LWB Luxemburger Wörterbuch
 
nécken bis nonä- (Bd. 3, Sp. 218a bis 219b)
 
nécken (Ostrand: néiten) trans. Verb.: «nieten» — déi Schrauf as genitt, et kritt een se nët lass — Zussetz.: ëm-, ver-, zesummenitten.
 
nitten II — s. néiten I.
 
Niw(w)el M. — s. Ni(e)wel.
 
niwwëléieren, niwelléieren trans. Verb.: «nivellieren, ebnen».
 
Niwwëléiermaschin F.: «Planierungsmaschine».
 
Niw(w)o, Niveau (wie frz., Ton: 1) M.: 1) «waagerechte Ebene» — de Pawee läit nët am N. — d'Haus läit am (um) N. vun (mat) der Strooss; 2) «Wasserwaage»; übtr.: 3) a. «(sozialer) Rang, Stufe» — mir mussen (den) N. halen; b. «Niveau, geistige Höhe» — déi Aarbecht (Ried) huet keen N. — du bas nach nët um N. fir dat Buch ze verstoen — hien huet keen héijen N.
 
nix Interj.: «nichts» — spaßh. in der deutschen umgangssprachlichen Ra.: nix da — dat as n. komm eraus — an N. Komma null (im Nu) — cf. näischt.
 
no I Adj./Adv.: «nahe» — Steigerung: méi no (näher) — am noo(t)- sten (lok.: am naaksten) (hochsprachl. beeinflußt: am näächsten, cf. näächst); A. Adj. (räumlich): den noo(t)ste Wee as (nët) ëmmer de kamoudsten (der kürzeste Weg ist — nicht — immer der bequemste) — huel den nooste Wee quiesch durech d'Stécker (den kürzesten Weg quer durch die Felder) — dëse Wee as méi n. — substantiv.: Noo(t)st (lok.: Naakst) N.: «das Nächste, N.liegende» — dat N. as ëmmer dat einfachst; B. Adv.: räumlich: komm mol méi n. (heihinner — tritt doch einmal näher) — drohend: komm emol nach e Schrack méi n., wann s de sou kéng bas — géi nët sou n. bei d'Baach, soss fälls de dran — nët esou n. bei den Uewen, du verbrenns dech — du hues et (d'Gras) alt n. um Buedem geholl (das Gras nahe am Boden abgemäht) — ech stoung n. derbäi wéi et geschitt as (war in der Nähe) — du waars am noosten derbäi wéi e verongléckt as — Zéisséng läit n. bei der Gare, Gaasperech läit méi n. an Hollerech am noosten — wat as dat noost fir op d'Gare? — wann ech dech brauch, da bas de widder bäi nach n. — spöttisch: du hues de Courage och n. beim Hënner leien — d'Kanner hun d'Kräischen an d'Laachen (s. d.) n. beieneen(leien) — op e Schong, en Hoer, eng Hand (usw.) n. (auf eine Schuhlänge, Haarbreite, Handbreite); zeitlich: 't as n. drun, datt e kënnt — d'Fra as n. bäi fir néierzekommen (cf. bäi) — hien huet n. bäi fofzeg (Joër) — 't war n. bäi, datt se Sträit kruten — übtr.: 't läit (liegt) n. — mir sin nach n. Familjen (zesummen — noch nahe verwandt) — lo komme mer der Saach méi n. (auch räumlich) — op dësem Gebitt si mer n. zesummen — dee Misär geet mer méi n. wéi s de mengs — sou miserabel Saachen am Haus gi mer n. (gin engem n.) — lok. Echt.: 't gät mäich mi n. oan wi däich (es trifft mich stärker als dich) — du bas him e bëss-chen ze n. getrueden (zu nahe getreten).
 
no- -bäi Adv.: 1) «nahebei» — vun n. gesäit dat sech anescht un — kuck der emol dat Meedche vun n. un, éier s de dech mat him bestiits (ehe du sie heiratest); 2) «beinahe, ungefähr» — dat kascht n. honnert Frang — wann ech alles rechnen, da kommen ech n. un den Devis — ech hat mech n. ëm d'Haltschënt verrechent; -ërweis Adv.: «wahrscheinlich» (Wb.06) — dat as n. erstonk an erlugen.
 
no II Adv./Präp.: «nach» — A. Adv. — no an no kënnt een esou wäit; B. Präp. (im Dativ wird no dem zu nom, gelegtl. no der zu nor verkürzt) — Richtungsbezeichnung: n. ënnen, uewen, vir, hannen, lénks, rechts — méi n. der Säit (seitlicher) — mir n., an d'Féiss an de Grapp geholl! — e wor n. X. (dafür meist: op — s. d.) — der Nues n. goen (ziellos, aufs Geratewohl) — wouhin? — abschlägig: der Nues n.; räumlich und zeitlich: «hinter(her), nach» — n. der Schoul, der Mëss, der Kirech (nach der Schule, der Messe, dem Gottesdienst) — n. der Prouf gi mer e Patt huelen — n. Ouschterdag, n. de Päischten, n. Hallefnuecht — du kënns een Dag nom Maart (s. d.) — nom Iesse soll ee rouen — nom Reen schéngt d'Sonn och alt nees (erëm — auf Regen folgt Sonnenschein) — no méngem Doud kënne se maache wat se wëllen — (cf. nodouds) — du bas n. mir (Reihenfolge, z. B. am ABC, an der Rei, um Tour) — 't sin elo e puer Minutten n. (meist: op) véier — een nom aner si se fortgaang; modal: «gemäß, entsprechend» — dem Pir n. reent et muer — ménger Mänong n. — n. den Ëmstänn — wiem as déi Scheier do? Antwort: dem Jhang n. (lok.: Wiltz — gehört Johann) — n. den Noute (s. d.) sangen [Bd. 3, S. 219] — ech hun em et den Nouten n. (n. den Noute) geblosen, gesot — schwätz dénge Schätzéngen n. — e lieft der Gesondheet, de Virschrëfte vum Dokter n. — dem Gespréich n. wir et anescht — d'Kand gouf n. séngem Pätter (séngem Pätter n.) genannt (das Kind erhielt bei der Taufe den Namen des Paten) — n. deem, n. allem wat ech héieren hun, as et e feine Mënsch — séngem Usinn, Aussinn (Aussehen) n. as e sechzeg (Jor al) — dem Dokter no (wann et dem Dokter n. géing) wir hien ewell laang dout (nach dem Voraussagen des Arztes) — der Sprooch n. as en aus dem Éislek — alles schéin der Rei n. — spaßh. Zusatz: wéi bei der Äppelfra — Zussetz.: bäi-, der-, deem-, duer-, do-, hannen-, herno.
 
No-/no- (als Vorsilbe, Präf. in zahlreichen Verbindungen) -aarbechten trans./intr. Verb.: 1) «die letzte Hand an etwas legen» (Wb.06); 2) «länger arbeiten» — dafür heute: noschaffen (s. d.); -afen trans. Verb.: «nachäffen»; -bejozen trans. Verb.: «schmeichlerisch bejahen, nachbeten»; -bezuelen, -blechen, -berappen trans. Verb.: «nachzahlen»; -bieden trans. Verb.: 1) «nachbeten» (Gebete); 2) «ungeprüft nachsprechen, nachplappern»; -bléi F.: «Nachblüte»; -blumm (Nösl.) F.: «Mehl zweiter Güte» (Viehfutter) — d'N. as ze gutt fir Krësch (s. d.) an ze schlecht fir Miel; -bréngen trans. Verb.: «nachträglich hinbringen, hinterhertragen» — de Rescht kanns de mer n. — soll ech der de Paltong n.? (zu jem., der nachlässigerweise vergißt etwas mitzunehmen); -brout (lok.: Körich) N.: «Vesperbrot» — cf. Ombrout; -broutskuerf M.: «Flechtkorb mit Doppeldeckel, in dem das Vesperbrot aufs Feld getragen wird»; -bueren trans. Verb.: «noch etwas, zusätzlich bohren» (Bohrloch vergrößern); -datéieren trans. Verb.: «nachdatieren»; -däi, -deel M.: «Nachteil» — zu séngem ägenen N.; -deem (Ton: 2) Adv.: «nachdem» je n. wéi de Fall fällt — 't as je n. — nodeem s mer souwäit wore, koum hien och; -denken intr. Verb.: «nachdenken»; -denk(er)lech Adj.: «nachdenklich»; -douds adverbial: «nach dem Tode» — hinnen n. nach de Steen ze werfen, as nët schéin — n. ménger (nach meinem Tod) kënnen se maache, wat se wëllen; -drécken I trans. Verb.: «neu, nochmals drucken» (Druckerspr.) — et as verbueden dat Buch nozedrécken — dazu: Nodrock M.: «Nachdruck»; -drécken II trans./intr. Verb.: 1) «nachdrücken, nachhelfen, beistehen» — geet et nët méi, muss ech n.? (zum Kind beim Essen) — fäert nët, de Monni dréckt no; 2) «langsam folgen, nachhinken» — si koumen sou lues nogedréckt; 3) «Nachdruck geben» (bei Autoritäten); -dréiglech Adv.: «nachträglich»; -dreiwen trans. Verb.: «nachtreiben» — substantiv. in der Ra.: am N. (Nodreiwes) sin (in schlechter finanzieller Lage sein, vor dem Ruin stehen) — an d'N. kommen (ins Hintertreffen kommen); -droen trans./intr. Verb.: 1) «nachtragen»; 2) «Groll hegen, nicht vergessen und nicht verzeihen können» — en dréit (him) näischt no — en dréit nët no; -(e)naner, -(e)nän, -(e)neen Adv.: 1) «nacheinander» — Ra.: schéin n., wéi bei der Äppelfra — d'Kanner koume schéin n. a se haten sech mat der Hand; 2) «bereit, in Ordnung» — hues de alles n. fir d'Kiirmes? — hues de d'Gromperestéck n.? (ist das Kartoffelfeld zum Pflanzen bereit?) — dazu: -(e)naner-, -nä-, -neegoen intr. Verb.: «gelingen, nach Wunsch gehen» — wann dat der alt nonägät! — -nä-, -nee-kommen intr. Verb.: 1) «genesen» — e wäerd jo alt nonäkommen! — e kënnt nët méi nonän (er wird nicht mehr genesen); 2) «auskommen» — et kann een nët mat em n.; -nä-, -nee-maachen trans. Verb.: 1) a. «zubereiten» (Essen) — ech hu mer alt selwer eppes n. gemaacht, wéi méng Fra fort war; b. «herrichten, in Ordnung bringen» — lo musse mer d'Kummere nach n. — hues du däi Gaart eleng nonägemaacht? — dat Stéck as gutt nonägemaacht, 't as kän Ongkraut dran; 2) «übel zurichten» ( a. durch Prügel; b. durch Vorwürfe; c. durch unsachgem. Behandlung) — wat hu se dee nonägemaacht, e wor nët méi gutt fir hääschen ze gon (e wousst nët méi, ob en e Jong odder e Meedche wir — durch Prügel oder Vorwürfe, auch durch Verabreichen von zu reichlichem Alkohol) — wat hues du dee Bam nonägemaacht! — wat hu se mer [Bd. 3, S. 220] déi Weis nonägemaacht (Melodie zugerichtet); 3) refl.: «sich anziehen, Toilette machen» — sou kann ech nët ënner d'Leit goen, sot d'Fra, ech si jo nach nët nonägemaacht — wat as hatt nonägemaacht! (auffallend oder geschmacklos gekleidet, auch: zu stark geschminkt);

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut