| -enaner, -enän, -eneen Adv.: 1) «aufeinander» — si lougen o. an hu sech zerfatzt (sie lagen einer auf dem andern und prügelten sich) — si leien o. ewéi d'Héierénken (s. Héierénk) an der Tonn — mir waarden (warten) o. — dat passt nët o. (paßt nicht zusammen) — si sin o. lassgaang wéi zwéin Hunnen (Hähne) — déi si guer nët gutt o. ze spriechen — d'Muurte (Möhren) stin ze déck o.; 2) «gleichzeitig (sein), zusammen(fallen)» — d'Hochzäit an de Kanddaf sin o. (gefall) — Ausruf des Unwillens: kënnt dann alles o. (auch: matenaner) — in Zussetz.: -falen — spaßh.: zwee Fester déi o. falen wéi Kuerfreideg an Ouschteren (die gar nicht zusammenfallen); -stoussen trans./intr. Verb.: «zusammenstoßen, zusammenprallen» — d'Autoë sin o. gestouss; -rennen trans./ intr. Verb.: «zusammenprallen»; 3) «kurz nacheinander» — lo hun se siwe Kanner o.; -enthalt M.: 1) «Aufenthalt» — den Zuch huet zéng Minutten O.; 2) «Verzögerung, Behinderung» — wa mer keen O. kréien, da si mer geschwënn do — dat wor (méich) zevill (e laangen) O.; 3) a.«Wohnberechtigung» — d'Mattant huet nach hiren (hire fräien) O. am Haus; b. «Aufenthalt, Bleibe» — wann d'Frae botzen, as fir d'Männer keen O. am Haus — lok. z. B. Hösdorf: hei am O. (hier im Dorf — mit Gemarkung); 4) «Besitz» — en huet kee Frang a séngem ganzen O.; 5) Stellenbezeichnung bei Buschdorf: om O. — dazu lok. Echt.: openthalen für ophalen — wann et is nët su openthal hätt; -erkläert (lok.) Adj.: «aufgeklärt, im Besitz aller geistigen Kräfte» — nit ganz o. (etwas geistesschwach); -erleën trans. Verb.: 1) «auferlegen, zur Pflicht machen»; 2) als Part. und Verbadj.: «zutreffend» — dat as o. (trifft bestimmt zu) — dazu Verbadj.: operluegt (lok.: opgeluegt, Wiltz: operloagt) «vollständig, offenkundig, unanfechtbar, unzweifelhaft» — ent o. Ganzt (beim Kartenspiel) — ech gewannen dat Spill do ganz o. — dat as en operluegte Näischnotz, Ligener — operluegter Weis; -erstoen intr. Verb.: «auferstehen» — dat do as den ale Jhang operstanen (der Sohn, Enkel sieht ihm sehr ähnlich) — dat as säi Papp (ewéi) operstanen — du mengs e wir vum Doud operstanen, sou gesäit en aus (so elend sieht er aus) — dazu Verbadj. (übtr.): operstan — dat as eng operstane Frechhät (eine grenzenlose Frechheit); -erzillen trans. Verb.: «aufziehen, erziehen» — si hun dat Kand mat hiren ägene Kanner operzillt — si si groussaarteg (arem, fromm) operzillt (gin) — en as bei frieme Leit operzillt (gin) — substantiv.: Kanner maachen as nët schwéier, mä d'Operzillen; -faart F.: «Auffahrt» (etwa zur Scheune); -faassen trans. Verb. «auffassen»; -faassong F.: «Auffassung» — wat hues du eng gelungen O.! — wat as déng O.? — 't as eng O. wéi eng aner; -falen intr. Verb.: 1) «hinauffallen» — dafür meist: eropfalen — d'Trap o. (eropfalen); 2) «auffallen, hervorstechen» — 't as mer och opgefall — en as domm opgefall — hie muss o., soss as e nët gutt drun; -falen(d) (Ton: 1, manchmal — stark betont — Ton: 2) Adj./Adv.: «auffallend» — opfale Manéieren — opfalend Wiesen — et sin etlech o. Ëmstänn bei där Affär — e wor o. héiferlech; -fälleg Adj./Adv.: «auffällig» — o. gekleet — e behëlt sech o.; -fänken trans. Verb.: 1) «auffangen, fassen, packen» — ech hun d'Kand nach grad opgefaang (kritt), soss wir et an d'Baach gefall — ech hun et mat den Aarmen opgefaang — Zuruf z. B. beim Ballspiel: fänk op! — e krut de Ball nët opgefaang — gehei mer de Schlëssel erof, ech fänken e mam Schouss op — hie fänkt se an der Luucht op (er ist um eine Ausrede, Lüge niemals verlegen); 2) «auffangen, sammeln» — de Weier (Weiher) fänkt d'Waasser aus der ganzer Géigend op — dee grousse Riech (Rechen) fänkt all Hällem op; 3) refl.: «sich auffangen»; -feën trans. Verb.: 1) «lichten, ausschneiden» — eng Heck o.; 2) «durchforsten» — e Bësch o. — cf. opäschten, reien — Abl.: Opgefees N.: «das ausgeschnittene Holz, kleine Äste» — d'O. loug nach Jor an Dag do; [Bd. 3, S. 280] -féieren trans. Verb:: 1) «hinaufbringen, -führen, -begleiten» — mir sin am Hotel mam Lift opgefouert gin — ech hun d'Leit bis op geféiert (op de Bierg), di schéinste Vue hun se vun do; 2) «aufführen, darstellen» (Theater usw.) — haut gët e schéint Stéck opgeféiert — si féiere schéi Saachen op — dazu: Opféierong F.: «Aufführung» — eng éischt, zweet O.; 3) refl.: «sich betragen» — dee féiert sech op ewéi en Hännes, en Nar, de wëlle Mann, ënt Schwäin, wéi der Däiwel am Wäiwaasseschpatt — wéi féiers du dech nammel op? — féier dech op (benimm dich) wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit — dazu: Opfouer (s. d.); -fëllen trans. Verb: 1) «auffüllen, nachfüllen» (Flüssigkeit, bes. Wein) — dazu: Opfëllwäin M.: «Wein zum Auffüllen der teilweise entleerten Fässer»; 2) (Mil.)a. «vervollständigen» — eng Unitéit o. (die Abgänge einer Einheit — Regiment — mit neuen Soldaten auffüllen); b. «aufrücken, die Lücke schließen» — Kommando: fëllt op!; 3) «auffüllen, aufschütten» (Erdloch) — mir mussen déi Kaul o. — d'G(e)léiser (s. d.) am Wee si mat Steng opgefëllt gin — do as elauter opgefëllte (auch: erworfene) Buedem — cf. opschëdden; -fidderen trans. Verb.: 1) «auffüttern» — wann d'Päerd emol bis opgefiddert sin, da sin se nët méi sou knacheg a buuschteg; 2) «aufpolstern» — d'Schëlleren am Palto gi mat Watt opgefiddert; -fizen trans./refl. Verb.: «aufputzen, herausputzen» — souguer opgefiizt, as et dach ëmmer eng aremséileg Popp — wat huet hatt sech opgefiizt!; -fléien intr. Verb.: 1) «auffliegen» — e ganze Schwarem Vulle sin opgeflunn ewéi den Hond durech d'Stéck gelaf as — eng Zäig Hénger (Feldhühner) as beieneen opgeflunn — übtr.: déi ganz Affär as opgeflunn (wurde aufgedeckt); 2) «zahlungsunfähig werden, in Falliment geraten» — ech hätt nët geduecht, datt dat Geschäft eng Kéier géif o.; -flénken refl. Verb.: «sich aufs Beste putzen» (Ga) — cf. opfizen; -fouer (Nösl.: Opfor) F.: «Betragen, Benehmen, Aufführung» — as dat eng O. fir e braavt Kand? — Echt.: 't as sein O. droa schold, dass kän e mi an Dolunn hëlt — elän duurch eier ongeritzt (s. d.) O. sëtzen ich hei om Dréchnen (Du — Villa Fina) — dat as keng O.! — eng O. wéi e Schwäin; -frëschen trans. Verb.: 1) «erneuern (Anstrich), auffrischen» — mir hun d'Dire missen o.; 2) refl.: «sich frisch machen» — d'Fra huet sech nach séier opgefrëscht; -frëschéieren refl. Verb.: «Hautwäsche erneuern, bes. zur Menstruationszeit»; -friessen trans. Verb.: «auffressen» — si hun alles zu Botz (Butz) opgefriess — dat Meedchen as esou léif, ech kënnt et o. — déi jong Mamm gët richteg vun hire Kanner opgefriess (alle Kräfte werden aufgezehrt); -froen trans. Verb.: «abhören» (Schulaufgaben) — fro mech méng Lektioun op! — cf. offroen sub 2); -fue(r)deren trans. Verb.: 1) «auffordern» — mir hun en opgefue(r)- dert sénger Wee ze goen — ech fue(r)- deren eech op d'Lokal ze verloossen (Polizeispr.); 2) «herausfordern» (bes. beim Spiel); -fue(r)derong F.: «Aufforderung»; -fueren intr. Verb.: 1) «hinauf-, aufwärtsfahren» — hien as mam Gespann dee géie Bierg riicht opgefuer — fuer mam Lift op!; 2) «aufplatzen, aufbersten» — d'Kläd as an der Not opgefuer — de Schwier as opgefuer (das Geschwür ist aufgebrochen) — e frësst datt en an enger Säit opfiirt (er ißt zum Platzen); 3) «auffahren, erschrecken» — ech si matzen am Schlof opgefuer, wéi d'Kand esou gekrasch(t) huet; -gafelen, opgabelen trans. Verb.: «aufgabeln, auflesen» — wou hues de deen Hond dann opgegafelt?; -gank M.: «Aufgang» — dee wees och aller Aasch O. (weiß alles und jedes) — en as bei all Aasch-O. derbäi — Zussetz.: Sonnenopgank; -gebidden, -gebéiden trans. Verb.: «aufbieten, zusammenrufen» — wat haten déi néideg Jann a Mann opzegebidden, wou se selwer näischt hun! (von armen Leuten, die großen Aufwand bei einem Familienfest machen); -gebott (Pl. Opgebotter, Nösl.: Opgebatt) M. und N.: 1) «Übergebot» — et gouf en O. gemaacht — cf. Mise; 2) «Aufgebot» — 't mengt een du misst bei all O. derbäi sin; | |