LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Opsiicht bis Opstiw(w)eler (Bd. 3, Sp. 291a bis 292b)
 
-siicht F.: «Aufsicht» — hien huet soss näischt ze maachen ewéi d'O. ze féieren — bei där Aarbecht wor keng richteg O. — een ënner O. huelen (unter Bewachung stellen) — e stong ënner O. — Zussetz.: Polizeiopsiicht; -siichter M.: «Aufseher» — hie spillt den O. (arbeitet nichts) — e gudden O. as d'hallef Aarbecht (lok. Vianden: as besser wéi de beste Schaffert) — abweisend: du bas nët mäin O., mierk der dat!; -sins. sub op; -sins N.: «Aufsehen» — O. maachen (erregen); -soen trans./intr. Verb.: 1) «kündigen» — de Bail o. — en huet opgesot (er hat gekündigt) — e krut opgesot (ihm wurde gekündigt) — de Kniecht seet dem Meeschter op, d'Mod gët hir véierzéng Deeg — ech hun him d'Stéck opgesot (die Pacht gekündigt); 2) «hersagen» — da so déng Lektioun emol op! — wéi mer alles opgesot haten, du musste mer et nees schreiwe, soten d'Kanner — cf. Lektioun; 3) «ausschimpfen» — ech hun uerdentlech mat em opgesot; -spanen trans. Verb.: «aufspannen» — e Prabbli o. — wann hie schwätzt, da muss d'e Prabbli o. — en huet Nues (Aen) an Oueren opgespaant (hörte gespannt zu) — du muss d'Oueren o., wann s d'eppes wëlls héieren; -späicheren trans. Verb.: «aufspeichern» — woufir wëlls de déi al Saachen o.? — si hu Wueren opgespäichert (Vorrat angelegt); -spären trans. Verb.: «aufsperren» — waart, ech spären der (d'Dir) op — Mond an Oueren o.; -spëtzen intr. Verb.: «aufhorchen, aufmerken» — wat huet do alles opgespëtzt, wéi déi mateneen opgesot hun (als die beiden sich gegenseitig beschimpften) — wéi dat Wuert bis gefall as, hun ech opgespëtzt; -spillen trans./intr. Verb.: 1) «aufspielen» — zum Danz o.; 2) (lok.) — s. ausspillen, uspillen; 3) refl.: «sich benehmen, auftreten» — sech o., dat kann hie gutt! — e spillt sech op wéi e Barong; -spiller M. — s. Ausspiller, Uspiller; -spläissen trans. Verb.: «aufspleissen, auftrennen» (z. B. elektrisches Kabel); -sprangen intr. Verb.: 1) a. «aufspringen» — en as héich opgespronge vu Freed, vu Roserei — en as opgesprongen ewéi e Wëllen; b. «Preise plötzlich steigern» (Wb.06); 2) a. «aufplatzen» — d'Käschte (Kastanienfrucht), d'Ginzescheke sprangen op; b. «aufspringen, (sich) öffnen» — d'Schlass vun der Dir wor vum selwen opgesprong — 't as him eng Oder am Kapp opgesprongen; c. «aufbrechen» — d'Hänn an d'Lëpse si mer opgesprong an där rauer Loft — d'Miel wor ze naass, d'Brout huet missen o. — dazu das Verbadj.: opgesprongen — o. Brout — o. Fanger, Hänn (rissige Finger, Hände) — cf. opbaschten; -sprenkelen trans. Verb.: «weit aufbrechen» — d'Maul o. (das Maul z. B. des Pferdes zum Eingießen eines Arzneitrankes weit öffnen, auch übtr.); -stack (Wb.06: -stach) M.: «Höhe des Speicherbodens bis zum Anfang des Dachwerkes»; -stampen trans. Verb.: «wiederholt aufstampfen» (den gefüllten Sack in die Höhe heben und zu Boden fallen lassen, so daß der Inhalt sich setzt und Raum für weiteres Füllen entsteht oder damit man den Sack leichter zubinden kann); -stand I M.: «Ausstand, Termin» — engem O. gin — lo hues de nach e Joër O., wann et dann nët geet, musse mer kucke wat geschitt — mir hun Opstand(s) genuch bis eisen Zuch geet (genügend Zeit); -stand II M.: 1) «Umstand» — woufir esouvill O. maachen — cf. Ëmstänn; 2) «Aufwand, Gepränge» — wat war dat en O. bei där Hochzäit; -stands M.: 1) «Überschuß, Ersparnisse» — elo schaffen ech ewell zéng Jor an ech hun nach kee Su O. — mat deem Wieder hu mer nët vill O. am Enn vum Jor — Echt.: O. a noach am Rest (übergenug); 2) «Rest» — 't as nët vill O. (übrig) — en hat O. (er hatte Rest) — O. maachen (Ersparnisse); 3) adverbial: 't as nach eng Fläsch O. (noch eine Flasche übrig); [Bd. 3, S. 292] -stäipen trans./refl. Verb.: «aufstützen» — eng Fënster, eng Dir o. — stäip dech nët op; -stänneg I (Echt.: -steenig, optënnesch) Adj.: 1) «aufständisch, widerspenstig, wütend» — en opstännege Stéier (Stier) — mat deem Kaméidi wor de Béischt o. gin — e war wéi o. — cf. rabellesch, ongerasem; 2) «besorgt, fürsorglich» — wann ech bei iech kommen, da sid der all zevill o. (macht zuviel Umstände); -stänneg II Adj.: 1) «übrig» — alles wat am Haus o. wor, gouf en zum beschten; 2) «im Genuß einer Sache» — lo si mer nach e Jor o. an duerfir solle mer nach Mëscht an d'Stéck maachen (die Pachtzeit läuft in einem Jahr ab, daher ist es nicht angebracht dieses Feld noch zu düngen); -stänner M.: 1) «(Schrank-)Aufsatz»; 2) (lok. z. B. Binsfeld) «stehende Krugbank»; -stéch I M.: «Anstich» (Faß); -stéch II, -stéck M.: «hervorstehender Ausbau an Gebäuden» — vill Haiser an de Stied hate fréier en O.; -stécken trans./intr. Verb.: 1) «aufstecken, aufgeben» (bes. die geplante Heirat) — déi jong Leit hun ouni Kaméidi opgestéckt — wann s du där Naupen hues, da stécke mer op — dem Meedche séng Eltren hun opgestéckt — fir elo hun se mol opgestéckt (einstweilen aufgegeben) — e sollt Dokter gin, ma en huet opgestéckt — loosse mer o., bei deem Gespréich kënnt näischt Gutts eraus; 2) a. (lok.: Wiltz) «Karten mischen»; b. «für nichtig erklären» (das Kartenspiel ganz einstellen oder unterbrechen wegen festgestellter Fehler oder Betrügereien) — du hues vergin, stéck op! — esou spille mer nët, da stécke mer léiwer op; 3) (lok.: Echt.) «aufstoßen, straucheln, weil die Trittstelle tiefer war, als man glaubte» — ech si mam Fouss opgestéckt — dazu das Verbadj.: opgestéckt(e)voll (s. d.); -stellen trans./refl. Verb.: «aufstellen» — d'Zaldoten an d'Linn o. — eng Trupp o. — Kommando: stellt iech op! — eng Rechnong o. — éier mer bauen, loosse mer äis en Devis o. — stell d'Dir op, datt den Damp erauszéit (lok.: Wiltz); -stëllen (lok. Echt.: -stallen) trans. Verb.: 1) «aufstauen» (C) — d'Waasser o.; 2) «stillen» — mir hun d'Blutt nët opgestëllt kritt (verstärkend zu: stëllen); 3) «hemmen im Lauf» — eng Kou o.; 4) übtr.: «beruhigen» — dat hat mech opgestëllt (zufrieden gestellt); -stëppeleg Adj.: «aufwieglerisch, streitsüchtig»; -stëppelen trans. Verb.: «aufstacheln, aufwiegeln, aufhetzen» — en huet d'ganzt d'Duerf géint mech opgestëppelt — Abl.: Opgestëppels N. — dat as elauter O.; -stëppeler M., -stëppelesch F.: «Aufwiegler(in)»; -stiechen trans./intr. Verb.: 1) «aufstechen» — eng Bloder (s. d.) soll een nët o.; 2) «anstechen» — mir hun en neit Faas (scil.: Wäin, Béier) opgestach — Folkl.: du häss dat Dëppe Quetschegebääss nët sollen o. well elo d'Bäm an der Bléi sin, da geet et ëm (man nimmt an, daß Zwetschgenkraut sauer wird und verdirbt, wenn das gefüllte Krautgefäß während der Baumblüte geöffnet wird) — cf. ustiechen; 3) «gewinnen, verdienen» — en huet nët vill opgestach bei deem Handel — dazu Abl.: Opstieches N.: «Gewinn, Verdienst» — et as nët vill O. derbäi — lok. Echt.: opgestoach(t) Verbadj.: «hochfahrend» — en as hi o.; -stiw(w)elen trans. Verb.: «aufwiegeln, anstiften» — wat huet hien dann nees opgestiwwelt? — Abl.: Opgestiwwels (Echt.: Opstiwels) N. — dat as dénges O. — cf. ustiwwelen; -stiw(w)eler M.: «Anstifter» — s. Ustiw(w)eler;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut