Muedert, MoudertMueder(s)-, Muedersch-, MuedertsdagMuel-MuelgankMuelmillenMuelsakMuelsteierMuelbatzmuelbatzeg, -bëtzegMuelechtmuelenausmuelenMuelerMueltermuelzegmuën, muzenmuen(é)chmuerMuer, Mur, MouerMuer-MuerbuedemMuergänsMuergrondelMuerbelMuerbelsstroossmuerchegMuerdMuerdéiermuerdenMuer(e)gMuer(e)g-Muer(e)gknéchelchenMuer(e)gknéchelchenMuer(e)gschankMuer(e)gtaartMuer(e)gzoppMuergenmuerge(n)s, mueresMuerge(n)-Muere(n)--drëpp, MueresdrëppMuergeniessenMuergelandMuerges-Mueres-MuergesgebietMueresgebietMuergesgesankMueresgesankMuergeskaffiMuereskaffiMuergeskaffiMuereskaffiMuergesrackMueresrackMuergesschlofMueresschlofMuergessäitMueressäitMuergessonnMueressonnMuergesstonnMueresstonnMuergeszoppMuereszoppmuerk, mu(e)rk(eg)muerken, muerksen, schmuerksenMuerkollef, Ma(a)rkollef, MaarkollaMuerksMuerksMurksMu(e)rks-Mu(e)rksaarbechtMu(e)rksploMu(e)rksprimmuerksen, murécksen, muerzenGemu(e)rksMu(e)rksertMuertMuerte(n)-Muerteg(e)läfMuertegleefMuertekappMuertesaaftMuerteschwanzMuertesomMuertestrénkMuertentrëpp(e)lerMuerzmuerzeg, mouerzegMuerzelMuerzelmuerzen, mouerzenmuesegmufelenMuffmuffegmuffenmuffenmuffléiert | Muedert, Moudert (Echt..: Modat, Weiswampach: Mëss — s. d.) männlicher Vorname: «Medardus».
Mueder(s)-, Muedersch-, Muedertsdag M.: «Festtag des hl. Medardus» (8. Juni) — Wetterregel: reent et M. een Abléck, da reent et sechs Wochen an engem Stéck — oder: véierzeg Deeg laang — lok.: wann et op M. reent, da gin d'Nëss falsch — cf. Maargréidendag.
Muel- -gank M. — s. Millegank; -millen F.: «Getreidemühle»; -sak M.: «Mahlsack» — cf. Mielsak; -steier F.: «Mahlsteuer» (zur holländischen Zeit, von 1822/3-1827).
Muelbatz M. — s. Muedebatz.
muelbatzeg, -bëtzeg Adj. — s. muedebatzeg.
Muelecht F.: «was in einem Mal (zur Mühle gebracht und) gemahlen wird».
muelen (Nösl.: -a-, Echt.: -oa- — Konjug.: Ind. Präs.: ech muelen, du muels — Nösl.: ich malen, du mills — Part. Prät.: gemuel(en), Nösl.: gemalen, Mosel: gemolen, gemoolt, Ehnen: gemoll) — trans. Verb.: 1) «mahlen» — mer mussen rëm m. loossen (wieder Getreide zur Mühle bringen zum Mahlen) — d'Fruucht as nët ze m., se as ze naass — ech loossen de Kaffi am Geschäft m. — de Kaffi as reng, graff gemuel — mir hu kee gemuelene Kaffi méi — d'Bire gin op der Biremille gemuel, om Birestee geriwwen (vor dem Keltern) — d'Drauwe si fréier getratt (getruede, getrëppelt — cf. Trietmoul) gin, dono goufen se gemol(l) an haut gi se gequëtscht — Raa.: dat do as durech de graffe Beidel gemuel (grobkörnig, auch: unordentlich hergestellt) — en as durech de graffe Beidel gemuel (er ist ein grober Kerl) — deen huet gutt m., wann déi aner him d'Waasser op d'Mille kéieren (wenn andre ihm weiterhelfen) — Spw.: dee [Bd. 3, S. 178] fir d'lescht do as, muelt fir d'lescht (immer schön der Reihe nach); 2) «mahlend kauen» — (von Menschen und Pferden) — en huet mat den Zänn gemuel — cf. grätschen, graatschen; 3) «unschlüssig sein, zögern» (dabei die Daumen drehen) — wéi en eng fënnef Minutte gemuel hat, koum e mat séngem Uleies ugezunn; 4) (Bergbau) «melden» — de Bierg muelt; 5) (Kinderspr., vom Maikäfer) «die harten Deckflügel heben» — s. pompelen — Zussetz.: ausmuelen — d'Fruucht as op 90 ausgemuel (das Korn wird so gemahlen, daß ein Doppelzentner — 100 kg — 90 Pfund Mehl und 110 Pfund Kleie liefert).
Mueler (Nösl.: Maler) M.: «der obere Mühlstein» — s. Millestän.
Muelter F. — s. Molter sub 2.
muelzeg Adj.: 1) «wurmstichig»; 2) (lok.: Ehnen) «skrofulös»; 3) «hartholzig» (hart und hohl von Rüben und Radieschen) — cf. holzeg, mielzeg, pelzeg, ribseg — muedebatzeg.
muën, muzen intr. Verb.: «muhen» (Rind — Ammenspr.).
muen(é)ch — s. munch und Komp.
muer — s. mar I.
Muer, Mur, Mouer (Nösl.: /muər) N.: «Moor, Sumpf» — häufig in Fln. wie: Biddelter M., Seidemuer, Stackelter M., Boufferdénger M.
Muer- -buedem M.: «Moorboden»; -gäns F.: «Saatgans» (Anser fabalis). -grondel F.: «Schlammpeitzger» (Misgurnus fossilis) — dafür auch: Wiederfësch (s. d.).
Muerbel M. — s. Marbel II.
Muerbelsstrooss Straßenbezeichnung im Pfaffenthal (Lux.-Stadt): «Mohrfelsstraße».
muercheg Adj.: «markig» — eng m. Schank (ein Markknochen) — den Hielenter (Holunder) as m. — cf. Muer(e)g.
Muerd M. — s. Mo(o)rd.
Muerdéier N.: 1) «Marder» — s. Maardéier; 2) (lok.: Wormeldingen) «Salamander» — cf. Mill V.
muerden trans. Verb.: «morden» — Zussetz.: ermuerden — cf. muerksen sub 2)a.
Muer(e)g (Lux.-Stadt: Mureg, Echt.: Moarg, Mosel: Morreg, Ehnen: Marreg, Nösl.: Marik, Marek) M. und N.: «Knochenmark» — eng Schank mat M. oder eng Mueregschank (ein mit Mark gefüllter Knochen) — déi Musek (dee Kreesch, dat Gejäiz) as mer durech M. a Schank gaang — hues de kä M. an de Schanken? (bist du so energielos?) — deen huet d'M. an de Schanken erkaalt (verdréchent — er ist ohne jede Kraft und Widerstandsfähigkeit) — dat Framënsch suckelt him d'M. aus de Schanken — et fréiert engem durech M. a Schank (es friert sehr stark) — ech hun de M. aus de Schanken dofir hiergin (ich habe es leidenschaftlich gerne getan) — ech hun de M. hiergi fir iwwerhaapt kënnen ze schaffen (habe alles getan, um überhaupt arbeiten zu dürfen).
Muer(e)g- -knéchelchen F. — s. -schank sub 1); -kléiss-chen, -klëss-chen, -kniedel, -knippchen (meist im Pl. gebraucht) F.: «Markklößchen (in der Suppe)»; -schank F.: 1) «Markknochen»; 2) «Art Backwerk mit harter Kruste und Kremefüllung»; -taart F.: «Torte mit Markbelag» (Ga); -zopp F.: «Marksuppe».
Muergen (Pl. Muergenter — s. LSA Karte 69 — Mosel: Morge, Marrgen, Morrecht, Westen: Mueren(t), Muerecht, Nösl.: Muaiën, M.-sauer: Moiën, veraltet, Nösl.: Muarrgen) M.: 1) a. «Morgen(zeit)» — haut as e schéine, kale, naasse M. — et gët haut de M. nët hell (es klärt nicht auf) — fir de Bauer gët et de Summer ëmmer fréi (laang) Muergenter — ech kommen där Muergenter een (an einem der nächsten Morgen) — 't war M. gin, éier se heemgaang si — si hun durechgemaacht bis an den helle M. — wat méchs de de M. sou fréi dobaussen? — haut de M. — (op) e (ee) gudde M. koum en ugerääst — enges gudde M. wor e fort (eines Morgens) — op e fréie M. wor en durech d'Bascht — ëm de M. (gegen Morgen) — géint de(r) M. (dsgl.) — et as haut de M. ëm zéng Auer geschitt — haut de M. wor et steenhaart gefruer — haut de M. as keng Schoul — dafür im Nösl.: de Muaiën as kéng Schull — e Sonndeg (de) M. — mëtten am M. — mar de (ze) M.; b. als Gruß: schéine, gudde M. — darauf Antwort bei schlechtem Wetter: 't as kee schéine (scil: Muergen) — en huet kee gudde M. a kee gudden Owend (er grüßt niemanden) — Spw: all M., bréngt Suergen — cf. mar I, Moin; c. «Osten, Ostrichtung» — eist Haus as op de M. zougekéiert — et kuckt op de M.; 2) (lok. Nösl.: N.) «Morgen» (altes Landmaß — im Gutland: 33 Ar, im Nösl.: 36 Ar) — e franséische M. (33 Ar) — e preisesche M. (25 Ar) — [Bd. 3, S. 179] en ale M. (39-40 Ar) — en haalwe M. — e M. sin zwéi Réck (s. Rock) — siwe M. Liichteschäin (s. d.) — Zussetz.: Siwemuergen.
muerge(n)s, mueres (phV. cf. sub Muergen) Adv.: «morgens» — Wetterregel: m. rout, owes gout, owes rout, m. gout — m. rout, as kee Bedroch, reent et nët, da wannt et doch — méindes (montags) m. — all m. — m., mëttes an owes, en as ni doheem — m. fréi (s. fréi) — m. spéit — Ra.: owes voll a mueres nët aniichter — Spw.: owes nët schlofen a m. nët op (nët eraus), faul, liddereg a glott.
Muerge(n)- / Muere(n)- (phV. s. sub Muergen) -drëpp, Mueresdrëpp F.: «Morgenschnäpschen»; | |