| Oder (Dim. Ederchen, Nösl.: Äderchen) F.: 1) «Ader» (anat.) — en huet Oderen ewéi Seler (starke, hervorstehende Adern) — 't as em eng O. (am A, am Kapp) gebascht, geplatzt, gesprong — d'O. as geschwoll — d'Odere si verkallekt — hien huet Knipp an den Oderen (von Krampfadern) — d'O. schloen, zur O. loossen (zur Ader lassen) — en as d'O. vum Fläiss (sehr arbeitsam) — e schafft ewéi eng O. (Wb.06: er ist emsig, fleißig) — du schaffs der d'O. (d'Häerzoder — s. d.) am Leif eraus (du arbeitest zuviel) — un him as keng falsch O. (er ist ein braver, grundehrlicher Mensch) — si hu keng gutt O. un em gelooss — et as nun awer keng gesond O. un em — ech hu mer d'Oder(en) am Leif erkaalt — ech hu mech an allen Oderen erkaalt (ich habe mir eine sehr schwere Erkältung zugezogen) — du hues och keng roueg O. un der (du bist sehr unruhig, äußerst nervös) — en huet keng (lieweg) O. (méi) (am Leif) geréiert (gerouert — er verhielt sich mäuschenstill) — do hun ech bei him déi richteg O. geroden (habe sein Interesse wecken können) — déi geckeg O. (s. geck sub 6) — dafür auch: Knéchelchen, Knippchen, Schank —Zussetz.: Aasch- oder gëllen (s. d.) O., Fraleits- (kaum sichtbare Adern), Häerz-, Haapt-, Hals-, Niewen-, Schlagoder; 2) a. «Wasserader» — sou laang wéi d'Oderen (Quellen) nët am Gaang sin, gët et kee Wanter (nach der Volksmeinung wird es nicht frieren, solange das durch die herbstlichen Regenfälle angeschwollene Grundwasser nicht aus dem Boden tritt) — eise Pëtz as dréchen, d'O. huet sech verzunn (die Wasserader hat sich verlagert) — Zussetz.: Aueroder (s. sub Hongerbiirchen), Waasseroder; b. «Erzader» — cf. Faart sub 6); c. «Maserung».
odereg Adj.: «geädert».
Odermëllech M.: «Odermennig» (Agrimonia eupatoria) — dafür auch: Kannertéi, Käsertéi, Lëntes, Léintes (s. d.).
Odette (wie frz., Ton: 1) weiblicher Vorname: «Odette».
Odeur (wie frz., Ton: 1) F.: «Geruch, Wohlgeruch» (iron., oft pejorativ gebraucht) — cf. Géierchen.
Odienz (meist: Audienz) F.: «Audienz» — mir hun eng O. beim Minister gefrot — iron.: muss ee bei dir eng O. ufroen, éier ee mat der ka schwätzen?
Odil (Ton: 1) weiblicher Vorname: «Ottilia» (frz. Odile — gegen Augenübel angerufen) — erscheint auch als: Odeli, Ottil, Otti, Oudel, Oudil, Audel, Uddel, Uedel, Uli.
Oeillet (wie frz., Ton: 1, oft gesprochen œiljee, oiljee und ähnlich) F.: «Nelke» — cf. Aarmenä.
of (mit kurzem o) — s. ob.
of, af (mit langem Vokal — Vianden: uaf — cf. erof, ab) 1) a. Adv.: «ab, weg, fort» — de Knapp as o. — d'Hänk as o. — d'Faref as ganz o. — de Fleck geet (nët) of — d'Fruucht as o. (abgemäht, abgeerntet) — mir hun zënter gëscht de Rescht o. (abgepflügt, abgemäht) — mit der Ellipse des Verb.: (er)o. do! (herab da, z. B. von der Mauer) — wëlls de bal o. (meist: erof)! — d'Kap o., du Bouf! — e puer Schréck vum Wee o., sti Blummen; b. in den Wendungen: ech sin o. (ich bin aus dem Spiel ausgeschieden — Kinderspr.) — de Schoulmeeschter as ewell laang o. (lange außer Dienst) — no där Kränkt wor ech ganz o. (ganz von Kräften) — Echternach: säif fru, datt mer dat Kallef of säin (sei froh, daß wir das Kalb abgestoßen, verkauft haben) — äich hoa mein Bréit of (z. B. beim Spiel: ich bin erledigt) — mir woren dës grad of (es fehlte uns gerade daran, z. B. an Butter, bei einem unerwarteten Besuch) — zwä Poar Schoun of an Zäit voan zwi Mint, dou Schounzrësser! — allgemein: hien as vum Raachen o. (er hat sich das Rauchen ganz abgewöhnt) — ech sin elo ganz dervunner o. (ganz davon abgekommen); 2) bestimmendes Adv. hinter einer subst. Ortsbestimmung: «abwärts» — laf de Bierg o., da bas d'éischter do — do geet et géi de Bierg o. (der Weg, der Hang ist dort sehr abschüssig) — an hie séier d'Trap of, leefs de nët, dann hëlt en dech — wuer gees de? — Antwort: bis o.; 3) mit andern Adv.: op an o. (auf und ab) — Frage nach der Gesundheit: wéi geet et? — Antwort: och, esou op an o. — op an o. wéi d'Flou (s. d.) am Hiem; of an aus (dafür meist: aus an un) — lo as et o. an aus (beim Kartenspiel: das erste Spiel ist gewonnen und abgewischt); op oder of — eng Stonn op oder of, 't kënnt nët drop un — e puer Frang op oder of, [Bd. 3, S. 245] 't as egal; 4) Adj.: «abgebrochen» — eng Tas mat enger ofer Hänk.
Of-/of- Präf. (in mehr oder weniger festen Verbindungen; die Bed., die «ab» dem Simpl. gibt, entsprechen dem Begriff: Trennung, Entfernung, Verminderung, Abwärtsbewegung, auch Vollendung, z. B. ofmaachen, ofplouen — phV. s. oben); -änneren trans. Verb.: «abändern» — e Gesetz o.; -balléieren trans. Verb.: «polieren» — déi Grëmmelëschter Bengele gin ofballéiert; -bannen trans. Verb.: «abbinden» — eng Oder, de Schwanz, den Nuewel (Nabelschnur) o.; -bauen trans./intr. Verb.: 1) «abbauen» (Angestellte, Arbeiter entlassen); 2) «Karten weglegen, die beim späteren Zählen schaden können» (bes. Kartenspiel: Rammi, Stippi); -bass, -batz M.: 1) «das abgebissene Stück, der Bissen»; 2) «unerträglicher, zu nichts tauglicher Mensch» — du bas dës Däiwels O. — du bas dem Däiwel säin O. (du bist ein Taugenichts, z. B. zu einem Kinde, Verweis); 3) Name verschiedener Heilpflanzen — s. Däiwelsofbass sub 1); -bäissen trans. Verb.: 1) «abbeißen» — bäiss keng esou déck Mäifel of!; 2) «das Wort abschneiden, hart anfahren» — wat huet dat Framënsch mech ofgebass (s. erbäissen sub 1); 3) refl. — in der Ra.: en hat sech d'Zong bal ofgebass (er mußte oder er wollte unbedingt schweigen) — ech hu mer e gudden Zant ofgebass (beim Zubeißen abgebrochen); -beichten trans. Verb.: «die Beichte der Gläubigen, die vor dem Beichtstuhl warten, noch abhören»; -beidelen intr./trans. Verb.: «abgewinnen beim Spiel» — s. beidelen sub 2) — wéi se mer méng Suen ofgebeidelt haten, konnt ech goen; -béissen trans. Verb.: «abbüßen»; -bestellen trans. Verb.: «abbestellen»; -bezuelen trans. Verb.: «abbezahlen, ratenweise zahlen» — mir hun de Rescht an enger Kéier ofbezuelt, du ware mer där Schold lass; -biedelen trans. Verb.: «abbetteln» — cf. ofgotzelen; -bieden trans. Verb.: «fertig beten» — séng Bouss (s. d.), säi Rousekranz o.; -biischten trans. Verb.: «abbürsten» — d'Mamm huet de Jongen hir Boxen ofgebiischt; -blatzen intr. Verb.: «ausbleichen» — cf. verblatzen I; -bléien intr. Verb.: «abblühen» — d'Drauwen hun (sin) ofgebléit; -blëtzen trans. Verb.: «abblitzen, abweisen» — wat sin ech do ofgeblëtzt gin; -bliederen intr. Verb.: «abblättern» — d'Faref bliedert of; -blosen trans. Verb.: 1) «abblasen, rückgängig machen» — déi ganz Affär as ofgeblose gin — de Streik gouf a leschter Minutt ofgeblosen; 2) «das Schlußsignal einer Übung geben» (Mil., Jägerspr.) — d'Juegd gët ofgeblosen (durch das entsprechende Hornsignal, den dreifachen langgezogenen Ton); -bludden intr. Verb.: «ausbluten» — looss d'Schwäin o., soss gin et schlecht Hamen — dafür auch: ausbludden; -botzen trans. Verb.: 1) «abputzen» — botz déng Schong of, éier s de hei erakënns; 2) a. «abtrocknen» — botz du of, da si mer séier mat der Spull (s. d.) fäerdeg; b. «abwischen» — botz den Dësch of — (sech) den Hënner o.; c. bei der Androhung von Schlägen: du botz der gläich eng of — cf. ofdréchnen; -bratschen — cf. verbraddelen sub 1); -bréckelen, -breckelen intr. Verb.: «abbröckeln» — ee Stéck nom anere bréckelt of; -bréngen trans. Verb.: 1) «(hinunter-)schlucken, hinunterbringen» — ech kënnt dat Iessen nët o., fir kee Geld a kee Präis — schneid däi Fleesch méi kleng, déi déck Bätz bréngs de jo nët of; 2) «abbringen» — ech loosse mech nët vu méngem Plang o.; -brennen trans./intr. Verb.: 1) «abbrennen» — e Fredefeier, eng Rakéit o.; 2) «sengen» — si hun d'Rambliën ofgebrannt, an d'Feier as hinnen an de Bësch iwwer gelaf; 3) «zu Ende brennen» — d'Wick as ofgebrannt — übtr.: ech sin ofgebrannt (mit meinem Geld zu Ende); -briechen Verb.: 1) a. trans.: «ein-, abreißen, abbrechen» — d'Mauer gët ofgebrach (cf. ofrappen, -räissen) — briech der e Stéck vu ménger Schmier of — en huet séng Ried op eemol ofgebrach an as gaang; b. meist in passiven Wendungen: «schmälern, weniger geben» — si hun um Loun ofgebrach kritt — e muss ofgebrach kréien (an Essen und Trinken); 2) intr.: «abbrechen» — d'Spëtzt vun der Nol [Bd. 3, S. 246] as ofgebrach — 't as mer en Zant ofgebrach — de Bläistëft as ze spatz, e brécht of; 3) refl.: «sich versagen» — ech brieche mer näischt um Monn of fir kënnen eng Rees ze maachen — dat sin der, déi briechen sech näischt of (lassen es sich gut ergehen); -broch (lok.: -brach) M.: 1) «Abbruch» (eines Gebäudes) — e Verkaf op O. (Verkauf auf Abbruch); 2) «Beeinträchtigung» — déi Konkurrenz mécht him haut nach keen O. — — fäert nët, et geschitt der keen O. — et as mer keen O. (macht mir nichts aus) — ech schaten den O. (Verlust) ëmmer iwwer dausend Frang; 3) «Einschränkung, Abtötung» — an der Faaschtenzäit mécht een en O. am Iessen; | |