| -lo, -lag F.: 1) «Auflage» (Steuer) — Zussetz.: d'Gemengenoplo; 2) «Ausgabe» — eng éischt, zweet O. vun engem Buch; 3) «Auflager» — s. Opläer sub 2); -loossen trans. Verb.: «auflassen, geöffnet lassen» — looss op, ech komme gläich erëm no (lasse die Türe unverriegelt, ich folge gleich) — 't muss een sech ëmmer eng hënnescht Diirchen o. (ein Hintertürchen offenlassen) — eng Fro (Frage) o.; 2) «offen, unbesetzt lassen» — si hun him (hien huet sech) déi Plaz opgelooss (opgehalen); 3) «auffliegen lassen» — et gouwen eng Dosen Dauwen opgelooss — d'Bouwen hun en Draach (Drachen) opgelooss; -lueden trans. Verb.: 1) «(auf-)laden» — Grompren (Kartoffeln), Hä (Heu), Holz, Zillen (Ziegel) o. — wat huet deen sech en Teller voll opgelueden (den Teller voll gehäuft, ungeniert zugelangt) — wat s du de Botter oplueds! (dick aufträgst) — nieft dem Gepäck hat en och nach eng Gei (Geige) opgelueden; 2) «erneut laden» — mir hun d'Batteri réischt opgelueden (opluede loosst) an elo as se rëm eidel; übtr.: 3) (auch refl.) «aufbürden, auferlegen» — Ra.: 't muss een sech nët méi o., wéi een droe kann — lued mer dat nët och nach op — lued der nët zevill op — deem aarmen Däiwel hun se ower och alles opgelueden — lo hu se den ale Monni och nach opgeluede kritt — (cf. Belaascht) — wann een eng Dose Kanner opgelueden huet, da geet d'Aarbecht engem nët of; -maach F.: «Vorrichtung zum Öffnen» — et as keng O. drun (z. B. an Konservenbüchsen); -maachen trans. Verb.: 1) «aufmachen, öffnen» — ech hun d'Fënster opgemaacht a frësch Loft eragelooss — hues du d'Dir opgemaacht? — maach (mer) op! — si maachen nët op — maach mer déi Béchs op — ech hun d'Aen opgemaach an emol dorëmmer gekuckt — mir hun haut de Buttéck nët opgemaach(t — das Geschäft heute nicht geöffnet) — ëm wéivill Auer maacht der op? 2) «eröffnen» — si hun en neit Geschäft opgemaacht — et as e neie Buttéck opgemaacht gin (ein weiteres Geschäft) — hien huet elo eng Wirtschaft opgemaacht; 3) «aufbereiten, zurechtmachen» — mir hun Holz am Bësch opgemaacht (Faschinen aus einem Reisighaufen) — hien huet eng Kouert Holz opgemaacht (eine Korde Holz zerkleinert) — Hä, Grumm o. (Heu, Grummet auf Haufen tun — cf. happen, ophappen) — d'Foudraasch o. (Futter zum Trocknen verarbeiten) — de Gaart gët dëst Jor nët méi opgemaacht (der Garten wird in diesem Jahr nicht mehr umgegraben) — mir hun e Stéck fir Gaart opgemaacht (ein Stück Feld als Garten aufbereitet) — mir gin haut d'Graf o. (die Grabstätte in Ordnung bringen) — Kallek o. (löschen) — Faarf, Steif o.; 4) «ansagen, eröffnen» (beim Kartenspiel, z. B. Whist, Poker) — ech maachen op, wie geet mat? 5) «abkarten» — als Verbadj.: opgemaacht — engt opgemaachtent Spill — s. ofgemaacht; 6) refl.: «sich aufmachen» — nu maach dech op an dervun (scher dich weg) — an aller Fréi hun se sech opgemaacht; -maachong F.: «Aufmachung» — d'O. vun deem Buch as schéin — fir hir O. brauch si ëmmer vill Zäit (Makeup); -marjhéieren intr. Verb.: «aufmarschieren» — d'Kanner sin der Rei no opmarjhéiert (der Größe, der Reihe nach) — wat huet deen Affekot Zeien am Prozess o. gedunn! -marsch M.: «Aufzug, Gepränge» (meist. pej.) — wat maachen déi en O. bei der Hochzäit (welch protziges Getue bei dem Hochzeitszug); -mécher (lok.) M.: «Unruhestifter» (C) — ma du weess dach wien deen éiwegen O. as!; -mécheres, -geméch(el)s N.: «Getue» — hie féiert ëmmer esou en O. — a wat fir en Opgeméchs as dann dat nees? — cf. Geméch(s); -mierken intr. Verb.: «aufmerken» — dafür auch: uecht gin; -mierksam, -mierksem (Ton: 2) Adj.: «aufmerksam»; [Bd. 3, S. 287] -mierksamkät, -keet F.: «Aufmerksamkeit» — dat as nëmmen eng kleng O. — cf. Erkenntlechkät sub 2); -miessen, -moossen trans./intr. Verb.: 1) «abmessen» — mir hu gëscht d'Holz opgemiess, dat mer verkaaft hun — d'Fruucht musse mer nach o.; 2) «herunterhauen» — sou engem vermessene Bouf muss een der en etlech o.; 3) «viel trinken, hinuntergießen» (bes. wenn gratis ausgeschenkt wird) — 't wor Fräibéier (Freibier), du konnt hien erëm dichteg o.; 4) «eine Polizeistrafe verhängen» — mir kruten e Protekoll opgemiess — cf. opkraachen, -schmieren, -schmidden, -drécken; -monteren trans. Verb.: «aufmuntern» — en as zënter e puer Deeg erëm méi opgemontert; -monterong F.: «Aufmunterung» — sou eng kleng Opmierksamkeet as alt eng O. fir hien; -moos F.: «aufgehäuftes Maß» (Ga); -moossen — s. -miessen; -namexamen M.: «Aufnahmeexamen» — et waren der ganz vill am O.; -néidegen trans. Verb.: «aufnötigen» — ech hun et missen huelen, hien huet mer et opgenéidegt; -nelen trans. Verb.: «aufnageln» — an der Gierwerei gin d'Hait (Häute) opgeneelt (in der Gerberei werden die Tierhäute zur weiteren Verarbeitung auf Rahmen festgenagelt) — dazu: -nelert M.: «Arbeiter, der die Häute aufnagelt» — Gerberspr. (Wiltz): de Nik hoat d'Fassele (Behälter für Gerberlohe) nick méi verdroen, hie koum elo bei d'Opnelerten; -otëmen intr. Verb.: «aufatmen»; -pantoffelen trans. Verb.: «ein Fell, eine Haut narben»; -papen trans. Verb.: «mit Kleister, Pappe aufkleben» — cf. oppechen, opkliewen; -passen intr. Verb.: «aufpassen, achtgeben» — en huet opgepasst wéi e Spëtzbouf — du solls an der Schoul besser o. — Warnruf: opgepasst! — verweisend: da pass dach op! -patschen intr. Verb.: «mit einem Knall aufbersten» — iwwerzeideg (überreif) patschen d'Drauwe gär op — d'Ginzescheke (Ginsterschoten) patschen op — Abl.: Opgepatschten M.: «mit Skrofeln behafteter Mensch» — dat as där Opgepatschte(ne)r een, en as voller Hellech(t)smaangel (s. d.); -pechen trans. Verb.: «aufkleben»; -pënselen trans. Verb.: «aufpinseln» — de Baart o. (den [Schnurr-] Bart aufwichsen, schniegeln); -pëtzen trans. Verb.: «durch Kneifen mit den Fingernägeln öffnen» — eng Pautsch soll een nët o. — übtr. (spaßh.): wat huet deen d'Aen opgepëtzt (die Augen aufgesperrt); -picken trans. Verb.: 1) «aufpicken» — d'Hong huet d'Fudder all opgepickt; 2) a. «aufschlagen mit dem Schnabel» — d'Hong huet d'Äer opgepickt; b. «aufstechen mit einer Nadel» — du muss de Schwier o. — eng Bloder soll een nët o. — déi (deen) Tüb (Tube) musse mer o.; -piddelen trans. Verb.: «in ganz kleinen Stückchen mit den Fingerspitzen abzupfen oder abkratzen, bes. von der Kruste von Geschwüren oder Wunden» — en huet de Schwier opgepiddelt; -quekelen trans. Verb.: «aufpäppeln» — cf. opzillen; -quëllen intr./trans. Verb.: «aufquellen» — d'Ierze (Erbsen) sin zevill opgequollen, mir kënnen se nët méi setzen — looss d'Bounen (Bohnen) e bëss-chen o., da kommen s'éischter erëm — de Som as ewell an der Tut opgequollen; -planzen trans. Verb.: «aufpflanzen» (Mil.) — d'Bajonett o. — d'Zaldote si mat opgeplanztem Bajonett opgezunn; -raachen trans. Verb.: «aufrauchen» — en huet e ganze Pak Tubak bei de Beien opgeraacht; -rafen trans. Verb.: 1) «aufheben» — wëlls de dat schéin o. (Aufforderung z. B. an ein Kind etwas aufzuheben) — et muss een nët all Steen o., deen ee fënt (man soll nicht kleinlich sein) — et as nët derwäert fir sech ze bécken an et opzerafen (es lohnt sich nicht) — e geet d'Zigarettestëmp an de Kulangen o. (verächtlich, von einem, der heruntergekommen ist) — zu einem Kind, das gefallen ist (spaßh.): komm hier, ech rafen dech op; 2) «auflesen» — d'Grompren, d'Äppel o. — mir hun nach eng Fur Grompren opzerafen (die [durch die Maschine] ausgeworfenen Kartoffeln einer Furche noch aufzulesen) — hien huet Päerdskniddelen (Pferdemist — Kéidrecker — Kuhfladen) opgeraaft, fir an de Gaart; 3) «sammeln» — si gin o. fir eng Klack (Glocke), fir d'Rout Kräiz — cf. ophiewen sub 5); 4) «angesteckt, befallen werden» — dat as eng Keelt, et as fir der Doud opzerafen (von einer Todkrankheit befallen zu werden) — e [Bd. 3, S. 288] rääft alles op (er ist anfällig für Krankheiten) — en huet eppes opgeraaft (euph.: er hat sich eine venerische Krankheit zugezogen); 5) «auftreiben, aufgabeln» — wou huet hien dat Meedchen dann opgeraaft?; 6) refl.: «sich (rasch) erheben, sich zusammenraffen» — en huet sech opgeraaft an sech séier ewechgemaacht — cf. ophiewen; -rappen trans. Verb.: 1) «aufreißen» — lo hu se nees eng Kéier d'ganz Strooss opgerappt — mir hun nach e Koup Woll opzerappen — ech hu mer d'Box un deem Nol opgerappt — e Bréif o. — du hun se d'Fënster opgerappt fir frësch Loft eranzeloossen — du muss d'Maul awer ëmmer o. — en huet s' (scil: d'Maul, d'Schnëss) opgerappt bis hannert d'Oueren — eng Wonn o. (durch Abreißen des Verbandes); 2) a. «pflügen» — déi Brooch as mol rëm eng Kéier opgerappt gin; b. «aufeggen, die Bodendecke des Feldes aufbrechen» — du muss d'Stéck (Ackerfeld) o., soss gët ët nët dréche fir ze séien; 3) «aufbauschen, übertreiben» — hie kann all Klengegkeet o.; -rasen trans. Verb.: «aufbrechen durch Entzündung» — cf. Rous I sub 3)a.; | |