LWB Luxemburger Wörterbuch
 
mëss- bis Messer, Mess, Meess (Bd. 3, Sp. 140b bis 141a)
 
mëss- (Vorsilbe: miß-) -bëllegen trans. Verb.: «mißbilligen»; -brauch (Ton: 1) M.: «Mißbrauch» — nu maach kee M. mat dénge Suen — ech maache kee M. dervun (von einem anvertrauten Geheimnis); -brauchen (Part.: mëssbraucht — Ton: 1 und 2) trans. Verb.: «mißbrauchen» — en huet säin ege Meedche mëssbraucht (Inzest); -déideg Adj.: «niederträchtig, verbrecherisch»; -déideger, -déidécher, -déidegen (lok.: Missdéidécher) M.: «Missetäter, Sünder» (C — bes. in Kriminalfällen) — e souz do wéi e M. — e gesäit eraus wéi e M.; -dot F.: «Missetat»; -falen (Ton: 1 oder 2) intr. Verb.: «mißfallen» — dat huet him schrecklech mëssfall; -fälleg Adj.: «mißfällig»; -gebuert F.: «Mißgeburt» (auch Schimpfwort); -gedoen Verbadj.: «fehl, unüberlegt gehandelt»; -grëff M.: «Mißgriff» — datt se deen do agestallt hun, wor e M.; -halen (Ton: 2) refl. Verb.: «sich ereifern, seiner Unzufriedenheit Ausdruck geben» — en huet sech däermoossen iwwer déi Saach m., en as alt krank gin; -handelen trans. Verb.: «mißhandeln»; -jor N.: «Fehljahr»; -lädeg, -ledeg Adj.: «mißleidig, überdrüssig»; -lech Adj.: 1) «ärgerlich, verdrießlich, erregt» — m. a verdrësslech (Echt.); 2) «ungünstig, unpassend» — mësslecht Wieder — eng m. Saach; -lechkät F.: «Unannehmlichkeit, Notzeit» — mir sin elo aus alle Mësslechkäten eraus; -léngen intr. Verb.: «mißlingen»; -mutt M.: «Mißmut»; -roden (Ton: 2) intr. Verb.: «mißraten» (auch als Part. Perf. und Verbadj.) — et as alles dëst Joër m.; -stand (Pl. Mësstänn) M.: «Mißstand, Übelstand»; -toun M.: «Mißton»; -trauen (Ton: 1) N.: «Mißtrauen»; -trauen (Ton: 1 oder 2) intr. Verb.: «mißtrauen»; -trauesch (Ton: 1 — lok.: mësstraiesch) Adj.: «mißtrauisch»; -verhältnes N.: «Mißverhältnis»; -verständnes M. und N.: «Mißverständnis»; [Bd. 3, S. 141] -verstoen trans. Verb.: «mißverstehen» — du hues mech alt nammel mëssverstan(en); -wuess M.: «Mißwachs»; -zillt Adj.: «unerzogen» — mësszillte Kanner (C).
 
Messager (wie frz., Ton: 1 oder Ton: 2) M.: 1) «(fahrender) Landbote» — erscheint als (Ton: 2): Mëssajhi, Mëschasi, Messajhi, Maschajhi, Maschasi, Maschärsi, Maschassi, Manschasi — (Ton: 1) Mercherjhi — cf. Kommissionär — e ronkt a bléist, rullt hin an hir, bal wéi beim Mëschasi säi Gefir (Gœrgen, Spackelter); 2) (lok.) «Briefträger».
 
Messagerie (wie frz.) F.: 1) «Speditionsfirma»; 2) «(Zeitungs-)Vertrieb».
 
Messajheeswon M.: 1) «Botenwagen»; 2) «Planwagen, der die Bauernfrauen zu den Wochenmärkten brachte».
 
Messajhësch F.: «Botenfrau, Botin».
 
Mëssel I (Pl. Mësselen) M.: «Meinungsverschiedenheit, Streitgegenstand, Irrtum» — se kruten e M. wéinst där Wiss — loosse mer de M. deelen (einen gütlichen Vergleich ziehen, den Unterschied z. B. zwischen verlangter und gebotener Summe aufteilen).
 
Mëssel II M.: «Kleingeld» (Du).
 
Mësselbauer M.: 1)s. Mëttelbauer; 2) «Prozeßkrämer».
 
mëssen trans. Verb.: «missen, vermissen, entbehren» — méng Drëpp m. ech nët gär muerges — ech kann e gutt m. — d'Kanner hun de Papp an hire jonge Joren al gemësst — et géing een trotz allem dat Buch nët gär m. — du bas nët gemësst gin — du kanns roueg goen, du gës néiere gemësst — ech (ver-)mëssen deen Heel (Hacke) ewell laang — den Abgestuerwenen as laang gemësst gin — et waren uerg Joëre, ma ech wëllt se trotzdeem nët m. — cf. vermëssen.
 
Messendrot M.: a. «Metalldraht»; b. «Messingdraht» (Ga).
 
Messer, Mess, Meess (Osten: Meesse(r), Nösl.: Metz(er) — Pl. Messeren, Dim. Messerchen) N.: «Messer» — Raa.: en huet d'M. bei de Ruet geluegt (Mosel: er ist gestorben) — en huet em d'M. op (un) d'Guergel (op d'Broscht — s. d.) gesat — se sin openän éwei d'Gääss (s. d. sub 1) op d'M. — si sin esou gutt mateneen (esou frou mat em) ewéi de Bock (d' Gääss) mam M. (iron.) — e fäert (fürchtet) d'Aarbecht ewéi de Bock d'M. — si gounge mam M. openän (géintenän — sie gingen mit dem Messer gegeneinander los — cf. dazu: Knapplach sub 2)a.) — si hun ugefaang mam M. ze spillen (sie gingen mit dem Messer aufeinander los) — drohend (gemein): ech rennen e mam M. durech d'Panz, datt e vreckt — a, du hëls d'M. (du greifst zum M.), da waart Männchen! — Vergleiche: e brëllt (brüllt), jäizt (s. jäizen sub 1), stellt sech wéi wann en d'M. am Hals (s. d. sub 1) hätt — déi kal Loft huet een ewéi mat Messeren an d'Gesiicht geschnidden — 't huet mech wéi mat Messeren an de Fous gestach (z. B. von schmerzenden Hühneraugen) — e kënnt ënnert d'M. (er wird operiert) — se hu mech ënnert d'M. geholl (ich wurde operiert) — d'Kanner spille mam M. (Messerspiel der Knaben, bes. der Hütejungen — s. Messerches) — et gët ee kengem Kand e M. an d'Hand — Teile des Messers: de Graff, de Still (Heft), d'Patt oder d'Kratt (Zwinge), d'Limech(t) oder d'Lämmel (Klinge), de Réck (Rücken), d'Schneid (Schneide), de Balem — vom stumpfen Messer wird gesagt: et schneit Waasser bis op de Grond — 't schneit (kalegt Waasser a) frësche (frëschegt) Botter a wäisse Kéis — 't schneit dem Däiwel de Schwanz nët erof — d'M. as gutt fer dem Däiwel de (säi) Schwanz erofzeschneiden — 't schneit gutt géint de Wand — d'M. as stompeg, ech muss et schläifen, schäerfen, schaarf maachen — hues de d'M. geschlaff? (das Messer geschärft, auch: bist du bereit?) — vom scharfen Messer heißt es: 't schneit wéi Gëft (Gaft), wéi e Baartmesser, wéi e Fliddem — Kinderspiel: ech schläife mäi Messerchen, pick! — Zussetz.: Baart-, Botter-, Brout-, Dësch-, Dëssäers-, Fieder-, Fleesch-, Ha(c)k-, Hame-, Houf-, Gaarde-, Grompre-, Häcksel-, Kabes-, Kiche-, Okuléier-, Praff-, Poss-, Raséier-, Schiel-, Schneid-, Schluecht-, Staache- (dafür auch: Staacherësser), Täsche-, Trañschéier-, Tuujhe-, Uebstmesser — besondere Messerarten: Flim, Ponjar, Knäip (s. d.); 2) «Schneidewerk an Maschinen» — wéi mer an deem stengege Stéck geméint hun, hu mer wéivill Messere gebrach — mer mussen d'Messere vun der Méimaschin nach schläifen — d'Messere vun der Gehäckmaschin si stompeg.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut