| Ober (Abk., bes. Mil.) M.: «Oberwachtmeister» — in den Zussetz. (Schulspr.): -ins(ch)pekter M.: «Oberschulinspektor»; -grad M.: «obere Primärschulklassen»; -primärschoul F.: «Oberprimärschule»; -primärlerer M.: «Oberprimärlehrer»; -primärléierin F.: «Oberprimärlehrerin».
Oberin F.: «Oberin» — d'Mutter O.
Auberge (wie frz.) F. — s. Buchstabe Au, Bd I S. 37 — dazu Neol.: Auberge de (la) jeunesse (wie frz.) F.: «Jugendherberge».
Aubergine (wie frz.) F.: «Eierfrucht» (Solanum melongena).
Objet (wie frz., Ton: 1 — Pl. Objheën) M.: 1) «Liegenschaft, Wertgegenstand» (Haus, Gut, Feld, Ware) — hien huet nach e schéinen O. an deem neie Quartier leien; 2) a. «Kunstgegenstand» (objet d'art); b. «Schmuckstück».
Objhektioun F.: «Objektion, Einwand» — en huet allerhand Objhektiounen ze maachen — keng O.? dann as et ugeholl.
Objhektiv M. (lok. N.): «Objektiv» (Linse an optischen Apparaten).
objhektiv Adj./Adv.: «objektiv, sachlich».
Oblat F.: 1) «Oblate»; 2) (Küchenspr.) «feines Backwerk in Scheibenform als Unterlage» — dafür auch: Himmelsbrout — cf. Nubliën.
Obligatioun F.: 1) «festverzinsliches Wertpapier»; 2) «Verpflichtung, Verbindlichkeit» — et huet een alt esou séng Obligatiounen.
obligat Adj.: «obligat» — no der obligater Usprooch gouf du den Éierewäin zerwéiert — däi Gesuch geet den obligate Wee — déi o. Beglädong op der Uergel.
obligatoresch, obligatoire (wie frz.) Adj./Adv.: «obligatorisch, zwangsläufig» — de Militärdéngscht as haut nët méi o.
oblijhéieren trans. Verb.: 1) «zu Dank verpflichten, sich gefällig erweisen» [Bd. 3, S. 242] — et muss een souvill ee kann all Mënsch o. — ech sin him oblijhéiert; 2) «verpflichten, zwingen» — du bas guer nët oblijhéiert — et kann een dach kän o. dat ze man — dazu: Obligé (wie frz., Ton: 2) M. — säin O. (ihm zu Dank verpflichtet).
Ob(b)oe, Oboa M.: «Oboe» — s. Hautbois.
Obregkät, Obrigkät, -keet F.: 1) «Obrigkeit»; 2) (spaßh.) «Ehefrau» — d' (méng) O. as nët derfir an erlaabt et nët.
observéieren trans./intr. Verb.: 1) «(heimlich) beobachten» — ech hun e laang observéiert, lo geet et mer duer; 2) «(tadelnd) bemerken»; 3) «befolgen, einhalten» — cf. halen sub 5) — frz. observer;
Observatioun F.: 1) «Beobachtung»; 2) «Einwand, Bemerkung» (oft tadelnd) — ech hätt dozou eng O. ze man — frz. observation.
obstinéieren refl. Verb.: «auf seinem Standpunkt beharren, hartnäckig bestehen» — en huet sech obstinéiert an hinnen de Kapp gewisen — frz. s'obstiner.
Obstruktioun (lok.: Obschtruktioun) F.: «Obstruktion» — O. dreiwen as liicht, mä et besser maachen hält dacks schwéier.
och I Interj.: «ach» (s. auch o — cf. a — lok. Kant. Redingen: ocher — lok. begrenzt: ach) 1) mitleidig, schmerzlich: o. du aarme Jong! — o. du mäi Gott (nët nach)! — o. du mäin(ichen) — o. jee! 2) verdrießlich, ablehnend: o. neen, sou eppes lieft nët méi — o. gewëss! — o. wat! 3) halb (widerwillig) zustimmend: kënns de den Owend? — o. jo — o. jo, sou geet et vläicht — paaks de mer eng Hand un? Antwort: o. jo, wann et nët anescht as, o., dajee alt! — och tät! (beharrend — C); 4) zweifelnd, unschlüssig: och, ech weess nët, wat ech do maache gin — och, wat gi mer do maachen? — och, ech weess et nët; 5) unwillig: och! looss mer méng Rou — och, wann s du eng Kéier zefridde wiirs!; 6) beruhigend: och jo, dat maache mer!
och II (s. LSA Karte 165 — Ösl.: oç, Nösl.: o, oo — weiter BGrdl 55 H, S. 188, Karte Nr. 43 S. 247 Bd 1) Konjkt.: «auch» — a. «auch, ebenfalls, gleichfalls» — ech sin o. dénger (där) Mänong — dat ka méi engem Gescheiten o. geschéien — dat géing o. nach felen (das wäre die Höhe) — du hues o. nach grad hei gefeelt — du feels o. nach jhust hei (iron.: du bist überflüssig) — dat do kann ech o. — ech sin o. nach do (spaßh.: bitte mich nicht zu übersehen — beim (Kegel-) Spiel: ich habe noch zu spielen) — hei elei, bas du o. hei? (verwunderte Frage, auch iron. gebraucht: ich hatte nicht erwartet dich hier zu treffen) — et war nët nëmmen dat, mä o. nach eppes Aneschtes — wa si o. do sin, da gi mir (bet.) nët — Frage: wie wëllt en Apel? Antwort des ersten Kindes: ech — des zweiten: ech o. — mir o. eng Schmir, Mamma! — looss mech o. an däin Apel bäissen (bitten Kinder) — gudde Nuecht, schlooft gutt — Antwort: merci, dir o. — ech wënschen Iech vill Gléck am neie Jor — Antwort: ech Iech o. — ech soen der o. villigmol merci — dohinne geet o. e Wee op Miersch — dat as o. ee vun där Zort, déi näischt entdaachen — du schéngs mer o. alt e Léiwen (e Proppren, e Glaten) ze sin — dat as o. kä Gudden, nach (laang) kä Bongen — et kann een et esou an o. anescht maachen — bas du dann o. geckeg, verréckt — woors du o. derbäi wéi se déi gestiicht hun? — hues du o. eppes hei ze soen? — dees du o. (nach) de Mond op? — leck mer am Aasch — Antwort: du mir o. — en anere wor o. emol (eng Kéier) jonk a schéin; b. «allerdings auch, freilich auch» — hien as o. mat (betont) Schold u séngem Misär — dat as jo o. alt wouer — dat kann ech o. nët verstoen — dat as hir o. nët esou gemengt — dat as o. alt nët esou wëll wéi et gemaacht gët; c. «wirklich, doch wohl» — as dat dann o. wouer? — deen elo as o. wuel nëmmen eng Kéier voll an der Woch (die ganze Woche über betrunken) — kann ech mech dann o. drop verloossen? — gës de mer dann o. eppes, wann ech der hëllefen? — häls de däi Wuert dann o.? d. «schon» — entrüstet: wat as dann o. (schonn) derbäi — an dann o. nach (wenn schon) — zweifelnd: kann ech dat dann o. (scho) maachen? — zustimmend: dat gläwen ech der o. ganz gären; e. verstärkend bei konzess. Konjkt.: wann o. alles zum Däiwel geet! — wéi de Fall o. läit — wéi et o. as a wéi et ausgeet, ech maache mat — wa's d'o. sees, 't as em ni gebroden; f. in abweisenden Ausrufen: Quetschen o.! — o. nach nët! — en Aasch o. — Moiën (s. d.) o.!; g. im Kinderscherz, wobei ein Partner Sätze vorspricht, die der andere immer mit: ech och bestätigt, bis er sie zu verneinen gezwungen ist, z. B.: ech klammen op e Bam / [Bd. 3, S. 243] ech och — ech sin erofgefall / ech och — ech foul an de Mëschtepull — (oder: ech hu Kéis giess / ech och — de Kéis sténkt) — hier sagt der Partner nichts oder: ech nët.
Ochs (Dim. Ëchselchen — phV. s. Ltb. 35 — weiter LSA, Karte Nr. 37 — cf. Uess) M.: 1) «Ochse» — Raa.: dat do as den O. hanner de Plou spanen (verkehrt gehandelt) — deen iwwer den O. kënnt, kënnt och iwwer de Schwanz (wer den größten Teil der Arbeit erledigt hat, bewältigt auch den Rest) — wat wëlls de wëdder vun engem O. hun ewéi e Stéck Rëndfleesch (man kann nichts anders von einem Dummkopf erwarten — s. sub 2) — du bas wéi d'Ochsen, gutt an der Krëpp — du stongen se do wéi den O. virum Bierg — spöttisch (Anspielung auf geistige Arbeit): e schafft mam Kapp — Zus.: wéi d'Ochsen — all déi mam Kapp schaffen hun et schwéier, sot den O. (dsgl.) — eng Koppel liicht, schwéier Ochsen (leichte, schwere Gespannochsen) — Vergl.: staark, stäif, domm, graff, vermessen, tockeg wéi en O. — birelen, brëllen (brüllen), draschloen (dreinschlagen), friessen (fressen), rennen, saufen, schaffen ewéi en O. — Sportspr. (Fußball): e schéisst (e Schoss) wéi en O. (kräftig) — e fiert mat engem Päerd a mat engem O. dergéint (gespaant — er spannt ein Pferd und einen Ochsen — als Zugtiere — nebeneinander an) — en O. winnen (einen Ochsen als Zugtier abrichten) — eng Koppel gutt gewinnt Ochsen (ein gut abgerichtetes Ochsengespann) — déi Kou huet Haren éwei en O. (starke, weitausladende Hörner) — déi kromm Ochse kréie pickegen Drot ëm den Täissel(t) gewéckelt (bei störrischen Gespannochsen wird die Deichsel mit Stacheldraht umwickelt), fir datt se nët ëmmer om Täissel(t) leien (um zu verhindern, daß sie sich daran scheuern und seitwärts ziehen) — den Hierscht hun d'Baueren d'Ochsen ëmgesat (die Bauern verkauften im Herbst die Gespannochsen, um das Winterfutter einzusparen u. zugleich einen höheren Preis für die abgerichteten Tiere zu erzielen; im Winter oder Frühjahr wurden dann junge Tiere abgerichtet: erëm jonger gewinnt) — e geet wéi en ongewinnten (scil.: Ochs — er torkelt hin und her) — mir hu gestrieft ewéi d'Ochse fir heem ze kommen (haben uns abgemüht) — unwilliger Zuruf an Zugochsen: Hans, du Lëmmel (Lümmel), O., du Stéier (Stier - Dickkopf) — die unverheirateten Männer werden in derber spöttischer Weise als Ochsen bezeichnet: d'Monnië sin d'Ochse beim Haus — cf. auch: kaalwen sub 1), Kou sub 1), Bless, Hans, Kaddi, Morri — Bez. für einen schweren Ochsen: Boddi, Kiirmesboddi — Zussetz.: Gespannochs, Echt.: Klusterooss; 2) (übtr.) «dummer, plumper, störrischer Mensch» — wat as dat en O.! — dat as e richtegen, e schwéieren O. — en O. vun engem Mënsch — du alen O. — du krommen O. — cf. Uess, Stéier, Far II.
Ochse(n)- -a- N.: 1) «Ochsenauge»; 2) «Bullauge» (Fenster in der Scheune); 3) (lok.) «Spiegelei» — s. Ä sub 1); -bauer M.: «Bauer, der mit einem Ochsengespann seine Arbeiten verrichtet»; -geschir N.: «Geschirr zum Anspannen des Ochsen: Joch, Polster, Riemen»; -gespann N.: «Ochsengespann»; -jach (-jax, -jaç) N.: «Joch»; -kapp M.: 1) «Ochsenkopf»; 2) (übtr.) «störrischer, dummer Mensch» — cf. Ochs sub 2); -knorren Pl. F. — im Reim: Kalleffleesch, Halleffleesch / Panekuchen, dun de Buedem suchen / O., dun de Fléiwel schmorren (MKr. Nr. 214, 241). -schwanz M.: 1) «Ochsenschwanz» (zur Suppenbereitung verwendet) — dazu: Ochseschwanzzopp F.: «Ochsenschwanzsuppe»; 2) — s. Far(e)- schwanz sub 1).
ochseg Adj.: 1) «brünstig» (Kuh) — s. auch: spilleg, uesseg; 2) «dumm, störrisch, starrköpfig» — sief nët esou o.; 3) «langweilig» — substantiv.: wat as dat eppes Ochseges!
ochsen intr. Verb.: «büffeln» (Pennälerspr.) — en huet geochst a geochst an en huet den Examen awer nët gepackt — cf. béchsen, knuppen. | |