LWB Luxemburger Wörterbuch
 
notäresch bis Noute(n)- (Bd. 3, Sp. 229a bis 231a)
 
notäresch (lok.) Adj.: «notariell» — méng Mamm huet (et) n. gemaach (durch notariellen Akt).
 
notéieren trans./refl. Verb.: 1) «notieren, aufzeichnen, merken» — dat muss ech (mer) n., soss vergiessen ech et nach — drohend: notéier der dat! — ech wäerd (mer) dat n. (ich werde mir dies merken) — hien as gutt notéiert (er ist wohl geachtet); 2) «für eine Strafe einschreiben» — d'Jhandaarmen hun en notéiert — hien as notéiert gin an der Schoul.
 
notelig (lok.: Echt.) Adj.: «lauwarm» — s. woodleg.
 
Notiz F.: «Notiz» — hues de N. dervu geholl (gemaach — auch drohend) — hien huet keng N. vu mir geholl (er hat mir keine Beachtung geschenkt) — en hëlt sech N. iwwer alles (vun allem), wat gesot gët — et stoung eng N. an der Zeidong.
 
Notiz- -block M. — wie hd.; -buch, -bichelchen N.: «Notizbuch, -büchlein»;
 
Nott, Note (wie frz.) F.: 1) «Zeugnis, Prädikat» — do hun ech mer eng gutt N. verdéngt — dat as eng béis N. (Tadel) — hues d'eng gutt N. am Latäin erwëscht? — cf. Bonne note; 2) «Fußnote» (Druckerspr.); 3) «(Rund-)Schreiben» — de Minister huet dat a sénger leschter N. geschriwwen; 4) «Note, Rechnung» — eng déck N. — maacht mer d'N. (in der Gaststätte: zahlen, bitte!).
 
notte (lok.: Echt.) verstärkende Vorsilbe in Ausrufen: o notte-neen — (durchaus nicht) — cf. jëmmen sub 2).
 
notz Adj.: 1) a. «brauchbar, tauglich, nutz, nütze» — en as fir alles n. — d'Holz am Bësch gët schuns n. (Echt.) — deen as awer zu näischt n. (cf. näischnotz) — et as nun awer näischt n. (taugt nichts, nicht zu empfehlen); b. «nütze, achtenswert» — him as nun awer näischt n. — cf. bedéngt sub 2), näisch(t)notz; c. «umsichtig, haushälterisch, tüchtig, arbeitsam, sparsam» — eng n. Fra am Haus as Gold wäert — en notzt Meedchen — wat bas du en notzt Meedchen (belobigend zu einem kleinen Mädchen) — déi Leit hun emol n. Kanner; 2) «gehörig» — en huet n. Streech kritt — ech hun em eng n. op de Bak gin.
 
Notz M.: «Nutzen» — in der Ra.: kengem zou Léif a kengem zou N. (unparteiisch).
 
Notzen (Westen: Nëtzen) M.: 1) «Nutzen, Ertrag» — déi eng hun de Schued, déi aner den N. — de Schueden schléit an den N. (der Schaden schlägt zum Vorteil aus) — 't as vun N. — dee Schlag Véi gët vill N. (viel Ertrag, rahmhaltige Milch) — cf. Benefice; 2) «Vorteil» — dat wat s de do gemaacht hues, bréngt der keen N. (wird dir nicht zum Vorteil gereichen); 3) «Nutznießung» — mir hun den N. vun deem Stéck, sou laang mer liewen; 4) «ein Bogen Papier hat 4, 8, 12 usw. Notzen, d. h. es können soviele Exemplare einer Drucksache aus [Bd. 3, S. 230] dem Bogen Papier herausgeschnitten werden» (Druckerspr.).
 
notzen (Westen: nëtzen) intr. Verb.: «nützen, nutzen» — Ra.: wat notzt mir e gëlle Gaalgen, wann ech muss drun hänken — all dat Gespréich notzt dach näischt (fruchtet doch nichts) — wann et näischt notzt, da schuet et och näischt — do kann alles näischt n. — Zussetz.: aus-, benotzen.
 
Nouk F. — s. Nuck.
 
Noumer(en) ON.: «Nommern» — Dorf und Gemeinde Nommern, Kanton Mersch — 258 — déi Noumer Kuelebrenner (spöttisch für die Einwohner von Nommern).
 
Noumerläen Stellenbez.: «Felspartie bei Nommern».
 
Nourrice (wie frz., Ton: 1 — lok.: Nuris) F.: 1) «Amme» — abweisend: ech sin déng N. (dach) nët (ich habe nichts mit dir zu schaffen) — mat esou eppes kann een eng N. verféieren, sou gutt as et; 2) «Ammenpflege» — e Kand bei (Wb.06: an) d'N. gin — an N. säin (C) — dee war bei der Dommhät selwer an N.
 
Nouspelt ON.: «Nospelt» — Dorf und Gemeinde Nospelt, Kanton Capellen — 335 — déi Nouspelter Lämtrëppler, Péckvillercher (Spottname für die Einwohner von Nospelt, wo früher Töpfer ihr Handwerk ausübten und den Lehm, die Töpfererde weich und schmiegsam traten) — merrja, N., wou läit Kielen (Kehlen ON. — sinnloser Ausruf, in Simmern belegt) — cf. baken.
 
Nout I (Echt.: Nutt, Pl. Néit, Nösl.: Nuckt) F.: 1) «Not, Elend» — Spww.: d'N. kennt kee Gesetz, kee Gebott — N. as der Léift hiren Doud (C) — Raa.: wann d'N. am gréissten, as d'Hëllef am noosten — d'N. deet den Alen dreiwen (Not treibt zu allem, zwingt alte Leute zu übermenschlichen Anstrengungen) — aus der N. e Verdéngscht maachen — et as vill N. an der Welt — si sin elo aus aller N., aus der N. (es geht ihnen wirtschaftlich besser, auch: sie sind gestorben) — an Néite sin (in Nöten sein) — N. leiden — deen huet keng N. (ihm geht es gut) — wat mécht een nët alles an der N.! — en Apel an der N. — lok. Echt.: wann Nutt oa Man gët (kënnt — wenn die Not groß wird); 2) «Mühe, Sorge» — en hat séng Léif N., fir déi Häerd Kanner opzezillen, wéi d'Fra em ewechgefall wor — et huet ee séng léif N. dermat — e koum alt esou mat neleger (knapper) N. duer (er schlug sich mit Mühe durchs Leben) — et geet op der N. eraus (es reicht gerade noch hin — cf. Nuef) — übtr.: zur Nout gekleet sin (dürftig gekleidet sein, auch: nicht fertig angezogen sein) — 't huet keng N. (es eilt nicht) — 't huet keng N., datt s de mech mat op d'Kiirmes héils (es ist nicht zu befürchten) — 't huet keng N., datt en engem eppes matgéif — Ausruf: ëm déi äneg, äänzeg N. (um Himmelswillen) — Zussetz. (verstärkt): Heckenout; 3) «Notdurft» — séng N. maachen — ech hat ëmmer sou eng N. om Darem (Drang zum Stuhlgang); 4) «Notfall» — zur N. (im Notfall).
 
Nout-/nout- -ausgank M.: «Notausgang»; -bréck F.: «Notbrücke»; -brems F.: «Notbremse» — spaßh. zu einem Kind: zéi d'N. (lauf nicht so schnell); -behollef M.: «Notbehelf»; -daf M.: «Nottaufe» — s. Géidaf; -fall M.: «Notfall»; -hëllefer M. Pl.: «Nothelfer» (die vierzehn hl. Nothelfer: Blasius, Dionysius, Erasmus, Ägidius, Cyriakus, Achatius, Georgius, Eustachius, Pantaleon, Christoph der Riese, Vitus der Knabe, Barbara, Margaretha, Katharina) — iron.: de fofzéngten N. (der Überflüssige) — cf. dat fënneft Rad um Won; -holz N.: 1) «Notholz» — in dem alten Rechtsbegriff: Nout- an Doutholz (Nutz- und Fallholz); 2) «Probeholz zum Fugen»; -kléi M.: «Inkarnatklee» — dafür auch: russesche Kléi (s. d.); -ligen F.: «Notlüge» — dafür auch: wäiss Ligen; -räf, -reef M.: «Notreifen» (Winzerspr.: verstellbarer Reifen, der im Notfall einen gesprungenen Faßreifen ersetzt, damit der Wein nicht ausläuft); -rank M., -schlaf N.: «Notring, offenes Kettenglied» — cf. Glidd sub 1); -stall M.: «Notstall» (durch Querbalken verbundene Eckpfosten, Vorrichtung des Schmiedes zum Beschlagen der Pferde und anderer Zugtiere) — du gehéiers an en N. (zu einem wütenden Menschen); -stopp M.: 1) «Lückenbüßer» — bei deem flotte Meedche wëllt ech nawell N. sin; 2) «Notnagel» (Wb.06); -wenneg, -wendeg Adj./Adv.: «notwendig» — e noutwennegt Iwwel — sou n. wéi d'deeglecht Brout — 't wir jo nët n. gewiescht — cf. néideg; [Bd. 3, S. 231] -wennegkät, -wendegkät F.: «Notwendigkeit» — en huet d'N. dervun nët agesinn; -wier F.: «Notwehr».
 
nout Adj.: «not» — wann et n. dät, da si mir do — cf. not.
 
Nout II (Echt.: Nutt) F.: 1) «Note» (Musik) — e spillt ouni Nouten (ohne Noten, auch: ohne Notenkenntnis) — e ka keng dräi Noute liesen, an e wëllt en dichtege Musikant sin — ech kann d'Noute liesen, awer nët sangen — wat hun déi eppes gespillt, et war keng richteg N. derbäi — übtr.: e gouf no allen (den) Nouten zerschloen (derb durchgeprügelt) — ech hun him et geblosen, an dat no den Nouten — ech hun em et no den Noute lafe gelooss; 2) (im Pl.: Nouten) «Musik, Partitur» — wien huet d'Noute gemaach (geschriwwen)?
 
Noute(n)-

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut