LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Noléissegkät bis Noschwarem (Bd. 3, Sp. 222a bis 223b)
 
-léissegkät, -keet F.: «Nachlässigkeit» — sou eng N. vun dene Kärelen as nët méi schéin — hien as d'N. selwer (von einem nachlässigen Menschen) — aus purer N.; -liesen trans./intr. Verb.: 1) «nachlesen» (Buch, Schrift) — ech muss n., wat doriwwer geschriwwe gouf; 2) «nachlesen» (Weinberg) — prahlend: mir hun nach bal e ganzt Fudder nogelies; -liwweren trans. Verb.: «nachliefern»; -loossen Verb.: 1) trans.: «nachlassen, erlassen, verzeihen» — e krut séng Schold nogelooss; intr.: 2) a. «abnehmen, abflauen» — de Wand, de Frascht, de Reen léisst no; b. «absinken, erlahmen, schwinden» — séng Kräften hun al nogelooss — d'Vitesse vum Motor léisst no — du duerfs keng Minutt n., soss bas de verluer — du hues an der Aarbecht nogelooss; c. «locker werden, sich lockern» — d'Fieder (Spiralfeder) léisst no — de Buedem léisst no, an de Gruef fällt zou; 3) «nachstehen» — e léisst him (an) näischt no (er steht ihm — in — nichts nach, auch: er ist ihm gewachsen) — (spaßh.) prahlend: ech géif dir awer näischt n.; -maachen trans. Verb.: 1) «nachmachen» — dat do mécht awer kee mer no — nu maach emol ee mer dat no! — dat Klengt mécht der Mamm alles no; 2) a. «nachäffen, nachahmen» — en huet de Jhang nogemaacht, du häss geschwuer et wir e selwer; b. «fälschen, nachahmen» — Suen (Geld) nozemaachen as verbueden, et steet Prisong drop — de Bouf huet dem Papp séng Ënnerschrëft nogemaacht; 3) «nachholen» — ech muss den Examen n., well ech déi Zäit krank wor, wéi en ofgehale gouf; 4) «wiederholen» — den Exame muss nogemaacht gin, well et as nët mat richtegen Dénger zougaang; 5) refl.: «hinterhereilen, sich beeilen um nachzukommen» — ech hu mech hinne séier nogemaacht an dach krut ech se nët erëm — nu maach dech no an träntel nët (etwa die Mutter zum Kinde) — dazu: nogemaacht Verbadj.: «nachgemacht, unecht, gefälscht» — dat do as eppes Nogemaacht(en)es; -méien trans. Verb.: «nachträglich abmähen, was durch Versagen der Mähmaschine stehen bleibt» — ech muss nach n., d'Maschin huet gestrëppt; -mëtteg (Ton: 2, Pl. Nomëtteger, Nomëttecher) M.: «Nachmittag» — am halwen N. — am fréien N. — matzen am N. — haut hun ech mäi fräien N. — mat deem Gereens hu mer e verluerenen N. (durch das andauernde Regnen konnte am N. nicht gearbeitet werden) — de Wanter si keng Nomëtteger, et as gläich Nuecht; -mëttes (Ton: 2) Adv.: «nachmittags» — dazu: Nomëtteskränzchen M.: «Kaffeekränzchen»; -mëttesrock M. — s. Rock; [Bd. 3, S. 223] -miessen, -moossen trans./intr. Verb.: 1) «nachmessen» — ech hun nogemiess, et stëmmt; 2) «erbrechen» (nach zu reichlichem Alkoholgenuß, auch von Säuglingen, die nach der Mahlzeit einen Schluck zurückgeben) — spöttisch: hues de (dem Wiirt) nogemiess, has d'em nët getraut?; -momper M.: «stellvertretender Vormund» (Wb.06); -nälech, -nelech Adv.: 1) «vorhin» — et wor elo n. geschitt; 2) «beinahe» — lo wir ech der jo n. un en Hond komm; 3) «bald, in Kürze» — dat gës de n. gewuer — cf. nälech. -päifen trans./intr. Verb.: 1) «nachpfeifen» — hien huet him all Lidd nogepaff; 2) «hinter jemand herpfeifen» — d'Bouwen hun de Medercher nogepaff; 3) «auspfeifen» — si hun him nogepaff; -planzen trans. Verb: «nachpflanzen» — et si vill Stäck futti gaang, mir mussen der n.; -préiwen trans. Verb.: «nachprüfen, überprüfen»; -pressen trans. Verb.: «nachpressen»: -rech(e)nen trans./intr. Verb. «nachrechnen» — du solls ëmmer n. a kucken, ob et stëmmt — Sagwort: dat Dommst, wat as, d'as eng gescheit Fra, sot de Jhangs Mätt, wéi d'Gréit him nogerechent huet; -réck(e)len trans./intr. Verb.: 1) «nachrücken»; 2) «nahe rücken» (zu no — nahe); -rennen intr. Verb.: «nachlaufen, nachrennen» — ech sin em nogerannt, hun en awer nët méi erëmkritt (konnte ihn jedoch nicht einholen) — übtr.: hatt rennt deem Jong no, an hie wëllt näischt vun em wëssen — cf. nolafen; -resen, -räsen intr. Verb.: «nachreisen» — iron.: du kënns alt laang nogereest (du kommst spät an); -rëtschen, -rutschen intr. Verb.: 1) «nachrutschen» — de Buedem as nogerëtscht, mir hu missen eng Mauer laanscht de Rambli bauen; 2) übtr.: «kriecherisch schmeicheln» (um etwas zu erreichen) — en as em op de Knéie nogerëtscht — cf. nolafen, nokrauchen; -riech M.: «Hungerharke» — dafür auch: Bayar, Geier, Grippert, Hans, grousse Riech (s. d.); -ried F.: «Nachrede» (meist pej.) — en huet eng iwwel N.; -riicht (regional: Noriit, lok.: Noochriicht) F.: «Nachricht» — mir lauschteren d'Noriichten nach am Radio an da komme mer (dafür meist: Neiegkeeten, Nouvellen) — huet der gutt N.? — mir hu schlecht N. kritt — ech schécken iech, ech gin iech N.; -ruff M.: «Nachruf»; -ruffen intr. Verb.: «nachrufen, schmähen» — d'Bouwen hun em op der Gaass nogeruff a nogepaff; -salzen trans. Verb.: «nachsalzen»; -sangen trans./intr. Verb.: «nachsingen» — hien huet d'Lidd gläich nogesongen — hien huet him nogesongen a grad gemaacht ewéi hien (singend nachgeahmt); -saz M.: 1) «Nachkomme, Nachfolger»; 2) «zweiter Ehemann»; -schaff M. — s. -spill sub 2); -schécken trans. Verb.: «nachsenden, nachschicken» — wann nach e Bréif kënnt, da schécken ech der en no — du brauchs mir keen nozeschécke fir ze kucke, wat ech maachen; -schëdden, -schidden trans. Verb.: «nachschütten, nachgießen» — kann ech Iech n.? (darf ich nachfüllen?); -schéissen trans./intr. Verb.: 1) «noch einmal schießen» (Fußballspr.) — dazu: Noschoss M.; 2)s. -spillen sub 2); -schlag M.: «Nachschlag» (Musik) — den N. as nët propper genuch; -schläfen, -schlefen trans./refl. Verb.: «nachschleppen» — ech hun de Sak mam Kascht de ganzen Dag missen n. — d'Kand wor esou midd, mir hun et missen n. — ech wor esou dä, ech krut mech nach grad esou nogeschlääft — jidderee schlääft säi Misär no — iron.: e schlääft d'Kläder no (von zu großen und zu weiten Kleidern) — dafür auch: ernoschläfen; -schloen Verb.: 1) trans.: «nachsuchen, aufsuchen» — dat musse mer an den Akten n.; 2) intr.: «nacharten» — wiem soll deen nëmmen nogeschloe sin? — hien as ganz séngem Grousspapp, sénger Mamm, séngem Pätter, sénger Giedel nogeschloen — ech froe mech weems du noschléis?; 3) «nachschlagen» — (Musikerspr.) — d'Altoë (Althörner) schloen no; -scheiwens. -spillen sub 2); -schwarem M.: «zweiter Schwarm desselben Bienenvolkes»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut