LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Messajhësch bis Mëtsche(n)- (Bd. 3, Sp. 141a bis 143a)
 
Messajhësch F.: «Botenfrau, Botin».
 
Mëssel I (Pl. Mësselen) M.: «Meinungsverschiedenheit, Streitgegenstand, Irrtum» — se kruten e M. wéinst där Wiss — loosse mer de M. deelen (einen gütlichen Vergleich ziehen, den Unterschied z. B. zwischen verlangter und gebotener Summe aufteilen).
 
Mëssel II M.: «Kleingeld» (Du).
 
Mësselbauer M.: 1)s. Mëttelbauer; 2) «Prozeßkrämer».
 
mëssen trans. Verb.: «missen, vermissen, entbehren» — méng Drëpp m. ech nët gär muerges — ech kann e gutt m. — d'Kanner hun de Papp an hire jonge Joren al gemësst — et géing een trotz allem dat Buch nët gär m. — du bas nët gemësst gin — du kanns roueg goen, du gës néiere gemësst — ech (ver-)mëssen deen Heel (Hacke) ewell laang — den Abgestuerwenen as laang gemësst gin — et waren uerg Joëre, ma ech wëllt se trotzdeem nët m. — cf. vermëssen.
 
Messendrot M.: a. «Metalldraht»; b. «Messingdraht» (Ga).
 
Messer, Mess, Meess (Osten: Meesse(r), Nösl.: Metz(er) — Pl. Messeren, Dim. Messerchen) N.: «Messer» — Raa.: en huet d'M. bei de Ruet geluegt (Mosel: er ist gestorben) — en huet em d'M. op (un) d'Guergel (op d'Broscht — s. d.) gesat — se sin openän éwei d'Gääss (s. d. sub 1) op d'M. — si sin esou gutt mateneen (esou frou mat em) ewéi de Bock (d' Gääss) mam M. (iron.) — e fäert (fürchtet) d'Aarbecht ewéi de Bock d'M. — si gounge mam M. openän (géintenän — sie gingen mit dem Messer gegeneinander los — cf. dazu: Knapplach sub 2)a.) — si hun ugefaang mam M. ze spillen (sie gingen mit dem Messer aufeinander los) — drohend (gemein): ech rennen e mam M. durech d'Panz, datt e vreckt — a, du hëls d'M. (du greifst zum M.), da waart Männchen! — Vergleiche: e brëllt (brüllt), jäizt (s. jäizen sub 1), stellt sech wéi wann en d'M. am Hals (s. d. sub 1) hätt — déi kal Loft huet een ewéi mat Messeren an d'Gesiicht geschnidden — 't huet mech wéi mat Messeren an de Fous gestach (z. B. von schmerzenden Hühneraugen) — e kënnt ënnert d'M. (er wird operiert) — se hu mech ënnert d'M. geholl (ich wurde operiert) — d'Kanner spille mam M. (Messerspiel der Knaben, bes. der Hütejungen — s. Messerches) — et gët ee kengem Kand e M. an d'Hand — Teile des Messers: de Graff, de Still (Heft), d'Patt oder d'Kratt (Zwinge), d'Limech(t) oder d'Lämmel (Klinge), de Réck (Rücken), d'Schneid (Schneide), de Balem — vom stumpfen Messer wird gesagt: et schneit Waasser bis op de Grond — 't schneit (kalegt Waasser a) frësche (frëschegt) Botter a wäisse Kéis — 't schneit dem Däiwel de Schwanz nët erof — d'M. as gutt fer dem Däiwel de (säi) Schwanz erofzeschneiden — 't schneit gutt géint de Wand — d'M. as stompeg, ech muss et schläifen, schäerfen, schaarf maachen — hues de d'M. geschlaff? (das Messer geschärft, auch: bist du bereit?) — vom scharfen Messer heißt es: 't schneit wéi Gëft (Gaft), wéi e Baartmesser, wéi e Fliddem — Kinderspiel: ech schläife mäi Messerchen, pick! — Zussetz.: Baart-, Botter-, Brout-, Dësch-, Dëssäers-, Fieder-, Fleesch-, Ha(c)k-, Hame-, Houf-, Gaarde-, Grompre-, Häcksel-, Kabes-, Kiche-, Okuléier-, Praff-, Poss-, Raséier-, Schiel-, Schneid-, Schluecht-, Staache- (dafür auch: Staacherësser), Täsche-, Trañschéier-, Tuujhe-, Uebstmesser — besondere Messerarten: Flim, Ponjar, Knäip (s. d.); 2) «Schneidewerk an Maschinen» — wéi mer an deem stengege Stéck geméint hun, hu mer wéivill Messere gebrach — mer mussen d'Messere vun der Méimaschin nach schläifen — d'Messere vun der Gehäckmaschin si stompeg.
 
Messer- -graff, -grëff M.: «Messergriff»; -krich M. — s. Messerches; -limech(t) F.: «Messerklinge»; [Bd. 3, S. 142] -pickert M.: «Messerheld, Raufbold»; -réck M.: «Messerrücken»; -rimm M.: «Tragriemen für das Messer» (Scout); -schek, -schäd F.: «Messerfutteral»; -spëtz(t) F.: «Messerspitze» — als Maß: huel eng M. voll; -stéch M.: «Messerstich»; -still M.: «Messerstiel» (Heft).
 
Messerchen N.a. Dim zu: Messer; b. bes.: «Federmesser».
 
Messerches N.: «Messerspiel der Knaben» — dafür auch: -krich, cf. Messer sub 1) — Verlauf des Spiels (z. B. in Binsfeld, Simmern): Ein Taschenmesser mittlerer Größe muß auf verschiedene Arten je dreimal so geschleudert werden, daß es im Boden stecken bleibt. Es wird folgendermaßen geworfen: Zuerst am Heft gefaßt, dann aus der flachen Hand, mit geschlossener Hand (Faust), vom Handrücken aus, mit über der Brust gekreuzten Armen, wobei, wenn mit der rechten Hand geworfen wird, mit der linken Hand das rechte Ohrläppchen angefaßt, der rechte Unterarm über dem linken sein muß, und umgekehrt; Gewinner ist, wer alle diese Übungen zuerst dreimal beendet hat; der Verlierer muß einen kleinen Holzkeil, der mit demselben Messer in den Boden geschlagen wird, mit dem Munde herausziehen — cf. Ksp. Nr. 112.
 
Messing, Messéng (Ton: 1) M.: «Messing» — cf. giele Koffer (s. d.).
 
Messire-Jean M.: «Hansbirne» (Pirus Joannis).
 
Mësteler M. — s. Mëspelter sub 1).
 
Mëstel(t)er M.: «Mistel» — s. Mëspelt.
 
Mesure (wie frz. — Pl. Mesüren) F.: 1) «Maßnahme» — wann et nët anescht geet, da musse mer méi streng Mesüren ergräifen — géint dee musse Mesüre geholl gin — ech hat méng M. geholl (hatte mich vorgesehen); 2) «Maßhalten» — e kennt keng Mesür(en) (keine Grenze).
 
Meta F.: «Metagraphie» (Schulspr.).
 
Mëtall (Pl. Mëtallen, Mëtaller) M. und N.: «Metall» — Zussetz.: Wäissmëtall.
 
mëtallen Adj.: «metallen» — mëtalle Knäpp (Knöpfe aus Metall).
 
Meten (lok.: Echt.) Pl.: 1) «Sommerfäden» (C); 2)s. Metten.
 
Meter, Mäter (Arlon: Metter, lok.: Mett) M.: «Meter» — dat as e gudde (gutt e) M. (reichlich einen Meter lang) — spaßh. (drohend): bleif mer e (zéng) M. vum Leif — e schafft op de M. (er arbeitet im Akkord) — maach lues, du gës jo nët op de M. bezuelt — déi Stëffter gin am M. verkaaft — et kritt een dee Stoff am Stéck an am M. — en huet e M. Träip giess (sehr viel) — Zussetz.: Baro-, Kilo-, Kubik-, Mano-, Milli-, Thermo-, Zantimeter.
 
Meter- -karee (Ton: 3) M.: «Quadratmeter» — frz. mètre carré; -kibb (Ton: 3) M.: «Kubikmeter» — frz. mètre cube; -mooss F. und N.: «Metermaß» — Ggs.: Ielemooss.
 
meter(e)n, mäteren intr. Verb.: «mit großen Schritten gehen» — e koum der do gemetert, et huet ee gemengt e géing nach bis op Paräis — kuck! wéi metert dat Klengt ewell (bewundernd von einem Kleinkind, das schon gehen kann).
 
Mëthod, Mëthoud (Ton: 2) F.: «Verfahren, Art und Weise, Methode» — wat sin dat mer fir Mëthoden? — du hues eng gelunge M. fir engem eppes bäizebréngen — hien huet esou séng M. (fir sech) — 't as deem séng M. fir ze schloen (prügeln, schlagen) amplaz fir een eppes ze léieren — e schafft ouni all M. — entrüstet: wat eng M.!
 
Métier (wie frz., Ton: 1), Meetjee, Mëtjee, Mëttjen (Pl. Meetjeën, Mëttjen) M. (lok. auch: N.): 1) «Beruf, Handwerk» — hie kennt säi M. (er versteht sein Handwerk) — e schafft op séngem (om) M. — deen hat allerhand Meetjeën a séngem Liewen — klagend: wat as dat mir e M.!; 2) «Werkstuhl»; 3) «Strickrahmen» (Ga).
 
Mëtsch F.: «Semmel, Brötchen» — eng duebel M. (der Wecken) — eng geschnidde M. (viereckiges Gebäck, dessen Enden zusammengerollt sind — Ga) — Raa.: dat geet wéi d'M. am Buttéck (s. d. sub 1) — erwartungsgemäß, findet guten Absatz) — lok. Echt.: an d'Medaalje säin do wi d'M. am Buttéck (Du) — deen as mat Mëtschen a mat Kéichelcher geféidert (er ist verwöhnt) — lok. Grevenmacher: Mëtschelcher wéi gebeetschte Kannereeschelcher — Mëtsche werfen s. Botterschmiere, Gëllenzoppe, eng Mëllechzëppchen, Millerzëppche maachen — Zussetz.: Mëllech-, Waasser-, Zockermëtsch (dafür heute meist: Bréitchen vorgezogen).
 
Mëtschäd (Ton: 2) ON. — s. Mäerscheed — lok. Ra.: hanner M. sin [Bd. 3, S. 143] nach Leit (M. ist noch nicht das Ende der Welt).
 
Mëtsche(n)-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut