Nenne(n)-NennegehänkNennekandNennelutscherNennestäipNennenzutzelernenneregNenneregkät, -keetNenneknennennenneswäertnenninepelegnepelenGenepelsneperenGenepersneperlechNepomukNepotissemNeppernergelenGenergelsNervNervositéitNerwe(n)-nerwe(n)-NerwendokterNerweféiwernerwekrankNerwekränktNerwesaachnerwegnerwéis, nervösnerwen, näerwenNerz, NäerzNerzmantelNësch(t)NëschtkampNëschelnëschelen, nëscheren, nëspelen, nëstelenGenëschelsnëschelegneschtNécessairenëspelenGenëspelsNëss-chenNëss-NëssbranntewäinNëssheckNëssknackerNëssknéckerNësskréckNësskräckNësskréckNësskuchNëssmaartNësssakNëssschockelaNëssuelegNësszaangNësser(t)NesselsféiwernëstelenNëstelerNësteleschnëtnët an nëtnett(ches)NëttelnëttenNetti, Nettéi, NettchennettoNetznetzegnetzenNetz-NetzdëppchenNetzschosselnetzlechnëtz(e)lechNëtz(e)lechkät, -keetNetztneutralNeutralitéitNeveuNëwiNévralgieNëvraljhiniméinimmer, nëmmernickNick(i), Nickichen, Nick(e)la, Nickel(chen), Nicks, Nico, NicolasNickertenniddennidderNidder-nidder- | Nenne(n)- -gehänk N. — s. -stäip; -kand N.: «Säugling» — cf. Sälek; -lutscher M. — s. -kand; -stäip F.: «Büstenhalter» (spaßh.); -zutzeler M. — s. -kand.
nennereg Adj.: «nach der Mutterbrust begehrend» — dazu: Nenneregkät, -keet F.
Nennek M.: «Frauenmantel, gem. Sinau» (Alchemilla vulgaris) — dafür auch: Damantel, Dafschësselchen, Härgottsmäntelchen (s. d.).
nennen (lok. Echt.: nenen — Ind. Präs.: ech nennen, du nenns — Ind. Prät.: (Nösl. sonst selten): ech nannt — Konj. Prät.: ech nennt — Imperativ.: nenn — Part Prät.: genannt) trans. Verb.: 1) «nennen, heißen, bezeichnen» — nenn d'Kand (d'Saach) mam (mat hirem richtege) Numm — nenn mech nët mat déngem Numm (gib mir deinen Ruf nicht) — wéi nennt een dat Déngen do? — wéi nenns de d'Kand dann? (welchen Namen gibst du dem Kind?) — ech wëll en nët nennen (ich verschweige seinen Namen, um ihn nicht in Verlegenheit, ins Gerede zu bringen, auch: nicht nennenswert, weil zu schlecht) — 't wor den Néckel, fir en nët ze nennen — wann dat sech nët gët, da n. ech en (werde ich seinen Namen bekannt machen) — an den Dierfer gin d'Leit mam Hausnumm (s. d.) genannt — iron.: dat nennt een an anere Wierder: stielen — dat nennt ee(n awer) säi Wuert halen (wenn der Betreffende nicht daran denkt — aus Vergeßlichkeit oder Böswilligkeit — sein Versprechen zu halten, auch eigtl.) — dat nennt ee Chance hun (es ist ein Glücksfall) — dat nennt ee Pech! — abfällig: dat nenns du schaffen, e ganzen Dag un engem Ä schielen! — an sou eppes nennt sech (en) Handwierker (von einem Pfuscher, der sein Handwerk nicht kennt) — dat nennt ee kee Mann (er ist ein Schwächling) — substantiv.: dat elo as dës Nennes nët wäert, auch: nët dës Nennes wäert (nicht der Mühe wert, ohne Bedeutung); 2) «ernennen» — d'Regéironk nennt eng Kommissioun fir déi Aarbecht — en as an eng Kommissioun genannt gin — en as nach nët genannt — Zussetz.: er-, vernennen (s. d.).
nenneswäert Adj./Adv.: «nennenswert» (meist neg. gebraucht) — sou eppes as nët n. — höfliche Antwort: merci, fir Är Hëllef — och! et war nët n. — s. auch unter: nennen.
nenni (lok.: nanni — Ösling) — s. nän.
nepeleg (lok.: neepleg, näpleg) Adj.: «gespreizt, geziert, unnatürlich».
nepelen refl. Verb.: «sich anbiedern, sich einschmeicheln» — (fällt in der Bed. oft mit dem folgenden Verb zusammen) — Abl.: Genepels (lok.: Genëspels) N. — Zussetz.: bäinepelen refl. Verb.
neperen intr./refl. Verb.: «sich gerne zusammenfinden, zusammenmenkommen, vertraut werden» — Ra.: al Frënn nepere gär (alte Freunde finden sich gerne zusammen) — wéi déi jong Leit bis emol genepert haten (mal vertrauter geworden waren) — so emol, neper dech nët su bei eisem Kätti — Abl.: Genepers N. — dat G. lo muss ophéieren (das häufige Zusammenkommen Liebender muß aufhören) — cf. noperen.
neperlech Adj.: «nachbarlich, behilflich, freundschaftlich».
Nepomuk Name — s. Bommenzinnes.
Nepotissem M.: «Nepotismus».
Nepper M.: «Bohrer».
nergelen (nεrjələn — auch in hd. Lautung: nörgelen) intr. Verb.: «nörgeln» — Abl.: Genergels N.
Nerv (Pl. Nerwen, Nösl.: Niärref, Pl. Niärrwen, lok.: Nerref) M.: 1) «Nerv» — hie klot mat de Nerwen, en huet et un de Nerwen, mat de Nerwen ze din (er ist nervenkrank) — looss der den N. déiden, wann s de der den Zant rappe léiss (den Zahnnerv betäuben) — dee Kaméidi geet mer sou lues op d'Nerwen (dieser Lärm wird mir allmählich lästig, stört mich) — du gees mer op d'Nerwen (bringst mich in Wut) — dien huet Nerwen — hien huet keng Nerwen (er ist nicht leicht aus der Fassung zu bringen) — en huet d'Nerwen am Fett leien — Nerwen wéi Tramsschinnen, wéi aus Stol (starke Nerven) — [Bd. 3, S. 210] ech si mat den Nerwen um Enn, om Hond — méng Nerwe si kapott — do muss ee schons Nerwen hun! — unwilliger Ausruf: méng Nerwen! — hues du iwwerhaapt Nerwen?; 2) «Sehne» (eig. Armmuskel) — wat hues du e puer Nerwen (sehnige, starke Armmuskeln) — deen huet Nerwen wéi Wissbaamsseler; 3) (Druckerspr.) «Schnüre, auf welche ein Buch auf der Heftlade genäht wird, die Nervüre im Rücken des Buches».
Nervositéit F.: «Nervosität» — e lieft nët méi vun (elauter) N.
Nerwe(n)-/nerwe(n)- -dokter M.: «Nervenarzt»; -féiwer N.: «Nervenfieber» (Typhus); -krank Adj.: «nervenkrank»; -kränkt F. — s. -féiwer; -saach F.: «Nervenschwäche, -erkrankung» — dafür auch: eng Saach vun den Nerwen.
nerweg Adj.: 1) «sehnig»; 2) (lok.) «nervös».
nerwéis, nervös Adj.: «nervös» — maach mech nët n. — de Motor vun eisem neien Auto as méi nervös wéi dee vun deem alen.
nerwen, näerwen trans. Verb.: «plagen» — d'Leit n.
Nerz, Näerz M.: «Nerz» — cf.: Vison — dazu: Nerzmantel M. — wie hd.
Nësch(t) (Pl. Nëschen) F.: «Nisse» — s. Nass.
Nëschtkamp M.: «Staubkamm» — cf. Laiskamp.
Nëschel F.: «Scheuklappe» (Pferdegeschirr) — cf. Scheilieder.
nëschelen, nëscheren, nëspelen, nëstelen Verb.: 1) refl.: «sich einschmeicheln, anschmiegen» — kuck, wéi dat Klengt sech bei d'Mamm nëschelt — wat hien sech un hatt nëschert! (an sie heranrückt, sich bei ihr einzuschmeicheln sucht, sich dienstbar macht) — Abl.: Genëschels N.: a. «das Einschmeicheln» — ech froe mech wuerop dat G. elo aus geet?; b. «Getuschel» — héier, wat hues de do fir e G.? — Zussetz.: bäinëschelen — cf. nepelen, neperen, moschelen; 2) intr.: «nesteln» (Wb.06); 3) «nachsuchen, herumstöbern» (Ga); 4) — s. annëschtelen, genëschelt. | |