LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Genuddels bis Nuetsgespréich (Bd. 3, Sp. 231b bis 233a)
 
Genuddels N. — Zussetz.: Huel- (Makkaroni), Kafnuddelen.
 
Nuddel- -briet N.: 1) «Nudelbrett» — fest, haart, stäif wéi en N. — dat Framënsch as esou platt wéi en N.; 2) (abfällig) «Köchin» (Wb.06) — du aalt N.; -däg, -deeg M.: «Nudelteig»; -fabrik F.: «Nudelfabrik»; -maschin F.: «Maschine zur Herstellung von Nudeln»; -roll F.: «Nudelholz»; -walz F. — s. das Vor.; -zopp F.: 1) «Suppe mit Nudeleinlage»; 2) (lok.) «Suppe, mit dem [Bd. 3, S. 232] Wasser zubereitet in dem Nudeln gekocht wurden».
 
nuddelen (Echt.: nudelen) trans./ intr. Verb.: 1) «nudeln, überfüttern» (bes. mit Mehlspeisen) — eng Gäns n. — et määnt än dee Jong wir genudelt (Echt.); 2) «beim Billardspiel, viele Stöße machen, wobei die Kugeln in den Ecken zusammengehalten werden»; 3) übtr.: «drucksen» — Liedverse in Mumm Aneleis: was machen ihre Gäns? — sie nudelen (sudelen), si pudelen, si wäschen (waschen) ihre Schwänz.
 
Nuebel, Nuewel (Pl. Nuebelen, Echt.: Noawel, Pl. Newel, Nösl.: Nawel) M.: «Nabel» — Ra.: deen as sou goureg, den N. geet bei de Réck zruuchten (er ist sehr mager) — ech stoussen dech op den N., datt s de quacks — Übertreibung: en N. wéi eng Sonneblumm, e Fënneffrangstéck — si hu giess, datt den N. hinne strutz ewechstong oder hinnen ewechstong ewéi e Päifestill — deen do hält sech fir den N. vun der Welt — zu Bigelbaach a Rëmpesch hirer Tak as den N. vun der Welt — Rätsel (spaßh.): wourun erkennt een den Uedem an d'Éiv am Himmel? — Antwort: si hu keng Nuebelen — dafür auch: Bauchknäppchen.
 
Nuebel- -band, -bändchen M.: «Nabelbinde»; -broch M.: «Nabelbruch»; -duch, -dichelchen N.: «Nabeltuch» — dafür auch: -bändchen; -schnouer F.: «Nabelschnur» — — derb abweisend, zu einem Halbwüchsigen: kuck d'N. hänkt (der) jo nach eraus — dafür auch: Stréck (s. d.).
 
Nuebelblat (lok.: Wecker) N.: «Lorbeerblatt» — s. Lolbërblat.
 
Nuecht (Pl. Nuechten — s. LSA Karte 25 — Ltb. 6) F.: «Nacht, Finsternis» (Ggs. Dag — cf. Dag, hënt, hauënter, dazu: däischter, nue(ch)ts — als Grußformel s. gutt B,2) — Raa.: an der N. sin all Kaze gro (schwaarz — in der Nacht merkt man keine Unterschiede) — iw(w)er (d')N. huet sech scho muncheree beduecht — d'Nuecht as kenges Mënsche Frënd (s. d.) — den Dag as fir dech an d'Nuecht as fir mech (sagen Nachtgespenster zum späten Wanderer) — éier ech mech ëmsinn hat, war et Owend an (a schwaarzdäischter, stack-, stachdäischter) N. — et gët ewell méi fréi N. (die Tage nehmen schon ab) — mir musse maachen, datt mer vir(un) der N. (der Däischtert) doheem sin — mat der N. duurch de Bësch kommen (vor Anbruch der N., auch übtr.) — et war eng ellen, schrecklech, stiermesch N. (eine garstige, schreckliche, stürmische N.) — eng schéi, klor, kal, mëll, warem N. — et wor esou eng kal Nuecht, d'Stären hu gefénkelt — lo kommen déi laang Nuechten (die langen Winternächte) — an der leschter, an der vireger, d'lescht, d'vireg N. — gëscht ze N. — iwer N. sin d'Schmueble fortgezunn — ech sin iwwer N. bei hinne bliwwen (habe bei ihnen übernachtet) — bannt (in) der N. gouf op eemol e Kaméidi, d'ganz Noperschaaft as erwächt — klagend: wat hate mir hënt (s. d.) eng N. (eine schlechte, bewegte Nacht) — hie schafft bis an d'däischter N. eran — en huet Nuechten durech geschafft a getiremt (gegrübelt) — dat do as wéi Dag an Nuecht (verschieden wie Tag und Nacht) — schwaarz, schlecht wéi d'N. (schwarz, schlecht) — iron.: du bas hell wéi d'N. (du bist dumm) — lo kanns de dénge schéinen Deeg och gudden N. soen (auf Wiedersehen sagen) — hien as aus däer Géigend, wou d'Fiiss sech gudden N. soen (aus einer einsamen, dünn besiedelten, rückständigen Gegend) — lo gi mer ze N. iessen (zum Nachtessen) — ech muss nach ze(r) N. maachen (das Nachtessen zubereiten) — Kinderreim: Gutt N./spuert de Ruecht/iesst Kuch/dann huet der Brout genuch — Zussetz.: Fuesgudde-, Gudde-, Hallef-, Hochzäits-, Krëscht-, Neijoosch-, Méchels(gutt)-, Mäertes(gutt)-, Mëtter-, Mä-, Summer-, Wanternuecht; 2) «Dämmerung» — et gët sou lues N. — vir (der) N. — s. auch: Schummerecht; 3) «Nachtdienst» — ech hun hënt N. — ech gin an d'N. (gehe zum Nachtdienst) — ech kommen aus der N. — wéini hues du N.? — ech maache kengem séng N. méi (übernehme keinen Nachtdienst mehr für einen andern) — cf. Nuetsdéngscht.
 
Nuecht- -iessen N.: «Nachtessen» — bleif bis nom N.; -manescht ON.: «Nachtmanderscheid» — Dorf der Gemeinde Pütscheid, Kanton Vianden — 119.
 
Nuechte-/nuechte- -gailchen, -gällchen (Echt.: Noachtigal) F.: 1) «Nachtigall» (Luscinia megarhynchos) — dafür auch: Bliedermännchen (s. d.) — dat Meedche ka sangen ewéi eng N.; 2) «Mädchen, das sich nachts herumtreibt» (meist im Pl.) — dat sin esou Nuechtegailercher; [Bd. 3, S. 233] -laang Adv.: «nächtelang» — en huet nuechtelaang geschafft.
 
nue(ch)ts Adv.: «nachts» — Ra.: n. sin d'Vullen (all Kaze) all gro.
 
Nuets F. (lok.) — s. Nuetsflap(p).
 
Nuets-/nuets- -aarbecht F.: «Nachtarbeit»; -attack (Mil.) F. — s. -ugrëff; -ämer M.: «Art Eimer als Nachtgeschirr» — s. auch: Toilettenämer; -blann Adj.: «nachtblind»; -bok M.: «Nachthaube» — s. auch: -hauf; -déngscht M.: «Nachtdienst» — ech hat déi lescht Woch N. — iron.: ech hat hënt N. (konnte letzte Nacht nicht schlafen) — cf. Nuecht sub 3); -dëppen N.: «Nachttopf» — cf. auch: -geschir, -tas, Pottschamp; -dësch M.: «Nachttisch»; -eil F.: 1) «Eule»; 2) a. «jem. der bis tief in die Nacht hinein arbeitet, wandert, spät abends nach Hause kommt»; b. «Wirtshaushocker, Nachtschwärmer»; -fësch (lok.: Echt.) M. — in der Ra.: domm wéi en N. (der sich leichter fangen läßt — C); -flap(p) (Nösl.: Naitsknupp) M.: «Nachtschlag» (Schlag, den sich die Kinder abends beim Verlassen der Straße geben, wobei jedes Kind versucht, dem andern déi Lescht ze gin — s. Flap sub 3); -gebiet N.: «Nachtgebet»; -geschir N.: «Nachttopf»; -gespréich N.: 1) «Gespräch, Unterhaltung in der Nacht» — et huet een alt erëm säi N., sot d'Wittfra, wéi se sech fir d'zweet bestuet huet; 2) «Nachtgespräch» (Telefon); 3) «Selbstgespräch»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut