| no II Adv./Präp.: «nach» — A. Adv. — no an no kënnt een esou wäit; B. Präp. (im Dativ wird no dem zu nom, gelegtl. no der zu nor verkürzt) — Richtungsbezeichnung: n. ënnen, uewen, vir, hannen, lénks, rechts — méi n. der Säit (seitlicher) — mir n., an d'Féiss an de Grapp geholl! — e wor n. X. (dafür meist: op — s. d.) — der Nues n. goen (ziellos, aufs Geratewohl) — wouhin? — abschlägig: der Nues n.; räumlich und zeitlich: «hinter(her), nach» — n. der Schoul, der Mëss, der Kirech (nach der Schule, der Messe, dem Gottesdienst) — n. der Prouf gi mer e Patt huelen — n. Ouschterdag, n. de Päischten, n. Hallefnuecht — du kënns een Dag nom Maart (s. d.) — nom Iesse soll ee rouen — nom Reen schéngt d'Sonn och alt nees (erëm — auf Regen folgt Sonnenschein) — no méngem Doud kënne se maache wat se wëllen — (cf. nodouds) — du bas n. mir (Reihenfolge, z. B. am ABC, an der Rei, um Tour) — 't sin elo e puer Minutten n. (meist: op) véier — een nom aner si se fortgaang; modal: «gemäß, entsprechend» — dem Pir n. reent et muer — ménger Mänong n. — n. den Ëmstänn — wiem as déi Scheier do? Antwort: dem Jhang n. (lok.: Wiltz — gehört Johann) — n. den Noute (s. d.) sangen [Bd. 3, S. 219] — ech hun em et den Nouten n. (n. den Noute) geblosen, gesot — schwätz dénge Schätzéngen n. — e lieft der Gesondheet, de Virschrëfte vum Dokter n. — dem Gespréich n. wir et anescht — d'Kand gouf n. séngem Pätter (séngem Pätter n.) genannt (das Kind erhielt bei der Taufe den Namen des Paten) — n. deem, n. allem wat ech héieren hun, as et e feine Mënsch — séngem Usinn, Aussinn (Aussehen) n. as e sechzeg (Jor al) — dem Dokter no (wann et dem Dokter n. géing) wir hien ewell laang dout (nach dem Voraussagen des Arztes) — der Sprooch n. as en aus dem Éislek — alles schéin der Rei n. — spaßh. Zusatz: wéi bei der Äppelfra — Zussetz.: bäi-, der-, deem-, duer-, do-, hannen-, herno.
No-/no- (als Vorsilbe, Präf. in zahlreichen Verbindungen) -aarbechten trans./intr. Verb.: 1) «die letzte Hand an etwas legen» (Wb.06); 2) «länger arbeiten» — dafür heute: noschaffen (s. d.); -afen trans. Verb.: «nachäffen»; -bejozen trans. Verb.: «schmeichlerisch bejahen, nachbeten»; -bezuelen, -blechen, -berappen trans. Verb.: «nachzahlen»; -bieden trans. Verb.: 1) «nachbeten» (Gebete); 2) «ungeprüft nachsprechen, nachplappern»; -bléi F.: «Nachblüte»; -blumm (Nösl.) F.: «Mehl zweiter Güte» (Viehfutter) — d'N. as ze gutt fir Krësch (s. d.) an ze schlecht fir Miel; -bréngen trans. Verb.: «nachträglich hinbringen, hinterhertragen» — de Rescht kanns de mer n. — soll ech der de Paltong n.? (zu jem., der nachlässigerweise vergißt etwas mitzunehmen); -brout (lok.: Körich) N.: «Vesperbrot» — cf. Ombrout; -broutskuerf M.: «Flechtkorb mit Doppeldeckel, in dem das Vesperbrot aufs Feld getragen wird»; -bueren trans. Verb.: «noch etwas, zusätzlich bohren» (Bohrloch vergrößern); -datéieren trans. Verb.: «nachdatieren»; -däi, -deel M.: «Nachteil» — zu séngem ägenen N.; -deem (Ton: 2) Adv.: «nachdem» je n. wéi de Fall fällt — 't as je n. — nodeem s mer souwäit wore, koum hien och; -denken intr. Verb.: «nachdenken»; -denk(er)lech Adj.: «nachdenklich»; -douds adverbial: «nach dem Tode» — hinnen n. nach de Steen ze werfen, as nët schéin — n. ménger (nach meinem Tod) kënnen se maache, wat se wëllen; -drécken I trans. Verb.: «neu, nochmals drucken» (Druckerspr.) — et as verbueden dat Buch nozedrécken — dazu: Nodrock M.: «Nachdruck»; -drécken II trans./intr. Verb.: 1) «nachdrücken, nachhelfen, beistehen» — geet et nët méi, muss ech n.? (zum Kind beim Essen) — fäert nët, de Monni dréckt no; 2) «langsam folgen, nachhinken» — si koumen sou lues nogedréckt; 3) «Nachdruck geben» (bei Autoritäten); -dréiglech Adv.: «nachträglich»; -dreiwen trans. Verb.: «nachtreiben» — substantiv. in der Ra.: am N. (Nodreiwes) sin (in schlechter finanzieller Lage sein, vor dem Ruin stehen) — an d'N. kommen (ins Hintertreffen kommen); -droen trans./intr. Verb.: 1) «nachtragen»; 2) «Groll hegen, nicht vergessen und nicht verzeihen können» — en dréit (him) näischt no — en dréit nët no; -(e)naner, -(e)nän, -(e)neen Adv.: 1) «nacheinander» — Ra.: schéin n., wéi bei der Äppelfra — d'Kanner koume schéin n. a se haten sech mat der Hand; 2) «bereit, in Ordnung» — hues de alles n. fir d'Kiirmes? — hues de d'Gromperestéck n.? (ist das Kartoffelfeld zum Pflanzen bereit?) — dazu: -(e)naner-, -nä-, -neegoen intr. Verb.: «gelingen, nach Wunsch gehen» — wann dat der alt nonägät! — -nä-, -nee-kommen intr. Verb.: 1) «genesen» — e wäerd jo alt nonäkommen! — e kënnt nët méi nonän (er wird nicht mehr genesen); 2) «auskommen» — et kann een nët mat em n.; -nä-, -nee-maachen trans. Verb.: 1) a. «zubereiten» (Essen) — ech hu mer alt selwer eppes n. gemaacht, wéi méng Fra fort war; b. «herrichten, in Ordnung bringen» — lo musse mer d'Kummere nach n. — hues du däi Gaart eleng nonägemaacht? — dat Stéck as gutt nonägemaacht, 't as kän Ongkraut dran; 2) «übel zurichten» ( a. durch Prügel; b. durch Vorwürfe; c. durch unsachgem. Behandlung) — wat hu se dee nonägemaacht, e wor nët méi gutt fir hääschen ze gon (e wousst nët méi, ob en e Jong odder e Meedche wir — durch Prügel oder Vorwürfe, auch durch Verabreichen von zu reichlichem Alkohol) — wat hues du dee Bam nonägemaacht! — wat hu se mer [Bd. 3, S. 220] déi Weis nonägemaacht (Melodie zugerichtet); 3) refl.: «sich anziehen, Toilette machen» — sou kann ech nët ënner d'Leit goen, sot d'Fra, ech si jo nach nët nonägemaacht — wat as hatt nonägemaacht! (auffallend oder geschmacklos gekleidet, auch: zu stark geschminkt); -ënt Adv.: «heute abend» (C); -erzielen trans. Verb.: «nacherzählen»; -examen M.: «Nachexamen»; -fëllen trans. Verb.: «nachfüllen»; -fillen trans. Verb.: «nachfühlen»; -folleg F.: «Nachfolge»; -fol(le)gen intr. Verb.: «nachfolgen»; -fol(le)ger M.: «Nachfolger»; -fräd, -freed F.: «nachträgliche Freude»; -fro F.: 1) «Nachfrage, Bedarf» (Handel) — 't as keng N. no fette Schwäin; 2) «Erkundigung» — wéi geet et? Antwort: ech danken der (giddiger) N. (danke der — gütigen — Nachfrage) — merci fir d'N.; -froen trans./intr. Verb.: 1) «zusätzlich verlangen» — si hu mer honnert Frang nogefrot; 2) «sich erkundigen» — ech muss emol n. wéi et der geet; 3) «nach mehr verlangen» — dëse Wäi freet no (méi) — cf. méizen; -fueren trans./intr. Verb.: 1) «nachfahren» — ech si mam Rad nogefuer fir se rëmzekréien (um sie noch einzuholen); 2) «folgen» — fuer mam Fanger op der Kaart der Grenz no (folge der Grenze mit dem Finger), da weess de wéi wäit d'Land reecht — fuer dem Modell nach eng Kéier no, da gesi mer besser wéi de Schnëtt as (durchpause das Modell noch einmal, dann sehen wir das Schnittmuster besser); 3) «weiter, zusätzlich bearbeiten, graben usw.» — mir mussen nach e puer Meter n., da komme mer eréischt op de Fiels (wir müssen noch einige Meter weiter graben, dann erreichen wir erst das Felsgestein); | |