MolterMolterschosselmolterenMoltongMoltongsläilechMoltongstorschongMomber, MoberMombierMomentmomentan, momentjesmommelenMommes, MummesmommëssenMompech, -pichMomperMomper-MomperkandMomperschaaftmomperenMompitzMonarchMondMond-mond-Mondaartmondfaulmondgerecht-guet-schleecht-schléieg-schliichtegmonds(ge)riechtmondsgerietmond(s)moossmënnchesmoossMondharmonikaMondläimmondmoossmonds-monnsmoossMondmusekMondopmondschleecht-schléieg-schliichtegMondspëtz(t)MondspillMondstéckMondstrëppMondvollMondwaassermommelenmondainmondänMondorfMonéitenMonikaMoniqueMonnikMoniteurMonitriceMonk(ert)monkegMonkegkät, -keetmonkelenMonnaie du PapemonnenMonnesMonniMonnonk, MonnongMonnerechMonogrammMonologMonopolmonotonMons, MonnsMonseigneurMonsieurmonsiwerMonstranz, MonschtranzMontageMontaaschmontéierenMontéierongMoñter, MontreMontermonterMonterapelMonterkät, -keetMonteurMontur, Montouer, Mantur, Montéieréng, MontéierongMonumentMonument aux MortsMonzeltermoochelenmoolchesMoolzechtMoosMoossmooss | Molter F.: 1) a. «Fruchtmenge als Mahllohn»; b. «Gefäß, Maß, das zur Entnahme dieser Fruchtmenge dient»; 2) «Stoßschüssel zum Kneten des Teiges» — dafür auch: Muelter.
Molterschossel F.: «Mahlmetze» — s. Molter sub 1)b.; 2) «Neckname für Müller».
molteren trans. Verb.: 1) «einen Teil des Getreides, Mehles als Mahllohn entnehmen, die Molter nehmen» — dee Mëller do moltert nët nëmmen eemol, dee moltert zweemol — Ra.: d'Molteren an d'Kiere muss de Mëller ernieren (der Mahllohn in Natura und das Fegen der Mühle müssen den Müller ernähren) — wann s d'et nët sécher weess, da molter alt nees (sagt der Müller zum Knecht) — im Volkslied: a wéi de Mëller gemoltert hat, du waren et nach knaps sechs Sieschter; 2) «sich reichlich bezahlt machen».
Moltong M.: «Art weicher Flanell» — cf. Fiténg, Pillo — frz. molleton — dazu: Moltongsläilech N.; Moltongstorschong M.
Momber, Mober M.: 1) «Heidelbeere» — cf. Mo(o)lbier; 2) (lok.: z. B. Grevenmacher) «Brombeere, Brombeerstrauch».
Mombier M. — s. Mo(o)lbier.
Moment (lok.: Momäänt — Pl. Momenter, Dim. Momentchen) M.: «Augenblick» — ee (betont) M. (oft spöttisch: warte, gedulde dich ein wenig) — spaßh. auch: ee M. fofzeg (dsgl.) — — den éischte M. duecht ech mer: halt! do stëmmt eppes nët — op de M., am M. sin ech do (gleich bin ich da) — fir de M. sin ech nët bei Mënz (im Augenblick bin ich nicht bei Kasse) — déi Wuer as de (dëse) M. nët do (augenblicklich nicht auf Lager) — du hues e gudde M. (einen günstigen Augenblick) bei ëm geroden — mat Momenter as en wéi aus dem Kapp (zeitweise) — dat wore Momenter! (gefährliche, aufregende Zeiten) — si hun elo e schwéiere, en uerge M. (sind im Augenblick in einer mißlichen, schlechten (finanziellen) Lage) — dat as de kriddelegste M. vun der Kränkt (der entscheidende, gefährliche Punkt der Krankheit) — e kann all M. kommen (stierwen — jeden Augenblick kommen, sterben) — mer hun de (richtege, gudde) M. verpasst (geroden) — cf. Ablack.
momentan, momentjes Adv.: «augenblicklich».
mommelen — s. mëmmelen, mierwelen.
Mommes, Mummes M.: «Geld, Reichtum» — dat Meedche kritt de M. (bringt viel Geld in die Ehe mit) — en huet de M. — an dobäi hate (bet.) se M. — dazu das intr. Verb.: mommëssen in der 3. Pers. Sg.: dat mommëst nët (bringt wenig Geld ein).
Mompech, -pich ON.: «Mompach» — Dorf und Gemeinde Mompach, Kanton Echternach — 290 — lok. abweisend auf die Frage: wuer gäs de? — op M.
Momper (Pl. Momperen, Mëmper) M.: 1) «Vormund» — Mompere setzen (Vormunde ernennen beim Friedensgericht) — ee M. nennen (jem. zum Vormund bestimmen, ernennen) — ech si M. iwwer dech (bin dein Vormund) — hien as mäi M. — éischten, zweete M. — engem e M. setzen (jem. unmündig erklären — cf. mannerjäreg maachen) — ech brauch (nach) kee M. (lasse mich nicht bevormunden) — an der Ried brauch ech nach kee M., wann d'Been och nët méi wëllen — wann ech e M. bräicht, dann héil ech dech bestëmmt nët (zu jem., der alles besser wissen will); 2) «Einnehmer der Kirchenfabrik» — s. Kiirchemomper.
Momper- -kand N.: «Mündel»; -schaaft F.: «Vormundschaft» — eng M. iwwerhuelen — ech mengen, den Notär hätt d'ganz M. (das ganze Erbe ist beim Notar verschuldet).
momperen intr. Verb.: «nicht gut behandeln» — déi al Leit gi vun hire Kanner gemompert (Du) — Zussetz.: bemomperen (s. d.).
Mompitz M. — s. Mumpitz.
Monarch M.: 1) «Monarch» — e kënnt do wéi e M. — e léisst sech opdëschen, [Bd. 3, S. 165] zerwéieren ewéi e M. — cf. Pascha; 2) «das Beste, das Höchste» (etwa im Weinberg, durch Lage, Ertrag und Qualität) — hei kënnt awer eise M. (unsere beste Weinsorte).
Mond (Pl. Mënner, Dim. Mëndchen (s. d.), Mënnchen — Ammenspr.: Mënni — Dat. meist: Monn — cf. BGra § 13 — Assimilierung von Konsonanten) M.: «Mund» — hie stécht de M. nët an d'Täsch (er sagt offen seine Meinung) — t' as ee M. an elauter (er [sie] spricht viel) — hatt as nët op de M. gefall (sie ist redegewandt) — dat Framënsch huet e gankbere M. (hat eine große Redefertigkeit) — 't muss een de M. op der rechter Plaz hun (im richtigen Augenblick sprechen) — du hëls awer och kee Blat (s. d. sub 1) virun de M. (sprichst frei und ohne Umschweife) — ech konnt de M. nët (méi) halen (ich mußte widersprechen) — déi Jong fueren denen Alen iwer de M., 't as nët méi schéin (die jungen Leute unterbrechen und widersprechen frech) — en huet M. an Oueren opgerappt, wéi en dat héieren huet (war sprachlos) — wuerfir hues de däi M.? (warum hast du nichts gesagt?) — du häss sollen de M. opdun (du hättest sprechen sollen) — hien deet kee M. op — de M. geet ër wéi eng Peffermillen, wéi enger Gääss déi Mëspel (s. d.) frësst, wéi enger Int (s. d.) den Aasch — en huet e M. wéi e Bakuewelach, eng Broutschéiss, e Baartmesser, eng Gabberjoul, en Héngeraaschlach, eng Virkefesch, e Reilächelchen, e kënnt mat engem Schodi kommëzéiert gin — e béise, freche, gëftege, klenge, léiwe, schaarfe, spatze, en uerge, e wéischte M. — hatt huet en dënne M. (kann kein Geheimnis wahren) — dee grénge (freche) M. vergeet der nach — hatt mécht e schlamme (en décke, e schife) M. (sie ist beleidigt) — e mécht e M. ewéi e Pond Woll (er schmollt) — en huet de M. zougepëtzt (ist beleidigt) — et muss een de M. nët esou voll huelen (beim Essen den Mund nicht vollstopfen, auch übtr.: nicht großtun, prahlen) — 't schwätzt een nët wann een de M. voll (s. d. sub 1) huet — dat Framënsch huet de M. nun awer ëmmer opstoen (redet, schwatzt viel) — darauf die derbe Antwort: besser de M. wéi den Aasch — hatt as féx mam Monn (redegewandt, schlagfertig) — wat hu se him Bräi (s. d. — Hunneg — s. d.) ëm de M. geschmiert — hal däin ongewäschene M. — looss mech aus déngem M. — deem hun ech de (grousse) M. gestoppt — hatt huet e grousse M. (eigtl. und übtr.) — et mengt een, en hätt e Pond Woll am M. (er spricht nicht) — si hun deen al an de M. geholl (haben Übles über ihn geredet) — sou Wierder hëlt een nët an de M. (solch gemeine Wörter gebraucht man nicht) — him muss een d'Wierder aus dem M. zéien (er ist redefaul) — du kënns mer awer e (de) M. (ver)gonnen (laangen — könntest mir doch Mitteilung machen, dich zu einer mündlichen Aussprache herablassen) — e vergonnt engem nët de Maufel am Monn (gönnt einem keinen Bissen) — si hun engem de Maufel aus dem Monn gekuckt (schauten begehrlich zu) — du hëls mer d'Wuert aus dem Monn — et leeft mer laanscht de M. — Zusatz: an nët dran — hatt géif de Kanner de leschte Maufel aus dem Monn — lo hues de mer de M. wässereg (säfteg) gemaacht (mich begehrlich gemacht) — d'Waasser as em am Monn zesummegelaf — ech hat de Läffel knaps aus dem Monn, du koum e mech sichen — ech hat d'Wuert nach nët aus dem Monn, du wor et mer ewell leed — ech hun em d'Äntwert an de M. geluegt (ihm die Antwort nahe gelegt, z. B. im Examen, vor Gericht) — e krut de M. (awer nu) glat nët op (er wagte nicht zu sprechen) — schwätz mam Monn (sprich dich deutlicher aus) — du schwätz grad wéi de M. der opgeet (ohne zu überlegen) — en deet (räisst) de M. ëmmer wäit op (prahlt gerne) — rapp de M. nët esou wäit op (rede, prahle nicht soviel) — du muss de M. och nët ëmmer sou wäit opdin (unüberlegt u. prahlerisch daherreden) — e rappt (räisst) de M. op bis hannert d'Oueren, en huet de M. opstoen bis hannert d'Oueren (sperrangelweit) — en huet sech de M. a Fränjhele geschwat (sehr viel geredet) — schwätz wéi de M. der gewuess as (mache keine großen Worte, sprich nicht so gewählt, sprich wie du gewohnt bist, auch: nicht in fremder Sprache) — hien huet de M. ëmmer opston (führt immer das große Wort) — en huet keng éierlech, ustänneg (anständige) Ried am Monn — zräiss der de M. nët (all dein Zureden ist umsonst) — hal de M. — dafür oft nur kurz: hal en (scil.: de M.) — derber: hal se (scil.: d'Schnëss — s. d.) — da maach (emol schéin) de M. op (etwa beim Zahnarzt) — (maach) d'Aen zou an de M. op (zu einem Kind, dem man eine Süßigkeit gibt) — sech op de M. klappen (sich Lügen strafen) [Bd. 3, S. 166] — sech de M. verbrennen (auch: d'Zong — bei einer Lüge ertappt werden) — en huet de M. ausgefuer (Ausschlag am Mund) — deen do schwätzt mat zwee Mënner (er ist doppelzüngig) — wien de Leit d'Mënner wëllt stoppen, deen hätt wuel ze din — stiech de Fanger (den Daum) nët an de M. (zum Kleinkind: sauge nicht am Finger) — stiech de Fanger an de M. (den Finger in den Mund einführen, zum Erbrechen) — enttäuscht: ech konnt de Fanger an de M. stiechen (man lud mich nicht zum Mitmachen, zum Mitessen ein, auch: ich war finanziell schlecht gestellt) — ech stong do mam (de) Fanger am Monn (mußte zusehen) — Jo, mam Monn! (Antwort auf prahlerisches Gerede: mit Worten, statt mit Taten) z.B.: deen elei huet Kuraasch! — Antwort: Jo, mam Monn — mam Monn as en déck do — Spww.: wouvun d'Hierz (s. d.) voll as, dovu leeft de M. iwwer — wien sech eemol (betont) de M. verbrannt huet, bléist eng zwete Kéier (wer einmal durch vorschnelles Reden hereingefallen ist, sieht sich vor) — wat ee spuert iwwer de Mond, frësst d'Kaz odder den Hond (was man sich vom Munde abspart, verkommt leicht) — batter fir de M., as gutt a gesond — wie wëllt päife, muss de M. spëtzen (man muß sich bemühen) — Folkl.: wann ee fir d'éischt an e friemt Haus kënnt an et schwätzt een nët, et deet ee kee M. op, da kritt een en Ä (s. Schwätzä) — laaches, laachendes Monns (lachenden Mundes), dréchnes (trockenen) Monns (cf. BGra § 24/6) — cf. Maul, Sabbel sub 2), Schnëss, Suckel sub 2).
Mond-/mond- -aart F.: «Mundart, Dialekt»; -faul Adj.: «mundfaul»; -gerecht, -guet, -schleecht, -schléieg, -schliichteg, monds(ge)riecht, mondsgeriet, mond(s)mooss, mënnchesmooss Adj.: «mundgerecht» — a. von Speisen und Getränken: «nicht zu kalt u. nicht zu warm» — d'Zopp as jhust m.; b. übtr.: «zusagend» — et muss een him et m. maachen, soss wëllt hien et nët, soss gleeft en et nët — dafür auch: maulfäerdeg (s. d.); -harmonika F.: «Mundharmonika» — s. -spill; -läim M.: «Mundleim» (Wb.06); -mooss, monds-, monnsmooss — s. -gerecht; -musek F.: «Mundharmonika» — s. -spill; -op M.: «Dummkopf»; -schleecht, -schléieg, -schliichteg — — s. -gerecht; -spëtz(t) F.: «Zigarren-, Zigarettenspitze»; -spill N.: «Mundharmonika» — dafür auch: -harmonika, -musek, -strëpp — cf. Maulspill I; -stéck N.: 1) «Mundstück» (an Instrumenten, Tabakpfeifen, Zigarettenspitze); 2) übtr.: «Redegabe, Redegewandtheit» — wat huet déi e M.! — dat Framënsch huet e gutt M. — Mondstécker hoat der wi en Pefermillen, wi en Affikot (Du — Villa Fina); -strëpp F. — s. -spill; -voll M.: «Mundvoll» — cf. Maufel; -waasser N.: «Mundwasser» — in der Redewendung: den areme Pitti huet déi ganzen Zäit M. gedronk (das Wasser lief ihm im Munde zusammen und er schluckte, aber man bot ihm nichts an — Batty Weber).
mommelen — s. mëmmelen.
mondain (wie frz.), mondän Adj.: «mondän». | |