NougatNuggaNuggazuckzuckNuggas-NuggasmännchenNuggastataNuggesnujee, nu jeenujhelenGenujhelsNullNullitéitNollertnullNumëratiounnumëréierenNummNummerNumeronu(n), nunundiNunnunurelenNurelerGenurelsnurenNurrisnuselenGenuselsNuselerNuttNutthuwwelNuttNuttnolnuttfestnuurk(s)enNouvelleNouveautéNouveautéitOooäioaobob--schonn, -schons, -schongs, -schung(s)obwuelOberOberins(ch)pekterObergradOberprimärschoulOberprimärlererOberprimärléierinOberinAubergeAuberge de (la) jeunesseAubergineObjetObjhektiounObjhektivobjhektivOblatObligatiounobligatobligatoresch, obligatoireoblijhéierenObligéOb(b)oe, OboaObregkät, Obrigkät, -keetobservéierenObservatiounobstinéierenObstruktiounochochOchsOchse(n)--a-OchsebauerOchsegeschirOchsegespannOchsejachOchsekappOchseknorrenOchseschwanzOchseschwanzochsegochsenOckerocker(giel)OctroiOdderOdderOdderOdekolonn, OdkolonnOdjhawellEau de Javelod(d)erOderodereg | Nougat (wie frz., Ton: 1) Nugga M.: «Nougat» — mëllen, haarden, gerappten, geschappten N. — dat as Buedem wéi N. (klebriger, speckiger Boden).
Nuggazuckzuck M.: «Schabnougat, Schabzucker» — nach dem Ruf des Nougatverkäufers: Nugga, Nugga, Zuck, Zuck — dafür auch: Schappnugga (s. d.).
Nuggas- -männchen M.: «Nougatverkäufer»; -tata F.: «Nougatverkäuferin».
Nugges M. — s. No(c)kes.
nujee, nu jee — s. nu(n).
nujhelen intr. Verb.: 1) «kuscheln»; 2) «saugen, lecken» — en huet un de Fanger genujhelt; 3) «nach der Mutterbrust greifen» (Säugling — Wb.06) — Abl.: Genujhels N. — Zussetz.: bäinujhelen (refl.) — cf. nëschelen.
Null (veraltet: Noll) F.: 1) «Null» — eng Zuel mat vill Nullen — ech krut eng N. ageschriwwen (Schulspr.) — duebel N. (Güteklasse beim Weizenmehl) — dafür meist: double Zéro) — N. duebel N. (vierfache Stärke, Angelschnur); 2) «Dummkopf» — en as eng (grousseg) N. — dazu bekräftigende Antwort: nët nëmmen eng, mä ewell zwou — wat wëlls de mat esou enger N. ufänken — et as eng grouss N. a séngem Fach — dazu: Nullitéit F.: «ein Nichts, Versager» — lok. Echt.: Nollert M.
null Num.: «null» — ech hat n. Feler (sagen die Kinder) — n. vun n. geet op (übtr.: wo nichts ist, ist nichts zu holen) — lok. Echt.: hen hoat näist an hatt hoat näist, da gät n. voan n. op (bei einer Heirat zwischen armen Leuten) — substantiv.: dat as esou vill ewéi N. Komma näischt (nix) — an N. Komma näischt wor et geschitt.
Numëratioun (lok.: Wiltz) F.: «Erwähnung» — et as keng N. dervu gaang (es ist nicht Rede davon gegangen).
numëréieren trans. Verb.: «numerieren» — d'Plaze sin numëréiert — drohend: da numëréier elo déng Schanken.
Numm (Pl. Nimm — bes. früher Lux-Stadt: Nuem, Pl. Niem — Ösl.: Nam, Pl. Näm — Wösl. u. Echt: Noam — lok. Mosel, Grevenmacher: Nummen Sing. u. Pl. — aber im Ausruf: a Gottes Namen!) — M.: 1) «Name» [Bd. 3, S. 237] (Bez. für Person oder Sache) — wat fir en N. gi mer deem Kand? — de Jong kritt den N. vu séngem Pätter — d'Meedche kritt den N. vu sénger Gued — sou en N. steet a kengem Kalenner (für einen ungewohnten Namen) — ech kéim nët méi op säin N. fir alles an der Welt (fir d'Vrecken — s. d.) nët (trotz aller Anstrengungen kann ich mich seines Namens nicht mehr entsinnen) — hien huet de Jhandaarmen e falschen N. uginn — déi Maschin huet en apaarten N. — déi Saach (sou eppes) dréit keen N. (das ist unerhört) — dat huet keen N. (méi) — ech nenne kee mam (richtegen) N. — ech wëll keng Nimm nennen — den N. mécht vill (alles, näischt) zur Saach — nenn d'Kand mam N. — du solls d'Saach mam N. nennen — do as den Noam dervoa fort (Echt. — s. Enn sub 1) — si huet op säin N. kaaft (gepufft — gekauft, geborgt) — et as alles op der Fra hiren N. opgeschriwwe gin — hie féiert d'Geschäft op en aneren N. — d'Geschäft geet op der Fra hiren N. — e ka säin N. emol nët schreiwen (seinen Namen nicht schreiben) — e wollt glat a guer nët säin N. maachen (seine Unterschrift geben) — Frage des Notars: maacht der ären N. odder maacht der eng Ënnerschrëft? (unterschreiben Sie in gut lesbaren Buchstaben oder machen Sie eine — verschnörkelte — Unterschrift?); 2) «Ruf» — ech brauch mech ménges N. nët ze schummen — si hun him domatter e schlechten N. gemaacht — ech wëllt säin N. nët hun — ech loosse mer mäin éierlechen N. nët huelen an durech den Dreck zéien — e fäert fir säin (gudden) N. — mat esou Gespréicher kann een engem säi gudden N. huelen — et soll ee kengem e schlechten N. unhänken, maachen — ech hun den N., an hien as et — wëlls de der e gudden N. zillen (man? — willst du dich nützlich machen?) — e gudden N. as méi wéi Gold wäert — wien den N. Fréiop huet, behält en (wann een den N. Fréiop huet, behält een en), a wann e (ee) bis Mëtteg am Bett léig (der Nachsatz wird oft weggelassen); 3) «Rechnung» — et geet op mäin N. — Zussetz.: Daf-, Familje-, Vir-, Haus-, Jonge-, Mederche(r)s-, Schand-, Spottnumm.
Nummer F., Numero (Ton: 1) M.: 1) a. «Nummer» (Zahl, Größenangabe) — wat fir eng N. hues du an de Schong? — sot mer Ären Numero, Är N. (Telefonnummer) — scherzhaft: N. 00 (auch: 100 — Abort) — Postspr.: N. 00 (Rufnummer des Fernamtes bis 1964) — ech gi léiwer op N. sécher (will kein Risiko eingehen) — e sëtzt op N. sécher (er sitzt im Gefängnis); b. «Los» — hues du Nummere, Numeroë vun der Lotterie? — cf. Lous sub b., Billet; 2) «Werteinstufung, Güte, Marke» — Pennälerspr.: eng déck, gutt, kleng, schappeg, schlecht, ongenügend Nummer — de Professer huet d'Nummeren ageschriwwen — ech hun elauter Nummer Äänten (Äänter) — dat kann ech Numero eent — e war der geklät N. eent — ech hun em et lafe gelooss, an dat N. eent; übtr.: 3) a. «Spaßvogel» — hien as eng N. fir sech (ein eigenartiger, begabter Spaßvogel) — cf. Kanoun sub 3); b. «Sonderling» — sou eng N. fënt ee wäit a breet nët; c. «ungezogener, lasterhafter Mensch (Mann oder Frau)» — wat en N.! — hatt as e gudden N.; 4) «Einzeldarbietung» (Theater, Zirkus) — dësen Zirk huet e puer gutt Nummeren — Zussetz.: Autos-, Haus-, Kollis-, Postscheck-, Privat-, Schong-, Tëlefons-, Telexnummer.
nu(n), nu (auch: nu:n — Mosel, Sauer: nau, nou) Adv.: 1) «nun, jetzt» — n. gët emol gerascht; 2) «neulich, vor kurzem» (Nösl.) — ich wor nu (bet.) na bei em; 3) Interjekt. (konjunktivisch, meist kurzer Vokal) — nu gutt — nu(n) dann — n. drop — n. virun — n. jee, nunjee, et sief dann! — n. grad (nun zum Trotz) — n. betruecht emol deen (erstaunt oder bestürzt) — n. kuck emol nëmmen (nëmmen ee — [betont] Mënsch) un — n. hal awer op! — n. lues do! — n.? (fragend) — wat n.? — a wat n. maachen? — n. héier emol hien! — n. so emol! — n. nët méi gemuckst — n. maach dech hellewech — n. géi mer awer ewech (das glaube ich denn doch nicht).
nundi — s. nondi.
Nunnu F.: 1) «Mutterbrust» (Ammenspr.); 2) «Amme, Kinderpflegerin».
nurelen intr. Verb.: 1) «murmeln, nuscheln» — en nurelt ëmmer esou fir sech — en huet sou an de Baart (era) genurelt — dazu: Nureler M. — Abl.: Genurels N. — cf. nujhelen.
nuren (lok., bes. Lux.-Stadt) Adv.: «nur» — ech hun nuren eng Stënnchen Zäit — wann ech nure wéisst, wuer dat géif féieren — e weit nuren honnert Pond (dafür sonst: nëmmen — s. d.).
Nurris F. — s. Nourrice.
nuselen (lok. Grevenmacher: nuschelen) intr. Verb.: 1) «zahnlos kauen»; [Bd. 3, S. 238] 2) «ohne rechten Appetit essen» — Abl.: Genusels N.; 3) «(von Schweinen) im Stroh suchen und fressen».
Nuseler M.: «zaghafter, ungeschickter Mensch» — cf. Knuseler, Gnuseler.
Nutt (lok.: Nout) I F.: «Nute» — cf. Fou.
Nutthuwwel (lok.: Nouthuwwel) M.: «Nutenhobel» — s. auch: Fouenhuwwel.
Nutt II (lok.) F.: «Niete» — s. Nitt.
Nuttnol M. — s. Nittnol.
nuttfest (lok.: Echt.) Adj.: «standhaft, bewährt» — wann äich esu e nuttfeste Ma(n) bei mir hoan, brauch ich dach nët ze feerchten (C).
nuurk(s)en — s. nuerk(s)en.
Nouvelle (wie frz. Ton: 1 — Pl. Nouvellen) F.: «Nachricht, Neuigkeit» — eng gutt, eng schlecht N. — där do Nouvelle brauchs de mer nët dacks ze bréngen — ech lauschteren nach d'Nouvellen am Radio — as eng N. am Haus? (ein Kind geboren worden?) — cf. Neies, Neiegkeet, Zeidong.
Nouveauté (wie frz., Ton schwankend: 1 oder 2), Nouveautéit (Ton: 3) F.: «Modeneuheit». [Bd. 3, S. 239] | |