| Nol I (Pl. Neel, Dim. Neelchen, Näälchen) M.: 1) «Nagel» (an Finger und Zehe — meist als Fingernagel verstanden) — ech hu mech op de Fanger gehaen, den N. as ganz blo gin — wat hues du laang Neel! — schneid déng Neel emol of — botz déng Neel dach — spaßh.: d'Neel sin am Trauer (Schmutz unter den Fingernägeln) — e bäisst sech d'Neel of — d'Joffer huet sech d'Neel lackéiert, gefierft — den N. as agewuess (eingewachsen) — ech hu mer en N. agerass (eingerissen) — en décken N. (Verwachsung des Nagels nach einer Verletzung) — spaßh.: et as esou grouss wéi dat Schwaarzt ënner dem N. (sehr klein) — e gonnt engem nët esouvill wéi d'Schwaarzt vum N. (gar nichts) — d'Neel an [Bd. 3, S. 225] d'Hoer wuessen nach, wann ee schons dout as — engem klenge Kand duerf een d'Neel nët schneiden, soss tuddelt et hanneno (dem Säugling dürfen die Fingernägel nicht geschnitten werden, sonst stottert das Kind später) — weiße Flecken im Fingernagel heißen: Doudsënn (s. d. sub 2), sie sollen auch ein Zeichen der Fertigkeit im Schönschreiben sein — Wortspiel Fingernagel - Metallnagel: Frage: huet Der Neel? Antwort: Nän. — Woumat kraazt Der Iech dann? — Zussetz.: Fangernol, Zéiwennol; 2) a. «Nagel» (Metall, Holz) — Teile: de Kapp (Kopf), d'Rutt (Schaft), d'Spëtzt (Spitze) — en eisen, hëlzen, e koffer, messéngs N. — en N. mat engem brede, décke, ouni Kapp — fréier goufen d'Neel vum Klautche gemaacht—bréng mer e Pak Neel mat, wann s d'an d'Stad gees — schlo(n), kraach en N. dran, dann hält et schons — gëf dem Bouf e puer Neel an en Hummer, dann as e scho roueg — lo schléit dee mer jo nët en Nol an d'Mauer fir de Palto opzehänken — d'Päerd limmt (ist lahm), et huet an en (e raschtegen) N. getratt — wann een an e raschtegen N. fällt, gët et gär eng Bluttvergëftong (im Kindesalter sehr stark ausgeprägter Glaube) — en as esou ongeschéckt, e kann emol keen N. aschloen — den N. as ëmgaang (der Nagel hat sich beim Einschlagen verbogen) — den N. kënnt op där anerer Säit vum Dill eraus, schlo en ëm (die Nagelspitze ragt auf der andern Seite des Brettes heraus, verbiege die Spitze durch einen Schlag) — de Schouster huet mer e puer Neel an d'Schong geschloen, gehaen — Raa.: een N. dreift deen aneren (ein Keil treibt den andern) — woam (warme) Neel a kale Läim (s. d.), son déi liddereg Schräiner (lok. Echt.) — dir iesst nach raschteg Neel (ihr werdet noch Hunger leiden) — Scherzrätsel: wuer schléit een den N.? — Antwort: op de Kapp — übtr.: dat as en N. fir a méng Doudelued (bei einem Tun, das der Gesundheit abträglich ist, auch z. B. für ungeratene Kinder) — hien huet d'Geschäft un den N. gehaang (er hat das Geschäft aufgegeben) — hatt geet op den N. (sie treibt Prostitution) — dat geet mir op den N. (ist mir zuwider) — du hues e Kapp ewéi en N. (dickköpfig) — Nagelarten des Schusters (nach Pletschette: Der Luxemburger Dorfschuster in Vjbl. 1939/fasc. 19-20, S. 32 ff.): Fënsternol M.: «Drahtnagel oder Glaserstift» — hëlzen N. oder Poul M.: «Speil» — Jhandaarmekapp M.: «Absatznagel» — Knippchen F.: «vierkantiger Absatznagel» — koffer N. (kleiner Kupfernagel) — Morbilljong M. (s. d.), dafür auch: Maisdreck — Schanell F.: «Sohlennagel» — Schewillambär M.: «kleiner Nagel, zum Befestigen der Gummiblätter auf Absätzen» (nach dem franz. cheville Lambert) — Sprëtz F.: «Nagel ohne Kopf» — Stëft M.: «Stiftnagel für Absätze» — Zemoñs F.: «sehr dünner und sehr kurzer Nagel» (nach dem franz. semence) — Zweespëtz(t) F.: «Nagel mit zwei Spitzen für schwere Arbeitsschuhe» — Nagelarten der Schiffbauer: Schär-, Scheer-, Schurnol M.: «handgeschmiedeter Nagel mit dickem Kopf (6,5 cm lang)» — Samnol M.: «sieben cm langer Nagel zum Befestigen der Borte an den Seiten» — Lassnol M.: «fünf cm langer Nagel mit dickem Kopf; wird oageloosst, ein Loch vorgebohrt um das Auseinanderreißen des Holzes zu vermeiden» — Maastspäichernol M.: «14-15 cm langer Nagel» — Giljesnol M.: «zehn bis zwölf cm langer Nagel mit dickem Kopf, bei größeren Schiffen, Sandnachen» — Sënternol M.: «fünf cm langer, nur ein mm dicker Nagel» — dafür auch: Kuebena — weitere Arten: Brosch, hallef Brosch, Schlaf, Zweespëtz(t) — Zussetz.: Adressen-, Äis-, Drot-, Daach-, Fënster-, Eisen-, Houf-, Këschten-, Koffer-, Läendeckesch-, Léit- (Lit-), Nitt-, Schong-, Spéngel(s)-, Täissels-, Tapezéier-, Tallongsnol; b. «Zentrum der Scheibe» — heute noch in der Ra.: den N. op de Kapp geroden; 3) (Druckerspr.) a. «abgenutzter Buchstabe»; b. «abgequetschter Buchstabe, Druckstock, Linie»; 4) «Hauk, Augen- oder Nagelfell» (Augenkrankheit der Pferde — Ga) — Bildung der Komp. meist mit Neel (s. d. sowie Nools-) — cf. Neelchen.
Nol II (Pl. Nolen, Dim. kleng Nol) F.: 1) «Nadel» — eng reng, eng graff N. — spatz wéi eng N. — d'A vun enger N. (Nadelöhr) — eng N. andinn, afiedemen, areien (einfädeln) — et wor esou stëll, et hätt een eng N. héiere falen — e gät wéi op Nolen (bedächtig, ängstlich — bes. übtr.) — lok. Echt.: ich hoan wi Nolen an de Féiss — ech mengen ech hätt dausend Nolen an den Zéiwen (stechender Juckreiz in den Zehen) — Zussetz.: Bitz-, Bitzmaschinnen-, Flääsch- (Spicknadel), Huesen- (Stopfnadel), Matrassen-, Sak-, Spéck-, [Bd. 3, S. 226] Stoppnol; 2) «Nadel der Koniferen» — de Bam verléiert d'Nolen durech déi laang Dréchent.
Nole(n)- -a N. «Nadelöhr»; -biis (Dim. -biiss-chen) F.: «Nadelbüchse»; -faass, -fäss-chen (Dim.) N.: «runder Stecknadelbehälter»; -këssen N.: «Nadelkissen»; -lach N.: «Nadelöhr» — s. Nolen-a; -spëtz(t) F.: «Nadelspitze»; -stëppeler M.: «Nadelkissen»; -zwir M.: «Zwirn für die Nähmaschine».
Nolber M. — s. Lolber.
Nolberblat, Norbëleblat N. — s. Lolberblat.
Nold(i) männlicher Vorname: «Arnold» — cf. Noll I sub 1).
noleswoles (verdreht aus: nolensvolens) Adv.: «wohl oder übel» — lok. Echt.: dis Kéier muss de n. dru gläwen (ob du willst oder nicht).
Noll I männlicher Vorname: 1) «Arnold»; 2) «Norbert» (lok.: Echt.).
Noll II Num.: «Null» (veraltet — s. Null).
nom — s. no dem sub no.
Nominatioun F.: «Ernennung» — en huet haut séng N. fir Professer kritt — frz. nomination.
nominéieren trans. Verb.: «nennen, ernennen» — en as an eng Kommissioun nominéiert gin.
nondi, nundi, non di, nun di Interj. nach dem frz. «nom de» in teils unkenntlich gewordenen Fluchwörtern wie in: n. bleu (wie frz.), n. djabel (diable), -däiwel, n. djö, -djëss, -djä, -djar, -djëft, -tjëft, -Dieu (wie frz.), n. -flätsch, -flütt, -freck, -kabes, -kass(t), -chiä, -chieng (chien), -tonnerre (wie frz.), pipp, -tripp, -maténg, -zatz, — zur Vermeidung des eigentlichen Fluchwortes: nondihü, nondinondi — verstärkende Vorsilben: hacker-, kër-, zacker-, millnondi — (s. d.).
nondidjësse(n), nondikasse(n), nondikasste(n) Adj. (attrib.): «verdammt, abgefeimt» — dat verhält deen nondikasse Mënsch nët — lo as deen nondidjësse Still erëm futti — abgeschwächt und bewundernd: lo spillt deen nondidjësse Misch der wuel nët néng (scil.: Kälen).
Nondiën Plur. tant.: «Flüche» — mat villen N. (mit vielen Flüchen, auch: mit vielem Fluchen).
non (wie frz.), nong Verneinungspartikel: «nein» — spaßh. Ra.: nong, seet de Fransous — s. nän.
non(g)zeg (Echt.: naunzig, Mosel: näinzeg, Nösl.: néngzig) Num.: «neunzig» — en as an déi n. (den non(g)zeger Jore) gebuer (in den neunziger Jahren geboren) — en as an déi n. (an den non(g)zeger — über neunzig Jahre alt) — spaßh.: ech muss maachen, datt ech aus den achzeger erauskommen, an den non(g)zeger stierwen der nët méi esouvill.
Non(g)zeger M.: 1) «Neunzigjähriger»; 2) «Wert beim Kartenspiel Pikéit»;
non(g)zéng (Mosel: naunzéin, Wösl.: nungzéin, Nösl.: nongzéin, nongzen) Num.: «neunzehn» — n., sot de Mann, du hat en d'Geess verspillt (in Anspielung auf das Kartenspiel Kujong oder Mitt, wo neunzehn genau unter dem Stänner (s. d.) und 21, der Gewinnzahl liegt) — n. as verluer — sou eppes wor nach am non(g)zéngte Joerhonnert méiglech — in Ausrufen (meist mit der verstärkenden Vorsilbe kër-, kree-, s. d.) — kër-n. am Schaf — spaßh. Zus.: an zwanzeg an der Kribänk — (kree-, kër-)nonzéng-pies (Ausruf des Erstaunens, Fluchwort).
Non(g)käl, -keil ON.: «Nondkeil» (Dorf im Département de la Moselle, an der lux. Grenze) — Spottname für die Einwohner von N.: déi Non(g)- käler Koken (s. Kok).
Nonn (Dim. Nënnchen — Pl. Nënnercher) F.: «Nonne» — lok. Echt. (nach der Kleidung unterschieden): en schwoaz N. (eine Schulschwester), en gro N. (eine Krankenschwester) — eng wëll N. (ausgetretene Nonne, auch — lok. — Frauenzimmer, das jeden Umgang mit Männern meidet) — Raa.: wien d'Abrëllssonn (s. d.) nët verbrennt, deen huet eng Haut wéi eng N. — do hat eng (gutt) N. fir dech gebiet (da hast du Glück gehabt) — Zus.: an se sëtzt nach op de Knéien — d'Nonne bestueden ëmmer an, ni aus, son d'Leit — Heischelied (Vianden — MKr. Nr. 683): Elei kënnt eng arem Nënnchen / se heescht Maria-Sënnchen / gët er eppes, loosst se goen / se huet der Haiser nach vill ze goen — cf. Schwëster sub 2).
Nonne- -bauch M. — in der spaßh. Ra.: glat ewéi en N.; -bok M.: «Nonnenhaube»; -bréiderchercheskraut N. — s. Bréidercheskraut; -bréitchen (lok. Lenningen: Onnebréitchen) N.: 1) «Fastnachtsgebäck» — s. -fascht; 2) «rundes, plattes, kleines [Bd. 3, S. 227] Gebäck aus Mehl und Milch»; 3) — s. Bréidercheskraut; -brout N. — s. Bréidercheskraut; -fascht (Pl. -fäscht, -fëscht, Dim. -fäschtchen, -fëstchen, Pl. -fäschtercher) M.: 1) «Fastnachtsgebäck»; 2) «Nonnenkrapfen» (Art Zuckerbackwerk) — dafür auch: Mauzen, Muzen, Nauzen, Tortelen (s. d.). -fierzchen M. — s. d. Vor.; -flääsch, -fleesch N. — in der Ra.: dat Meedchen huet keen N. (keine Neigung zum Klosterleben); -gezei N.: «Nonnenkleidung, Ordenskleidung der Nonnen»; -kascht M.: «Klosterkost»; | |