LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Gemusters bis Muttergottes- (Bd. 3, Sp. 186a bis 187a)
 
Gemusters N. — Zussetz.: Stréckmuster.
 
Muster- (Warenmuster) -buch N.: «Tapetenmuster-Kollektion»; -koffer M.: «Koffer mit Musterwaren»; -kollektioun F.: «Mustersammlung»; -mapp F.: «Mappe mit Musterwaren». -stéck N.: «Musterstück»;
 
Muster- (Ideal, Vorbild — alle Ton: 1) -betrib M.: «Musterbetrieb»; -jong M.: «vorbildlicher Junge»; -kand N.: «vorbildliches Kind»; -mann M.: «vorbildlicher Mann»; -meedchen N.: «vorbildliches Mädchen»; -schoul F. — s. Moschterschoul; -schüler M.: «vorbildlicher Schüler». -stéck N.: «Musterexemplar» (oft iron.).
 
Musterung, Musterong F.: «Prüfung auf Tauglichkeit zum Militärdienst».
 
Moustique (wie frz., Ton: 1 oder 2) (spaßh.: Musti) F.: 1) «Stechmücke»; 2) übtr.: «kleines, schmächtiges, lebhaftes (auch: lästiges) Kind».
 
Mutatioun F.: 1) «Katasterübertragung» — s. fortschreiwen; 2) «Mutation» (Begriff der Biologie).
 
Mouton (wie frz., Ton: 1) M.: «Werkzeug am Hochofen».
 
Mutsch F.: 1) «Vulva»; 2) «kleine, dicke Frau».
 
Mutschel (lok.: Oberfeulen) F.: «Schaukel, Hängeschaukel» — cf. Kluntsch.
 
Mutt (cf. Ltb. 71) M.: «Mut, Kühnheit, Zuversicht» — Ra.: de M. nët verluer sou laang eng Kniddel am Dëppen (e Knapp un der Box) as — mir mussen him e bëss-che M. maachen (Mut zusprechen) — du hues mer lo de M. geholl (mich entmutigt) — Westösl.: en hott kä gudde Muckt méi, ech mengen e stierft geschwënn — du hues kä M. am Leif — huel däi M. an zwou Hänn a fuer drop lass — späitz an d'Hänn an huel däi M. zesummen — herausfordernd fragen die Kinder einander: hues de M.? — wann s de M. hues, da komm — verächtlich: du hues jo kee M. (am Leif, an der Panz) — cf. Kuraasch.
 
Mutt-/mutt- -aasch (lok.: Muddaasch) M.: «Angsthase» — et as e M. — cf. Fäertert; -ches-biddeswëllenim Ausruf: ëm m. (um Gotteswillen) — cf. Gott; -cheswëlls. muttwëll(es); -fankeg Adj.: «leichtsinnig»; -moosslech Adj.: «mutmaßlich»; -wëll(es) M.: 1) a. «Mutwille, Übermut» — de M. plot en nawell staark, plot un em; b. «übermütige Person» — sou e M. vun engem Bouf — du ale M.!; 2) «Verschwendung» — et as nët aus (vu) M., datt ech mer en neien Hutt kafen — et wir nët vu M. (höchst notwendig), wann s de bei de Coiffeur géings — Kanner, dat elo as (de) M. mat de Saache gedriwwen — mengs de mir hätte vun elauter M. ugestrach? (ohne Not); -wëllchen M.: 1) Dim. zu Muttwëll(es) sub 1)b.; 2) «Grasnelke» (Dianthus armeria) — s. Aarmenä. -wëlleg Adj./Adv.: 1) «übermütig, keck, verwegen» — de Jonktem as m. — wat wëlls de hun, et si m. jong Leit — d'Päerd si m. — sou e klengt, léift a muttwëllegt Meedchen; 2) a. «leichtsinnigerweise» — auch: -wëlles — de Bouf huet séng Auer m. futti gemaacht — en as m. mam Auto bäigaang — do hues de der awer m. Schued gemaacht — et péngecht ee keen Déier esou m. — et soll ee säi Brout nët m. mat Féiss(e) stoussen; b. «nutzlos, unnützerweise, umsonst» — d'Luucht huet dräi Stonne laang m. gebrannt; -wëllegerweis Adv.: «mutwilligerweise»; -wëlles Adv.: «unnützerweise, leichtsinnigerweise» — m. schléit ee kee Kand — cf. -wëlleg sub 2).
 
Mutter F.: «Vorsteherin eines Nonnenklosters» (nur in dieser Bed. in der hd. Lautung) — hatt kënnt do wéi eng wiirdeg M. (fromm und bescheiden) — cf. Mamm, Mudder.
 
Mutter- -engel M.: «frommer, bescheidener Mensch» — in der Ra.: en huet sech gemaacht wéi de M.; -plooschter F.: «Wundpflaster»; -sallef F.: «Muttersalbe»;
 
Muttergottes (lok.: Midder-, Mitter-, Nösl. veraltet: Mudderguaddes) F.: 1) «Muttergottes» — Ra.: wann [Bd. 3, S. 187] d'Medercher päife, kräischt d'M. — Wetterregel: gät d'M. mat enger Kléck (s. d. sub 1) iwwer de Bierg (Mariä-Heimsuchung am 2. Juli), da kënnt s'och mat enger erëm (15. August, Mariä-Himmelfahrt — s. auch: Krautdag) — hatt as eent wéi eng hëlze M. (s. hëlzen sub 1 und 2) — d'Kätti mécht sech wéi eng M. (steif und fromm); 2) «Muttergottesstatue» (z. B. Trösterin der Betrübten in der Kathedrale von Luxemburg) — déi schwaarz M. am Gronn (schwarze Madonnenstatue in der Kirche der Vorstadt Grund, Luxemburg-Stadt — im Volksmund wird das Denkmal der Prinzessin Amalia im Stadtpark auch d'schwaarz M. genannt) — d'Medercher aus dem Duerf mussen d'M. kleden a rëschten an an de Prëssëssiounen droen (die Dorfmädchen müssen die Madonnenstatue kleiden, schmücken und bei Prozessionen umtragen) — cf. Léiffrächen.
 
Muttergottes-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut