LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Nakebauz bis Naresäl (Bd. 3, Sp. 193a bis 195a)
 
-bauz (meist das Dim. Nakebäiz(ch)en — lok.: Nakebäerzchen, Nakebänzchen) M.: 1) «Nackedei»; 2) «Herbstzeitlose» — Nakebäiz(ch)er an Houerekanner (die Herbstzeitlosen mit den im Frühjahr kommenden Samenkapseln — C); -piddelchen M. — s. Nakebauz sub 1).
 
nakeg Adj.: «nackt, entblößt» — n. a plakeg — n. komme mer op d'Wëlt an holle nët vill dervoa mat fort (C) — substantiv.: Na(c)kegen, Na(c)kéchen M.: «der Nackte» — dat nennen ech déi Nakeg kleeden, sot de Mann, du huet en engem Heeschemann säin ale Kiddel gin — et as näischt onméiglech, awer engem N. an d'Täsch ze späitzen (fueren), dat as onméiglech — Zussetz.: potzpuddelnakeg — cf. plakeg.
 
nakeg Kënnercher Plur. tant.: «Herzblume, flammendes Herz» (Dielytra spectabilis).
 
Nakegkät, -keet F.: «Nacktheit».
 
Nam M. — Nösl. Var. zu: Numm (s. d.).
 
Namen (hd. Lautung) — in den Raa.: an dees N. — komm nët méi an dees Namen erëm — a Gottes Namen — da gitt alt a Gottes N.
 
Namens- -dag M.: «Namenstag» — meist dafür (im Süden) das Simpl. Dag (s. d. sub 4)a.; -patréiner M.: «Namenspatron» (bes. der Kirche, der Kapelle).
 
Namm(namm) (Ammenspr.) F.: 1) «Mund»; 2) meist M.: «die Speise» — 't as gudde Namm(namm) — dazu: o wi n. (wie gut) — nammnamm, guddeg, sagt die Mutter zum Kleinkind; 3) «das Speisen» — da maach schéi N., méng Moodchen (Mutter zum kleinen Mädchen).
 
namm(ss)en trans./intr. Verb.: «essen» (Ammenspr.) — kuck wéi dat Klengt n. kann — et kann ewell eleng (séng Zopp) n. — lobend zu einem Kind: du hues awer (mol) gutt genammt — spaßh.: do as (et) gutt ze n. gin (gut zu essen) — zu jem. der gehorchen muß: da namm schéin.
 
nammel (lok.: namol — aus: nach emol) Adv.: «nochmals, wiederum» — bas de n. (eng Kéier) do? — bas de n. béis? — hie pintscht fir näischt an n. näischt — wat hues du n. domm geschwat! — do hues de dech n. schéi blaméiert! — cf. näs.
 
NamouerON.: «Namür» (Stadt in Belgien) — e gät op N. bei d'Vollek (er geht nach Namür zum Militär) — cf. Lamouer.
 
Nana (Ammenspr.) F.: 1) «Großmütterchen»; 2) a. «Kinderbettchen, Wiege, Schlafstelle» — lo geet eist Klengt an d'N. (s. auch sub c.); b. [Bd. 3, S. 194] «Säuglingsnahrung» (vor dem Schlafenlegen) — lo kritt d'Kënni nach séng N. (Flasche); c. «Schlaf» — nu maach schéin N., mäi Kënnchen — maach N., mäi Kënnchen, maach Schleewi, mäi Schof (Marcel Reuland); d. «Anfangswort vieler Schlummerliedchen, die in manchen Fällen von Dorf zu Dorf, wohl von Haus zu Haus verschieden sein können» (s. dazu: MKr Nr. 94, 101 ff.) — N., Kënnchen/ d'Mamma as no Lëntgen (Rëntgen)/ de Pappa as an den Hieselbësch / e pléckt dem Kand eng Täsch voll Nëss (e bréngt dem Kënnche Nëssercher)/ Nëssercher mat Kären / am Himmel stin déi Stären / stin déi Stären am Himmel / an de Gaarde wiisst de Fimmel (s. d.) / wiisst de Fimmel an de Gaarden / op déi Bauere solle mer waarden / waarde mer op déi Baueren / déi Dëppe solle mer schaueren/ schauere mer déi Dëppen / déi Kiischte solle mer strëppen / strëppe mer déi Kiischten / op den Haiser leien déi Fiischten (lok.: strëppe mer déi Kiischen / op den Haiser wiist de Fiijhem) / leien déi Fiischten op den Haiser / bei Tréier sin d'Kartaiser / sin d'Kartaiser bei Tréier / Wäin as kee Béier / Béier as kee Wäi / mäi Liddchen as verbäi — Var.: de Mippche schléift am Hais-chen / am Bettche läit eis Mais-chen — N., Këndchen / Zocker an de Mëndchen / Liefkichelchen an d'Händchen / schlof du mäi klenge Männchen — N., Popächen / kacht dem Këndchen en Ächen (e Brächen) — N. Puppeléi /'t schléift en Engel an der Wéi — Var. Echt.: N., Këndchen / Zocker an de Mëndchen / de Papp dee geet no Lonkich / e kënnt erëm an as dronkig / e schlät di Mamm mat Hoawerstri / o, du Geek, dat dät nët wi! — N., Pompernellerchen / dat Këndche kréit en Tellerchen / om Tellerche si schéi Saachen / déi mussen dem Këndche schmaachen / huet dat Këndchen de Bäichelche voll / da geet et schlofe wéi et soll.
 
Nankéng M.: «Nanking» (Stoffart).
 
Nann(i), Nannéi, Nannett, Nettchen weiblicher Vorname: 1) «Anna» (das Geburtshaus des Dialektschriftstellers Michel Rodange in Waldbillig hieß in der Dorfsprache: an Nannetts); 2) «Marianne».
 
Nanzeg ON.: «Nancy» (frz. Stadt, Dép. de Meurthe-et-Moselle) — Nanzeger Mirabellen (mirabelles de Nancy).
 
Nap M.: «Mittagsschläfchen» — dafür auch: Näip(chen), Tëmpchen (s. d.) — ech muss all Mëttes mäin N. halen — dazu: annap(p)en, annäipen, entnappen, entnäipen intr. Verb.: «einschlummern» — lo wor ech bal agenap(p)t.
 
Napoléon (wie frz., Ton: 2), Napo(o)ljo(ng) männlicher Vorname: «Napoleon» (unter diesem Namen wird fast ausschließlich Napoléon I. verstanden — gelegtl. zu Ampoleon verballhornt).
 
Napoléons- -baart M.: «Zwickelbart»; -bir F.: «Napoleonsbirne» (Birnenart); -dénger M.: «Napoleonsdiener» (Luxemburger Soldaten unter Napoleon I.); -gaart, -gäärtchen M.: «Bäume zu Ehren Napoleons I. anläßlich der Geburt des Königs von Rom gepflanzt» (die Bez. besteht heute noch in Fln., Stellenbez. in Wäldern); -strooss F.: «Napoleonsstraße» (gute (Militär-)Straße).
 
Napp I M.: 1) «heimlicher Groll» — en huet en N. op mech — en huet mech um (om) N. — ech hun deen ewell laang um (om) N.; 2) «Böswilligkeit, Bosheit» — d'Kand as nau än Kéier oam N. (das Kind wird nun einmal der Böswilligkeit geziehen und behält diesen Ruf, ohne daß es dies verdient hätte — auch: ist nun einmal der Geringschätzung verfallen und bleibt es) — cf. Pick.
 
Napp II F.: 1) «Tischtuch» — Zussetz.: Kaffisnapp; 2) «feuchtes Leinentuch der Handschuhschneider» — s. Händscheschnidder.
 
Nappchenin der Ra.: dat as mir séier N. (es liegt mir nichts daran, es macht mir nichts aus).
 
nappen intr./trans. Verb.: 1) «auf jem. herumhacken, an jem. nörgeln» — all nappt der oan äm a säid der mer opsezig (Echt.) — du hues ëmmer un engem ze n. — Abl.: Genapps N.: «Genörgel» — Zussetz.: vernappen (s. d.); 2) «noppen» (Knoten, Fäden usw. aus dem Tuchgewebe entfernen).
 
Napperon (wie frz., Ton: 1) M.: «Obertischtuch» — dafür auch: Deckchen.
 
napsen (lok.: Echt.) trans. Verb.: «viel u. gut essen» — cf. namm(ss)en.
 
Nar (Echt., Mosel: Noar, im Nösl. nicht gebr.) M.: 1) «Narr, schrullenhafter Mensch» — Raa.: jidder N. geet séng Kap — dau bas weis, wi Kéiteis, dat war e geborene Noar [Bd. 3, S. 195] (Echt.), de grisste Noar, deen ze fanne wor (Grevenmacher) — Zussetz.: Hans-, Hausnar (s. d.) — cf. Geck sub 1); 2) «Allermannsgeck» — mengs de ech wir däin N.? — hie féiert sech op wéi en N. — cf. Ä(ä)falt; 3) «Spott» — Raa.: de Geck an den N. mat engem maachen — wie mécht mat méngen Instrëmenter de Geck an den N.? — cf. Geck sub 2); 4) «blinde Liebe für jem. (etwas)» — hien huet en N. un deem Meedche gefriess — ech hun en N. un den ale Miwwele gefriess — cf. Af sub 2).
 
Nare(n)- -dénger Plur. tant. N.: «Narrenpossen, Albernheiten»; -haus N.: «Irrenanstalt» — dafür auch: Geckenhaus (s. d.) — et mengt een et wir een hei an engem N. — du gehéiers an d'N.; -hausen (spöttische) Bez. für: «Nagem» — s. Noojhem; -säl, -seel N.: «Narrenseil» — in der Ra.: een um N. (erëm) féieren (den Spott mit jem. treiben, auch: jem. zu seinen Zwecken mißbrauchen).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut