Muergenmuerge(n)s, mueresMuerge(n)-Muere(n)--drëpp, MueresdrëppMuergeniessenMuergelandMuerges-Mueres-MuergesgebietMueresgebietMuergesgesankMueresgesankMuergeskaffiMuereskaffiMuergeskaffiMuereskaffiMuergesrackMueresrackMuergesschlofMueresschlofMuergessäitMueressäitMuergessonnMueressonnMuergesstonnMueresstonnMuergeszoppMuereszoppmuerk, mu(e)rk(eg)muerken, muerksen, schmuerksenMuerkollef, Ma(a)rkollef, MaarkollaMuerksMuerksMurksMu(e)rks-Mu(e)rksaarbechtMu(e)rksploMu(e)rksprimmuerksen, murécksen, muerzenGemu(e)rksMu(e)rksertMuertMuerte(n)-Muerteg(e)läfMuertegleefMuertekappMuertesaaftMuerteschwanzMuertesomMuertestrénkMuertentrëpp(e)lerMuerzmuerzeg, mouerzegMuerzelMuerzelmuerzen, mouerzenmuesegmufelenMuffmuffegmuffenmuffenmuffléiertmuffsenMujhelmujhelegmujhelenMukéiMukéichenMukelsmouderMukichelchen, -chermukigMukou, Muku(ch)MoulageMulaaschMoulinetMullMullfudderMullMulleniessenMullefriessMullenzoppMullMullMullMull(en)-Mull(en)dëschMull(en)dëschMullebierchenMullebutten, -butzen, -buppenMulligelMullesMuloMultimillionärmultiplizéierenMoulureMum(m)MummelbuppenMummenäercher | Muergen (Pl. Muergenter — s. LSA Karte 69 — Mosel: Morge, Marrgen, Morrecht, Westen: Mueren(t), Muerecht, Nösl.: Muaiën, M.-sauer: Moiën, veraltet, Nösl.: Muarrgen) M.: 1) a. «Morgen(zeit)» — haut as e schéine, kale, naasse M. — et gët haut de M. nët hell (es klärt nicht auf) — fir de Bauer gët et de Summer ëmmer fréi (laang) Muergenter — ech kommen där Muergenter een (an einem der nächsten Morgen) — 't war M. gin, éier se heemgaang si — si hun durechgemaacht bis an den helle M. — wat méchs de de M. sou fréi dobaussen? — haut de M. — (op) e (ee) gudde M. koum en ugerääst — enges gudde M. wor e fort (eines Morgens) — op e fréie M. wor en durech d'Bascht — ëm de M. (gegen Morgen) — géint de(r) M. (dsgl.) — et as haut de M. ëm zéng Auer geschitt — haut de M. wor et steenhaart gefruer — haut de M. as keng Schoul — dafür im Nösl.: de Muaiën as kéng Schull — e Sonndeg (de) M. — mëtten am M. — mar de (ze) M.; b. als Gruß: schéine, gudde M. — darauf Antwort bei schlechtem Wetter: 't as kee schéine (scil: Muergen) — en huet kee gudde M. a kee gudden Owend (er grüßt niemanden) — Spw: all M., bréngt Suergen — cf. mar I, Moin; c. «Osten, Ostrichtung» — eist Haus as op de M. zougekéiert — et kuckt op de M.; 2) (lok. Nösl.: N.) «Morgen» (altes Landmaß — im Gutland: 33 Ar, im Nösl.: 36 Ar) — e franséische M. (33 Ar) — e preisesche M. (25 Ar) — [Bd. 3, S. 179] en ale M. (39-40 Ar) — en haalwe M. — e M. sin zwéi Réck (s. Rock) — siwe M. Liichteschäin (s. d.) — Zussetz.: Siwemuergen.
muerge(n)s, mueres (phV. cf. sub Muergen) Adv.: «morgens» — Wetterregel: m. rout, owes gout, owes rout, m. gout — m. rout, as kee Bedroch, reent et nët, da wannt et doch — méindes (montags) m. — all m. — m., mëttes an owes, en as ni doheem — m. fréi (s. fréi) — m. spéit — Ra.: owes voll a mueres nët aniichter — Spw.: owes nët schlofen a m. nët op (nët eraus), faul, liddereg a glott.
Muerge(n)- / Muere(n)- (phV. s. sub Muergen) -drëpp, Mueresdrëpp F.: «Morgenschnäpschen»; -iessen N.: «Frühstück» — dafür meist: Kaffi — s. d. sub 2)a.; -land N.-: «Morgenland» — im Umgangslied: hei kommen dräi Kinneken aus Muer(g)eland.
Muerges-/Mueres- -gebiet N.: «Morgengebet»; -gesank — in der Ra.: M. mécht den Dag lank; -kaffi M. — s. Kaffi sub 2)a.; -klack, Muere(s)klack F.: «Morgenglocke»; -rack M.: «Morgenrock» — s. Rack; -schlof M.: «Morgenschlaf»; -säit F.: «Ostrichtung»; -sonn F.: «Morgensonne» — mir kréien (d'Haus kritt) d'M. — s. Muergen sub 1)c.; -stonn F.: «Morgenstunde» — hie war schons an der M. ënnerwee (op Wee) — Spw.: M. huet Gold am Monn — spaßh. Zusatz: a Bläi am Hënner; -zopp F.: «Frühstück» — cf. Zopp.
muerk, mu(e)rk(eg) Adj.: «mürrisch» — cf. moukeg, mukig.
muerken, muerksen, schmuerksen intr. Verb.: «grunzen» (Schwein).
Muerkollef, Ma(a)rkollef, Maarkolla M.: «Eichelhäher» (Garrulus glandarius) — dafür auch: Gottesvergiess, -verréider, Jhäkert, Kolla, Kollak, Kollar (s. d.) — domm wéi e M.
Muerks I M.: 1) «Grunzen des Schweins»; 2) «mürrischer Mensch».
Muerks II, Murks (Nösl.: Murricks) F. und M.: 1) a. «Murksarbeit, schwere, mühevolle Arbeit»; b. «Arbeitsplatz, wo viel, schnell und ohne Rücksicht auf Qualität gearbeitet werden muß» — déi Plaz as déi rengste M.; 2) in der Redewendung: op de M. schaffen (s. muerksen sub 1)a.) — cf. Schënn.
Mu(e)rks- -aarbecht F.: «(schwere) mühevolle und dazu rasch zu erledigende Arbeit»; -plo F.: «große Plage»; -prim F.: «Lohnzulage für schwere, viele und rasch zu erledigende Arbeit (bes. Bergbau)».
muerksen, murécksen, muerzen (Nösl.: murricksen) trans./intr. Verb.: 1) a. «schwer arbeiten im Hinblick auf größeren Verdienst» — da muerkst en an der Steekaul an dono versäift e séng Suën erëm; b. «übereilig, daher schlecht arbeiten»; 2) a. «in roher Weise töten, nicht fachgerecht schlachten» — dat wor nët méi geschluecht, dat wor gemuerkst; b. Ammenspr.: quick, quick, lo gës de gemuerkst (man sticht das Kind dabei mit dem Zeigefinger — s. quiken I) — Abl.: Gemu(e)rks N. — cf. schënnen.
Mu(e)rksert (Nösl.: Murricksert) M.: 1) a. «Schwerarbeiter»; b. «übereiliger, daher schlechter Arbeiter»; c. «Arbeitgeber, der seine Arbeiter zu sehr drängt und ausbeutet»; 2) «Mörder».
Muert (Echt.: Muet, Grevenmacher: Morrt, Nösl.: Muurt, Vianden: murç*t — Dim.: Miertchen) F.: «Möhre» — dafür auch: Wuerzel (s. d.) — Arten: wäiss, fréi, spéit, déck, kleng M. — d'Muerte sin nëmmen ewéi e Fanger sou déck — d'Muerte gi geläitert (s. läiteren) — d'Muerte gi geschappt an a kleng Stécker geschnidden — zur Pflanzweise der Möhren: d'Muerte mussen dënn geséit gin, et muss eng där aner zouruffen — wa siwe Muerten om Meter stin, dat geet duer — Raa.: deen huet Muerten am Kapp (er ist sehr dumm), ähnlich: vun de Muerte gët een domm — vun de Muerte léiert ee (gutt) fleeten (päifen — vom Möhrenessen lernt man (gut) pfeifen — auch skatologisch) — deen as nach gutt fir Muerten ze trëppelen (von jem. gesagt der Plattfüße hat — s. Muertentrëppler) — zu den Kindern: vun de Muerte gët ee schéin, kritt een e schéinen Teint — en huet d'Oueren sou dreckeg, et kënnt ee Muerten (Ribbsom — s. d.) dra séinen (säen) — spaßh.: do as et groussaarteg, do iessen se Muerte mat de Forschetten — Unterhaltungsspiel: Muerten ausdon (auch: Tubak maachen genannt — mit dem Rücken gegeneinander, abwechselnd einander aufheben — so Ruden, Kanddaf) — Zussetz.: Päerdsmuert; 2) (lok.: Fels) «Kreisel» — s. Dibbendapp. [Bd. 3, S. 180]
Muerte(n)- -g(e)läf, -gleef N.: «Möhrenblätter»; -kapp M.: «Dummkopf»; -saaft N.: «Möhrensaft» (diente zum Färben der Butter; wird der Kindernahrung beigefügt); -schwanz M.: «Spottname für Gärtner» (bes. in Mühlenbach von den Arbeitern der Faiencerie — Siebenbrunnen, Lux.-Stadt — gebraucht für die vielen in dieser Gegend arbeitenden Gärtner); -som M.: «Möhrensamen»; -strénk Plur. tant. (lok. Nösl.): «Schafgarbe» — s. Dausendblietchen; -trëpp(e)ler M.: 1) a. (spöttisch) «plattfüßiger Mensch»; b. «Spottname für Gärtner» — s. -schwanz; 2) a. «Mensch mit trippelnder Gangart»; b. «saumseliger, unschlüssiger, zaghafter, kleinlicher Mensch» — éier dee M. domatter fäerdeg as, as et laang ze spéit; c. «kleiner, zarter Mann».
Muerz (lok.: Mierz) F.: 1) — s. Miecht, Muecht; 2) «Schwanzstummel, gestutzter Schwanz». | |