LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Opstiw(w)eler bis Opwigelesch (Bd. 3, Sp. 292b bis 294a)
 
-stiw(w)eler M.: «Anstifter» — s. Ustiw(w)eler; -stiw(w)elerei F.: «Aufwiegelung»; -stoen trans./intr. Verb.: 1) a. «aufstehen, sich erheben» (von dem Boden, einem Sitz) — Ra.: deen opsteet, deem séng Plaz vergeet (cf. sub Kiirmes) — ech sin opgestan, an ech hun där aler Fra mäi Stull gin — stéi op, a looss mech laanscht; b. «aus dem Bett aufstehen» — Ra.: 't weess ee wuel wéi ee schlofe geet, mä nët wéi een opsteet — géi schlofen, mar muss de fréi o. — en as gutt, schlecht, hannevir, mam lénkse Bee, mam lénkse Fouss vir opgestan — e muss nuets ëmmer o. (er muß sich nachts erheben zur Befriedigung der Notdurft) — du muss fréi o. fir deen do ze fänken — fir där Fra et ze geroden misst de fréi o. — dofir bas du (betont) vill ze vill spéit opgestan, mäi Jong (dazu bist du viel zu dumm, zu ungeschickt) — substantiv.: d'O. wir näischt, wann hien opkéim — s. opkommen sub 2) — 't as nët dat fréi(t) O., mä dat zur Zäit do sin, wat gëlt (iron., eigtl. und übtr., wenn jem. zu spät kommt); 2) a. «offenstehen, geöffnet sein» — d'Fënster [Bd. 3, S. 293] huet d'ganz Nuecht opgestan an et huet eragereeent — d'Dir stoung weidenaffen op (sperrangelweit) — de Mond as him o. bliwen (der Mund blieb ihm offenstehen vor Verwunderung) — dat Framënsch huet de Mond nun awer ëmmer o. (redet immerzu) — unwillig: deen huet den Aasch ëmmer o. (er läßt oft Bauchwinde streichen, auch: redet immerzu Blödsinn) — du hues d'Box, de Boxegueder o.; b. «frei, unbesetzt sein» — et stin nach en etlech Plazen op; c. «in der Schwebe sein» — den Handel steet nach op bis e Méindeg — méng Rent vun der Wis steet nach op (das Pachtgeld der Wiese steht noch aus) — d'Resultater stin nach op (Sportspr.: die Entscheidung steht noch aus) — mir hun nach e puer Posten an de Bicher o.; -stompen trans. Verb.: «vollstopfen» — s. das Folg. sub 1); -stoppen trans. Verb.: 1) «vollstopfen, vollpfropfen» — lo gët emol eng (scil.: Päif) opgestoppt — wann d'Kanner sou opgestoppt si, schlofen se nët roueg — wa se nët opgestoppt (opgestoppte voll) sin, mengt hir Mamm, et geschéich hinnen ongläich; 2) «ausstopfen» — mir hun e Wisel, e Vugel opgestoppt (opstoppe loosst); -stopper M.: «Polsterer» (Wb.06); -stoussen trans./intr. Verb.: 1) «aufstoßen» — en huet d'Dir mam Fouss opgestouss — ech hun esou onglécklech mam Fouss opgestouss an d'Bee gebrach — cf. -stécken sub 3); 2) «aufstoßen vom Essen» — dafür meist: eropstoussen — du as mer eppes opgestouss (da lief mir die Galle über — dafür meist: erëmstoussen); 3) «anrollen» (Jägerspr.: wenn ein Jagdhund das ihm aufstoßende Wild anbellt, ohne es zu verfolgen — Ga); -strääch, -streech M.: 1) «Anspiel» — ech hun den O.; 2) «Aufschluß, Auskunft» — wie ka mer O. gin? — cf. Aussträäch; -strëppen trans. Verb.: «aufkrempeln» — dafür meist: eropstrëppen; -strachen intr. Verb.: «nach dem Pflügen, die wasserableitende Furche ziehen» (lok. Mersch); -strecken trans.Verb.: «aufbügeln» — déng Box as néideg opgestreckt — iron.: du misst däi Gesiicht emol o. (loossen — die Falten im Gesicht entfernen lassen); -strécken trans. Verb.: «alles Material verstricken» — ech hun d'Woll elo all opgestréckt; -tënnesch Adj.: «wütend, rasend» — s. opstänneg; -tonken (lok.: Echt.) trans. Verb.: «Flüssigkeit mit einem Tuch aufheben» — cf. ophiewen sub 3)a. — looss sin, ech tonken et mam Duch op; -trei (Ton: 1) Adj./Adv.: «aufrichtig, treuherzig» — en as ganz o. — en huet dem aneren o. erzielt, wéi et war an du huet deen en hannergaang — dafür auch: op gutt Trei; -trëtt M.: «Auftritt, Szene»; -trieden, -trëdden intr. Verb.: «auftreten» — en trëtt op ewéi e Barong, ewéi wann d'Welt séng wir, wéi wann e Gold ze verkafen hätt — hie kann nët o. — si brauchen een, deen o. kann — ech kann nët mam ganze Fouss o., wéinst ménge Kréienaen; -trieden, -trëdden N.: «Auftreten» — wat huet deen en O. (sicheres, auch arrogantes oder vulgäres Auftreten); -tromme(le)n, -trompen I trans. Verb.: «aufgabeln, auflesen» — wou hues de deen dann nees opgetrommt? — en huet allerhand bei deer Stee (Versteigerung) opgetrompt — cf. oplammelen, -rafen, -dreiwen — Abl.: Opgetromms N.: «Gerümpel» — e Späicher voll o.; -trompen II trans./intr.: 1) «prahlen, aufschneiden» — Abl.: Opgetromps N.: 1) «Prahlerei»; 2) «Erdichtung» — dat as seines O.; -waarden intr. Verb.: 1) «aufwarten, dienen» — si hun engem opgewaart, Häerz wat begiers de — dee waart séngem verfroossene Mond nëmmen op; 2) (iron., auch drohend) «ausschelten» — komm du heem, da wäerd ech der o.; -waardesch F.: «Aufwartefrau»; -waart F.: «Bedienung, Aufwartung, Pflege» — deen ale Mann huet séng O. do och nët kritt — wéi ech krank wor, huet d'Nopeschfra mer d'O. gemaacht; -walen intr. Verb.: «aufwallen» — looss d'Waasser d'éischt o. an da geheis de d'Geméis dran; -wand M.: «Aufwand, protziges Getue»; -wäächen, -weechen trans. Verb.: «aufweichen» — de Buedem as ganz opgewäächt duurch dat vill Renen — spöttisch: géi roueg, du wäächs nët op, souvill reent et nët; -wäschen trans. Verb.: «aufwaschen» — cf. ophiewen, optonken; -wéckelen trans. Verb.: «aufwickeln» — Gar, eng Léngt o. — «ab- (los-)wickeln» — de Verband vun enger Wonn [Bd. 3, S. 294] o. — dazu: Opwéckelches Ksp. Nr. 171 — s. Kazendanz; -wéckler M.: «Rolle mit Feder, die den Zuggurt der Rollade aufwickelt» — dafür auch: Rolluedewéckler; -wéckelesch F.: «Aufwieglerin, Verleumderin» — dat as jo déi gréisst O. aus der Gemeng; -weisen trans. Verb.: «aufweisen, vorweisen» — wat hues de dann opzeweisen? — Abl.: Opweises N.: «feststellbares Ergebnis, Leistung» — O. gëlt (zeige, was du geleistet hast) — ech hun de ganzen Dag geschafft an näischt, nët vill, kän O. — O. hun (Vermögen haben); -werfen trans. Verb.: 1) «hinaufwerfen» (meist: erop-) — ech hun him d'Ketten, de Ball opgeworf — hien huet d'Gaarwen opgeworf (die Garben auf den Wagen); 2) «aufwerfen, anlegen» — si hun e Gruef (durech de Wee) opgeworf; 3) übtr.: «zur Besprechung bringen» — wien huet déi Fro dann nees opgeworf?; 4) «schmieren» (Kartenspiel) — s. dazu: opgin sub 5, opgeheien; 5) refl.: «sich auflehnen» — d'Leit hun sech dergéint opgeworf; -wëschen trans./intr. Verb.: 1) «aufwischen» — den Dësch, de Buedem o. — hues de déi Nätzt nach nët opgewëscht?; 2) «verschwinden» — wësch séier op, soss gët et Kläpp; -wichsen intr. Verb.: «schnell arbeiten, murksen» — meist: drop-; -wigelen trans. Verb.: «aufwiegeln» — cf. opstëppelen; -wigeler M., -wigelesch F.: «Aufwiegler(in)»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut