LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Nuetswäd bis Numm (Bd. 3, Sp. 233b bis 236b)
 
-wäd, -weed F.: «Nachtweide»; [Bd. 3, S. 234] -wiechter M.: «Nachtwächter» — du spills wéi en N. (beim Kartenspiel: du spielst sehr schlecht — C); -zack M.: 1) «Nachtjacke»; 2) «Nachtmantel»; -zopp F. — s. Nuechtiessen; -zuch M.: «Nachtzug» (Eisenbahn).
 
Nuef (cf. Ltb. 6, Echt.: Noaf, Nösl.: Naf) F. und M.: «Nabe» — de Won stécht bis iwwer d'Nuewen am Dreck — den (d') N. dréit sech ëm d'Uess, vun him aus gin d'Speechen an d'Felgen, d'Felge maachen de Kranz, den eise Reef (Band) gët mat de Kranzneel un d'Felge geneelt — Ra.: et as nach sou jhust op der N. erausgaang (man ist mit knapper Not an den Schwierigkeiten vorbeigekommen, aus einer schwierigen Lage herausgekommen) — cf. Nout I.
 
Nueflach, Nuewelach N.: «Nabenöffnung» — d'N. gët mat engem extra Buer gedréit.
 
nuerk(s)en, nuurk(s)en, nueken intr. Verb.: 1) a. «nörgeln»; b. «für sich reden»; c. «knurren» (Wb.06) — s. dazu: knueren, knuerksen; 2) «grunzen» (Schwein) — Abl.: Genuerks N.: «Gegrunze der Schweine».
 
Nues (Dim. Nies-chen, Nees-chen, Nösl.: Nääs-chen — phV. cf. Ltb. 7 und 9) 1) «Nase» — dafür auch Ammenspr.: Schniffi, Schnuff(i), Schnëffelchen (s. d.) — durch den folgenden Satz wird der Raum der phV. vom Volk lokalisiert: Koiné: do leeft den Hues mat der Nues iwwer de Wues — Nösl.: do leeft den Has mat der Nas iwwer de Was — Wösl.: do leeft den Hos mat der Nos iwwer de Wos — S.ösl. und angrenzendes Gutland: do leeft den Hös mat der Nös iwwer de Wös — Echt.: do leeft den Hoas mat der Noas iwwer de Woas — Spw.: un der N. erkennt een den Hues (C) — eng déck, gebéit(en), (gebogene), getéitscht(en) (gedrückte), flappeg (sehr dicke), kleng, kromm, laang, opgeschiirzt (Stupsnase), platt, geplatscht (platte), schif, spatz, stuppeg (kleine) N. — eng blo (blaue), blénkeg, gepierpelecht (gefleckte), koffer (kupferig), rout (rote Trinkernase) N. — eng falsch N. (Fastnachtsnase) — wuessen N. (s. Gesetz) — spaßh.: e Mëttel géint eng rout N.: et dréit ee se (säift ee) bis se blo (blau) gët — von jem. der eine Trinkernase hat, heißt es: dee brauch keng Luucht (Licht) fir schlofen ze gon — eng gutt, fein, reng N. hun (guten Geruchsinn haben, auch übtr.: Spürsinn, Klugheit) — ech hat eng gutt N., datt ech do ewechbliwwe sin — Ggs.: schlecht N. — engem eng laang N. maachen (Gebärdenspr.: jem. verspotten, noch bei Kindern gebräuchlich; man hält beide Hände mit gespreizten Fingern voreinander vor die Nase) — eng laang N. kréien (einen Verweis bekommen) — Vergleiche: eng N. wéi eng Gromper (Kartoffel), e Judd (Adler-, Hakennase), e Käerzenhäerchen (s. d.), eng Kornischong (Gurke), e Léitkollef (s. d.), e Patt (Trinkgefäß), eng Päerdsbir (Pferdebirne), Pontebir, eng Ribb (Rübe), e gekachte Kriibs (rote Trinkernase) — eng N. gutt fir Telleren ze lecken (Stupsnase) — e Päerd mat enger krommer N. (Ramskopf — Ga) — (mam Fanger) an der N. bueren, fëschen, kriwwelen, piddelen, wullen, wuwelen, an d'N. goen (in der Nase bohren) — wann d'Kanner an der N. bueren, as dat en Zeeche vu Wirem — d'N. drëpst, leeft em (tropft ihm) — d'N. eropzéien (schniefeln) — e blutt aus der N. (blutet aus der Nase) — d'N. blutt him gär (er hat leicht Nasenbluten) — ech hun d'N. verstoppt (verstopft) — ech kréie keng Loft durech d'N. — en huet eng N. wéi wann e gewullt hätt (von einer schmutzigen Nase) — soss hun d'Kanner d'N. iwwer d'Ärem gebotzt, gewëscht, un den Ärem ofgeriwwen — fréier haten d'Kanner Klackesäler (s. d. sub 2) un der N. hänken — trotz dénger N. (dir zum Trotz) — ech hun déng N. geholl, kuck hei as se (sagt man zum Kind, faßt es an der Nase, streckt dann den Daumen zwischen Zeige- und Mittelfinger [Feigengebärde]: das Kind sucht dann seine Nase wieder zu fangen) — en Aarmeschäin ënner der N. (Bartflaum) — deen huet sech bäigemaach(t) wéi d'Nuese verdeelt si gin (er hat eine lange, dicke Nase) — d'N. verschimt d'ganz Fassad (von einer dicken, häßlichen Nase) — d'N. bäisst mech — Antwort: da bäiss se rëm (beiße zurück) auch: da gët et e gutt Kannerjoër oder: da kriss d'an dräi Deeg e Bréif — wann d'N. bäisst, geet d'Schwéiermamm pissen — Ra.: et duerf ee sech nët an d'N. bäissen, dees et kéim een drun (s. auch: bäissen sub III, 1) — warnend: du leefs och alt eng Kéier mat der N. bäi (widder) — bleif mat dénger dommer (der) N. ewech do — en as iwwerall mat sénger N. (mat sénger dommer, virwëtzeger, der N.) derbäi oder mat der N. [Bd. 3, S. 235] vir(-op, derbäi) — bleif mat de Fanger aus der N. — botz, schnäiz déng N. (der d'N.), wann déi grouss Leit schwätzen (schweig, wenn ältere Leute reden) — engem d'N. schnäizen (jem. ausschimpfen) — ech loosse mer nët op der N. erëmdanzen (s. danzen sub 1), op d'N. man, schäissen — kuck wéi dréit hatt d'N. esou héich (hochmütig) — maach, datt et der nët an d'N. reent (dsgl.). — deen huet mer d'Iesse virun der N. ewechgeholl — en huet mer d'Dir virun der (op der, op d')N. zougeschloen — ech loosse mech nët mat (un) der N. erëmféieren (verulken) — en as mam Velo op d'N. gefall (auf das Gesicht gefallen) — mengs de vläicht ech wir op d'N. gefall? (hältst du mich für so dumm?) — deen elo as nët op d'N. gefall (er ist klug, vorsichtig) — gëf der N. nët mat (zu Kindern, die sich das Essen, Butterbrot um die Nase schmieren) — dat Geschäft as mer laanscht d'N. gaang (entging mir) — déi Saier geet engem an d'N. (sticht in die Nase) — e geet iwwer d'N. (geht vornübergeneigt, auch: er ist betrunken) — dee geet mat der N. iwwer de Buedem (dsgl.) — der N. no (goen — ziellos, aufs Geratewohl, geradeaus, auch: wenig überlegen, sich auf sein gutes Glück, Gefühl verlassen) — abweisende Antwort auf die vorwitzige Frage: wuer gees de? — der N. no — du gesäis nët méi wäit wéi déng N. (reecht) — du muss nët jidderengem (ëmmer) alles op d'N. hänken (mußt nicht jedem alles verraten, mitteilen) — mengt dir, ech léiss mech hei mat (bei) der N. huelen? (ließe mich übervorteilen?) — huel der eng N. voll (abweisend: nur riechen darfst du) — mer huelen (schäffen) nach eng N. voll frësch Loft — ech hun d'N. voll mat där ganzer Saach (es langt mir, habe schlechte Erfahrungen, habe genug davon) — en huet eppes an der N. (etwas in Aussicht, plant etwas) — huel dech selwer mat der (dénger) N. (du trägst selbst Schuld daran) — séng N. huet de Schellem (seine Nase färbt sich blau, Trinkernase) — hien huet d'N. ëmmer (en as, läit ëmmer mat der N.) an de Bicher (er ist ein Bücherwurm) — wann deen eppes an der N. huet, da gët en sech nët — wat hues de do? — Antwort, abweisend: déng N. — séng N. jéngert (er hat Pusteln an der Nase) — ähnlich: séng N. kritt Neideren — hues d'eng op d'N. kritt? (hast du eine — derbe — Abfuhr bekommen) — elo kritt d'Saach eng aner N. (ein anderes Aussehen) — kuck virun déng N. (übtr.: kümmere dich um deine Angelegenheit) — d'N. leeft him nach (er ist noch unerwachsen) — d'N. leeft mer wéi e Bur (Brunnen), en Hunnegsak (s. d.), wéi en Uelegsbur (wie das Öl aus der Ölmühle) — et läit virun dénger N. an du gesäis et emol nët (liegt vor deinen Augen) — ee bei der N. leeden (an der Nase herumführen — Ga) — hie laacht mam ganze Gesiicht a mat der N. extra (er lacht übers ganze Gesicht) — en huet N. an Oueren opgerass — ech hun him et un der N. ofgesinn (vom Gesicht abgelesen) — wie sech d'N. ofschneit, verschimt sech d'ganzt Gesiicht (Dicks) — spaßh. Drohung an Kinder: du kriss d'N. an d'Oueren (er)ofgeschnidden — d'Joffer huet d'Nues geréngelt (die Nase gerümpft) — du brauchs d'N. nët esou domm doriwwer ze rëffelen (ze réngelen — die Nase darüber zu rümpfen, vornehm, verächtlich zu tun oder: eine selbstzufriedene Miene zu zeigen) — dech hu se jo schéi bei der N. rëmgefouert (geleet — an der Nase herumgeführt) — ech hun him alles propper ënner d'N. geriwwen (Echt.: gediën — vorgehalten) — wat hu mer do geschweesst! — spaßh. abweisende Antwort: jo ënner der N.! — oder: trotz der Keelt hu mer geschweesst wéi matzen am Summer — Antwort: jo, ënner der N. — schnoffel nët esou (mat der N. — schniefele nicht derart) — hie schwätzt durech d'N. (näselt) — lo si mer gläich (beim Spiel, Gewinn und Verlust sind gleichhoch), darauf die spaßh. Antwort: jo, wa mer d'Nuesen ewech hätten — dat Kleed stécht mer scho laang an d'N. (trage seit langem Verlangen nach diesem Kleid) — muss du déng N. dann an all Dreck (an alles) stiechen (dich überall — unberufen — einmischen) — et muss een dech mat der N. op alles stoussen (dich auf alles derb u. auffällig hinweisen — cf. auch: Hiirzel sub 1) — kuck wéi wibbelt déng N. (zu Kindern bei einer Lüge) — hatt huet him de Wurem (aus der N.) gezunn (ihn listig ausgefragt) — Sagwort: e Gléck, datt ech dat do nët war, sot de Mann, du hat e Vugel der Fra op d'N. gemaach(t) — Kinderspruch: so mol: Bréileck antwortet das Kind dies, so heißt es: stiech déng N. an de Kéidreck — cf. Abrëllsgeck; 2) «Kragstein, Träger»; 3) «Handgriff, Nase am Hobel»; 4) «Schuhspitze, Vorderkappe, Rüster» — Zussetz.: Boxer- (platte Nase), Grompere-, [Bd. 3, S. 236] Fuesents-, Himmelfaarts- (Stupsnase), Honds-, Judde-, Schoofs-, Schnaps-, Schnuddel-, Rotz-, Spirnues (s. d.).
 
Nues- -(e)bludden N.: «Nasenbluten»; -duch, -dich, -doch N.: «Taschentuch» — s. -schnappech; -drëps F.: «Nasentropfen» (Ga); -(e)kinnek M.: «Mensch mit langer Nase»; -kräitchen N.: «Nießgarbe» — dafür auch: Dausendspëtz (Dicks); -lach, -lächelchen N.: «Nasenloch» — dat Zëmmer (dat Stéck — Feld) as esou grouss wéi en Nueslächelchen (ist sehr klein) — spaßh.: du hues mat de Nueslächer gekuckt (hast nicht recht nachgesehen, zugesehen) — räiss déng Nueslächer op, wann s de nët gutt gesäis — Nösl.: du hiërs o nët mat dénge Nasläächer — sou eng Drëppchen as jo knaps en N. voll — hie raacht, datt en d'Nueslächer schwaarz kritt (er raucht sehr stark); -schnappech (auch lok.: Nue-schnappech, -schnattech — Ton: 1 oder 2) N.: «Taschentuch» — e wäisst, faarwegt, proppert, wäertest (für werktags), sonndest (für sonntags) N. — dat eespen (Echt. — s. ospen), preisescht, d'Léiler (lok.: Nösl.) N. huelen (die Nase durch die Finger schneuzen) — en hat alles an engem N. wéi en heihi gezunn as komm (er trug seine ganze Habe in einem Taschentuch — beim Stellenwechsel hatten die Knechte früher ihre ganze Habe in einem großen roten oder karierten Taschentuch bei sich, das sie oben zusammenknoteten und am Reisestab trugen) — Anekdote: ech hat em eng mam N. gehaen, sagte der Angeklagte vor Gericht, worauf er, nach Aufforderung des Richters, seine derbe Hand als Taschentuch vorzeigte — dafür auch: Schnattech, Schnappech, Schnäizduch, Nösl.: Schnicksdouch, Mosel, Sauer und Vianden: Sakdouch; -waasser N.: «Nasenwasser» — in der Antwort auf eine vorwitzige, unbefugte Frage: wat as dat elo? — Virwëtz an N.; -wärmer (lok.: Mosel) M.: «Tabakpfeife» (deren Stiel soweit abgebrochen ist, daß der Pfeifenkopf fast die Nase berührt). -wëtz (lok.: Naswëtz) M.: «Vorwitz, Neugierde» (R XIII 70);
 
nuetss. nue(ch)ts u. Komp.
 
Nuff, Nuffnuff N.: «Schwein» (Ammenspr.).
 
nuffnuff (lok.: nugnug) lautmalerische Nachahmung des Schnaufens der Schweine.
 
Nougat (wie frz., Ton: 1) Nugga M.: «Nougat» — mëllen, haarden, gerappten, geschappten N. — dat as Buedem wéi N. (klebriger, speckiger Boden).
 
Nuggazuckzuck M.: «Schabnougat, Schabzucker» — nach dem Ruf des Nougatverkäufers: Nugga, Nugga, Zuck, Zuck — dafür auch: Schappnugga (s. d.).
 
Nuggas- -männchen M.: «Nougatverkäufer»; -tata F.: «Nougatverkäuferin».
 
Nugges M. — s. No(c)kes.
 
nujee, nu jees. nu(n).
 
nujhelen intr. Verb.: 1) «kuscheln»; 2) «saugen, lecken» — en huet un de Fanger genujhelt; 3) «nach der Mutterbrust greifen» (Säugling — Wb.06) — Abl.: Genujhels N. — Zussetz.: bäinujhelen (refl.) — cf. nëschelen.
 
Null (veraltet: Noll) F.: 1) «Null» — eng Zuel mat vill Nullen — ech krut eng N. ageschriwwen (Schulspr.) — duebel N. (Güteklasse beim Weizenmehl) — dafür meist: double Zéro) — N. duebel N. (vierfache Stärke, Angelschnur); 2) «Dummkopf» — en as eng (grousseg) N. — dazu bekräftigende Antwort: nët nëmmen eng, mä ewell zwou — wat wëlls de mat esou enger N. ufänken — et as eng grouss N. a séngem Fach — dazu: Nullitéit F.: «ein Nichts, Versager» — lok. Echt.: Nollert M.
 
null Num.: «null» — ech hat n. Feler (sagen die Kinder) — n. vun n. geet op (übtr.: wo nichts ist, ist nichts zu holen) — lok. Echt.: hen hoat näist an hatt hoat näist, da gät n. voan n. op (bei einer Heirat zwischen armen Leuten) — substantiv.: dat as esou vill ewéi N. Komma näischt (nix) — an N. Komma näischt wor et geschitt.
 
Numëratioun (lok.: Wiltz) F.: «Erwähnung» — et as keng N. dervu gaang (es ist nicht Rede davon gegangen).
 
numëréieren trans. Verb.: «numerieren» — d'Plaze sin numëréiert — drohend: da numëréier elo déng Schanken.
 
Numm (Pl. Nimm — bes. früher Lux-Stadt: Nuem, Pl. Niem — Ösl.: Nam, Pl. Näm — Wösl. u. Echt: Noam — lok. Mosel, Grevenmacher: Nummen Sing. u. Pl. — aber im Ausruf: a Gottes Namen!) — M.: 1) «Name» [Bd. 3, S. 237] (Bez. für Person oder Sache) — wat fir en N. gi mer deem Kand? — de Jong kritt den N. vu séngem Pätter — d'Meedche kritt den N. vu sénger Gued — sou en N. steet a kengem Kalenner (für einen ungewohnten Namen) — ech kéim nët méi op säin N. fir alles an der Welt (fir d'Vrecken — s. d.) nët (trotz aller Anstrengungen kann ich mich seines Namens nicht mehr entsinnen) — hien huet de Jhandaarmen e falschen N. uginn — déi Maschin huet en apaarten N. — déi Saach (sou eppes) dréit keen N. (das ist unerhört) — dat huet keen N. (méi) — ech nenne kee mam (richtegen) N. — ech wëll keng Nimm nennen — den N. mécht vill (alles, näischt) zur Saach — nenn d'Kand mam N. — du solls d'Saach mam N. nennen — do as den Noam dervoa fort (Echt. — s. Enn sub 1) — si huet op säin N. kaaft (gepufft — gekauft, geborgt) — et as alles op der Fra hiren N. opgeschriwwe gin — hie féiert d'Geschäft op en aneren N. — d'Geschäft geet op der Fra hiren N. — e ka säin N. emol nët schreiwen (seinen Namen nicht schreiben) — e wollt glat a guer nët säin N. maachen (seine Unterschrift geben) — Frage des Notars: maacht der ären N. odder maacht der eng Ënnerschrëft? (unterschreiben Sie in gut lesbaren Buchstaben oder machen Sie eine — verschnörkelte — Unterschrift?); 2) «Ruf» — ech brauch mech ménges N. nët ze schummen — si hun him domatter e schlechten N. gemaacht — ech wëllt säin N. nët hun — ech loosse mer mäin éierlechen N. nët huelen an durech den Dreck zéien — e fäert fir säin (gudden) N. — mat esou Gespréicher kann een engem säi gudden N. huelen — et soll ee kengem e schlechten N. unhänken, maachen — ech hun den N., an hien as et — wëlls de der e gudden N. zillen (man? — willst du dich nützlich machen?) — e gudden N. as méi wéi Gold wäert — wien den N. Fréiop huet, behält en (wann een den N. Fréiop huet, behält een en), a wann e (ee) bis Mëtteg am Bett léig (der Nachsatz wird oft weggelassen); 3) «Rechnung» — et geet op mäin N. — Zussetz.: Daf-, Familje-, Vir-, Haus-, Jonge-, Mederche(r)s-, Schand-, Spottnumm.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut