LWB Luxemburger Wörterbuch
 
opweisen bis Optioun (Bd. 3, Sp. 294a bis 295a)
 
Opweises N.: «feststellbares Ergebnis, Leistung» — O. gëlt (zeige, was du geleistet hast) — ech hun de ganzen Dag geschafft an näischt, nët vill, kän O. — O. hun (Vermögen haben); -werfen trans. Verb.: 1) «hinaufwerfen» (meist: erop-) — ech hun him d'Ketten, de Ball opgeworf — hien huet d'Gaarwen opgeworf (die Garben auf den Wagen); 2) «aufwerfen, anlegen» — si hun e Gruef (durech de Wee) opgeworf; 3) übtr.: «zur Besprechung bringen» — wien huet déi Fro dann nees opgeworf?; 4) «schmieren» (Kartenspiel) — s. dazu: opgin sub 5, opgeheien; 5) refl.: «sich auflehnen» — d'Leit hun sech dergéint opgeworf; -wëschen trans./intr. Verb.: 1) «aufwischen» — den Dësch, de Buedem o. — hues de déi Nätzt nach nët opgewëscht?; 2) «verschwinden» — wësch séier op, soss gët et Kläpp; -wichsen intr. Verb.: «schnell arbeiten, murksen» — meist: drop-; -wigelen trans. Verb.: «aufwiegeln» — cf. opstëppelen; -wigeler M., -wigelesch F.: «Aufwiegler(in)»; -wi(i)rwelen (lok.) trans. Verb.: «über die feste Rolle emporziehen» — cf. Wierwel, Wiirwel; -wuessen intr. Verb.: «aufwachsen» — en as bei sénger Bomi (bei frieme Leit) opgewuess — en as sou eleng opgewuess (ohne Geschwister); -wullen trans. Verb.: «aufwühlen» — d'wëll Schwäin hun d'ganzt Gromprestéck opgewullt — dat do as nët gegruewen, dat as nëmmen opgewullt — übtr.: wull déi al Geschicht nët nees op!; -zämen I trans. Verb.: «aufzäumen» (Zugvieh); -zämen II trans. Verb.: «Pulver auf das Zündpfännchen schütten» (Ga); -zéien trans. Verb.: 1) «empor-, hinaufziehen» — zéi mech op! — mir hun d'Fruucht mam Kran opgezunn (das Getreide mit der Seilwinde auf den Speicher hinaufgezogen) — de Fuendel o. (die Fahne hissen) — d'Rido o. (die Gardine emporziehen, auch: wegschieben); 2) «aufziehen von Stricksachen, ausfädeln» — ech hun d'Strëmp rëm opgezunn, si woren ze enk (eng) — d'ganzt Gestrécks muss opgezu gin — en Tricot, eng Jhackett o.; 3) «zetteln, die Kettenfäden ausspannen» (Weberei) — e Stéck o.; 4) a. «aufziehen, aufspannen» — méng Auer as stoe bliwwen, ech hat vergiess s'opzezéien — iron.: hie muss ëmmer opgezu gin, soss gët et näischt mat em; b. «aufspannen, auflegen» — e Bild o. (auf Pappe, Karton vor dem Einrahmen aufkleben) — nei Säten op eng Gei o. — übtr.: du muss aner Säten o., mäi Jong, soss kréie mer Sträit (du mußt dich bessern); c. «das Oberleder, den Schaft auf den Leisten und die Brandsohle zwicken» (Schusterspr.); 5) «mit Bettzeug versehen» — e Bett, d'Kannerkutsch frësch o.; 6) «durch geeignete Therapie zur Vereiterung oder zum Nässen bringen» (Med.) — déi Sallef hei as gutt fir (op-)zezéien; 7) «aufmarschieren» — d'Poste sin opgezunn — substantiv.: Opzéien N. — d'O. vun de Posten; 8) «verulken, zum besten halten» — du zéis mëch gär op, wéi? — wat hun se hien opgezunn — du solls kee Meedchen o., dat as nët schéin; 9) «organisieren» — e Fest (grouss) o. — si haten alles gutt opgezunn; 10) «großziehen, aufziehen» — s. opzillen; 11) refl.: «sich hochziehen» (Turnerspr.); -z(er)räissen (Part. lok.: opgezrass) trans. Verb.: «Kleidungsstücke bis zur völligen Abnutzung tragen» — d'Kanner zräissen hir (Sonndes-)Kläder meescht(ens) nët op, si verwuessen se zem dacksten; -zielen trans. Verb.: 1) «aufzählen» — si huet alles opgezielt, wat se am Haus hat; 2) «erzählen» — hien huet alles opgezielt, wat e wousst — Ausruf der Verwunderung: (nun) ziel emol op (un)!; -zielong F.: «Aufzählung»; -zillen trans. Verb.: «aufziehen, großziehen» — en Hond, e Fierkel (mat der Fläsch) o. — wou bas du opgezillt gin? (von jem. der sich schlecht benimmt, unanständige Reden führt); -zoch, -zock, -zuch M.: 1) «Personen-, Lastenaufzug»; 2) «Aufmachung, Bekleidung» — nu kuck emol a wat fir engem O. deen do kënnt; 3) «Aufwand, Gepränge» — wat hun si en O. gemaacht bei der Hochzäit! 4) «pompöse Ansammlung von Leuten»; [Bd. 3, S. 295] 5) «Vorrichtung zum Spannen, Aufziehen»; -zwangen, -zwéngen trans./intr. Verb.: «aufzwingen».
 
Op(e)rateur M.: «Operateur, Vorführer» (Film, Dias) — Zussetz.: Filmop(e)rateur.
 
Op(e)ratioun F.: 1) «Operation, chirurgischer Eingriff» — d'O. as gutt verlaf; 2) «Rechenoperation»; 3) «umständliches Getue» — wat war dat eng O., éier mer esou wäit waren.
 
op(e)réieren trans. Verb.: 1) «operieren» — et as näischt anescht ze maachen, mir mussen o.; 2) «sich betätigen» (meist pej.).
 
Op(e)rett F.: «Operette» — dem Dicks séng Op(e)retten hun nach ëmmer hire Wäert.
 
Oper I F. — wie hd.
 
Oper II F.: 1) «Augenbraue»; 2) «Augenwimper» — cf. Apelhoer u. das Folg.
 
Operhor (lok.: Opelhor) N.: «(Haar der) Augenbraue, (der) Augenwimper».
 
Opinioun (Pl. Opiniounen) F.: «Meinung».
 
oppen (auch: offen) Adj.: «offen, geöffnet» (cf. op — Adv. sub 2) — eng oppe (offe) Wonn (aber: d'Won as op) — oppe Been (offene Beine) — eng oppe Liicht (Lichtschacht) — hie schléift bei (mat) oppener Fënster (auch: mat der Fënster op).
 
opposéieren (gelegtl.: opponéieren) intr./refl. Verb.: «entgegenwirken, opponieren» — en huet dergéint opposéiert.
 
Oppositioun F.: «Opposition» — hien as ëmmer an der O. — dazu: Oppositiounsgääscht, -geescht M. — hie seet dat nëmmen aus O.; -partei F.
 
opsch Adj.: «schwanger» (lok., selten).
 
optéieren trans. Verb.: «optieren» — spaßh.: en optéiert pour la Belsch.
 
optesch Adj.: «optisch» — eng o. Täischong.
 
Optiker (Ton: 1 oder 2) M.: «Optiker».
 
Optikesch- -buttéck M.: «Optikergeschäft»; -geschir, -saachen Pl.: «Optikergeräte».
 
Optioun F.: «Option» — dir kritt dat Buch an O.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut