| Noschel F.: «Scheuklappe» (Pferdegeschirr) — s. Scheilieder.
noschelen — s. nëschelen sub 1).
Noscheler M., Noschelesch F.: «Einschmeichler(in)».
nosderhand — s. nozerhand.
Noss (Pl. Nëss — Dim. Nëss-chen) F.: 1) «Nuß» — Raa.: dat as eng haart N. (ze krächen — s. d.) — wou Nëss sin, do fannen sech Knëppelen (wo nette Mädchen sind, finden sich die Freier bald ein) — e Knuet (Knoten) wéi eng N., kä Stach (Stich) ëmsoss — dat wiisst wéi eng N. an engem Schräin (von einem Kind, das nicht recht wächst) — eng N. no enger Ham geheien (durch kleine Geschenke Vorteile zu erreichen suchen) — ech hun eng Knupp (Beule) wéi eng N. op der Stir — mir gin an d'Nëss oder mir gin Nëss plécken — d'Nëss gi gelääkt (werden enthülst) — Folkl.: wurde dem Freier eine Schüssel mit Nüssen vorgesetzt oder bekam er Eier gebacken, so durfte er wiederkommen; wurde Pfannkuchen gebacken, so waren die Bemühungen vergebens. — Die Nüsse wurden als schädlich für die Gesundheit angesehen, daher: wann een dräi Nëss an der Täsch huet an et geet ee laanscht eng Baach (d'Waasser), zwou an d'Waasser gehäit an eng giess — Zussetz.: Afe-, Äärd-, Allerhälge-, Boulevaars-, Hacker-, Hiesel(ter)-, Kokos-, Walnoss; 2) «Fleischteil der Keule» (Rind); 3) «Rädchen am Spinnrad, das die Drehung des Fadens bewirkt» (Wb.06); 4) «Schließzeug» (Druckerspr.).
Noss-/noss- -bam M.: 1) «Nußbaum» — s. Nëssert; 2) «Nußbaumholz» — den Dësch as aus N. — dazu: Nossbaamsdësch M.: «Tisch aus Nußbaumholz»; -baamsmiw(w)el M.: «Möbel aus Nußbaumholz»; -baamsholz N.; -kär M.: «Nußkern» — séiss ewéi N. — gudde Botter (de Rulänner — Wein) muss no N. (ewéi N.) schmaachen; -kärdréchen Adj.: «staubtrocken»; -kärsgoût M.: «Nußkerngeschmack»; -kréck, -kreck F.: 1) «Nußknacker»; 2) «hagere, alte Frau»; -kuch M.: «in eine Form gedrückter Rest gemahlener Nüsse, aus denen das Öl ausgepreßt wurde»; -läk, -leek F.: «grüne Nußhülse»; -leek(e)ler Pl.: «Spottbez. für die Einwohner von Machtum: die Maachtemer N.» — s. sub Määchtem; -schierb(el), -scherbel F.: «Nußschale».
Not (lok.: Nout, Pl. Néit(en), Dim. Néitchen, Neetchen — Echt.: Nutt, Pl. Nitt) F.: «Naht» — d'Gezei as an den Néiten opgefuer, opgebascht — de Schong as an der N. lass — d'Nitt (Fugen) vum Aacher säi mat Moss verstoppt [Bd. 3, S. 229] geen (Echt.) — e wiist, fiirt, bascht aus allen Néiten (er wird beleibt) — erzählend: ma du sin d'Néite mer opgefuer (da wurde ich ungehalten, wütend) — et geet esou op der N. eraus (langt noch gerade — cf. Nuef) — Abl.: Genéits N.: «die Nähte» — d'Schong si futti am G.
not (lok.: Echt. — C) intr. Verb.: «not tun» — in der unpersönlichen Wendung: wann et n. (in der Not), liërt ee sein gout Frënn kenen — cf. nout.
notabel(Ton: 2) Adj./Adv.: «beachtlich» — eng n. Zomm, Dëffrenz (Summe, Unterschied) — en notable Mënsch — eng n. domm Louder.
Notablen M. Pl.: «Notabeln».
Notaire (wie frz.), Notär (Ton: 1), Notar (Ton: 1 oder 2 — lok.: Notaries — Ton: 2) M.: «Notar» — mer musse bei dem N. en Akt maache loossen — si gi bei den N. (Akt, (Heirats-) Kontrakt anfertigen lassen) — si stin nach al beim N. am Buch (sind noch arg verschuldet) — den N. kënnt mat der grousser Bidden (zur Zwangsversteigerung) — den N. huet d'ganz Géigend am Sak (die ganze Umgegend ist beim Notar verschuldet) — Raa.: 't as fir widder en N. ze sprangen (es ist zum Davonlaufen) — lok.: sechs Kälen an en N. (auch: Wibbeler — beim Kegelspiel — Anspielung auf die schwierige, finanzielle Lage verschiedener Notare um 1930, als ihnen Geldgeschäfte noch erlaubt waren) — Folkl.: wann en neien N. kënnt, da kritt en do wou en déi éischt Stee (Héicht) hält e Bucki (bei Gelegenheit der ersten Versteigerung erhält der neuernannte Notar einen Blumenstrauß und muß dafür eine Runde spenden) — spaßh. dafür auch: Monni, lok. Echt.: de Sankt Lingert — cf. Léinert — Zussetz.: Mëtschennotarius (s. d.).
Notärsschreiwer M.: «Notarschreiber» — auch: dem Notär säi Schreiwer — s. Clerc.
notäresch (lok.) Adj.: «notariell» — méng Mamm huet (et) n. gemaach (durch notariellen Akt).
notéieren trans./refl. Verb.: 1) «notieren, aufzeichnen, merken» — dat muss ech (mer) n., soss vergiessen ech et nach — drohend: notéier der dat! — ech wäerd (mer) dat n. (ich werde mir dies merken) — hien as gutt notéiert (er ist wohl geachtet); 2) «für eine Strafe einschreiben» — d'Jhandaarmen hun en notéiert — hien as notéiert gin an der Schoul.
notelig (lok.: Echt.) Adj.: «lauwarm» — s. woodleg.
Notiz F.: «Notiz» — hues de N. dervu geholl (gemaach — auch drohend) — hien huet keng N. vu mir geholl (er hat mir keine Beachtung geschenkt) — en hëlt sech N. iwwer alles (vun allem), wat gesot gët — et stoung eng N. an der Zeidong.
Notiz- -block M. — wie hd.; -buch, -bichelchen N.: «Notizbuch, -büchlein»;
Nott, Note (wie frz.) F.: 1) «Zeugnis, Prädikat» — do hun ech mer eng gutt N. verdéngt — dat as eng béis N. (Tadel) — hues d'eng gutt N. am Latäin erwëscht? — cf. Bonne note; 2) «Fußnote» (Druckerspr.); 3) «(Rund-)Schreiben» — de Minister huet dat a sénger leschter N. geschriwwen; 4) «Note, Rechnung» — eng déck N. — maacht mer d'N. (in der Gaststätte: zahlen, bitte!).
notte (lok.: Echt.) verstärkende Vorsilbe in Ausrufen: o notte-neen — (durchaus nicht) — cf. jëmmen sub 2).
notz Adj.: 1) a. «brauchbar, tauglich, nutz, nütze» — en as fir alles n. — d'Holz am Bësch gët schuns n. (Echt.) — deen as awer zu näischt n. (cf. näischnotz) — et as nun awer näischt n. (taugt nichts, nicht zu empfehlen); b. «nütze, achtenswert» — him as nun awer näischt n. — cf. bedéngt sub 2), näisch(t)notz; c. «umsichtig, haushälterisch, tüchtig, arbeitsam, sparsam» — eng n. Fra am Haus as Gold wäert — en notzt Meedchen — wat bas du en notzt Meedchen (belobigend zu einem kleinen Mädchen) — déi Leit hun emol n. Kanner; 2) «gehörig» — en huet n. Streech kritt — ech hun em eng n. op de Bak gin.
Notz M.: «Nutzen» — in der Ra.: kengem zou Léif a kengem zou N. (unparteiisch).
Notzen (Westen: Nëtzen) M.: 1) «Nutzen, Ertrag» — déi eng hun de Schued, déi aner den N. — de Schueden schléit an den N. (der Schaden schlägt zum Vorteil aus) — 't as vun N. — dee Schlag Véi gët vill N. (viel Ertrag, rahmhaltige Milch) — cf. Benefice; 2) «Vorteil» — dat wat s de do gemaacht hues, bréngt der keen N. (wird dir nicht zum Vorteil gereichen); 3) «Nutznießung» — mir hun den N. vun deem Stéck, sou laang mer liewen; 4) «ein Bogen Papier hat 4, 8, 12 usw. Notzen, d. h. es können soviele Exemplare einer Drucksache aus [Bd. 3, S. 230] dem Bogen Papier herausgeschnitten werden» (Druckerspr.).
notzen (Westen: nëtzen) intr. Verb.: «nützen, nutzen» — Ra.: wat notzt mir e gëlle Gaalgen, wann ech muss drun hänken — all dat Gespréich notzt dach näischt (fruchtet doch nichts) — wann et näischt notzt, da schuet et och näischt — do kann alles näischt n. — Zussetz.: aus-, benotzen. | |