LWB Luxemburger Wörterbuch
 
oprëselen bis Opsiicht (Bd. 3, Sp. 288b bis 291a)
 
-rëselen trans. Verb.: 1) «schütteln, aufrütteln» — du muss d'Medzin o., éier s de se hëls — d'Kësse (Federkissen) mussen opgerëselt gin, soss klëmpen (klumpen) se — Hä (Heu), Fudder o.; 2) übtr.: «auf-, durchrütteln» — du häss néideg opgerëselt ze gin — du schléifs jo, 't muss een dech e bëss-chen o. — een aus dem Schlof, der Lidderegkeet o.; -richteg, -riichtig Adj.: «aufrichtig» — en oprichtegen, éierleche Mënsch; -riichten trans. Verb.: 1) «aufrichten, errichten» — d'Steemetzer hun d'Stee (das Gerüst) opgeriicht — mir hun alles opgeriicht (scil.: d'Gaarwen — Getreidegarben) — d'Kiirmes as ewell opgeriicht (die Kirmesbuden) — fir Zerläichendag (Fronleichnam) gin Altär opgeriicht — d'Jongen hun d'Buerg opgeriicht (beim Burgbrennen) — den neie Buurgermeeschter kritt e Bam opgeriicht — wat hun déi alles an där Zäit opgeriicht! (erbaut, errichtet) — hie kritt e Monument opgeriicht (man wird ihm ein Denkmal setzen) — e Veräin o. (einen Verein [Bd. 3, S. 289] gründen) — en Inventar o. (an Ort und Stelle aufnehmen); b. «aufstellen» (beim Kegelspiel) — mir mussen een hu fir opzeriichten — Ruf an den Kegeljungen: riicht op! — riicht de Bauer erëm op! — mir mussen o. (wir müssen mehr als neun Kegel werfen) — ech hun eleng opgeriicht (habe allein neun Kegel geworfen) — dazu: Opriichter M.: «Kegeljunge»; 2) «anstellen, anstiften» — wat hues du eppes opgeriicht! — hien huet et opgeriicht an ech muss elo kucke fir d'Saach an d'Rei ze kréien — Echt.: ich mänen si hoan erëm eppes opgeriicht (erwarten Familienzuwachs); 3) refl.: «sich erheben, sich aufrichten» — du hun ech (betont) mech emol opgeriicht, an du war geschwënn alles an der Rei — d'Gras huet sech erëm opgeriicht (das niedergetretene Gras) — hie kritt sech nët méi opgeriicht (so schwach ist er) — übtr.: lo huet en sech emol rëm opgeriicht (wieder Mut gefaßt) — Abl.: Opgeriichs N.; -rippen trans. Verb.: «aufrippen» (Hüttenspr.) — d'Stéchlach o.; -rou (lok. Echt.: -rouer) F.: «Unruhe, Erregung, Aufruhr» — mir waren all an enger O. bis mer Bescheed woussten — hie koum an enger O. gelaf — bei engem Stierffall as allerhand O. am Haus — hie mécht keng O. (stört nicht); -rouer F.: «Empörung, Lärm» — Echt.: wat fer O. a Spektakel as dat hei?; -ruff M.: «Aufruf» — et stoung en O. an der Zeitung fir d'Fändelen opzehänken; -ruffen trans. Verb.: 1) «aufrufen» — si gin nom ABC opgeruff — d'Nimm sin opgeruff gin — d'Gewënner vun der Tombola goufen opgeruff — de Professer huet mech am Latäin opgeruff (Schulspr.) — bei Preisverteilungen sagte man früher: den éischte Präis, den éischten opgeruff; 2) «wecken» — vergiess nët mech ëm sechs Auer opzeruffen — dafür auch das Simpl.: ruffen; 3) «auffordern» — d'Leit sin all opgeruff gi fir ze hëllefen; -rullen trans. Verb.: «aufrollen»; -saz M.: 1) «Aufbau, Aufsatz, Bekrönung» (etwa von Möbel, Dach, Gebälk) — en O. op dem Kamäin — den O. vun engem Schaf, engem Älter (Altar) — e Kuch mat zwéin, dräi Opsätz — en O. an engem Schaf (Aufbaufach in einem Schrank); 2) a. «Aufsatz» — wann e säin O. an der Schoul mécht, dann daagt en näischt — ech sin näischt an den Opsätz — (ich bin nicht tüchtig im Aufsatz) — heute meist das hd.: Aufsatz gebraucht; b. «Stil, Ausdrucksweise» — schreif du mer dee Bréif, du hues e besseren O. — hien huet en O. ewéi en Affekot, ewéi e Professer; c. (lok.: Echt.) «Redefluß» — mä dou hoas den Owend e gouden O., sot de Mann, wéi d'Fra him d'Lewitte gelies hoat; b. «Groll, Feindschaft» (Ga) — s. d. F.; -sätzeg, -sässeg Adj.: 1) «trotzig, widerspenstig» — d'Kanner sin op eemol esou o. gin; 2) «aufsässig, feindselig gesinnt» — de Meeschter as mer zevill o., ech gi ménger Wee — en as engem ganz o. — dazu: Opsätzegkät, -keet F.; -schaffen trans. Verb.: «aufarbeiten, restlos verarbeiten» — en huet all séng Wuer opgeschafft — d'Mamm huet d'Woll all opgeschafft; -schäffen trans. Verb.: «gewinnen, verdienen» (Ga) — 't as näischt derbäi opzeschäffen; -schëdden, -schidden trans. Verb.: 1) «auffüllen, nachfüllen» — an der Millen d'Fruucht o. (den Mahltrichter auffüllen) — d'Mëllech as an der Molkerei opgeschott an am selwechte gemiess gin (in der Dorfmolkerei wurde die Milch in ein großes Sammelbecken geleert und gleichzeitig gemessen) — übtr.: dien do drénkt nët méi, dee schitt op — wat huet deen opgeschott, wéi et fir näischt ze saufe gouf; 2) «aufgießen» — (de) Kaffi, (den) Téi o. — soss hun d'Leit d'La beim Bauchen (s. d.) opgeschott — dazu das Verbadj.: opgeschott «aufgeschüttet» — opgeschotte(ne) Buedem — dafür auch: erworfene Buedem — s. sub erwerfen; -schierzen trans. Verb.: «aufschürzen» — schierz d'Ärem (er)op! — en huet d'Lëpsen opgeschuert (Schmollmund) — dazu das Verbadj.: -geschierzt, -geschuert: «aufgeschürzt» — opgeschierzten Ärem — eng opgeschierzte Nues (Stulpnase); -schiwwen intr. Verb.: «aufschieben» — Spw.: opgeschuewen as nët opgehuewen; -schlag M.: 1) «(Gewinn)Zuschlag» — lo kënnt nach den O. derbäi, dann hu mer de richtege Präis; 2) (Pl. -schléi) «Besatz, Aufschlag an Kleidungsstücken» — blo a giel Opschléi um Arem; 3) «Rückriemen, Kreuzriemen am Pferdegeschirr» (Ga); 4) «Umschlag» — du muss warem Opschléi maachen, da vergeet d'Geschwill; [Bd. 3, S. 290] 5) «Aufschlag» (Musik); 6) «Auftreffen, Aufschlag auf die Erde usw.» — den O. op d'Waasser as geféierlech fir de Schwëmmer; 7) (Weberspr.) «bezeichnet das fertige Tuch, das vom Webstuhl heruntergenommen und auf einem langen Tisch nach Weberart aufgefaltet worden ist» — s. opschloen sub 9); -schlo(e)n trans./intr. Verb.: 1) «aufschlagen» — hien huet d'Këscht opgeschloen — ech hun eng Noss opgeschloen — eng Dosen Äer fir eng Ammelett o.; 2) «anstechen» — e Faass (scil.: Béier) o. (ein Faß Bier im Keller anstecken und an die Bierleitung anschließen); 3) «öffnen» — e Buch o. — ech hun der d'Säit opgeschloen, wou et steet — e war emol nët esou kéng fir d'Aen opzeschlon — übtr.: schlo eng aner Säit op (halt ein mit deinen Vorwürfen, Ausführungen, Erörterungen); 4) «heftig aufprallen» — en as mam Kapp (mat der Stir) opgeschloen (fiel mit dem Kopf, der Stirn heftig auf); 5) «durch Anschlag bekannt machen» — et hänkt bei der Kiirch opgeschloen; 6) a. «aufschlagen, errichten» — en Zelt o. — den Zirk (Zirkus) huet d'Zelt ewell opgeschlon — eng Lein o. (Echt.: Wäscheleine anbringen); b. «auf Kiel legen» (Nachenbau) — en Aachen o.; 7) «aufhellen, aufklären» — d'Wieder schléit op; 8) a. «teurer werden» — et schléit alles all Dag méi op; b. «den Preis erhöhen» — si hun ënner der Hand hir Präisser opgeschloen — si sin alt nees opgeschloen; 9) (Weberspr.) — Duch o. «das fertige Tuch vom Webstuhl herunternehmen, auf einem langen Tisch nach Weberart auffalten, so daß die Bruchkanten des zusammengerollten Tuches ein Herz bilden»; 10) refl.: a. «sich niederlassen, sich selbständig machen» — hien huet sech fir Schräiner opgeschloen — wou hues de dech dann opgeschloen? (wo hast du dich als Meister niedergelassen, auch: wo wohnst du?); b. «sich durch heftigen Fall verletzen» — en huet sech de Kapp opgeschloen — s. sub 4); -schnatz, -schnatt, -schnëtt M.: «Anschnitt» (von Brot, Wurst, Schinken usw.) — dafür auch: Uschnëtt — cf. Bootsch II sub 1); -schneiden trans. Verb.: 1) «aufschneiden» — mir hun eng Ham opgeschnidden — du wëlls dech bestueden an du kriss emol nach kee Brout opgeschnidden — d'Wonn as opgeschnidde gin; 2) übtr.: «übertreiben» — dee konnt o., do waars du e Léierbouf dergéint; -schmidden trans./intr. Verb.: 1) «durch Schmieden öffnen» — e Lach o.; 2) a. «das vorhandene Eisen (in der Schmiede) restlos (beim Schmieden) aufbrauchen»; b. «Eisenabfälle zu neuem Gebrauch zusammenschmieden»; 3)s. opdrécken sub 2); -schnëssens. -schwätzen; -schrëft F.: «Aufschrift» — lies mer emol d'O. vun deem Pak — d'O. op dem Frang, dem Goldstéck; -schreiwen intr./trans. Verb.: 1) «aufschreiben, notieren» — solle mer dech fir an eise Veräin o.? — ech hu mer d'Adress opgeschriwwen — d'Poliss huet en opgeschriwwen — schreif der et op, soss vergëss du jo alles — wie schreift op? (beim Kartenspiel); 2) «anschreiben» — si léisst alles o. — Abl.: Opgeschreifs, Opgeschriffs N.; -schubb M.: «Aufschub»; -schuppen, -schupsen trans. Verb.: «aufschieben» — Abl.: Opgeschups N. — dat O. haassen ech — substantiv. (lok.): -schupper M. Pl. — d'O. kommen nët an den Himmel (von Personen gesagt, die ihre [österliche] religiöse Pflicht immer hinausschieben); -schwätzen trans. Verb.: «aufschwatzen» — wéi se fäerdeg woren, hat hien hinnen awer dat Miwwelstéck opgeschwat — dafür auch: -schnëssen; -schwëllen intr. Verb.: «anschwellen» — opgeschwoll an opgequoll — Volksmed.: géint eng opgeschwollen Hand (vun der Keelt) as warem Zelleriswaasser heelsem (C), och wan s'erbellt as — dazu: -schwellong F.: «Anschwellung»; -setzen trans. Verb.: 1) «zum Kochen aufsetzen» — ech muss d'Iessen o. — d'Fleesch, d'Grompren, en Dëppe Waasser o. — dafür auch: bäisetzen, bäidoen — übtr. (Echt.): säi Keepchen opsezen (den Kopf zeigen, störrisch sein); 2)s. opdun — seng Kap o. — engem Haren o. (jem. Hörner aufsetzen); 3) «abfassen, verfassen» — setz du mer dee Bréif op, ech kréien et nët fäerdeg — dee Bréif huet hie ni a nëmmer opgesat — cf. Opsaz sub 2); 4) «einstellen» — vill Gesënner (Gesinde) o. — wou kann een dann dräi Kéi o. (halten), wann een nëmme fir eng Fudder huet! — Ra.: wien de Spillmann opsetzt, muss en och bezuelen; 5) (lok.: Echt.) «ab-, versperren» — en Strooss opsezen, wa se nei poweicht gët; 6) «loben» — et soll ee séng ege Kanner nët o.; [Bd. 3, S. 291] 7) refl.: a. «kandidieren» — ech hu mech opgesat fir an d'Chaber, an de Koñssel; b. «sich brüsten, sich rühmen» — cf. sub 6); c.s. opschloen sub 10)a.; -sëtzen intr. Verb.: «aufsitzen» — spaßh.: sëtz emol op (stehe auf) — Ruf der Kohlmeise: sëtz op d'Päerd, sëtz op d'Päerd, sëtz of, sëtz of; -sichen trans. Verb.: 1) a. «aufsuchen» — ech hun dat Wuert am Diktionnär opgesicht — ech sin en o. gaang; b. refl. — dat huet hien sech selwer opgesicht (ist selbst schuld daran); 2) «besuchen» — wann ech bei ee gin, da muss ech s'alleguer o. goen; -siicht F.: «Aufsicht» — hien huet soss näischt ze maachen ewéi d'O. ze féieren — bei där Aarbecht wor keng richteg O. — een ënner O. huelen (unter Bewachung stellen) — e stong ënner O. — Zussetz.: Polizeiopsiicht;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut