LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Monarch bis Monopol (Bd. 3, Sp. 164b bis 167a)
 
Monarch M.: 1) «Monarch» — e kënnt do wéi e M. — e léisst sech opdëschen, [Bd. 3, S. 165] zerwéieren ewéi e M. — cf. Pascha; 2) «das Beste, das Höchste» (etwa im Weinberg, durch Lage, Ertrag und Qualität) — hei kënnt awer eise M. (unsere beste Weinsorte).
 
Mond (Pl. Mënner, Dim. Mëndchen (s. d.), Mënnchen — Ammenspr.: Mënni — Dat. meist: Monn — cf. BGra § 13 — Assimilierung von Konsonanten) M.: «Mund» — hie stécht de M. nët an d'Täsch (er sagt offen seine Meinung) — t' as ee M. an elauter (er [sie] spricht viel) — hatt as nët op de M. gefall (sie ist redegewandt) — dat Framënsch huet e gankbere M. (hat eine große Redefertigkeit) — 't muss een de M. op der rechter Plaz hun (im richtigen Augenblick sprechen) — du hëls awer och kee Blat (s. d. sub 1) virun de M. (sprichst frei und ohne Umschweife) — ech konnt de M. nët (méi) halen (ich mußte widersprechen) — déi Jong fueren denen Alen iwer de M., 't as nët méi schéin (die jungen Leute unterbrechen und widersprechen frech) — en huet M. an Oueren opgerappt, wéi en dat héieren huet (war sprachlos) — wuerfir hues de däi M.? (warum hast du nichts gesagt?) — du häss sollen de M. opdun (du hättest sprechen sollen) — hien deet kee M. op — de M. geet ër wéi eng Peffermillen, wéi enger Gääss déi Mëspel (s. d.) frësst, wéi enger Int (s. d.) den Aasch — en huet e M. wéi e Bakuewelach, eng Broutschéiss, e Baartmesser, eng Gabberjoul, en Héngeraaschlach, eng Virkefesch, e Reilächelchen, e kënnt mat engem Schodi kommëzéiert gin — e béise, freche, gëftege, klenge, léiwe, schaarfe, spatze, en uerge, e wéischte M. — hatt huet en dënne M. (kann kein Geheimnis wahren) — dee grénge (freche) M. vergeet der nach — hatt mécht e schlamme (en décke, e schife) M. (sie ist beleidigt) — e mécht e M. ewéi e Pond Woll (er schmollt) — en huet de M. zougepëtzt (ist beleidigt) — et muss een de M. nët esou voll huelen (beim Essen den Mund nicht vollstopfen, auch übtr.: nicht großtun, prahlen) — 't schwätzt een nët wann een de M. voll (s. d. sub 1) huet — dat Framënsch huet de M. nun awer ëmmer opstoen (redet, schwatzt viel) — darauf die derbe Antwort: besser de M. wéi den Aasch — hatt as féx mam Monn (redegewandt, schlagfertig) — wat hu se him Bräi (s. d. — Hunneg — s. d.) ëm de M. geschmiert — hal däin ongewäschene M. — looss mech aus déngem M. — deem hun ech de (grousse) M. gestoppt — hatt huet e grousse M. (eigtl. und übtr.) — et mengt een, en hätt e Pond Woll am M. (er spricht nicht) — si hun deen al an de M. geholl (haben Übles über ihn geredet) — sou Wierder hëlt een nët an de M. (solch gemeine Wörter gebraucht man nicht) — him muss een d'Wierder aus dem M. zéien (er ist redefaul) — du kënns mer awer e (de) M. (ver)gonnen (laangen — könntest mir doch Mitteilung machen, dich zu einer mündlichen Aussprache herablassen) — e vergonnt engem nët de Maufel am Monn (gönnt einem keinen Bissen) — si hun engem de Maufel aus dem Monn gekuckt (schauten begehrlich zu) — du hëls mer d'Wuert aus dem Monn — et leeft mer laanscht de M. — Zusatz: an nët dran — hatt géif de Kanner de leschte Maufel aus dem Monn — lo hues de mer de M. wässereg (säfteg) gemaacht (mich begehrlich gemacht) — d'Waasser as em am Monn zesummegelaf — ech hat de Läffel knaps aus dem Monn, du koum e mech sichen — ech hat d'Wuert nach nët aus dem Monn, du wor et mer ewell leed — ech hun em d'Äntwert an de M. geluegt (ihm die Antwort nahe gelegt, z. B. im Examen, vor Gericht) — e krut de M. (awer nu) glat nët op (er wagte nicht zu sprechen) — schwätz mam Monn (sprich dich deutlicher aus) — du schwätz grad wéi de M. der opgeet (ohne zu überlegen) — en deet (räisst) de M. ëmmer wäit op (prahlt gerne) — rapp de M. nët esou wäit op (rede, prahle nicht soviel) — du muss de M. och nët ëmmer sou wäit opdin (unüberlegt u. prahlerisch daherreden) — e rappt (räisst) de M. op bis hannert d'Oueren, en huet de M. opstoen bis hannert d'Oueren (sperrangelweit) — en huet sech de M. a Fränjhele geschwat (sehr viel geredet) — schwätz wéi de M. der gewuess as (mache keine großen Worte, sprich nicht so gewählt, sprich wie du gewohnt bist, auch: nicht in fremder Sprache) — hien huet de M. ëmmer opston (führt immer das große Wort) — en huet keng éierlech, ustänneg (anständige) Ried am Monn — zräiss der de M. nët (all dein Zureden ist umsonst) — hal de M. — dafür oft nur kurz: hal en (scil.: de M.) — derber: hal se (scil.: d'Schnëss — s. d.) — da maach (emol schéin) de M. op (etwa beim Zahnarzt) — (maach) d'Aen zou an de M. op (zu einem Kind, dem man eine Süßigkeit gibt) — sech op de M. klappen (sich Lügen strafen) [Bd. 3, S. 166] — sech de M. verbrennen (auch: d'Zong — bei einer Lüge ertappt werden) — en huet de M. ausgefuer (Ausschlag am Mund) — deen do schwätzt mat zwee Mënner (er ist doppelzüngig) — wien de Leit d'Mënner wëllt stoppen, deen hätt wuel ze din — stiech de Fanger (den Daum) nët an de M. (zum Kleinkind: sauge nicht am Finger) — stiech de Fanger an de M. (den Finger in den Mund einführen, zum Erbrechen) — enttäuscht: ech konnt de Fanger an de M. stiechen (man lud mich nicht zum Mitmachen, zum Mitessen ein, auch: ich war finanziell schlecht gestellt) — ech stong do mam (de) Fanger am Monn (mußte zusehen) — Jo, mam Monn! (Antwort auf prahlerisches Gerede: mit Worten, statt mit Taten) z.B.: deen elei huet Kuraasch! — Antwort: Jo, mam Monn — mam Monn as en déck do — Spww.: wouvun d'Hierz (s. d.) voll as, dovu leeft de M. iwwer — wien sech eemol (betont) de M. verbrannt huet, bléist eng zwete Kéier (wer einmal durch vorschnelles Reden hereingefallen ist, sieht sich vor) — wat ee spuert iwwer de Mond, frësst d'Kaz odder den Hond (was man sich vom Munde abspart, verkommt leicht) — batter fir de M., as gutt a gesond — wie wëllt päife, muss de M. spëtzen (man muß sich bemühen) — Folkl.: wann ee fir d'éischt an e friemt Haus kënnt an et schwätzt een nët, et deet ee kee M. op, da kritt een en Ä (s. Schwätzä) — laaches, laachendes Monns (lachenden Mundes), dréchnes (trockenen) Monns (cf. BGra § 24/6) — cf. Maul, Sabbel sub 2), Schnëss, Suckel sub 2).
 
Mond-/mond- -aart F.: «Mundart, Dialekt»; -faul Adj.: «mundfaul»; -gerecht, -guet, -schleecht, -schléieg, -schliichteg, monds(ge)riecht, mondsgeriet, mond(s)mooss, mënnchesmooss Adj.: «mundgerecht» — a. von Speisen und Getränken: «nicht zu kalt u. nicht zu warm» — d'Zopp as jhust m.; b. übtr.: «zusagend» — et muss een him et m. maachen, soss wëllt hien et nët, soss gleeft en et nët — dafür auch: maulfäerdeg (s. d.); -harmonika F.: «Mundharmonika» — s. -spill; -läim M.: «Mundleim» (Wb.06); -mooss, monds-, monnsmoosss. -gerecht; -musek F.: «Mundharmonika» — s. -spill; -op M.: «Dummkopf»; -schleecht, -schléieg, -schliichteg — — s. -gerecht; -spëtz(t) F.: «Zigarren-, Zigarettenspitze»; -spill N.: «Mundharmonika» — dafür auch: -harmonika, -musek, -strëpp — cf. Maulspill I; -stéck N.: 1) «Mundstück» (an Instrumenten, Tabakpfeifen, Zigarettenspitze); 2) übtr.: «Redegabe, Redegewandtheit» — wat huet déi e M.! — dat Framënsch huet e gutt M. — Mondstécker hoat der wi en Pefermillen, wi en Affikot (Du — Villa Fina); -strëpp F. — s. -spill; -voll M.: «Mundvoll» — cf. Maufel; -waasser N.: «Mundwasser» — in der Redewendung: den areme Pitti huet déi ganzen Zäit M. gedronk (das Wasser lief ihm im Munde zusammen und er schluckte, aber man bot ihm nichts an — Batty Weber).
 
mommelens. mëmmelen.
 
mondain (wie frz.), mondän Adj.: «mondän».
 
Mondorfs. Munnerëf.
 
Monéiten Plur. tant.: «Moneten, Geld» — déi do hu M. — et läit (hält) nëmmen un de M. — bei sou Geschichte gët ee sénge M. lass — en as nët bei M. (er ist nicht bei Kasse) — cf. Geld, Mommes, Wuer.
 
Monika F.: «Harmonika» (Ammenspr.).
 
Monique (wie frz., Ton: 1), Monnik weiblicher Vorname: «Monika».
 
Moniteur (wie frz., Ton: 1) M.: 1) «Vorturner»; 2) a. «Aufseher in Ferienkolonien»; b. «Schulaufseher» (Ga) — dazu das Fem.: Monitrice (Ton: 1 oder 3).
 
Monk(ert) M.: «mürrischer, verschlossener Mensch» — hal dech ewech vun deem, 't as e M. (C).
 
monkeg Adj.: «mürrisch, verschlossen, schweigsam» — sou e monkegt Déngen (Frauenzimmer) — cf. mokeg I, moukeg sub 1), bronkeg sub 2).
 
Monkegkät, -keet F.: «Mürrischkeit».
 
monkelen trans./intr. Verb.: «munkeln, heimlich verbreiten, raunen» (meist unpersönlich und passiv) — mer (man) monkelt sou allerlä — 't gët gemonkelt as (wéi) wann do eppes nët déit stëmmen.
 
Monnaie du Pape (wie frz.) F. — s. Afegeld, Moundvioul.
 
monnen intr. Verb.: «munden» (Wb.06).
 
Monnes männlicher Vorname zu Edmond (s. d.). [Bd. 3, S. 167]
 
Monni (lok.: Monn, Monnes) M.: 1) «Oheim, Onkel» — de M. Néckel — dat as mäi M. — spaßh. Wortspiel: de beschte M. as de Portmonni (s. d.); 2) a. «Mann, Person» — drohend: mäi léiwe M., lo gët et iewer Zäit — déi Monniën do wäerten nach eppes erliewen (diese Personen) — hien huet e gudde M. gehat, soss hätt en déi Plaz sénger Liewen nët kritt (einen guten Fürsprecher) — wann s de de richtege M. hues, da geet alles (dsgl.) — e gudde M. as Geld wäert; b. (besonders in der Kindersprache) — da so dem M. och schéi Bonjour (sagt die Mutter zum Kind) — gëf dem M. eng Hänni (gib dem — fremden — Mann ein Händchen) — 't souz sou en ale M. beim Uewen (erzählt das Kind) — de Jhang as de M. vum ganzen Dueref (Kinderfreund) — spaßh.: wien as dee frieme M., dee sonndes mat äis ësst, huet d'Kand d'Mamm gefrot, well et säi Papp nëmme sonndes beim Iesse gesinn huet; c. (iron.) «Geldverleiher, Notar» — de M. hannerëm Bësch (so z. B. in Bondorf gesagt für den Notar, der in Rambruch residiert) — en as dem M. nach vill schëlleg.
 
Monnonk, Monnong (Pl. Monnonken) M.: 1) «Onkel, Oheim» (s. auch das Vor. — cf. Éim — frz.: mon oncle) — mäi, däi, säi, eise M. — de M. (auch: Monni) aus Amerika (der — reiche — Onkel aus Amerika, Erbonkel); 2) «die unverheiratet gebliebene männliche Person im Haus» — e gudde M. (Monni) beim Haus — de M. (Monni) Jhang — cf. Iwwerlaascht sub 2).
 
Monnerech ON.: «Monnerich» — Dorf und Gemeinde Monnerich, Kanton Esch-Alzette — 475 — Monnerecher Kascht — s. Bounen sub 1) und Bounesäck.
 
Monogramm M. (lok. N.) — wie hd.
 
Monolog (auch: lo:γTon: 3) M.: «Monolog» — en hält laang Monologen (er redet lange, ohne die Partner zu Worte kommen zu lassen).
 
Monopol (Ton: 1 oder 3) M.: «Monopol» — et mengt ee grad du häss de M. fir dat ze soen — du hues awer de M. vun der Dommhät!

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut