LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Ofdrock bis of(ge)wannen (Bd. 3, Sp. 246b bis 248a)
 
-drock M.: «Abdruck» — den O. vum Fanger fir op e Pass — e wuessen O. (Wachsabdruck) — Zussetz.: Gipsofdrock; -droen trans. Verb.: 1) «(eine Schuld) abzahlen»; 2) «durch Tragen völlig abnutzen» — séng Kläder wore ganz ofgedroen — cf. ofdankeg; -dun, -doen trans. Verb.: 1) «abnehmen, ablegen, abziehen» — do(n) d'Kap (s. d.) of — ech don deem den Hutt nët méi of (grüße ihn nicht mehr) — do(n) nët jidderengem d'Kap of, soss mengen d'Leit, du wiers e Geld schëlleg — zu där Zäit musst ech all Mënsch d'Kap ofdon (weil ich überall Schulden hatte) — do as eng Aarbecht, där kann (muss) een den Hutt o. (angesichts einer schwierigen, auch einer gutausgeführten Arbeit); 2) a. «schlachten» — si don all Jor e puer Schwäin of; b. «arg belästigen, umbringen, fertig machen» — en huet mech bal ofgedoe fir dat Stéck ze kafen ze kréien — d'Mécken haten äis bal ofgedun — ee bal mat Spott o.; 3) «abnutzen» — dee Stoff as nët ofzedun (C); -falen intr. Verb.: 1) «abfallen, abblättern» — d'Blieder falen of (cf. dazu: reisen) — de Kallek fällt of (erof); 2) «untreu, abtrünnig, anderen Sinnes werden» — unwillig: et as fir vum Glaf ofzefalen — e fällt vun der Partei of — cf. dazu: ëmfalen sub 2); 3) «abschüssig sein» — et as geschitt, do wou de Wee offällt — dëse Fiels fällt géi of; 4) «herausfallen» — wann s de dat méchs, fällt [Bd. 3, S. 247] eppes (e gutt Drénkgeld) fir dech of — et fällt näischt of fir dech — do falen der awer of (fallen Schläge), elauter wéi keng kleng; -fall M.: «Abfall» — bei dësem Geméis as vill O. — de Bauer kritt den O. am Hotel (Küchenabfälle für die Schweine) — den O. vum Eisen (früher kaufte der Bauer selbst sein Eisen und gab es dem Schmied zum Verarbeiten, dann stellte sich die Frage: wie kritt den O.? — als Antwort sagte der Schmied: «werfe mer et an d'Waasser, geet et ënner, as et fir de Schmadd)»; -fannen refl./trans. Verb.: 1) «sich abfinden» — mer mussen äis dermat o.; 2) «mit Geld abfinden»; -fatzen (lok. Grevenmacher: offozen) trans. Verb.: «durchprügeln» — een o. wéi e Béischt — cf. -fitschen, -fizen; -fäerdegen trans. Verb.: 1) «abfertigen, expedieren» (Post, Eisenbahn); 2) übtr.: «eine Abfuhr erteilen» — deen hate mer huerteg ofgefäerdegt; -fälleg Adj./Adv.: «abfällig» — eng o. Bemierkong — en huet ganz o. vun him geschwat; -féieren trans./intr. Verb.: 1) «nach unten, hinabführen»; 2) «ins Gefängnis abführen»; 3) «zu Stuhl treiben» (Abführmittel) — Reséngenueleg féiert huerteg of; -feilen trans. Verb.: «abfeilen»; -fëllen trans. Verb.: «in Flaschen abfüllen» — mir hun e ganzt Faass Wäin ofgefëllt — cf. afëllen; -fidderen trans./intr. Verb.: 1) «den Pferden, abends gegen 10 Uhr, noch Futter für die Nacht geben» (Nösl. — Rindvieh wird nicht ofgefiddert); 2) «abweiden» (Mosel) — d'Wis gët ofgefiddert — dafür auch: ausfidderen; 3) «Gras, grünes Getreide abmähen zum Viehfüttern im Stall» (Grünfutter); 4) übtr.: «hinreichend, doch nicht sehr gut zu essen geben» — wéi as et am Kaschthaus? — och, et gët een alt esou ofgefiddert; -fierwen intr. Verb.: «abfärben» — d'Bänk, d'Gezei fierft of — übtr.: et fierft alt ëmmer eppes op d'Kanner of; -fiselens. d. Folg. sub 1); -fitschen, -fitschelen trans. Verb.: 1) «durchprügeln, mit einer Fitsch (s. d. sub I) schlagen»; 2) «abweisen, abwimmeln» — deen hat ech flott ofgefitscht; 3) «durch List entwenden» (Wb.06) — cf. fiselen sub IV; -fizen trans.Verb. — s. -fatzen; -fléissen intr. Verb.: «abfließen»; -flock M.: «Abflugloch, Abflugrichtung» (Imkerspr.) — den O. vun de Beie soll nom Mëtteg oder nom Muerge sin (gegen Süden oder gegen Osten gerichtet sein); -floss (lok.: -flass) M.: 1) «Abfluß»; 2) «Ausfluß» (Heilkunde); -friessen trans. Verb.: «abfressen» — d'Gäässen (Schof) hun am Gaart alles Romp a Stomp ofgefriess; -froen trans. Verb.: 1) «abverlangen» — denk der mol un, deen huet mer déi puer Frang op der Strooss ofgefrot; 2) «abhören» — eng Lektioun o. — dafür meist: opfroen; -fuddelens. -huddelen; -fueren trans./intr. Verb.: 1) «hinab-, hinunterfahren» — et as geféierlech dee Bierg do ofzefueren — mam Lift o. — dafür auch: eroff.; 2) «fertig pflügen» — de Mëtteg gin ech dat Stéck o. — cf. ofmaachen; 3) «abspringen, wegspringen» — schlo nët esou op dee Kessel, soss fiert den Email of; -fuschen trans. Verb.: «abpausen» — ech hun de Modell ofgefuscht; -gammsen trans. Verb. — s. -gotzelen; -gank M.: «Absatz» — d'Wuer huet kän O.; -gäipen trans. Verb.: «durch Gäipen (s. d.) zu erhalten suchen» — cf. -gammsen; -gängeg Adj.: «leicht, rasch abnehmend» (durch Verbrennen, Stehlen usw.) — Holz, wat séier verbrennt, as o. — Holz, wat beim Wee steet, as o. (wird gestohlen) — Echt.: su Gehaansepel, gnapp beim Wee, as en ofgeengig Woar; -gebrannt Verbadj.: 1) «abgebrannt»; 2) a. «verarmt»; b. «ganz erledigt» (Gesundheit); -geläscht Verbadj.: «abgestanden, schal, übtr.: schwächlich, ohne Kraft» — Ra.: staark wéi ofgeläschten Esseg — cf. verläscht; -gelieft Verbadj.: «abgelebt, verbraucht»; -gemiergelt, -gemierjhelt, -gemijhelt (lok. Biwer: -gemeckert) Verbadj.: 1) «ausgemergelt, abgemagert» — o. wéi de Schächer um Kräiz; 2) «abgearbeitet»; -gemoërt Verbadj.: «abgemagert»; -gënschteg Adj.: 1) (lok.: Kiischpelt) — s. abgaschteg; 2) «ungünstig» — dat Stéck läit ganz o. — cf. ongënschteg, onkammoud; -geschafft Verbadj.: «abgearbeitet» — en as wuel nët esou al, ma ganz o. [Bd. 3, S. 248] — 't as en ofgeschaffte Mann — ofgeschafft(en) Hänn; -gesinn trans./intr. Verb.: 1) (in Verbdg. mit et) «es auf jem. oder etwas abgesehen haben» — si haten et op mech o. — hie gesäit et ëmmer nëmmen op méch of; 2) «ablesen» (am Gesicht, an den Augen, am Benehmen) — mir hun him (et) ofgesinn, wat e gär hätt — ech gesinn der dat un dénger Nues of — et gesäit een him et nach of, datt e krank war — et huet een him den Dronk, d'Falschhät o.; 3) «unberücksichtigt lassen» (vor allem im Part. Prät.) — mir mussen dovun o. — o. vum Präis, vun de Käschten — o. dovun oder dovun(ner) o. (abgesehen davon); -gestrach Verbadj.: 1) «abgemolken» (Kuh, die nicht mehr gemolken wird) — ofgestrache Kéi gin an d'Pärreche gejot a gemäscht fir ze verkafen; 2) «gestrichen voll» — en ofgestrachene Sieschter (Sester); -gestuerwen Verbadj.: «abgestorben» — dazu: Ofgestuerwemass F. — s. Ab-gestuerwemass — cf. ofstierwen; -(ge)wannen trans. Verb.: «abgewinnen» (beim Kartenspiel) — ech spille fir mech z'amëséieren an nët fir den aneren hir Suen ofzegewannen — en huet mer méng hallef Pai ofgewonn(en);

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut