| -gank M.: «Aufgang» — dee wees och aller Aasch O. (weiß alles und jedes) — en as bei all Aasch-O. derbäi — Zussetz.: Sonnenopgank; -gebidden, -gebéiden trans. Verb.: «aufbieten, zusammenrufen» — wat haten déi néideg Jann a Mann opzegebidden, wou se selwer näischt hun! (von armen Leuten, die großen Aufwand bei einem Familienfest machen); -gebott (Pl. Opgebotter, Nösl.: Opgebatt) M. und N.: 1) «Übergebot» — et gouf en O. gemaacht — cf. Mise; 2) «Aufgebot» — 't mengt een du misst bei all O. derbäi sin; -gedonnert Verbadj.: «aufgedonnert» (Kleidung); -gehääft, -geheeft Verbadj.: «aufgehäuft, übervoll» — opgehääfte voll — cf. opgekéipt; -geheien trans. Verb.: «zugeben» (Kartenspiel) — cf. opgin sub 5); -geien intr. Verb.: «aufgeigen, aufspielen» (Ga); [Bd. 3, S. 281] -gekéip(el)t, -gekéipegt, -gegippelt, -gekippelt, -gekippt Verbadj.: «aufgehäuft, übervoll» — de Kuerf as opgekéipte voll; -gequollen Verbadj.: «aufgequollen» — opgeschwollen an o.; -geld N.: «Aufgeld» (bei einer Versteigerung) — d'O. as zéng Prozent; -geluegt Verbadj.: «aufgelegt, gestimmt» — en as gutt (schlecht) o. — 't as mer nët deemno (derzou) o.; -gemaacht Verbadj.: «abgemacht, vereinbart» — en o. Spill — s. ofgemaacht — cf. opmaachen; -gepufft Adj.: «auffällig» — hatt as ëmmer esou o. gekleet; -geraumt Verbadj.: 1) «aufgeräumt» (Zimmer) — cf. opraumen; 2) «zumute, aufgelegt» — dafür auch: -gereimt, -gerimmen; -geschlass Verbadj.: «aufgeschlitzt» — d'Box as en Eel laang (ellenlang) opgeschlass (Echt. — C) — cf. ofschläissen; -geschoss Verbadj.: «aufgeschossen» — en opgeschossene Borscht; -gespëtzt Verbadj.: «hager, mager» (bes. von einem jungen Mädchen von etwa zwölf bis vierzehn Jahren); -gesprong(en) Verbadj.: «aufgesprungen, aufgeborsten» — en opgespronge Brout; -gestécktevoll, -gestëbstevoll, -gestopptevoll, -gestrupptevoll Adj.: «übervoll, aufgehäuftvoll» — cf. opgehääft, opgekéip(el)t; -gestoacht — s. -stiechen; -gin Verb. A. trans.: 1) «hinaufgeben, hinaufreichen» — ech hun d'Gaarwen o., an hien huet gelueden (die Fruchtgarben auf den Erntewagen hinaufgereicht, und er hat gereiht) — du bas nach nët staark genuch fir opzegin, schär (scharre) du d'Hä zesummen; 2) «aufgeben, aufliefern» (zur Beförderung durch die Post, die Eisenbahn usw.) — ech hun elo grad eng Depeesch o.; 3) a. «eine Tätigkeit einstellen, aufhören» — en huet säi Geschäft o. — ech gin de Betrib op an da gët op de Rente gelieft — hien huet d'Stodéieren o. — gëf dat Léien, Geléis (Lügen) op! — gëf dat Getuddels op!; b. «verzichten auf, aufgeben» — ech gin et op, fir eppes aus em ze maachen — ech hun et o., fir déi Gerot (Rätsel) ze léisen — gëf et op, gëf d'Saach op! (verzichte auf diese aussichtlose Sache); c. «aufstecken» (Sportspr.) — spaßh: ech gin op, sot de Jong, déi renne jo wéi d'Schwäin — an der éischter Etapp hun der ewell o.; 4) «verloren geben» — den Dokter huet en o.; 5) «zugeben» (beim Kartenspiel) — Ra.: gëf (et) op, datt et eng Millen dreift! — gëf Zieles (s. d.) op! 6) a. «aufgeben, eine Arbeit, eine Aufgabe» — wat huet de Schoulmeeschter iech fir haut o.? b. in der Ra.: en huet de Been (s. d. sub 2) et o.; B. refl.: 7) «sich ergeben, sich verloren geben» — ech gi mech op — cf. sub 3)c. — en huet sech selwer o. — cf. sub 4); -go(e)n intr. Verb.: 1) «hinauf-, aufwärtsgehen» — ech gi bis op mech anescht undin; 2) a. «sich öffnen» — d'Dir geet ëmmer op (schließt nicht mehr) — Ra.: de Mond geet em op wéi säin Aasch (er redet unüberlegt); b. «aufblühen, sich entfalten, keimen» — d'Bléie sin an e puer Deeg opgaang — nom Reen sin d'Blieder séier opgaang — de Som as nët opgaang; c. «aufbrechen» — de Schwier (Geschwür) as opgaang — e frësst, datt en an der Säit opgeet; 3) «aufgehen, emporkommen» — d'Sonn geet fréi op — d'Liicht (Mond) as opgaang — d'Sonn as haut nët opgaang (es ist trübes Wetter) — éier d'Sonn opgoung (sehr früh morgens); 4) «aufgehen, anschwellen» — den Deeg (Teig) as nët opgaang — hien as opgaang wéi Damp, wéi Deeg (Teig) an der Mull, wéi Happ (s. d.), wéi Kochelen (Pilze), wéi Usaz (er setzte Fett an); 5) «ohne Rest bleiben, restlos aufgehen» — dat sin där Rechnungen déi nët opgin (eigentl. und übtr.) — Null bei (zu) Null geet op; 6) «verständlich werden, sich (dem Verständnis) öffnen» — as et der elo opgaang? — as der d'Scheierpaart (s. d.) opgaang? (siehst du es nun ein?) — et as mer e Späicherliicht (s. d.) opgaang; 7) «ausgehen, mangeln, fehlen» — déi Wuer as äis opgaang; 8) «verdienen» (z. B. Echt.) 't muss dem Wiirt eppes o., datt en de Brand an d'Geliichts nët ëmsoss stellt; 9) «verbraucht werden» — Echt.: bäi is zwä am Stot gät nët vill op (wir verbrauchen wenig zum Leben); 10) «hart ankommen, schwierig sein» — et wäerd him déi Kéier awer haart o.; -gruewen trans. Verb.: «aufgraben» — eng Séit (s. d.) o. — de Wee o.; -haen trans. Verb.: 1) «aufhauen» — mir mussen de Gruef o., soss leeft d'Waasser äis an de Keller — d'Äis op der Bach as opgehae gin; 2) «zu Kleinholz spalten, fertigmachen» — eng Kouerd Holz o. — cf. opräissen; -haf M. — s. Ophiewes; [Bd. 3, S. 282] -haff M.: 1) «Kauf, Kaufkarte» (Kartenspiel — Ga); 2) «gerichtliche Aufhebung einer Leiche» — e muss leie bleiwe bis den O. gemaacht as — zoum Ophaf ruffen (Meyer); -hafvoll Adj.: «aufgehäuft voll» — cf. opgestécktevoll; -halen Verb. A. trans.: 1) a. «offenhalten» — ech halen dir de Sak op (den Sack zum Füllen geöffnet) — hal de Schouss op, ech werfen der de Ball dran — du häls d'Hand awer ëmmer op (du bettelst fortwährend) — zum Kind dem man Süßigkeiten zustecken will: (hal) de Mond op an d'Aen zou — mir halen der d'Plaz op bis d'erëm kënns — mir halen déi Plaz e Mount laang op, da muss de dech entscheden; b. «geöffnet lassen» — en huet de Wanter durech den Hotel opgehalen — de Wiirt hat nach laang no Polizeistonn opgehalen; 2) a. «aufbehalten» — haalt ären Hutt op; b. «aufhalten, hindern» (lok. Echt. vereinzelt: openthalen) — halen ech dech nët op? — en huet sech o. gelooss, soss wir en ewell hei — en as opgehale gin — séng Eltren hun de Jong sechs Wochen opgehalen (die Einwilligung zur Heirat nicht gegeben) — Echt.: wann et is nët esu openthalen hätt!; 3) «haushalten, wirtschaften» — mäi Gott, e bëss-che Sträit am Stot as Haus ophalen — e schéint Haus o. — Echt.: wéint seine Medercher muss en e grusst Haus o. (ein großes Haus führen); B. intr.: 4) «aufhören, enden» — s. auch: ophéieren — et hält gläich op mat renen — hal op mat deem Gegranz, deem Gejéimers, deem Gestéchels! — hal elo op mat Kräischen, et kann dach näischt déngen — d'Zaldoten halen op mat Schéissen — hien as ze faul fir opzehalen (spaßh. wenn jem. mit einer Arbeit beschäftigt ist, die ihm Freude macht) — ech froe mech, wou dat ophält? — ech weess nët, wéi dat geet o. (wie das endigen wird) — do wou de Bësch ophält, läit eist Gromprestéck — mer mussen elo o., et gët ze däischter — aa! wann et esou as, dann hale mer op (wenn es sich so verhält, dann machen wir Schluß) — hält dee Kaméidi da bal op! — Ausruf des Staunens, der Entrüstung: nun hal awer op! (du übertreibst, gehst zu weit) — hal du dach nëmmen op! — hal dach eemol op!; 5) (lok.: Echt.) «aushalten» — et weess een nët wou ee bäi deem o. kann — s. aushalen; 6) «Mangel leiden» — mir sin nët un de Suën opgehalen — en as un de Leiden opgehalen (es mangelt ihm an Arbeitskräften); C. refl.: 7) «sich aufhalten, leben» — en huet sech a sénge jonge Jore laang zu Paräis opgehalen — dei Näischnotzen halen sech déi ganzen Zäit am Café op; 8) «sich entrüsten, Anstoß nehmen, Ärgernis an etwas nehmen» — en huet sech al driwwer opgehalen, datt se hien nët op d'Kiirmes geruff hun — et geet hien näischt un, an dach huet en sech al driwwer opgehalen — wann et der näischt seet, firwat häls de dech dann driwwer op? — d'Leit hun sech driwwer opgehalen (abfällig darüber gesprochen); 9) «sich abgeben, Umgang pflegen, verkehren» — mat esou Pak solls de dech nët o. — en hält sech mat Jann an Mann op — hien hält keng Familje méi mat em op; -happen -häppen (lok.: -häipen) trans. Verb.: «auf Haufen setzen» — mir hun nach e ganzt Stéck Kléi opzehäppen — éier d'Wieder koum hate mer nach opgehappt kritt — happs de nach alles op? — cf. opmaachen sub 3); -häfen (lok. Echt.: -houfen) trans. Verb.: «anhäufen» — cf. opgehääft; -hänk F.: «Vorrichtung zum Aufhängen» — im bes. a. «Kleiderhaken»; b. «Kleiderbügel»; c. «Aufhängsel am Kleid» — bitz mer d'O. rëm un; d. «Wäscheleine» — du muss mer d'O. nees hannescht maachen, den Drot as futti; -hänken Verb. A. trans.: 1) «aufhängen» — ech hun d'Wäsch opgehaang(en) — hues de d'Bild nees opgehaang? — den Héil (s. d.) o. — drohend: wann ech dech kréien, dann hänken ech dech op; übtr.: 2) «aufbinden, vorlügen» — engem eng o. (jem. etwas aufbinden) — hien huet him dat alles opgehaang — wëlls de mer eng o.? — gleef em näischt, en hänkt dir der nëmmen op — hänk mer keng op! — géi dach, du hänks mer eng op!; 3) «andrehen» — engem eppes o. — si hun him fir séng gutt Suen Dreckswuer opgehaang — hie krut dat om Maart opgehaang; 4) «abgewinnen» — si hun äis e puer Partien opgehaang; B. refl.: 5) a. «sich hängen» — dat as nët fir sech opzehänken — géi, hänk dech op! (scher dich weg, laß mich in Ruhe!) — s. erhänken; b. «Kleider ablegen und aufhängen» — Wortspiel mit a.: dann hänkt iech op!; -héieren intr./trans. Verb.: 1) «aufhören, endigen» — Ausruf der Entrüstung, [Bd. 3, S. 283] des Unwillens: do (lo) héiert awer alles (betont) op! — do héiert d'Weltgeschicht, d'Familjen, all Gemittlechkeet op! — héiert dat bal op? — maach, datt dat geschwënn(er) ophéiert! — bei Geldsaachen héiert d'Frëndschaaft op; 2) «abhören» (Schulaufgabe) — d'Mamm huet äis Kanner ëmmer opgehéiert — Ruf der Kinder: Mamm, héier mech op! — de Katchëssem o. — ech muss hien nach (nach eng Lektioun) o.; -hëllefen intr. Verb.: 1) «aufhelfen» (beim Aufstehen behilflich sein); 2) «abhelfen, zwingen abzulassen» — drohend: soll ech der o.? — ech wäerd deem schon o., waart! — mir wäerden där Affär huerteg o. (schnell Abhilfe schaffen) — där Saach as liicht opzehëllefen; -hief M. — s. -hoff; -hiewen Verb. A. trans.: 1) a. «aufheben, hochheben» — hief d'Féiss op! — hief de Rack op! — spöttisch: wat si ophieft! (als die langen Röcke in Mode waren und man die feinen Spitzen der Unterwäsche sehen konnte) — spaßhaft zu einem Kind das gestürzt ist und nicht aufstehen will: komm (komm her), ech hiewen dech op! — waarts de bis ech dech o.? — de Läpp o. (zum Zeichen der Verachtung) — Bas de staark? fragen die Kinder; darauf spucken sie auf den Boden und sagen: «Dann hief dat op!» — d'Kand as ze schwéier, séng Mamm kritt et nët méi opgehuewen — mir mussen d'Kand nach nuets o. (zur Verrichtung seiner Notdurft aus dem Bett nehmen) — übtr.: 't soll een nët all Steen o., soss hätt ee geschwënn(er) e Schouss voll (man soll sich nicht über jede Kleinigkeit aufhalten) — en huet et emol nët opgehuewen (er tat so, als habe er es nicht gehört); b. «auflesen, aufsammeln» — e Schouss voll Äppel o. — d'Grompre gouwe mam Plou ausgedon an op de Strachen opgehuewen — am Karschnatz hun d'Fraen (mat der Séchel) opgehoff, wat d'Maansleit geméint hun (beim Fruchtschnitt hoben die Frauen [mit der Sichel] das gemähte Getreide auf und legten es zum Garbenbinden bereit) — cf. ophuelen sub 1 und 3); 2) «abdecken» — den Dësch o.; 3) a. «auftrocknen» — de Buedem mam Torschong o. — komm hief dat Waasser hei op! — s. auch: optonken, opwëschen; b. «reinigen, säubern» — si hu Grief opgehoff (man hat die Gräben vom Gestrüpp, Geröll gereinigt); 4) «überrumpeln, unangenehm überraschen» — än am Da (s. d.) o.; 5) «(ein-)sammeln» — d'Hefter an der Schoul o. — d'Medercher gin o. fir d'Rout Kräiz — wann ee gestuerwen as, gin d'Nopeschfraen o. fir eng Mass a fir e Kranz — ech muss d'Är o. (gon — die Eier im Hühnerstall einsammeln); 6) «verwahren, versorgen» — hief de Rescht op fir den Owend — de Pätter as gutt bei der Schnauer (s. d.) opgehuewen (wird gut behandelt und gut gepflegt) — en as gutt bei eiser Häergott opgehuewen (von einem Verstorbenen, der nicht sehr geachtet war oder dem es im Leben nicht gut erging) — übtr.: dat si Leit, déi hiewen engem alles op (sind nachtragend); 7) «abheben» (Geld) — bei där Deirecht musse mer nach Suen o. fir duerzekommen; 8) «rückgängig machen, erlassen» — si hun d'Strof opgehuewen — kurz: 't as opgehuewen (Gesetz, Strafe, Verfügung); 9) «aufheben, beenden» — d'Sëtzong as opgehuewen — wann näischt méi ze son as, dann hiewe mer elo d'Sëtzong op; B. refl.: 10) a. «sich aufraffen, sich aufmachen» — du hun ech mech opgehoff a sin an d'Stad gelaf, direkt bei d'Regéierong, an ech hun denen et emol gutt geblosen — elei houf hien sech op a goung an d'Stad — dun hun ech mech opgehuewen a si bis op X. gelaf (besorgte einen Botengang nach X.); b. «sich ausgleichen» — dat hieft sech op; -hieweresch Adj.: 1) «empfindlich, kleinlich» — sief nët esou o. — hien huet en ophieweresch(t) Wiesen (er macht viel Aufhebens); 2) «nachtragend» — wann en aneren och esou o. wär, da kéim een nët aus dem Sträit eraus; -hiewe(n)s N.: 1) «Raum» — et as vill O. an deem Schaf (viel Raum zum Aufbewahren) — dafür auch lok.: Ophief, Ophoff (s. d.); 2) übtr.: «Getue, Aufhebens» — maach nët esou vill (kän) O. a bezuel mech — 't as nët dës O. wäert (es lohnt sich nicht der Rede) — wat hun si en O. mat deer Klengegkeet gemaacht!; -hiewesch F.: «Frau, die Kartoffeln aufsammelt» — dafür auch: Opräfesch (s. d.); -hoff (lok.: -hief) M.: 1) «Speisereste» — Echt.: den O. as anermools (viraals) an en Bidden odder en Troag ënner dem Waassersteen gedou geen fer d'Véi; 2) «Aufbewahrungsraum» (Schrank, Truhe) — mir hu keen O. hei (keinen Schrank zum Aufheben, Raum zum Aufbewahren) — Echt.: [Bd. 3, S. 284] deen Eek gët e gouden O. — an dësem Mauerschaf hoa mir éise määsten O.; -houfen (lok.: Echt.) — s. ophäfen; | |