagt) — den Här vun der M. (der Haushahn) — op sénger M. as den Hunn (s. d. sub 1) Meeschter — Echt.: e kricht hoat, wann en op seiner M. as (kräht laut, d. h. redet viel unter seinesgleichen, sonst wagt er sich nicht vor) — hei sin ech op ménger (bet.) M. (in meinem Machtbereich) — en as nët op sénger M. (er fühlt sich fremd, unbehaglich) — jidderän as Här op sénger M. — Spw.: wann den Dreck M. gët, wir e gär gefouert — spaßh. Drohung (bes. von Kindern): komm du nach eng Kéier laanscht eis M. (an unserm Haus vorbei) — Zussetz.: Blieder-, Dauwe-, Gäässe-, Gënze-, Hénger-, Kanéngerches-, Kéi-, Päerds-, Schoofs-, Schwéngs-, Stréimëscht; 2) a. (lok.: M.) «Schmutz, Unrat» — wien huet déi M. hei gemaacht? — wat as dat e M. an där Lued! — wat hun déi eng M. am Haus! — wat hues du eng M. an den Oueren! — wat as dat eng M. an der Päif! — übtr.: wat as eng M. an deem Duerf, an där Familjen (welch unglaubliche Zustände, welcher Hader); b. «wertlose Dinge, Plunder» — en hat eng M. Saache matbruecht, lo stin se do ze hënneren — sou e(ng) M. keefs du och nach! (solch wertloses Zeug); c. «Unsinn» (auch: M.) — wat dee seet as de rengste M. — wat huet deen e M. verzielt — cf. Kabes, Dong. | |