LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Nuetsklack bis Nues (Bd. 3, Sp. 233a bis 234a)
 
-klack F.: «Abendglocke»; -kläd, -kleed N.: «Nachtkleid»; -knupp M. — s. -flap(p); -qua(r)téier N. und M.: «Nachtquartier»; -läer, -leër N.: «Nachtlager»; -lämpchen, -liichtchen, -luucht F.: 1) «Nachtlicht»; 2) (lok.: Diekirch) «Glas mit dunklem und hellem Bier, wobei das dunkle unten, das helle oben im Glas (unvermischt) bleibt»; -mouk F.: «Ziegenmelker» (Caprimulgus) — dafür auch: Fléimouk (s. d.); -patrull F.: «Nachtpatrulle» — hien as ëmmer bei der leschter N. (bleibt immer bis zuletzt im Wirtshaus hocken); -päiperlénk M.: 1) «Nachtfalter»; 2) (übtr.) «Mädchen, das sich nachts viel herumtreibt» — cf. Nuechtegailchen sub 2); -portier M.: «Nachtpförtner»; -posten (Mil.) M.: «Nachtposten»; -ramm F.: «große Rohrdommel» (Botauris stellaris) — kleng N.: «Zwergrohrdommel» (Ixobrychus minutus); -rädel, -redel M.: «Türriegel, der nachts vorgeschoben wird»; -rär M.: «Nachtreiher» (Nycticorax); -ronn, -rond F. — s. -patrull (Wb.06); -rou F.: «Nachtruhe» — ech hätt gär méng N.; -schell F.: «Nachtglocke, Nachtklingel»; -schicht F.: «Nachtschicht» — iron.: hatt huet N. (treibt sich nachts auf der Straße herum) — cf. -déngscht; -schiet M.: 1) «bittersüßer Nachtschatten» (Solanum dulcamara) — dafür auch: Batterséiss — cf. Hondskraut; 2) «Bingelkraut» (Mercurialis); -schnappech N.: «Halstuch, das nur im Bett getragen wird» (Wb.06); -schnouer F.: «Legeangel» — dafür meist: Leeaangel (s. d.); -schwääss, -schweess M.: «Nachtschweiß»; -spektakel, -spëtakel M.: «Nachtlärm»; -strach M.: 1) «die abends gemolkene Milch» — s. auch: Owesstrach; 2) «Urin von nachts»; -stull M.: «Nachtstuhl» — s. auch: Chaise percée; -stonn (meist Pl. -stonnen) F.: «Nachtstunde»; -tarif M.: «Nachttarif»; -tas F.: «Nachttopf»; -ugrëff (Mil.) M.: «Nachtangriff»; -vull M.: 1) «Ziegenmelker» — s. auch: -mouk; 2) «Steinkauz» — dafür auch: Doudevull, Käizchen (s. d).; 3) «Schreckgespenst für Kinder» — wann d'Nuetsklack laut, mussen d'Kanner vun der Gaass, soss hëlt den N. se (mat); 4)s. Nuetseil sub 2); -waach F.: «Nachtwache»; -wäd, -weed F.: «Nachtweide»; [Bd. 3, S. 234] -wiechter M.: «Nachtwächter» — du spills wéi en N. (beim Kartenspiel: du spielst sehr schlecht — C); -zack M.: 1) «Nachtjacke»; 2) «Nachtmantel»; -zopp F. — s. Nuechtiessen; -zuch M.: «Nachtzug» (Eisenbahn).
 
Nuef (cf. Ltb. 6, Echt.: Noaf, Nösl.: Naf) F. und M.: «Nabe» — de Won stécht bis iwwer d'Nuewen am Dreck — den (d') N. dréit sech ëm d'Uess, vun him aus gin d'Speechen an d'Felgen, d'Felge maachen de Kranz, den eise Reef (Band) gët mat de Kranzneel un d'Felge geneelt — Ra.: et as nach sou jhust op der N. erausgaang (man ist mit knapper Not an den Schwierigkeiten vorbeigekommen, aus einer schwierigen Lage herausgekommen) — cf. Nout I.
 
Nueflach, Nuewelach N.: «Nabenöffnung» — d'N. gët mat engem extra Buer gedréit.
 
nuerk(s)en, nuurk(s)en, nueken intr. Verb.: 1) a. «nörgeln»; b. «für sich reden»; c. «knurren» (Wb.06) — s. dazu: knueren, knuerksen; 2) «grunzen» (Schwein) — Abl.: Genuerks N.: «Gegrunze der Schweine».
 
Nues (Dim. Nies-chen, Nees-chen, Nösl.: Nääs-chen — phV. cf. Ltb. 7 und 9) 1) «Nase» — dafür auch Ammenspr.: Schniffi, Schnuff(i), Schnëffelchen (s. d.) — durch den folgenden Satz wird der Raum der phV. vom Volk lokalisiert: Koiné: do leeft den Hues mat der Nues iwwer de Wues — Nösl.: do leeft den Has mat der Nas iwwer de Was — Wösl.: do leeft den Hos mat der Nos iwwer de Wos — S.ösl. und angrenzendes Gutland: do leeft den Hös mat der Nös iwwer de Wös — Echt.: do leeft den Hoas mat der Noas iwwer de Woas — Spw.: un der N. erkennt een den Hues (C) — eng déck, gebéit(en), (gebogene), getéitscht(en) (gedrückte), flappeg (sehr dicke), kleng, kromm, laang, opgeschiirzt (Stupsnase), platt, geplatscht (platte), schif, spatz, stuppeg (kleine) N. — eng blo (blaue), blénkeg, gepierpelecht (gefleckte), koffer (kupferig), rout (rote Trinkernase) N. — eng falsch N. (Fastnachtsnase) — wuessen N. (s. Gesetz) — spaßh.: e Mëttel géint eng rout N.: et dréit ee se (säift ee) bis se blo (blau) gët — von jem. der eine Trinkernase hat, heißt es: dee brauch keng Luucht (Licht) fir schlofen ze gon — eng gutt, fein, reng N. hun (guten Geruchsinn haben, auch übtr.: Spürsinn, Klugheit) — ech hat eng gutt N., datt ech do ewechbliwwe sin — Ggs.: schlecht N. — engem eng laang N. maachen (Gebärdenspr.: jem. verspotten, noch bei Kindern gebräuchlich; man hält beide Hände mit gespreizten Fingern voreinander vor die Nase) — eng laang N. kréien (einen Verweis bekommen) — Vergleiche: eng N. wéi eng Gromper (Kartoffel), e Judd (Adler-, Hakennase), e Käerzenhäerchen (s. d.), eng Kornischong (Gurke), e Léitkollef (s. d.), e Patt (Trinkgefäß), eng Päerdsbir (Pferdebirne), Pontebir, eng Ribb (Rübe), e gekachte Kriibs (rote Trinkernase) — eng N. gutt fir Telleren ze lecken (Stupsnase) — e Päerd mat enger krommer N. (Ramskopf — Ga) — (mam Fanger) an der N. bueren, fëschen, kriwwelen, piddelen, wullen, wuwelen, an d'N. goen (in der Nase bohren) — wann d'Kanner an der N. bueren, as dat en Zeeche vu Wirem — d'N. drëpst, leeft em (tropft ihm) — d'N. eropzéien (schniefeln) — e blutt aus der N. (blutet aus der Nase) — d'N. blutt him gär (er hat leicht Nasenbluten) — ech hun d'N. verstoppt (verstopft) — ech kréie keng Loft durech d'N. — en huet eng N. wéi wann e gewullt hätt (von einer schmutzigen Nase) — soss hun d'Kanner d'N. iwwer d'Ärem gebotzt, gewëscht, un den Ärem ofgeriwwen — fréier haten d'Kanner Klackesäler (s. d. sub 2) un der N. hänken — trotz dénger N. (dir zum Trotz) — ech hun déng N. geholl, kuck hei as se (sagt man zum Kind, faßt es an der Nase, streckt dann den Daumen zwischen Zeige- und Mittelfinger [Feigengebärde]: das Kind sucht dann seine Nase wieder zu fangen) — en Aarmeschäin ënner der N. (Bartflaum) — deen huet sech bäigemaach(t) wéi d'Nuese verdeelt si gin (er hat eine lange, dicke Nase) — d'N. verschimt d'ganz Fassad (von einer dicken, häßlichen Nase) — d'N. bäisst mech — Antwort: da bäiss se rëm (beiße zurück) auch: da gët et e gutt Kannerjoër oder: da kriss d'an dräi Deeg e Bréif — wann d'N. bäisst, geet d'Schwéiermamm pissen — Ra.: et duerf ee sech nët an d'N. bäissen, dees et kéim een drun (s. auch: bäissen sub III, 1) — warnend: du leefs och alt eng Kéier mat der N. bäi (widder) — bleif mat dénger dommer (der) N. ewech do — en as iwwerall mat sénger N. (mat sénger dommer, virwëtzeger, der N.) derbäi oder mat der N. [Bd. 3, S. 235] vir(-op, derbäi) — bleif mat de Fanger aus der N. — botz, schnäiz déng N. (der d'N.), wann déi grouss Leit schwätzen (schweig, wenn ältere Leute reden) — engem d'N. schnäizen (jem. ausschimpfen) — ech loosse mer nët op der N. erëmdanzen (s. danzen sub 1), op d'N. man, schäissen — kuck wéi dréit hatt d'N. esou héich (hochmütig) — maach, datt et der nët an d'N. reent (dsgl.). — deen huet mer d'Iesse virun der N. ewechgeholl — en huet mer d'Dir virun der (op der, op d')N. zougeschloen — ech loosse mech nët mat (un) der N. erëmféieren (verulken) — en as mam Velo op d'N. gefall (auf das Gesicht gefallen) — mengs de vläicht ech wir op d'N. gefall? (hältst du mich für so dumm?) — deen elo as nët op d'N. gefall (er ist klug, vorsichtig) — gëf der N. nët mat (zu Kindern, die sich das Essen, Butterbrot um die Nase schmieren) — dat Geschäft as mer laanscht d'N. gaang (entging mir) — déi Saier geet engem an d'N. (sticht in die Nase) — e geet iwwer d'N. (geht vornübergeneigt, auch: er ist betrunken) — dee geet mat der N. iwwer de Buedem (dsgl.) — der N. no (goen — ziellos, aufs Geratewohl, geradeaus, auch: wenig überlegen, sich auf sein gutes Glück, Gefühl verlassen) — abweisende Antwort auf die vorwitzige Frage: wuer gees de? — der N. no — du gesäis nët méi wäit wéi déng N. (reecht) — du muss nët jidderengem (ëmmer) alles op d'N. hänken (mußt nicht jedem alles verraten, mitteilen) — mengt dir, ech léiss mech hei mat (bei) der N. huelen? (ließe mich übervorteilen?) — huel der eng N. voll (abweisend: nur riechen darfst du) — mer huelen (schäffen) nach eng N. voll frësch Loft — ech hun d'N. voll mat där ganzer Saach (es langt mir, habe schlechte Erfahrungen, habe genug davon) — en huet eppes an der N. (etwas in Aussicht, plant etwas) — huel dech selwer mat der (dénger) N. (du trägst selbst Schuld daran) — séng N. huet de Schellem (seine Nase färbt sich blau, Trinkernase) — hien huet d'N. ëmmer (en as, läit ëmmer mat der N.) an de Bicher (er ist ein Bücherwurm) — wann deen eppes an der N. huet, da gët en sech nët — wat hues de do? — Antwort, abweisend: déng N. — séng N. jéngert (er hat Pusteln an der Nase) — ähnlich: séng N. kritt Neideren — hues d'eng op d'N. kritt? (hast du eine — derbe — Abfuhr bekommen) — elo kritt d'Saach eng aner N. (ein anderes Aussehen) — kuck virun déng N. (übtr.: kümmere dich um deine Angelegenheit) — d'N. leeft him nach (er ist noch unerwachsen) — d'N. leeft mer wéi e Bur (Brunnen), en Hunnegsak (s. d.), wéi en Uelegsbur (wie das Öl aus der Ölmühle) — et läit virun dénger N. an du gesäis et emol nët (liegt vor deinen Augen) — ee bei der N. leeden (an der Nase herumführen — Ga) — hie laacht mam ganze Gesiicht a mat der N. extra (er lacht übers ganze Gesicht) — en huet N. an Oueren opgerass — ech hun him et un der N. ofgesinn (vom Gesicht abgelesen) — wie sech d'N. ofschneit, verschimt sech d'ganzt Gesiicht (Dicks) — spaßh. Drohung an Kinder: du kriss d'N. an d'Oueren (er)ofgeschnidden — d'Joffer huet d'Nues geréngelt (die Nase gerümpft) — du brauchs d'N. nët esou domm doriwwer ze rëffelen (ze réngelen — die Nase darüber zu rümpfen, vornehm, verächtlich zu tun oder: eine selbstzufriedene Miene zu zeigen) — dech hu se jo schéi bei der N. rëmgefouert (geleet — an der Nase herumgeführt) — ech hun him alles propper ënner d'N. geriwwen (Echt.: gediën — vorgehalten) — wat hu mer do geschweesst! — spaßh. abweisende Antwort: jo ënner der N.! — oder: trotz der Keelt hu mer geschweesst wéi matzen am Summer — Antwort: jo, ënner der N. — schnoffel nët esou (mat der N. — schniefele nicht derart) — hie schwätzt durech d'N. (näselt) — lo si mer gläich (beim Spiel, Gewinn und Verlust sind gleichhoch), darauf die spaßh. Antwort: jo, wa mer d'Nuesen ewech hätten — dat Kleed stécht mer scho laang an d'N. (trage seit langem Verlangen nach diesem Kleid) — muss du déng N. dann an all Dreck (an alles) stiechen (dich überall — unberufen — einmischen) — et muss een dech mat der N. op alles stoussen (dich auf alles derb u. auffällig hinweisen — cf. auch: Hiirzel sub 1) — kuck wéi wibbelt déng N. (zu Kindern bei einer Lüge) — hatt huet him de Wurem (aus der N.) gezunn (ihn listig ausgefragt) — Sagwort: e Gléck, datt ech dat do nët war, sot de Mann, du hat e Vugel der Fra op d'N. gemaach(t) — Kinderspruch: so mol: Bréileck antwortet das Kind dies, so heißt es: stiech déng N. an de Kéidreck — cf. Abrëllsgeck; 2) «Kragstein, Träger»; 3) «Handgriff, Nase am Hobel»; 4) «Schuhspitze, Vorderkappe, Rüster» — Zussetz.: Boxer- (platte Nase), Grompere-, [Bd. 3, S. 236] Fuesents-, Himmelfaarts- (Stupsnase), Honds-, Judde-, Schoofs-, Schnaps-, Schnuddel-, Rotz-, Spirnues (s. d.).

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut