| Nouzen Pl. — s. Nauzen.
nouzen (veraltet, lok.: Echt.) trans. Verb.: «zurechtweisen, rügen» — än ordentlich duerch-n. — Abl.: Genouz N.: «andauerndes Rügen» — seines G. säin ich sat wi d'Kaz der kaler Eerbëssen (s. Ierbës).
Nouzereien Pl.: «kleinliches Kritisieren, ungerechtes Anklagen»,
Noviz, M., Novice (wie frz.) F.: «Novize, Novizin» — dazu: Noviziat N.
November M.: «November» — Bauernregel: N. naass, gët vill Gras — s. auch sub Mount.
nowell — s. nawell.
Nu M.: «Nu, Augenblick» — ech sin am N. erëm — an engem N. wor alles aus an un, féx a fäerdeg — 't wor am N. geschitt — cf. Hou, Hu.
nu — s. nu(n).
Nuance (wie frz.) F.: «Abstufung, Abtönung» — et as awer eng kleng N. tëschent deem, wat s du mengs an deem, wat hie seet — déi Faref as eng N. méi däischter — cf. Iddi sub 5).
nuañcéieren intr. Verb.: «nuancieren» — hei muss ee séng Ausdréck al n. — iron.: dat as zimlech nuañcéiert, do kommen ech nët no.
Nubliën (lok. in der ursprünglichen Form: Ubliën) Plur. tant.: «vorher abgekochte, in Scheiben (Talergröße) geschnittene, dann in Fett gebratene Kartoffeln» — dafür auch: Daler (s. d. sub 2) — wohl frz.: oublie(s).
Nuck, Nack, Nock, Nouk, Néck F.: 1) «Koppe, Erhöhung» (auch als Fln. gebraucht); 2) — s. Napp I.
Nucken F. Pl. (lok.): «Launen, Schrullen» — s. Naup, Muck sub 3).
Nuckert M.: 1) «Stoß»; 2) «Schicksalsschlag» — dafür auch: Coup, Tuckert (s. d.).
nucken trans. Verb.: «stoßen, schlagen» — cf. nécken, técken.
Nuckes (lok.: Nucki) Var. zu männlichem Vornamen: «Nikolaus» — s. Néckel.
Nucki M. — s. Lucki.
Nuddel (Pl. Nuddelen, Dim. Niddelchen — Echt.: Nudel) F.: 1) «Nudel» (Teigware) — graff, breet, reng, hausmaacher, hausgemaachten Nuddelen im Ggs. zu Kafnuddelen — Ra.: Nuddelen ouni Fleesch, dat gët aremséileg (onsilleg) Kreesch (ist ein armes Essen) — Niddelcher mat Quetsche si méng Leibspeis — Reim beim Nudelessen oder Nudelmachen (in Bettborn belegt): d'Nudeln sein angebrennt / d'Nudeln seind schlapperbrennt/d'Nudelen seind sou schwaarz/ 't frësst si keen Hond a keng Kaz; übtr.: 2) a. «untüchtiger, willenloser Mensch» — cf. Spullomp sub 2); b. «leichtfertige Frau»; 3) «gewöhnliche Abziehpresse» (Druckerspr.) — dafür auch: Brulles — Abl.: Genuddels N. — Zussetz.: Huel- (Makkaroni), Kafnuddelen.
Nuddel- -briet N.: 1) «Nudelbrett» — fest, haart, stäif wéi en N. — dat Framënsch as esou platt wéi en N.; 2) (abfällig) «Köchin» (Wb.06) — du aalt N.; -däg, -deeg M.: «Nudelteig»; -fabrik F.: «Nudelfabrik»; -maschin F.: «Maschine zur Herstellung von Nudeln»; -roll F.: «Nudelholz»; -walz F. — s. das Vor.; -zopp F.: 1) «Suppe mit Nudeleinlage»; 2) (lok.) «Suppe, mit dem [Bd. 3, S. 232] Wasser zubereitet in dem Nudeln gekocht wurden».
nuddelen (Echt.: nudelen) trans./ intr. Verb.: 1) «nudeln, überfüttern» (bes. mit Mehlspeisen) — eng Gäns n. — et määnt än dee Jong wir genudelt (Echt.); 2) «beim Billardspiel, viele Stöße machen, wobei die Kugeln in den Ecken zusammengehalten werden»; 3) übtr.: «drucksen» — Liedverse in Mumm Aneleis: was machen ihre Gäns? — sie nudelen (sudelen), si pudelen, si wäschen (waschen) ihre Schwänz.
Nuebel, Nuewel (Pl. Nuebelen, Echt.: Noawel, Pl. Newel, Nösl.: Nawel) M.: «Nabel» — Ra.: deen as sou goureg, den N. geet bei de Réck zruuchten (er ist sehr mager) — ech stoussen dech op den N., datt s de quacks — Übertreibung: en N. wéi eng Sonneblumm, e Fënneffrangstéck — si hu giess, datt den N. hinne strutz ewechstong oder hinnen ewechstong ewéi e Päifestill — deen do hält sech fir den N. vun der Welt — zu Bigelbaach a Rëmpesch hirer Tak as den N. vun der Welt — Rätsel (spaßh.): wourun erkennt een den Uedem an d'Éiv am Himmel? — Antwort: si hu keng Nuebelen — dafür auch: Bauchknäppchen.
Nuebel- -band, -bändchen M.: «Nabelbinde»; -broch M.: «Nabelbruch»; -duch, -dichelchen N.: «Nabeltuch» — dafür auch: -bändchen; -schnouer F.: «Nabelschnur» — — derb abweisend, zu einem Halbwüchsigen: kuck d'N. hänkt (der) jo nach eraus — dafür auch: Stréck (s. d.).
Nuebelblat (lok.: Wecker) N.: «Lorbeerblatt» — s. Lolbërblat.
Nuecht (Pl. Nuechten — s. LSA Karte 25 — Ltb. 6) F.: «Nacht, Finsternis» (Ggs. Dag — cf. Dag, hënt, hauënter, dazu: däischter, nue(ch)ts — als Grußformel s. gutt B,2) — Raa.: an der N. sin all Kaze gro (schwaarz — in der Nacht merkt man keine Unterschiede) — iw(w)er (d')N. huet sech scho muncheree beduecht — d'Nuecht as kenges Mënsche Frënd (s. d.) — den Dag as fir dech an d'Nuecht as fir mech (sagen Nachtgespenster zum späten Wanderer) — éier ech mech ëmsinn hat, war et Owend an (a schwaarzdäischter, stack-, stachdäischter) N. — et gët ewell méi fréi N. (die Tage nehmen schon ab) — mir musse maachen, datt mer vir(un) der N. (der Däischtert) doheem sin — mat der N. duurch de Bësch kommen (vor Anbruch der N., auch übtr.) — et war eng ellen, schrecklech, stiermesch N. (eine garstige, schreckliche, stürmische N.) — eng schéi, klor, kal, mëll, warem N. — et wor esou eng kal Nuecht, d'Stären hu gefénkelt — lo kommen déi laang Nuechten (die langen Winternächte) — an der leschter, an der vireger, d'lescht, d'vireg N. — gëscht ze N. — iwer N. sin d'Schmueble fortgezunn — ech sin iwwer N. bei hinne bliwwen (habe bei ihnen übernachtet) — bannt (in) der N. gouf op eemol e Kaméidi, d'ganz Noperschaaft as erwächt — klagend: wat hate mir hënt (s. d.) eng N. (eine schlechte, bewegte Nacht) — hie schafft bis an d'däischter N. eran — en huet Nuechten durech geschafft a getiremt (gegrübelt) — dat do as wéi Dag an Nuecht (verschieden wie Tag und Nacht) — schwaarz, schlecht wéi d'N. (schwarz, schlecht) — iron.: du bas hell wéi d'N. (du bist dumm) — lo kanns de dénge schéinen Deeg och gudden N. soen (auf Wiedersehen sagen) — hien as aus däer Géigend, wou d'Fiiss sech gudden N. soen (aus einer einsamen, dünn besiedelten, rückständigen Gegend) — lo gi mer ze N. iessen (zum Nachtessen) — ech muss nach ze(r) N. maachen (das Nachtessen zubereiten) — Kinderreim: Gutt N./spuert de Ruecht/iesst Kuch/dann huet der Brout genuch — Zussetz.: Fuesgudde-, Gudde-, Hallef-, Hochzäits-, Krëscht-, Neijoosch-, Méchels(gutt)-, Mäertes(gutt)-, Mëtter-, Mä-, Summer-, Wanternuecht; 2) «Dämmerung» — et gët sou lues N. — vir (der) N. — s. auch: Schummerecht; 3) «Nachtdienst» — ech hun hënt N. — ech gin an d'N. (gehe zum Nachtdienst) — ech kommen aus der N. — wéini hues du N.? — ech maache kengem séng N. méi (übernehme keinen Nachtdienst mehr für einen andern) — cf. Nuetsdéngscht.
Nuecht- -iessen N.: «Nachtessen» — bleif bis nom N.; | |