LWB Luxemburger Wörterbuch
 
opbauen bis opdréch(e)nen (Bd. 3, Sp. 276b bis 278a)
 
-bauen trans. Verb.: 1) «aufbauen» — e Schapp o.; 2) «wiederaufbauen» — s. Opbau sub 2); -bauschen trans. Verb.: «aufbauschen» — et as nach laang nët esou ewéi d'Leit et dorëmmer o. — hien huet déi Saach al opgebauscht; -bäissen trans. Verb.: 1) «aufbeißen» — 't soll een d'Nëss nët mat den Zänn o.; 2) «anbeißen» — de Bouf huet dräi Äppel opgebass — dafür meist: ubäissen; -behalen trans. Verb.: «aufbehalten» — e behält d'Aen nët méi op vu Middegkeet — am Haus soll een den Hutt nët o. — dafür auch: ophalen (s. d.); -bëndelen, -bëntelen, -biedelen (lok. Redingen: -bënteren, Nösl.: -bändelen) trans./intr. Verb.: 1) «fortgehen, auf und davon gehen, sein Bündel schnüren» — 't war Hallefnuecht wéi se entelech opgebëntelt sin (von einem lästigen Besuch gesagt); 2) «aufhalsen, aufbürden» — Nösl.: wu sollt ich konne fortgon, wann s d'e paar Kanner opgebändelt hass — wann der iech nët wiert kritt der alles opgebëntelt; 3) «aufbrausen, erzürnen» (lok. Redingen dafür auch: opbënteren) — ouni Uertel a Recht o. (ohne Ursache) — dazu Abl.: Opgebënters N.: «unnötige Aufregung» (C); -bidden intr. Verb.: 1) «ausrufen» (von Brautleuten); 2) «aufbieten» — d'ganzt Duerf wor opgebuede gi fir d'Kand ze sichen; -biedelen intr. Verb.: «aufbürden» — s. opbëndelen sub 2 und folg.; [Bd. 3, S. 277] -bierden trans./intr. Verb.: 1) «aufbürden» — ech kréien all déi knaschteg Aarbecht opgebiert; 2) «zuschreiben, die Verantwortung geben» — si hu mir (bet.) alles opgebiert an ech konnt d'Pan klaken; -bitzen trans. Verb.: «aufnähen» — wëlls de mer dat Ofzeechen hei o.?; -bleiwen intr. Verb.: 1) «offenbleiben» — d'Dir bleift och nuets op — d'Buttécker bleiwen op bis siwen Auer — übtr.: déi Fro bleift nach op; 2) «aufbleiben» — mir bleiwen op bis de rëm bas (gehen nicht schlafen bis du zurück bist) — die Kinder betteln abends: kënne mer nach e bësselchen o.?; -blëtzen intr. Verb.: «aufblitzen»; -bléiser (Echt.: Opbliser) M.: «Prahler»; -bliserig (lok.: Echt.) Adj.: «prahlerisch»; -blosen Verb. 1) trans.: «aufblasen» — e Balleg (Ball), e Schlauch o. — d'Schwéngsblos as nom Schluechten opgeblose gin fir en Tubakssak draus ze man — en huet e Gesiicht ewéi opgeblosen (er hat ein aufgedunsenes Gesicht) — s. sub Fräsch; 2) refl.: «prahlen, sich aufspielen» — wat deen sech opbléist! — dazu das Verbadj.: opgeblosen (lok. Echt.: opgebloost) — sou ent opgeblose(nt) Framënsch! — du dommt opgeblose(nt) Stéck (Ding) — e kënnt do wéi en opgeblosene Pohunn (Pfau); -boën intr. Verb.: «prahlen» — wann ä mat näist opbot — cf. boën; -boffen (lok.: Holtz) intr. Verb.: «aufbrausen, aufbegehren» — hei elei wat hien opbofft!; -bommelen intr. Verb.: 1) (lok.: Beckerich) «aufspringen» — wéi ech him d'Wourecht gesot hun, as en opgebommelt a wollt u mech gon; 2) (lok. Nösl. eher spaßh.): «sich aufraffen, aufbrechen» — en hatt sich nët lang bedait (bedacht), en as opgebommelt an e jung; -boren trans. Verb.: «aufbahren» — d'Läich as an der Stuff opgeboort; -botzen trans. Verb.: «aufputzen, aufwischen» — ech muss d'Kichen nach o., da sin ech fäerdeg — cf. ophiewen sub 3) — si hun alles schéi propper (d'Telleren, d'Plättelen) opgebotzt (aufgegessen); -brauchen trans. Verb.: «aufbrauchen» — dafür meist: verbrauchen (s. d.); -brausen intr. Verb.: «aufbrausen» — hie braust fir näischt a guer (a nammel, a widder) näischt op — cf. opbëndelen sub 3); -brennen trans. Verb.: 1) «aufbrennen»; 2) Winzerspr.: «das leere gereinigte Faß mit Brätschëf (s. d.) ausbrennen»; -bréngen trans. Verb.: «aufbringen» (Kapital, Geld) — ech bréngen dat (scil.: Geld) ménger Liewen nët op — cf. opbruecht; -bretzen (lok.: Remich -pretzen, -bretschen, Nösl.: -brëtschen) trans./ refl. Verb:: 1) «mit Gewalt aufzwängen» — si hu missen d'Dir o. — ech hun d'Këscht opgebretzt; 2) (lok.) «prahlen, sich aufblähen» — s. opblosen sub 2) — cf. sech bretzen; -briechen trans./intr. Verb.: 1) «aufbrechen, mit Gewalt öffnen» — d'Jhandaarmen hun d'Hausdir opgebrach; 2) «aufbrechen, sich öffnen, durchbrechen» (Med.) — de Schwier (Geschwür) as opgebrach; 3) «eine Reise antreten, weggehen» (Neol.); -broch M.: 1) «Aufbruch, Abmarsch»; 2) «Anschnitt» (von Brot, Gebäck — lok.) — den O. vun enger Taart (das erste Stück); 3) «Anbruch» (lok.: Mosel) — den O. vun engem Koup Trester — cf. ubriechen; -brommen intr. Verb.: «aufbrummen»; -bruecht Verbadj.: «aufgebracht» — en as ganz géint mech o.; -brueden trans. Verb. — s. opbretzen sub 1); -butschen intr. Verb.: «aufstoßen» — en as mat der Kar wäit opgebutscht; -däen intr. Verb.: «auftauen» — Echt.: d'Äis as opgedät — op där Plaz as de Buedem nach nët opgedät — übtr.: en as opgedät (wird munter, gesprächig) — cf. entdeën; -dauschen intr. Verb.: «aufbrausen» (von Kalk u. ähnl.) — dazu das Verbadj.: opgedosch(t) «aufgedonnert, protzig» — si kënnt do o. an der Seid; -decken trans. Verb.: 1) «aufdecken» — e Bett o. — eng Kautsch o. — übtr.: dee Schwindel muss opgedeckt gin; 2) «sich auf den Vordermann stellen» (Mil.); -dëschen trans. Verb.: 1) «auftischen» — mir kruten do opgedëscht Häerz wat begiers de!; übtr.: 2) a. «vorhalten, vorwerfen» — hie krut all séng Sënnen opgedëscht — ech hun him wat opgedëscht; b) «etwas Unglaubliches vortragen» — deen huet äis eppes do opgedëscht; -drag M.: «Auftrag» — en huet et am O. vun der Regéierong gemaacht [Bd. 3, S. 278] — et deet mer leed, dat kann ech nët, dofir hun ech keen O.! — cf. Uerder; -drängen trans./refl. Verb.: «aufdrängen» — ech wëll der näischt o. — dat as e schreckleche Mënsch, en drängt sech jidderengem op; -dränglech, -drénglech Adj.: «aufdringlich»; -dréch(e)nen trans. Verb.: «aufwischen, auftrocknen» — ech muss de Buedem nach mam Torschong o. — d'Sonn huet dee (dat) bëss-che Reen séier opgedréchent;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut