LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Näip bis nécken (Bd. 3, Sp. 198b bis 202a)
 
Näip F.: 1) «Verbeugung, Verneigung» — eng Schottesch N. (Art Tanz mit Verbeugungen) — da maach emol eng schéin N. (Mutter zum Kind); 2) (Dim. Näipchen) «Schläfchen, Nickerchen» — eng N. halen — en as op der Näip(chen) — (er ist auf dem Punkte einzuschlafen, hält sein Mittagsschläfchen) — s. Nap.
 
näipen intr. Verb.: 1) «eine Verbeugung machen» — s. vernäipen; 2) «neigen» — de Bam näipt den Hiwwel erof (neigt den Hügel hinab); 3) «schlummern, einnicken» — an d'Giedel op der Siddel, déi souz ze n. do (ER. I 148) — léif Gefuedesch gitt der (scho) n.? (Vers aus einem Volkslied) — Zussetz.: an-, entnäipen (s. d.).
 
näipereg Adj.: «schläfrig» — d'Léini wor och n. an et konnt et nët verstoppen.
 
Näischnotz M.: «Nichtsnutz, Schlingel, Schelm» (Bed. hängt vom Ton ab) — entrüstet, verächtlich: sou e N.! — Mutter zärtlich zum Kleinkind: wou as da mäi klengen N.?
 
näisch(t)notz (Ton: 2) Adj.: 1) a. «nicht brauchbar, nicht verwendbar» — du bas awer zu (allem) n.; b) «minderwertig» (bes. von Tuchwaren) — de Wäin as n. (Berens, Kerfegsbloum) — deen Nol wor jo n.; 2) Adv.: «gepfuscht, unordentlich» — dat do as n. geschafft.
 
näischnotzeg (Ton: 1 od. 2) Adj./Adv.: 1) a. «nichtsnutzig, unehrlich» (meist Ton: 2) — dat as emol e näischnotzege Mënsch; b. «heimtückisch» — eng n. Kränkt, Wonn — et as esou n. [Bd. 3, S. 199] kal; 2) «schelmisch» (meist Ton: 1) — wat kucks de sou n. dran, hues de wëlles eng ze stiichten? — wat huet dat Meedchen en näischnotzege Bléck am Gesiicht; 3) «durchtrieben, gerieben» — bewundernd: wéi sin déi krappeg Männ (die kleinen Buben) ewell esou n.
 
Näischnotzegkät, -keet (Ton: 1 oder 2) F.: «Nichtsnutzigkeit, Bosheit, Schelmerei» — déi Bouwen hu weider näischt wéi Näischnotzegkeeten am Leif (an de Pänz).
 
Näischt M.: «Augennichts» — s. A (Auge — sub d).
 
näischt (cf. Pa.St. Karte Nr. 2 — LSA Karte 153 — lok. z. B. Echt., veraltet: nescht, Ggs.: escht — s. d.) Pron.: a. «nichts» — n. do! (nichts da!) — n. fir ongutt (Entschuldigung) — n. am Äifer (nicht so stürmisch, bitte!) — n. hei, n. do! oder: hei n., do n. (garnichts) — kämol n. — n. as guer wéineg — n. as n., mol nët wat am A wéi deet (Wortspiel mit: Näischt) — n. as n., a wann et a Sëlwerpabeier agewéckelt wir — n. as a bleift n. — wou n. as, do huet der Däiwel (de Käser) säi Recht verluer — wou n. as, do brennt de Spass (s. d.) — wou n. as, geet n. ze Schanen (zu Schanden) — wou n. as, geet n. verluer — wien n. huet, kann n. verléieren — Nösl.: dat lo as zweemol gätt an dräimol näist (die Nachteile überwiegen die Vorteile) — deen huet n. ze räissen an n. ze bäissen (er ist sehr arm) — deen sech n. mécht, deen as och n. (wer sich nicht selbst zur Geltung bringt, wird nicht beachtet) — deen n. mécht, deen n. brécht (als Entschuldigung beim Mißlingen einer Tätigkeit, z. B. beim Zerbrechen von Tischgeschirr beim Abwischen, beim Auftischen) — Spw.: deen n. wot, deen n. wënnt, deen n. sicht, deen n. fënt — derber Zus.: deen nët schäisst, deen nët sténkt (këmmt — s. keimen I) — 't as (geet) n. driwwer (es gibt nichts Besseres, auch: das ist die Höhe), spaßh. Zus.: wann et (wat) drënner as — Wortspiel: drunter - drüber, zum Ausdruck: es geht nichts darüber) — bei deem as n. drënner an n. driwwer (er ist ärmlich gekleidet) — ähnlich: n. bannen an n. baussen — fir n. a widder n. (an nach emol n., nammel n. — aus äußerst geringfügigem Anlaß) — 't as n. (Höflichkeitsformel als Antwort auf eine vorgebrachte Entschuldigung) — dat as wéineger (manner, nach manner) wéi n. (gar nichts) — dat as n. (die Mutter beschwichtigend zum Kind: es ist nicht schlimm, tut ja gar nicht weh) — 't as n. gebrach (nichts verfehlt) — 't as n. wéi Haut a Schank (sehr mager) — 't as n. un deem (scil.: Meedchen — sie ist sehr mager — ähnlich: 't as n. Upakes do — aber auch: sie hat keine Lebensart, Initiative) — 't as n. Schéines, Feines un him (Anziehendes) — 't as n. hannen an n. vir oder n. vir an n. hannen (mittellos, nicht gescheit — von einem Frauenzimmer: sehr mager) — do as n. derhanner(t) an n. dervir (kein Geld, auch: nichts Wahres) — n. uewen an n. ënnen (wenig bekleidet, bes. von Frauen, weitausgeschnittene Oberkleider, kurze Röcke) — n. am Leif an n. drop (mittellos, auch: schlecht genährt und schlecht gekleidet) — dat geet dech awer och glat n. un (das geht dich überhaupt nichts an) — dat kascht dech glat n. (gar nichts) — ech hu glat a guer n. hei ze soen (rein gar nichts) — dat as nach (glat, guer) n. géint siwenzeg (scil.: siwenzeger Krich) — Zusatz: du koumen se mam Kapp ënner dem Arem, an hun nach eng Jhick gefrot — lues, lues, 't as n. wat brennt (sachte, nicht so stürmisch) — no där Kränkt sin ech awer och glat n. méi wäert (nach dieser Krankheit bin ich ohne jegliche Kraft) — en daagt dem Däiwel am Aasch n. (er taugt rein gar nichts) — 't as n. lass mat em (er taugt nichts) — et as awer n. wann de Meeschter nët derbäi as (es ist nicht gut, taugt nichts) — dat do as de Rescht vun n. — dat as nach laang n. Guddes, Propperes — en as gelaf wéi (der) all n. Gutts — do as dach n. Schlechtes derbäi, wann ech danze gin — si si vun n. hier (stammen aus ärmlichen Verhältnissen, auch: aus einer verkommenen Familie) — ech sin n. ëm esou (gin n. op sou) Leit, déi hiirt Wuert friessen (will nichts mit solchen Leuten zu schaffen haben, die ihr Wort nicht halten) — iron.: da's nët nëmmen n. — as dat dann n.? (spaßh. Auftrumpfen: taugt dies wirklich nichts, ist es nicht der Mühe wert?) — dat wäerd sécher n. zevill (gesot) sin (zu jem. der sich nach einem berechtigten, gelinde vorgebrachten Vorwurf gekränkt fühlt) — ech wëll n. gesot hun (oft heuchlerisch) — elo wëllt en n. (méi) gesot hun (jetzt will er nichts wissen von dem, was er früher gesagt hat) — e wëllt n. dervu wëssen (er will nichts damit zu tun haben, auch: er behauptet nichts davon zu wissen) — en huet n. [Bd. 3, S. 200] an e weess n. (er ist sehr arm, mittellos) — hues de n. zevill erëmkritt (hat man dir nicht zuviel zurückgegeben?) n. zevill (gerade das rechte Maß — eher zu wenig) — de Kuch, d' Brout huet n. zevill (ist kaum genügend gebacken, auch: ist gerade recht) — ech hat n. a(m) Rescht, wéi alles bezuelt wor (es langte gerade noch) — deen huet n. u sech (er hat keine Manieren) — ech hun n. méi fir en iwwreg (nichts mehr übrig für ihn, bin ihm nicht mehr gut gesinnt) — dat huet n. op sech (hat nichts zu bedeuten, tut nichts — spaßh. Zus.: sot d'Meedchen, du loug et plakeg am Bett (Wortspiel mit: op sech hun — bedeckt sein) — ech hun n. fir unzedoen (nichts anzuziehen), ech kann nët op de Bal goen — ech hun n. bei mer fir ze schaffen (keine Utensilien, kein Arbeitsgerät) — en huet mat n. ugefaang (ohne Kapital) — et as n. mat em ugefaang (er taugt nichts) — ech hun n. un e bruecht (konnte ihn nichts lehren, weil er zu dumm war) — de Schoulmeeschter bréngt n. un d'Kanner (der Lehrer hat keine pädagogischen Fähigkeiten) — 't as n. (en huet n.) am Kapp, an der Schierbel, n. uewen (er ist dumm, auch: er ist leichtsinnig) — 't as n. do, 't as n. bei der Heck (er hat keinen Verstand, auch: kein Vermögen) — dien n. huet, dien as n. (wer kein Vermögen besitzt, gilt in der Meinung der Leute nichts) — en huet op der Welt n. (besitzt nicht das geringste Vermögen) — mir n. dir n. huet hien em eng gefacht (ohne jeden Anlaß) — mir n. dir n. huet en sech mat ugesat (ohne jede Einladung hat er sich mit zu Tisch gesetzt) — sou mir n. dir n. geet et awer nët grad (so ohne jede Mühe) — en huet en Zenner gehuewen ewéi n. (mühelos) — et geet ewéi n. (mühelos, schnell) — mir hun déi puer Grompren erageholl wéi n. (mit Leichtigkeit verzehrt) — dir as awer och n. bedéngt — esou laang wéi s de liefs, solls de der n. ofgoe loossen (an nichts fehlen lassen) — looss der n. felen — dorunner kanns de n. änneren — ech hun n. drop gin, bis d'Saach méi uerg gi wor (habe es nicht beachtet) — aus n., gët n. — ech gin n. op Leitsgespréicher (lege dem Gerede keinen Wert bei) — ech gin n. op en (traue ihm nicht, auch: kann ihn nicht achten) — dien n. vu sech hält, as n. (s. oben: deen sech n. mécht) — en hält n. op sech (er läßt sich gehen) — si sin op n. komm (a. bet. auf näischt: sie sind verarmt, ruiniert; b. bet. auf op: haben nichts gemerkt, verstanden) — si sin zu n. komm (sind verarmt, auch: zu keinem Resultat gekommen) — dat do as grad wéi komm gëf mer n. (rein gar nichts, wertlos, resultatlos) — hien huet mer n. gin (kein Trinkgeld gegeben) — hues de de Jongen n.gin? (kein Trinkgeld, keine Entschädigung) — hues de mer n. matbruecht? — domat as n. gebrach, gefeelt, gehollef, gemaacht, geschafft — n. gesot, as och geschwat, gelount, ähnlich: n. son, as och eng Äntwert — wien n. seet, vermault sech nët — ech kann n. géint déi Leit soen — 't as n. géint en ze soen — do as n. dergéint ze maachen (nichts dagegen auszurichten) — mat Froe vermécht een n. — Zus.: son d'Leit — do hues du (bet.) n. verluer (dort hast du nichts zu suchen) — du hues do (bet.) n. verluer (nichts dort versäumt) — n., späiz an d'Hand a leck d'Fäischt (derbe Antwort auf einen abschlägigen Bescheid) — d'Halschecht vun n. as, wann een engem Wäiwaasser mat zwéi Fanger reecht an et wor kee Wäiwaasser am Wäiwaasseschdëppen — d'Zopp schmaacht no n. (die Suppe hat keinen Geschmack) — dat richt (riecht) no n. — wat wëlls de hun? (was kann man machen?, daran ist nichts zu ändern) — spaßh. Zus.: son d'Leit, da gin s'engem näischt — 't as n., sot de Mann, du wor d'Fra vun der Genn gefall; b. fir n. «umsonst» — soll ech dann alles fir n. maachen? (ohne Entschädigung) — Ra.: fir n. as der Doud — spaßh. Zusatz: an e kascht een d'Liewen — hei kritt een och n. fir n. (gratis); c. «ohne Grund» — deen do iergert (ärgert) sech, pinscht (weint) fir n. an nach emol n.; substantiv.: Näischt N. und M.: a. «das Nichts, geringfügige Sache» — fir sou en N. sou e Spektakel ze maachen! — wat soll ech da mat deem N. ufänken?; b. «Habenichts» — 't as en N. an et bleift en N.; c. «Dummkopf» — wat soll ech da mat deem N. hei am Atelier ufänken?
 
Näischt-/näischt- -kärel M.: «untüchtiger Mensch, Nichtsnutz» — sou en N.!; -maachen N.: «Nichtstun, Faulenzen» — mat N. as den Dag laang! — mengs de mat N. géing et duer? — deen as midd vum N. — vum N. gët ee fett; -wierteg, -wäerteg (auch lok.: näischwierteg) Adj.: «nichtswürdig» — du näischtwiertege Mënsch, wëlls de och [Bd. 3, S. 201] nach de Geck mat mer maachen (WA — Baltes S. 24); -z'iess-a-Rest M.: «auf der Bauernhochzeit erschien der N., der die letzten Reste, Überbleibsel der Hochzeit verzehrte» (Spedener: Bauernhochzeit — Lux. Land 1885).
 
näischteg Adj.: 1) «nichtswürdig» — nu kuck emol esou en näischtegen Hond, lo huet dee mer méng Box zrass, zerrappt — sou en näischtege Kärel; 2) «wertlos» (abfällig) — et sin elauter sou n. Saachen, déi een do ze kafe kritt — cf. näisch(t)notz.
 
Näischtegkät, -keet F.: «Nichtswürdigkeit» — d'Leit si voller Näischtegkäten, et sollt een et nët mengen — cf. Näischnotzegkät.
 
Näischtert (lok. Echt.: Näisdert, lok.: Nixert) M. — s. Näischnotz — iron. bewundernd: du klenge N.
 
näischtreg Adj.: 1) «minderwertig» — dat as näischtregt Holz, wat an dene Bëscher wiisst; 2) «unbedeutend, belanglos, geringfügig» — déi n. Klengegkeete sollen äis d'Freed nët verdierwen (C).
 
Näitsen, Näizen ON. — s. Näidsen.
 
nälech, nelech (lok.: neilich, Wormeldingen: neelzech) Adj./Adv.: 1) «knapp, zur Not, genau» — huel de Stoff(t) nët ze n. — mir sin esou n. laanscht den Auto komm — et wir zur (zer)nälecher Nout duergaang — ech si mat nälecher Nout schappéiert — wéi n. (Ausruf beim (Kegel-)Spiel: haargenau vorbei) — d'Klatz huet de Bauer nach grad esou n. ze pake kritt; 2) «neulich, kürzlich» — lo n. hun ech mer d'Fanger al verbrannt gehat — ech wor lo n. nach do, du wor awer näischt lass — wéini as dat geschitt? — ma lo n. (vor kurzer Zeit) — cf. genälech, nä.
 
näleg (lok. Esch-Alz.: näerleg) Adj.: «todkrank, kaum lebensfähig» — en as näerleg (er ist dem Sterben nahe).
 
Nämerchers N.: «Ballspiel» (der Ball wird von einem Kind dem andern zugeworfen, wobei ein Jungenname gerufen wird; das Kind, das den Ball auffängt, muß nun einen mit demselben Buchstaben beginnenden Mädchennamen rufen).
 
nämlech (lok. Echt.: nämp(e)lech) Adv.: «nämlich» — et gët allerhand Leit, n. där, déi näischt hun an näischt wëssen, an där aner.
 
nämm(e)lech(t) Adj./Adv.: «nämlich, gleich» — dafür neuerdings oft: selwecht, gläichevill — deen nämm(e)- lechte Mann — déi nämm(e)lech Fra — dat nämm(e)lecht Kand — of s de mam Auto fiirs odder mam Zuch, dat as dat n. (es ist dasselbe) — hie seet der dat n. wéi ech (das gleiche) — zu Kindern: léi (lüge) nët mat deem nämmelechte Mond, mat deem s de biets — ech hätt nach gär e Meter vun dem nämmelechten (z. B. Stoff) — dat do as ganz genee dat n. Geschir wéi mäint — fir mech dat n. (Bestellung beim Wirt) — spaßh.: dat n. am Gréngen — fir dat n. Geld ësst een do ganz gutt — all Dag dees nämmlechten Tierteg (s. d.), dees gët ee midd (jeden Tag dasselbe schlechte Essen) — Frage: wat fir eng Faref hätt der gär? — Antwort: 't as mir d'n. (habe keine Vorliebe, es ist mir einerlei) — et kann him jo d'n. sin, wat ech mat ménge Sue maachen (es darf ihm doch einerlei sein, was ich mit meinem Geld tue — cf. ändun).
 
nän, nä, neen, nee (Westen: näan, nean, näen — im Nösl. mit Bet.: nöö, auch: nenni, lok.: nanni) Negationspartikel: «nein» — als Verneinung auf Fragen, Wünsche: hues de Seef geholl? n. — gees de mat? n. — ech hätt gär en Auto — n., du kriss keen; in nachdrücklicher Ablehnung häufig kurz wiederholt: nänänänänän — n., sou kënne mer nët virufueren; je nach dem besonderen Empfindungsausdruck mit besonderer Intonation, als unwillige Ablehnung: ma n. — awer n. — a n. — o jëmmen n. oder: jëmmenä — o Jëses n.; die Mutter scherzend zum Kind: n., du kriss et nët — beim Fangspiel: n., du kriss mech nët; scharf ablehnend: n. a nach emol n. — n. mäi Jong! — in Verbindung mit: jo (cf. jo) — e seet nët jo an nët n. — in Ausrufen des Staunens, der Verwunderung: n., wat wor dat e Mënschespill! — n., sou eppes lieft nët méi! — Nösl.: nee, su gätt (jätt) hann ich na nët geseen! — mit zweifelndem Frageton, zweigipflig, mit steigender Intonation: n., as dat wouer? — léins de mer déng Feil? n.; in Verbindung mit dem Verb.: soen — a. «nein sagen» — drohend: ech wäerd dech léieren n. soen — ech hu jo n. gesot an et bleift n.; b. «ablehnen» — wann de Meeschter n. seet, si mir schlecht drun — spaßh. zu einem Mädchen: du muss nët ëmmer n. soen, soss kriss de kee Mann — hatt kann nun eemol nët n. soen (sie kann nichts verweigern) — et muss een och emol eng Kéier kënnen n. soen; c. «(ab)leugnen, verneinen» — e konnt nët gutt n. soen, well e wor selwer derbäi — [Bd. 3, S. 202] substantiv.: Nän, Neen M.: «das Nein» — do son ech e fermen N. — du hues ëmmer nëmmen en N. — hatt huet fir all Freier en N.
 
näppen (selten) trans. Verb.: «verspotten, foppen» — cf. zéien, Napp I.
 
Näpper M.: «Spötter».
 
näs, nees Adv.: 1) «noch einmal, wieder einmal, wiederum» (im Nösl. nicht gebr.) — bas de n. do? — lo hu mer et alt n. gepackt — et reent n. (eng Kéier) — da loosse mer alt n. emol virufueren (nochmals, noch ein Mal) — wéi as et dann n. mat der Gesondheet? — wéi sëtz de n. do? — bas de n. doheem? — e kënnt n. nët; 2) «letzthin, früher» — wéi en n. hei wor.
 
néck, nickphV. des Westöslings zu nët (s. d.).
 
Néck I F. — s. Nitt.
 
Néck II F.: «Abhang» — dafür auch: Nock, Nuck (s. d.) — lo nach déi kleng N. do, da si mer iwwer de Bierg.
 
Néckel I (lok. -ε-, früher häufiger) männlicher Vorname: «Nikolaus» — erscheint als: Néck, Néckelchen (Dim.) Néck(e)la, Néckes, Nick, Nuck(es), Klos, Klees (s. d.) — (der Heilige heißt Neklos, Niklos, Neklääs-chen, Zinneklos) — Kinderreime: Néckelche, Néckelche, Béckelche (Var.: Néckel de Béckel), (de) Poul am Aasch, zéi en eraus a leck en af — N. a Klos, déi gin op der Strooss / Uedem an Éiv, déi schreiwen e Bréif / Kou an Iesel, kënnen nët liesen — N., N. neideg, sin déng Biren zeideg? (Echt.) — Ausruf des Unwillens, wenn immer dieselbe Person zu allen Diensten herangezogen wird: ëmmer N. — spaßh. Zus.: toujours Péiter — du dommen N. (Klos — du dummer Kerl) — verbreiteter Hausname: (an) Néckels — Zussetz.: Pomper-, Stouss-, Toznéckel (als Eigen-, Zuname in Schimpfwörtern) — cf. Haansnéckel.
 
Néckel II M.: «Nickel» (Metall) — N. as kee Gold (als Wortspiel mit Nickel und Nikolaus) — Zussetz.: vernéckelen (s. d.).
 
Néckelchen I — Dim. zu Néckel I (s. d.).
 
Néckelchen II M.: «kleine belgische Nickelmünze» (Wb.06).
 
neckeleg Adj.: «zänkisch» (Wb.06) — dazu: Neckelegkät F.: «Zänkerei».
 
nécken I — s. nitten.
 
nécken II trans. Verb.: 1) «stoßen, schlagen» — ech hun him der e puer genéckt, du wor e roueg; 2) «streifen, leicht berühren» — d'Klatz huet de Bauer nëmme genéckt (beim Kegelspiel) — en huet de Bam mam Auto nëmme grad genéckt, an et wor dach vill Schued — cf. técken.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut