| Ochs (Dim. Ëchselchen — phV. s. Ltb. 35 — weiter LSA, Karte Nr. 37 — cf. Uess) M.: 1) «Ochse» — Raa.: dat do as den O. hanner de Plou spanen (verkehrt gehandelt) — deen iwwer den O. kënnt, kënnt och iwwer de Schwanz (wer den größten Teil der Arbeit erledigt hat, bewältigt auch den Rest) — wat wëlls de wëdder vun engem O. hun ewéi e Stéck Rëndfleesch (man kann nichts anders von einem Dummkopf erwarten — s. sub 2) — du bas wéi d'Ochsen, gutt an der Krëpp — du stongen se do wéi den O. virum Bierg — spöttisch (Anspielung auf geistige Arbeit): e schafft mam Kapp — Zus.: wéi d'Ochsen — all déi mam Kapp schaffen hun et schwéier, sot den O. (dsgl.) — eng Koppel liicht, schwéier Ochsen (leichte, schwere Gespannochsen) — Vergl.: staark, stäif, domm, graff, vermessen, tockeg wéi en O. — birelen, brëllen (brüllen), draschloen (dreinschlagen), friessen (fressen), rennen, saufen, schaffen ewéi en O. — Sportspr. (Fußball): e schéisst (e Schoss) wéi en O. (kräftig) — e fiert mat engem Päerd a mat engem O. dergéint (gespaant — er spannt ein Pferd und einen Ochsen — als Zugtiere — nebeneinander an) — en O. winnen (einen Ochsen als Zugtier abrichten) — eng Koppel gutt gewinnt Ochsen (ein gut abgerichtetes Ochsengespann) — déi Kou huet Haren éwei en O. (starke, weitausladende Hörner) — déi kromm Ochse kréie pickegen Drot ëm den Täissel(t) gewéckelt (bei störrischen Gespannochsen wird die Deichsel mit Stacheldraht umwickelt), fir datt se nët ëmmer om Täissel(t) leien (um zu verhindern, daß sie sich daran scheuern und seitwärts ziehen) — den Hierscht hun d'Baueren d'Ochsen ëmgesat (die Bauern verkauften im Herbst die Gespannochsen, um das Winterfutter einzusparen u. zugleich einen höheren Preis für die abgerichteten Tiere zu erzielen; im Winter oder Frühjahr wurden dann junge Tiere abgerichtet: erëm jonger gewinnt) — e geet wéi en ongewinnten (scil.: Ochs — er torkelt hin und her) — mir hu gestrieft ewéi d'Ochse fir heem ze kommen (haben uns abgemüht) — unwilliger Zuruf an Zugochsen: Hans, du Lëmmel (Lümmel), O., du Stéier (Stier - Dickkopf) — die unverheirateten Männer werden in derber spöttischer Weise als Ochsen bezeichnet: d'Monnië sin d'Ochse beim Haus — cf. auch: kaalwen sub 1), Kou sub 1), Bless, Hans, Kaddi, Morri — Bez. für einen schweren Ochsen: Boddi, Kiirmesboddi — Zussetz.: Gespannochs, Echt.: Klusterooss; 2) (übtr.) «dummer, plumper, störrischer Mensch» — wat as dat en O.! — dat as e richtegen, e schwéieren O. — en O. vun engem Mënsch — du alen O. — du krommen O. — cf. Uess, Stéier, Far II.
Ochse(n)- -a- N.: 1) «Ochsenauge»; 2) «Bullauge» (Fenster in der Scheune); 3) (lok.) «Spiegelei» — s. Ä sub 1); -bauer M.: «Bauer, der mit einem Ochsengespann seine Arbeiten verrichtet»; -geschir N.: «Geschirr zum Anspannen des Ochsen: Joch, Polster, Riemen»; -gespann N.: «Ochsengespann»; -jach (-jax, -jaç) N.: «Joch»; -kapp M.: 1) «Ochsenkopf»; 2) (übtr.) «störrischer, dummer Mensch» — cf. Ochs sub 2); -knorren Pl. F. — im Reim: Kalleffleesch, Halleffleesch / Panekuchen, dun de Buedem suchen / O., dun de Fléiwel schmorren (MKr. Nr. 214, 241). -schwanz M.: 1) «Ochsenschwanz» (zur Suppenbereitung verwendet) — dazu: Ochseschwanzzopp F.: «Ochsenschwanzsuppe»; 2) — s. Far(e)- schwanz sub 1).
ochseg Adj.: 1) «brünstig» (Kuh) — s. auch: spilleg, uesseg; 2) «dumm, störrisch, starrköpfig» — sief nët esou o.; 3) «langweilig» — substantiv.: wat as dat eppes Ochseges!
ochsen intr. Verb.: «büffeln» (Pennälerspr.) — en huet geochst a geochst an en huet den Examen awer nët gepackt — cf. béchsen, knuppen.
Ocker M.: «Ocker» (Farbe).
ocker(giel) Adj.: «ocker».
Octroi M. — s. Oktroi.
Odder I M. — phV. zu Auder (s. d.).
Odder II (lok.) M.: «Fischotter» — cf. Atter(t), Fëschatter.
Odder III (lok.) F.: «Kreuzotter» — cf. Adder.
Odekolonn, Odkolonn (o·tkO/lon — endbetont) N. u. M.: «Eau de Cologne, Kölnisch Wasser» — cf. Kälschwaasser.
Odjhawell (Ton: 2 oder 3), Eau de Javel N. u. M.: «Eau de Javel». [Bd. 3, S. 244]
od(d)er (lok.: or, ur) Konjkt.: «oder» — drohend: gees de o. gees de nët — o. as et nët esou? — drohend, fragend: o.? — entweder o. — fragend, ablehnend: o. (och) nët.
Oder (Dim. Ederchen, Nösl.: Äderchen) F.: 1) «Ader» (anat.) — en huet Oderen ewéi Seler (starke, hervorstehende Adern) — 't as em eng O. (am A, am Kapp) gebascht, geplatzt, gesprong — d'O. as geschwoll — d'Odere si verkallekt — hien huet Knipp an den Oderen (von Krampfadern) — d'O. schloen, zur O. loossen (zur Ader lassen) — en as d'O. vum Fläiss (sehr arbeitsam) — e schafft ewéi eng O. (Wb.06: er ist emsig, fleißig) — du schaffs der d'O. (d'Häerzoder — s. d.) am Leif eraus (du arbeitest zuviel) — un him as keng falsch O. (er ist ein braver, grundehrlicher Mensch) — si hu keng gutt O. un em gelooss — et as nun awer keng gesond O. un em — ech hu mer d'Oder(en) am Leif erkaalt — ech hu mech an allen Oderen erkaalt (ich habe mir eine sehr schwere Erkältung zugezogen) — du hues och keng roueg O. un der (du bist sehr unruhig, äußerst nervös) — en huet keng (lieweg) O. (méi) (am Leif) geréiert (gerouert — er verhielt sich mäuschenstill) — do hun ech bei him déi richteg O. geroden (habe sein Interesse wecken können) — déi geckeg O. (s. geck sub 6) — dafür auch: Knéchelchen, Knippchen, Schank —Zussetz.: Aasch- oder gëllen (s. d.) O., Fraleits- (kaum sichtbare Adern), Häerz-, Haapt-, Hals-, Niewen-, Schlagoder; 2) a. «Wasserader» — sou laang wéi d'Oderen (Quellen) nët am Gaang sin, gët et kee Wanter (nach der Volksmeinung wird es nicht frieren, solange das durch die herbstlichen Regenfälle angeschwollene Grundwasser nicht aus dem Boden tritt) — eise Pëtz as dréchen, d'O. huet sech verzunn (die Wasserader hat sich verlagert) — Zussetz.: Aueroder (s. sub Hongerbiirchen), Waasseroder; b. «Erzader» — cf. Faart sub 6); c. «Maserung».
odereg Adj.: «geädert».
Odermëllech M.: «Odermennig» (Agrimonia eupatoria) — dafür auch: Kannertéi, Käsertéi, Lëntes, Léintes (s. d.).
Odette (wie frz., Ton: 1) weiblicher Vorname: «Odette».
Odeur (wie frz., Ton: 1) F.: «Geruch, Wohlgeruch» (iron., oft pejorativ gebraucht) — cf. Géierchen.
Odienz (meist: Audienz) F.: «Audienz» — mir hun eng O. beim Minister gefrot — iron.: muss ee bei dir eng O. ufroen, éier ee mat der ka schwätzen?
Odil (Ton: 1) weiblicher Vorname: «Ottilia» (frz. Odile — gegen Augenübel angerufen) — erscheint auch als: Odeli, Ottil, Otti, Oudel, Oudil, Audel, Uddel, Uedel, Uli.
Oeillet (wie frz., Ton: 1, oft gesprochen œiljee, oiljee und ähnlich) F.: «Nelke» — cf. Aarmenä.
of (mit kurzem o) — s. ob.
of, af (mit langem Vokal — Vianden: uaf — cf. erof, ab) 1) a. Adv.: «ab, weg, fort» — de Knapp as o. — d'Hänk as o. — d'Faref as ganz o. — de Fleck geet (nët) of — d'Fruucht as o. (abgemäht, abgeerntet) — mir hun zënter gëscht de Rescht o. (abgepflügt, abgemäht) — mit der Ellipse des Verb.: (er)o. do! (herab da, z. B. von der Mauer) — wëlls de bal o. (meist: erof)! — d'Kap o., du Bouf! — e puer Schréck vum Wee o., sti Blummen; b. in den Wendungen: ech sin o. (ich bin aus dem Spiel ausgeschieden — Kinderspr.) — de Schoulmeeschter as ewell laang o. (lange außer Dienst) — no där Kränkt wor ech ganz o. (ganz von Kräften) — Echternach: säif fru, datt mer dat Kallef of säin (sei froh, daß wir das Kalb abgestoßen, verkauft haben) — äich hoa mein Bréit of (z. B. beim Spiel: ich bin erledigt) — mir woren dës grad of (es fehlte uns gerade daran, z. B. an Butter, bei einem unerwarteten Besuch) — zwä Poar Schoun of an Zäit voan zwi Mint, dou Schounzrësser! — allgemein: hien as vum Raachen o. (er hat sich das Rauchen ganz abgewöhnt) — ech sin elo ganz dervunner o. (ganz davon abgekommen); 2) bestimmendes Adv. hinter einer subst. Ortsbestimmung: «abwärts» — laf de Bierg o., da bas d'éischter do — do geet et géi de Bierg o. (der Weg, der Hang ist dort sehr abschüssig) — an hie séier d'Trap of, leefs de nët, dann hëlt en dech — wuer gees de? — Antwort: bis o.; 3) mit andern Adv.: op an o. (auf und ab) — Frage nach der Gesundheit: wéi geet et? — Antwort: och, esou op an o. — op an o. wéi d'Flou (s. d.) am Hiem; of an aus (dafür meist: aus an un) — lo as et o. an aus (beim Kartenspiel: das erste Spiel ist gewonnen und abgewischt); op oder of — eng Stonn op oder of, 't kënnt nët drop un — e puer Frang op oder of, [Bd. 3, S. 245] 't as egal; 4) Adj.: «abgebrochen» — eng Tas mat enger ofer Hänk.
Of-/of- Präf. (in mehr oder weniger festen Verbindungen; die Bed., die «ab» dem Simpl. gibt, entsprechen dem Begriff: Trennung, Entfernung, Verminderung, Abwärtsbewegung, auch Vollendung, z. B. ofmaachen, ofplouen — phV. s. oben); -änneren trans. Verb.: «abändern» — e Gesetz o.; -balléieren trans. Verb.: «polieren» — déi Grëmmelëschter Bengele gin ofballéiert; -bannen trans. Verb.: «abbinden» — eng Oder, de Schwanz, den Nuewel (Nabelschnur) o.; -bauen trans./intr. Verb.: 1) «abbauen» (Angestellte, Arbeiter entlassen); 2) «Karten weglegen, die beim späteren Zählen schaden können» (bes. Kartenspiel: Rammi, Stippi); | |