| Onz (lok. Wiltz: Oonz) F.: «Unze» (früher: Gewichtseinheit beim Abwiegen des Rauchtabaks) — et as keng O. Fett op der Zopp — en huet keng O. Kraaft am Leif, Verstand am Kapp — un dir as nun awer och keng O. Fett (du bist aber mager) — hien as keng O. Tubak wäert — et as keng O. méi rescht bliwwen (es blieb gar nichts übrig) — en as keng O. gewach (er wich keinen Fingerbreit).
onzendéck Adj.: «daumendick».
Oochen (Nösl.: o:çən) ON.: «Aachen».
oons(ch)t, ounst (Echt.: oanst) Präp.: «ohne» — fënnef Zenner Grompren op den Ar, o. déi kleng an d'Nëscht (prahlend) — o. mech kënnen se näischt maachen — et wor keen do o. hien (außer ihm) — cf. deroonscht, ouni.
oon(s)tgëscht, ountgëscht Adv.: «vorgestern» (Wb.06).
Oort (Pl. Eert) M.: 1) «Teil des Schuhes oberhalb des Absatzes» — en huet d'Schong ofgetruede bis op den O.; 2) (lok. gelegtl.) «Absatz des Schuhs» — s. Talong; 3) «Kante am Dach» (Dachdeckerspr.).
ootmen — s. otëmen.
op A. Adv.: 1) a. «auf» (Aufgeben einer Ruhelage) — mat den Hénger schlofen (goen), mat den Hénger op (stoen) — schon op (scil.: -gestan)? — d'Sonn as ewell op — de Mound wor op (aufgegangen, auch: Vollmond); b. «hinauf» (dafür auch: erop — Ggs.: of, nidder) — ech gi bis op (in das höhergelegene Stockwerk) — hien as uewen op (auf dem Stockwerk — Ggs.: ënnen an) — hei geet et al de Bierg op (erop — steigt es sehr an) — et geet erëm de Bierg op (biergop) mat him (er ist auf dem Wege der Besserung) — lo geet et den hëlze Bierg op (den hölzernen Berg hinauf, schlafen); 2) «offen, geöffnet» — d'Dire stounge wäit op (Ggs.: woren zou) — hie schléift mat der Fënster op (cf. oppen) — de Buttéck as nach op — dee Wiirt huet ëmmer laang no Feierowend op — de Bann as op (es ist freier Weidgang) — d'Wéngerte sin op (die Weinberge sind zur Lese freigegeben) — d'Juegd as op — d'Aen op odder de Beidel! — Aufforderung: dajee! d'Dir op — méng Nues as nees op (nach dem Schnupfen) — de Schwier (Geschwür) as (geet) op (bricht auf, eitert) — beim Versteckspiel: 't as op! — d'Spill as op (beim Kegel-, Kartenspiel) — cf. oppen; B. Präp.: «auf, zu» (mit Dativ und Akkusativ) — räumlich: hie klëmmt op den Daach (Dach), op de Bam — übtr.: si sin him op den Daach, op d'Bud geklomm(en — sie haben ihm Vorwürfe gemacht, ihn zurechtgewiesen) — hien as op d'Toilette — de Jong as op den Haff abestuet (hat auf den Hof eingeheiratet) — hie gouf op de Nikloskiirfecht begruewen — ech wor (mat) op d'Begriefnes — ech sin op d'Hochzäit geruff — waars du och op dat Fest (geruff)? — ech gin op d'Aarbecht, op d'Schaff — hie wor haut nët op sénger Aarbecht — lo gin ech op d'Gare, op den Zuch (zum Bahnhof) — géi op den Auto(bus), et gët Zäit! — fiirs de mat op (nach) Esch? (cf. no) — mir woren op de Maart, op d'Kiirmes, op d'Fouer — hie geet op d'Juegd, op den Hues, op d'Hénger (zur Jagd, zur Hasen-, Hühnerjagd) [Bd. 3, S. 274] — hatt geet op de Stréch (treibt Prostitution) — hien as bis op den Neibau kucken — mir mussen op d'Feld fueren (zum Arbeiten auf das Feld fahren) — hie geet op de Minett (Eisenerzgegend) schaffen — si sin op de (nom) Minett verzunn (verzogen) — (géi) op d'Säit! — du muss op der rechter Säit fueren — hie schléift am beschten op der rechter Säit — hie läit op der Rascht — et zitt mech op heem (lok. Helmsingen: nach Hause) — hien as op d'Scheier — en as op der Scheier (an der Scheier — in der Scheune) — op der Gare (am Bahnhof) — ech wor jhust (bis) op d'Dir gaang, du koum en — hie stoung op der Dir — si spillen op (an) der Strooss — de Bouf läit de ganzen Dag op (an) der Gaass — hie schafft op der Strooss (er ist Straßenarbeiter) — dagegen: hie schafft an der Strooss — er verrichtet Arbeiten in der Straße) — hien as (schafft) op der Bunn, op der Post (Nösl.: an der Post, aan d'Baan), op der Schmelz, op der Gemeng (er ist Eisenbahn- usw. angestellter) — hatt sëtzt de ganzen Dag op der Bitzmaschin (sie arbeitet den ganzen Tag an der Nähmaschine) — hie fiirt op engem Auto (er ist [Auto-]Fahrer) — en as Chauffeur op engem Camion (Lastwagenfahrer) — hien as op der Maschin (Maschinenführer, bedient die Maschine) — wie geet op d'Maschin? (beim Dreschen: wer wird die Garben auf der Dreschmaschine lösen [und in die Maschine einlegen])? — wie geet op de Won? (wer wird den [Ernte-]Wagen laden)? — hien as op der Schoul (besucht eine höhere Schule — aber: en as an der Schoul — er geht zur Volksschule) — en as dat éischt Jor op der Universitéit — hien as an der Belscht op enger Schoul (besucht eine höhere Schule in Belgien) — si sin op dem Cours (besuchen die Oberkurse) — en as op (der) Première (auf Prima) — op der Musel as et méi warem wéi am Éislek — op dëser Welt as elauter Misär — wat gët et bosseg Leit op der Welt! — waart emol bis de (op) déi aner Säit kënns (ins Jenseits)! — e Gebrauch, wéi en op all Duerf haut nach besteet — e Geschir, wat (dat) een op all Maart (Kiirmes) ze kafe kritt — ech sin zu X. op d'Welt kom (bin in X. geboren) — mir hun zéng Fudder Fruucht op der Scheier (Nösl.: an d'Scheier leien); in Fln. bezeichnet op eine höhere Lage z. B.: op Bäässend, op Millschend, op de Bierg, op Zangels — in Ortsbezeichnungen: op dem Holz (Ortschaft Holtz) — op der Schanz (Altrier); — übtr. als Ziel einer Bewegung, Ziel des Strebens: op ee lassgoen, lassfueren — et op sech huelen (auf sich nehmen) — op ee biichten (zielen) — op eppes uspillen — op ee, een (eppes) schéissen, héieren, kucken, uecht gin, ausgoen, aus sin, spëkeléieren — Recht hun op eppes — drohend: maach dech op eppes gefaasst! — op alle Fall! — op ege (eigene) Fauscht — op d'Gesondheet drénken — op de Mordjëss schaffen — op Doud a Liewen (cf. ohne Artikel) — een (ee bis) op d'Blutt péngéchen (s. sub: bis op) — et geet gutt bis op eemol — dat wor op mech ofgesinn, gemënzt — dat geet op dech (ist auf dich abgesehen, auch: auf deine Kosten) — hien huet e Pick, en Haass op mech — hien huet et (déck) op mech sëtzen — d'Meedchen huet et gutt op dee Jong stoen (mag diesen Jungen gut leiden, hat ihn gern) — d'Mamm as houfreg op hir Kanner (Zus.: an de Bauer op séng Ranner) — hien as stolz op séng Aarbecht (seine Arbeitsleistung, handwerkliche Fertigkeit) — deen elo as schaarf op d'Medercher — du gees mer op de Su, op de Mo, op d'Strëmp (du ärgerst mich) — de Bouf as nëmmen op d'Spillen aus an nët op d'Léieren — hien huet op (meist: fir) Dokter stodéiert — ech huelen en op d'Geriicht — ech loossen et op en Ed (Eid) ukommen — ech huelen et op en Ed (eidlich aussagen) — zeitlich: «nach, auf, zu» — et as zéng op néng (9 Uhr 10) — lo as et jhust e Véierel op aacht (Viertel nach acht) — zwanzeg op zwou — op den Dag (genee) sin si e Jor bestuet — et geet op den Owend zou — mir gin esou lues op de Wanter (zou) — si hun sech op eng Minutt gesinn (nur eine kurze Zeit gesprochen, gesehen) — en Haus op de Mount lounen (auf den Monat mieten) — op d'Jor (de Mount) bezuelen — op den Dag, de Mount, d'Stonn bezuelt gin — hie geet op d'sechzegst (Lebensjahr) zou — si hun et op d'längst Liewe gemaacht — zeitliche Folge: Schlag op Schlag — Wäin op Béier — e koum op der Minutt (sofort) — op d'Minutt (sofort) — op ee Schlag — Art und Weise (eigtl. und auch übtr. — viele Beispiele sind schwer einzureihen und wechseln von der örtlichen zur modalen Bedeutung hinüber): op englesch, op däitsch, op franséisch — ech hun him et op gutt lëtzebuergesch [Bd. 3, S. 275] (deutlich) gesot — hien huet et gutt op latäin iwwersaat — e follegt op d'Wuert — op alle Fall loosse mer äis dat nët gefalen — hie plot mech op der Doud (zu Tode) — eng Geschicht op d'Enn er-, verzielen (ganz) — op den Noute sangen (Ga: nach Noten singen) — d'Päerd geet op d'Musek (nach dem Takt der Musik) — wann d'Kanner mol op d'Däischtert ploen (bei Dunkelheit — Gœ) — vu kleng op neben vu kleng un (von Jugend auf) — op Baueremanéier — op déi Manéier geet et och — op eng Manéier hues de recht — op déi Aart a Weis — op eemol, op äs (auf einmal) — op eng Kéier (dsgl.) — op d'A (d'Fauscht) schaffen — op en Hor, en Spéngelsk(n)app, e Fangerdéck no — et as esou grad op der Nuef erausgaang — dajee, bis op e Neits! (bis zum nächsten Mal) — dat kascht op d'manst dausend Frang — op der Dot hun si en erwëscht — op der Dot maachen ech net — et geet ewéi op Ruletten — e geet wéi op Är — ohne Artikel: ech sin op Wee — op Doud a Liewen — op Rate, op Wiessele kafen — op Schratt an Tratt — op Hänken a Wiergen; ech hun de Mo op der Kopp (leien) — hie läit op der Kopp (er ist krank) — d'Dëppe läit op der Kopp (mit der Oberseite, der Öffnung nach unten) — bas d'op de Kapp gefall? (bist du noch recht bei Trost?) — e stäipt (stützt) sech op mech — ech hat mech op hie verlooss — iron.: verlooss dech op hien, da bas de verlooss! — hie mécht et op gutt Gléck — en as nët op de Mond, op d'Nues gefall — e pufft (borgt) op säi Papp — engem eppes op säi gudde Numm léinen (leihen) — ech gin näischt op säi Gerieds, säi Getoz, säi Gesiicht — et kënnt nët op ee méi odder manner un — op ee Mann bleift de Krich nët leien — op eppes kommen (einen Einfall haben, etwas verstehen, begreifen) — op eng Iddi kommen — deen elo as op Drot, op Zack, op der Héicht — elo kënnt en eréischt op Touren — en as erëm op de Been (wieder hergestellt) — maach dech op d'Been, op d'Socken, op d'Strëmp! — si hun e Geschäft op sech ugefaang (auf ihren eigenen Namen) — op déi Geschicht (hin), musst hie fort an Amerika — op déi Force hin — si si scho laang op de Buttéck gaang fir hiirt Fleesch (sie mußten schon lange das Fleisch kaufen, weil sie kein Fleisch der Hausschlachtung mehr übrig hatten — galt früher in Bauernkreisen als Zeichen der Dürftigkeit) — mehr als: ech hun op dräi Stonne gewaart — den Zuch (Zug) huet op eng Stonn Verspéidong — hien huet der eppes op sechzeg (scil.: Joer) — e verdéngt (eppes) op honnert Frang d'Stonn — hien as mer op dausend Frang schëlleg — et sin op zwanzeg Dosen — Verhältnis: op honnert Leit woren d'Halschecht Fraen — op dräi Jonge koum ee Meedchen — dräi Frang op de Kapp; — op dem zusammengezogen zu: (Norden) om, (Süden) um (s. LSA Karte 162: auf dem) — ech sin um Wee, um Spronk — e spillt um Piano — e päift um läschte Lach — hien huet keen dréchene Fuedem méi um Leif — e schafft um Feld — en as um Hond — e läit der Mamm um Läpp, um Portmonni — in Verbindung mit andern Präp., Adv. und Konjunkt.: op a bäi (auf und bei) — et bréngt een d'Suë bal nët méi op a bäi fir de Stot (Haushalt) — wéi solle mer dat nëmmen op a bäi bréngen?; op an dervun (auf und davon) — en as op an dervun (dervu gelaf — weggelaufen) — cf. op a fort; op a fort (auf und fort) — hien huet sech nët laang beduecht, an hien op a fort, leefs de nët, dann hëlt en dech — en as op (hopp) a fort gelaf (auf und davon gelaufen); op a lass (auf und los, weg) — elo awer op a lass, Jongen! op an of (auf und ab) — Ra. (auf die Frage nach der Gesundheit, dem Befinden, dem Ergehen): wéi geet et? — Antwort: et geet esou op an of (Zus.: wéi d'Flou am Hiem) — et geet (esou) op an of mat him (mit dem Kranken) — en as op an of getrëppelt; op an nidder (auf u. nieder) — sou e klengt, wibbelegt Kand, et geet ëmmer op an nidder; op an zou (auf u. zu, ein und aus) — hie geet vill bei hinnen op an zou (er verkehrt häufig bei ihnen) — e goung bei hinnen op an zou, wéi wann en do doheem gewiescht wir — de Wand huet d'Dir op an zou geschloen; bis op (bis auf, außer) — en huet sech bis op d'Schank (Knochen) geschnidden — ee bis op d'Blutt péngéchen (peinigen) — bis op ee woren se all do — si haten sech bis op d'Messer — bis op d'Rechnen as e gutt — et wor alles besat bis op déi lescht(e) Plaz — si hun him alles bis op de leschte Su ofgeholl — ech gin nach bis op d'Gare, d'Toilette, d'Haischen — cf. ech gi bis op (auf das höhere Stockwerk) — 'bis' zu ergänzen: hie plot mech op der Doud (zu Tode) — op der Doud picken [Bd. 3, S. 276] (zu Tode picken, von Hühnern gesagt — C.); C. (im Befehl, in der Aufforderung): «auf» — op mat dir! — allee op! — op an der Däiwel! — cf. hopp; op hun trans. Verb. — s. ophun; op sech hun — a. «auf sich haben, bedeuten» — dat huet näischt op sech (hat nichts zu bedeuten); b. «bedeckt sein» — ech kann (wëll) nët esou vill Gedecks op mer hun — spaßh. Wortspiel mit a.: dat huet näischt op sech, sot d'Meedchen, du loug et plakeg (nackt) am Bett; op sin intr. Verb.: 1) «offen sein» — d'Dir as op — d'ganzt Haus wor (stoung) op — den Deeg as gutt op (locker, offen); 2) «wach sein, aufgestanden sein» — ech sin ewell laang op — de Kranken as erëm op (nicht mehr bettlägerig) — — cf. sub A., 2) — Zussetz.: duer-, hannen-, vir-, wuerop.
Op-/op- (bei nachfolgendem Vokal [Liaison] erweicht zu b, bb — cf. BGra § 13,4 — LWB S. LIX 3. Konsonanten) -aarbechten trans. Verb.: «aufarbeiten, ausführen, fertigmachen» — Reiser o. (Reisig zu Faschinen verarbeiten) — Fluess o. (Flachs fertigmachen zum Spinnen, zum Weben) — cf. opschaffen; -anzou F.: 1) «Harmonika» (spaßh.); 2) «Reißverschluß»; 3) «Zwickmühle» (Mühlespiel) — cf. Féckmillchen sub 1); 4) «vulva»; -anzougank M.: «Zutritt» — hien huet do fräien O. — s. auch sub op an zou goen; -äerbelen refl. Verb.: «sich aufraffen» — du muss dech erëm o. an dech nët esou goe loossen; -äschten trans. Verb.: «ausästen» (Baum, Strauch); -bämen, -bemen trans. Verb.: «aufbäumen» (Weberei); -bannen trans. Verb.: 1) «hochbinden» — d'Hor o. — e Schiirtech (Schürze) o. — mir hun opgebonnen (die Triebruten des Rebstockes); 2) «zusammenbinden, bündeln» — mir hun d'Stréi beim Dreschen direkt all opgebonnen — hien huet nach e puer Reie Gaarwen opzebannen (er hat noch ein paar Reihen Garben zu bündeln); 3) «den Satz aus- oder aufbinden» (Druckerspr.); 4) «aufwickeln, lösen» (Verband); übtr.: 5) — in der Ra.: engem e Bier (Bären) o.; 6) intr.: «in Zorn ausbrechen, auffahren» (Ga); -baschten intr. Verb.: «aufbersten, aufspringen, aufplatzen» — d'Uebst as durech de Reen all opgebascht — de Rack as an der Not opgebascht — hien ësst, datt e bal (op)bascht — ech hun d'Hänn opgebascht (die Haut der Hände ist gerissen, aufgesprungen) — dazu das Verbadj.: opgebascht(en) — o. Hänn; -bau M.: 1) «Aufbau, Errichtung» — déi Firma as eréischt am O.; 2) «Wiederaufbau nach dem Krieg 1940 bis 1945» — dafür auch: Rekonstruktioun (s. d.) — en huet séng Geschäften am O. gemaacht — hien huet alles fir den O. geliwwert; 3) «das zuständige Amt für den Wiederaufbau» — hie schafft am O. — zeitbestimmend: et wor déi Zäit wéi den O. hei geschafft huet (zur Zeit als das Amt für Wiederaufbau hier Arbeiten ausführen ließ); 4) «das Hauptsims überragender Gebäudeteil»; 5) «Aufbau, Anordnung, Gliederung» — den O. vun deem Monument as gutt geroden — den O. vun deem Roman (Theaterstéck) as guer nët gutt; -bauen trans. Verb.: 1) «aufbauen» — e Schapp o.; 2) «wiederaufbauen» — s. Opbau sub 2); -bauschen trans. Verb.: «aufbauschen» — et as nach laang nët esou ewéi d'Leit et dorëmmer o. — hien huet déi Saach al opgebauscht; -bäissen trans. Verb.: 1) «aufbeißen» — 't soll een d'Nëss nët mat den Zänn o.; 2) «anbeißen» — de Bouf huet dräi Äppel opgebass — dafür meist: ubäissen; -behalen trans. Verb.: «aufbehalten» — e behält d'Aen nët méi op vu Middegkeet — am Haus soll een den Hutt nët o. — dafür auch: ophalen (s. d.); -bëndelen, -bëntelen, -biedelen (lok. Redingen: -bënteren, Nösl.: -bändelen) trans./intr. Verb.: 1) «fortgehen, auf und davon gehen, sein Bündel schnüren» — 't war Hallefnuecht wéi se entelech opgebëntelt sin (von einem lästigen Besuch gesagt); 2) «aufhalsen, aufbürden» — Nösl.: wu sollt ich konne fortgon, wann s d'e paar Kanner opgebändelt hass — wann der iech nët wiert kritt der alles opgebëntelt; 3) «aufbrausen, erzürnen» (lok. Redingen dafür auch: opbënteren) — ouni Uertel a Recht o. (ohne Ursache) — dazu Abl.: Opgebënters N.: «unnötige Aufregung» (C); -bidden intr. Verb.: 1) «ausrufen» (von Brautleuten); 2) «aufbieten» — d'ganzt Duerf wor opgebuede gi fir d'Kand ze sichen; -biedelen intr. Verb.: «aufbürden» — s. opbëndelen sub 2 und folg.; [Bd. 3, S. 277] -bierden trans./intr. Verb.: 1) «aufbürden» — ech kréien all déi knaschteg Aarbecht opgebiert; 2) «zuschreiben, die Verantwortung geben» — si hu mir (bet.) alles opgebiert an ech konnt d'Pan klaken; -bitzen trans. Verb.: «aufnähen» — wëlls de mer dat Ofzeechen hei o.?; | |