LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Natte bis Näid- (Bd. 3, Sp. 196b bis 198a)
 
Natte (wie frz.) F.: «Matte».
 
Natter I F.: 1) «Natter» — falsch (wéi eng) N. (falsches, hinterlistiges Weib) — cf. Adder; 2) «Otter» — fett wéi eng N. (fälschlich für: fett wéi en Atter) — s. Atter(t). [Bd. 3, S. 197]
 
Natter II (lok.) F.: «Ginster» — dazu die Abl.: Genatters N.: «knorrige Wurzeln» (C) — s. Genasters sub 1) bei nasteren.
 
Natur F.: 1) «Natur, das Freie» (Land, Feld, Wald) — haut maache mer e klenge Spadséiergank an d'N. — e Sonndeg gi mer (fuere mer) an d'N.; 2) «Wesen, Anlage, Art, Körper-, Geistesbeschaffenheit» — dat läit a sénger N. — dat läit an der N. vum Mënsch (spaßh.: Béischt) — sou eppes läit an der N. vun der Saach — wat an der N. läit, faardert (fordert) säi Recht — wat an der N. läit, dreift kee Wand ewech — et kann ee séng N. nët verleechnen (verleugnen) — hien huet eng gesond, gutt, kräfteg, robust, schwaach, staark N. (eine gesunde, kräftige, robuste, schwache, starke Konstitution) — ech hun eng N. ewéi e Päerd — dafür auch: Päerdsnatur (s. d.) — en as vun N. aus schwaach — hien as vun N. aus e feine Kärel — dat as (eng Saach) géint d'N. (naturwidrig) — in: Lux. Volkslieder älterer Zeit von Edm. De la Fontaine (Dicks) S. 11: Natauer . . . sou reiden déi Baueren, déi Schelme vu Nataueren; 3) a. «natürliche Heil-, Triebkraft» — do muss een d'N. gewäerde loossen — de Som huet eng gutt N. (starke Wuchskraft, liefert einen guten Ertrag); b. «Geschlechtstrieb» — en huet eng staark, schwaach N.; c. «männlicher Samen».
 
Natur-/natur- -faarf F.: «Naturfarbe» — dafür meist: natiirlech Faarf; -faarweg Adj.: «naturfarben»; -forscher, -fuerscher (meist spaßh.) M.: «Naturforscher — gelegtl.: Naturfreund»; -geschicht F.: «Naturgeschichte» — an der Kannerschoul gët keng N. méi gemaacht; -(ge)trei Adj.: «naturgetreu»; -mënsch M.: «kräftiger, kerngesunder, urwüchsiger Mensch»; -produkt M. u. N. — wie hd. -wëssenschaaft F.: «Naturwissenschaft».
 
naturaliséieren trans. Verb.: «einbürgern».
 
Naturalisatioun F.: «Einbürgerung» — si hun an der Chaber e ganze Koup Naturalisatioune gestëmmt.
 
Naturalist M.: 1) «Naturfreund» — Pl.: d' Naturalisten «die Mitglieder der Lux. Gesellschaft der Naturfreunde, nach dem Namen der Gesellschaft: Société des Naturalistes Luxembourgeois, auch als Fauna bekannt»; 2) «Ausstopfer von Tierbälgen».
 
Naturell, Naturel (wie frz.) M.: «Gemütsart, Eigenart».
 
naturellement (wie frz., Ton: 3 oder 5) Adv.: «gewiß» — spaßh.: naturelle-mirabellement, naturablement (Aussprache wie frz.).
 
nau, nou lok. Var. (Mosel, Sauer) zu: nu(n) (s. d.) — Echt.: nau, dau (jetzt kommst du an die Reihe, jetzt ist es an dir).
 
Nauder, Nädder (lok. z. B. Feulen) M. — agglutinierte Form aus: den Auder (s. d.).
 
Nauzen (lok.: Vianden), Nouzen, Nunzen (lok. Gilsdorf: Nuzzelen) Plur. tant.: «Fastnachtsgebäck» (der Teig wird mit einem Löffel aus der Masse geschöpft und ins heiße Fett gelegt) — cf. Nonnefascht.
 
Naup (meist Pl. Naupen, Echt.: Noup) F.: 1) a. «Laune, Grille» — wann s de mol an d'Welt kënns, verginn der déi Naupe fir de Leit erëm ze baupsen an ze motzen — déi Naupen hätt ech him nët zougetraut — wann e séng N. huet (seine gute Laune), as (gutt) mat em ze gewäerden — d'Päerd hun hir Naupen ewéi d'Leit — d'Wieder huet och alt séng Naupen; b. «(schlimme) Neigung» — du hues (et as) keng gutt N. an (un) der — d'Leit hun alt esou allerhand Naupen — wann de Sëffer d'Naupe kritt, as en nët ze halen — en huet droleg, geféierlech Naupen — wann d'Vullen sech zéngmol raupen, si bleiwen dach bei hire Naupen (Dicks: Allerhant) — ähnliche Ra.: de Wollef verléiert séng (schëtt d') Hoer, ower nët séng Naupen — soll hien där Naupen hun? (Neigung zu (andern) Frauen); c. «geschlechtlicher Drang, Geschlechtstrieb» — Ra.: wann eiser Herrgott engem d'Kraaft hëlt, da soll en engem och d'Naupen huelen — mäi léiwen Alen, wann s de keng Naupe méi hues, da begëff dech (un d'Stierwen); 2) «Schwierigkeit, Tücke des Objekts» — esou eppes, dat huet séng Naupen (das bietet Schwierigkeiten).
 
naupeg (lok. Echt.: naupleg) Adj.: «launenhaft» — a wann ech elo nach n. wär a (an ech) siet nän? (und ich nein sagte).
 
nawell (Echt.: noawell — Ton: 2, noawel — Ton: 1) — s. nach ewell.
 
Navette (wie frz., Ton: 1) F.: 1) «das Hin- und Herwechseln am Arbeitsplatz oder zwischen Arbeits- und Wohnplatz» — lok.: si mécht d'N. (von einer Frau gesagt, die gaßauf [Bd. 3, S. 198] gaßab klatschen geht); 2) «das Ablösen der Militärposten»; 3) «Pendelverkehr» — den Tram huet d'N. gemaacht wéi d'Strooss opgerass wor.
 
Naz I männlicher Vorname: «Ignaz» s. — Ignaz.
 
Naz II (Dim. Näiz(ch)en) F.: 1) «Narbe» — cf. Läinzeechen, Naarb; 2) a. «Absprung, dünner Riß, Delle an Tonwaren»; b. «Delle an Obst»; c. «Delle, welche der drehende Kreisel hervorbringt»; 3) «Schlag» (meist im Pl.) — do hu mer ferm Nazen ausgedeelt (da haben wir wackere Schläge ausgeteilt) — cf. Téitsch.
 
nazen trans. Verb.: «schrammen» (Druckerspr.).
 
nä, nee Adj.: «genau, knapp» — mat näer Nout si mer dervu komm (mit knapper Not); 2) «knauserig, karg, geizig» — Ra.: nä maarten (s. d.) a richteg bezuelen — cf. g(e)nä, kuereg, nälech.
 
nächst (nεkst — Neol. — Superl. zu no I — s. d.) Adj./Adv. — wie hd. — déi n. Woch, Geleënheet — nächsten Dënschteg — dat n. — am nächsten — dat nächstbescht (nächstbeste) — dazu: Nächsten M.; Nächsteléif N.
 
Näerden ON.: «Nördingen» — Gemeinde Beckerich, Kanton Redingen — 295.
 
Näertreg (lok.: Nietreg — Ga) ON.: «Nörtringen» — Gemeinde Winseler, Kanton Wiltz — 82.
 
Näerzéng(en) ON.: «Nörtzingen» — Gemeinde Bettemburg, Kanton Esch-Alz. — 506.
 
Näid (cf. Ltb. 68) M.: «Neid» — Spw.: N. mécht Sträit — Raa.: den N. frësst un de Leiden wéi de Rascht um Eisen — den N. frësst sein ägenen Här — Ausruf: du léiwe(r), léiwecher N. (ja, der liebe Neid) — ja! wann dee léiwe N. nët wir — e bascht, platzt, vreckt bal, en as giel vun N. — den N. frësst en — den N. bréngt e bal ëm — den N. kuckt em zu den Aen eraus — 't as (de) puren (boren) N., deen aus der schwätzt — aus purem N. a soss näischt, hues de mer dat ugedon — si sollen dat gesinn a wann se vun N. platzen — looss de Leiden hiren N. — awer dat muss den N. him loossen (e kann eppes) — Zussetz.: Fotze-, Vullenäid (geschlechtlich betonte Eifersucht — euphem.: dees Näid) — cf. Nascht II.
 
Näid-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut