LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Osweiler, O(o)swëller, Uesweiler bis Ouermark (Bd. 3, Sp. 297a bis 299b)
 
Osweiler, O(o)swëller, Uesweiler ON.: «Osweiler» — Dorf der Gemeinde Rosport, Kanton Echternach — 281.
 
Osten M. — wie hd.
 
Ostwand M.: «Ostwind» — dafür auch: ënneschte, lok.: ieweschte, preisesche Wand — cf. Fréiswand, Fréisloft (s. d.).
 
ôte-tout (wie frz.) déngRuf beim Knickerspiel (räume alles von deinen Knickern weg, Ksp. S. 31).
 
Otem M.: «Atem» — e sténkegen (stinkiger) O. — e kuurzen O. hun — ech hu keen O. méi (bin außer Atem) — en huet keen O. (er ist kurzatmig, asthmatisch) — ech kréie keen O. méi (im Wasser, bei Wind oder: bin auf der Brust gepackt) — en as mam O. geplot, gepaakt — den O. geet engem aus an deem Gallem (in dieser stickigen Luft) — e wor ausser O. wéi e bei äis gelaf koum — e gammst nom O. (er schnappt nach Luft) — en huet den O. eng Kéier déif gezunn (atmete einmal tief) — hie seet an engem O. jo a neen (in einem Atemzug ja und nein) — e widdersprécht sech an engem O. — hie koum an engem O. gelaf (sehr schnell u. aufgeregt gelaufen) — e koum gelaf, en hat den O. am Grapp (atemlos) — en huet den O. ugehal (vor Erregung) — keen O. am Leif zéien (sehr still sein) — looss mech emol zu O. kommen (eine Weile ausruhen, mich verschnaufen) — ech wëll och emol kënnen O. auszéien (ausruhen) — hien huet de leschten O. gezunn (er ist gestorben) — spaßh.: wourun as e gestuerwen? Antwort: en huet vergiess den O. ze zéien — e konnt den O. nët méi halen, nët méi zéien — abweisend: spuer der deen O. — Zus.: fir d'Zopp (d'Brach) ze blosen — deen O. hätts de der kënne spueren — den O. as Zeien, datt s de gedronk hues — übtr.: a. e laangen O. hun (finanzkräftig sein) — den O. as em entgaang (ausgaang — er kann nicht mehr mithalten, er hat kein Geld mehr) — hätt ech mäin O. erëm! — virum Krich hat hien e kuurzen O. (war er finanziell schlecht gestellt) — en as ganz ëm (nieft) den O.; b. en zitt den O. déif wéi wann en e Stee vum Häerz hätt (ist erleichtert) — ech hu fir d'éischt emol misst O. zéien (nach einer überraschenden Nachricht, einem Schrecken); c. ech hun u séngem O. gespuert, wat e wëlles wir (ich habe seinem Gebaren, seinen Äußerungen entnommen, was er beabsichtigte) — cf. Loft sub 2).
 
otëmen, ootmen intr. Verb.: «atmen» — déif (tief), liicht, roueg o. — hien otemt esou kuurz (z. B. von einem Fieberkranken) — et kann een erëm fräi o. — de Buedem otemt (wenn Dunst aus frischgepflügter Erde aufsteigt) — Zussetz.: aus-, an-, opo.
 
Auteur (wie frz., Ton: 1), Autor (Ton: 1) M.: «Autor».
 
Autobus (Aussprache wie frz. oder hd., immer Ton: 1) M.: «Autobus» — verkürzt zu: Buss, Büss — lok. auch: Postauto — manchmal: Bussauto.
 
Autocar (Aussprache wie frz. oder hd., Ton: 1) M.: «Autocar».
 
Autorisatioun (Oto- oder Auto-) F.: «Ermächtigung, Autorisation» — dofir kriss de keng A. [Bd. 3, S. 298]
 
autoriséieren (oto- oder auto-) trans. Verb.: «ermächtigen».
 
Autoritéit (Oto- oder Auto-) F.: «Autorität» — hien huet keng A. — en as eng A. op (a) séngem Gebitt (Fach).
 
Autoritéiten (Oto- oder Auto-) F. Pl.: «Persönlichkeiten» — d'A. vum ganze Land woren do gewiescht.
 
Automat (Oto- oder Auto-) M.: 1) «Automat» — hie schafft ewéi en O.; 2) «automatisches Fernsprechamt» — im bes.: «Störungsstelle des Fernsprechamtes» — hie schafft am A.
 
automatesch (oto- oder auto-) Adj.: «automatisch».
 
autonom (oto- oder auto-) Adj.: «autonom».
 
otren intr. Verb.: «zu widersprechen wagen» — in der Redewendung: nët méi o.(nicht mehr aufmucken).
 
Otter (lok. Vianden: Oter) M.: «Otter» — fett wéi en O. — s. Atter(t), Lutter.
 
Ottiweiblicher Vorname — s. Odil.
 
ou Interj., Ausruf des Erstaunens, der Entrüstung: «oh, sieh mal an, wieso?» — oft wiederholt: ouou!
 
Oudelweiblicher Vorname — s. Odil.
 
ouën (Mittelsauer) — s. ouzen.
 
Ouer (Pl. Oueren, Dim. Éierchen — cf. phV. Ltb. 94 — weiter LSA, Karte 188) 1) «Ohr» — grouss, kleng Oueren — Oueren ewéi en Iesel, ewéi Baartschosselen, wéi e Schmalzdëppen, wéi Scheiliederen, wéi Schäffer (Schöpfräder) vun engem Bloswann (Blasewanne) — Oueren, datt en d'Nues dermat ka botzen — en huet d'Ouere vum Kapp stoen (abstehende Ohren, Zeichen von Abzehrung) — déi mat dene laangen Uren (spöttisch für die Einwohner von Diekirch) — hie ka mat den Ouere wackelen, wibbelen — ee mam O. huelen, engem d'Oueren zibbelen (zur Strafe am Ohr ziehen) — ech hun ës (genuch) bis iwwer d'Oueren (es langt mir völlig) — ech sin (stin) an der Aarbecht bis iwwer d'Oueren (mit Arbeit überlastet) — deen huet d'Auszieréng bis iwwert d'Oueren — e sëtzt an der Schold (as verschëlt) bis iwwer d'Oueren — en as verléift bis iwwer d'Oueren — sech d'O. zéie loossen (eine Handlung ungern vollbringen) — ech loosse mer d'Oueren nët zéien (werde nicht willfährig sein) — ech loosse mer keen O. erofräissen (dsgl.) — spaßh. Zuruf: Jongen, haalt d'Ouere stäif! (nicht nachgeben, jetzt gilt es!) — si hu mech bei deem Handel al iwwer d'Ouere gehaen (geschlon — stark übervorteilt, arg hereingelegt) — si hu mech mam O. kritt (dsgl.) — du bas jo nach nët dréchen (s. d.) hannert den Oueren — et klénkt (et dauscht) mer am O. (s. klénken sub 1) — spaßh. drohend zu Kindern: wann s de nët roueg bas, da kriss de de Kapp tëschent d'Ouere gesat! — hien huet mer bal en O. vum Kapp geschwat fir eppes ze kréien (mir stark zugeredet) — en huet mer d'Ouere voll getut (hat mich belästigt mit viel törichtem Gerede) — en huet et fauschtendéck hannert den Oueren — drohend: schreif der dat hannert d'Oueren (merke dir das wohl) — du däerfs d'Oueren nët hänke loossen (nicht mutlos werden) — wien huet him déi Flou (s. d.) dann an d'O. gesat? — sech d'Welt ëm d'Ouere schloen — Zus.: an d'Loft ëm d'Nues blose loossen (in die weite Welt ziehen, auch: sich über Verdrießlichkeiten hinwegsetzen) — deem as scho vill Wand laanscht d'Ouere gaang (er hat schon manches erlebt) — fir esou eppes muss een emol nët mam Ouer renken (sich gar nichts draus machen) — en huet d'Ouere rout vu Keelt (Kälte) — e gët rout bis hannert d'Oueren (er errötet sehr) — lo gët sech emol op en O. (op d'O.) geluegt (sich zur Ruhe, zum Schlafen hingelegt) — du kriss geschwënn eng op (un) en O. — Nösl.: du krëss éng an en Uer! — hien huet der ëm d'Ouere kritt — roueg, soss gët et eng (der) hannert d'Ouer(en) — e krut d'Ouere geseemt (Ohrfeigen) — en huet him der ëm d'Ouere gin, datt e gemengt huet, Krëschtdag a Kiirmes (Ouschteren a Päischten) wiren op engem Dag — en huet sech hannert d' (hannert dem, hannerëm) O. gekraazt (er war verlegen, auch: nachdenklich) — botz (der) d'Oueren! — en huet Oueren ewéi Moueren oder et kënnt ee Ribbsom dra séinen (Rübsamen hinein säen) — Zus.: an dee kéim an aacht Deeg erëm — ech hun e Stopp am O. (Ohrpfropfen) — hues de Stëpp an den Oueren? (wenn jem. nicht hört oder nicht hören will) — hien huet d'Oueren erkaalt (erfroren) — d'Ouere lafen em — et bäisst mech am O. — en huet aus den Ouere geblutt — d'Päerd huet d'Ouere geluet (gespëtzt — Zeichen von Tücke bei Pferden) — wann ee Pech huet, kann een de Fanger am O. briechen — en hält de Kapp, wéi wann e Waasser am O. hätt (er hält den Kopf schief) — sou eppes (schlechtes Getränk) géif een emol nët enger [Bd. 3, S. 299] Geess an d'O. schëdden — wann s d'enger Geess esou eppes an d'O. schëtts, da leeft se sech dout — lo wire mer fäerdeg — spaß. Zus.: wa mer d'Ouere nach geseemt hätten (wir sind bis auf eine Kleinigkeit fertig) — unwillig: du Aasch (Af) mat Oueren — spöttisch: e Faass mat Oueren (ein unförmlich dicker Mensch) — deen huet O. ewéi en Hues (er hört sehr gut) — bei deem geet alles zu engem O. eran an zu deem aneren eraus (a. er läßt sich nicht beraten, er hört nicht zu; b. er erzählt nichts weiter; c. er vergißt alles sofort) — en héiert nët mat deem O. (nur ein taubes Ohr leihen, von einer Sache nichts wissen wollen) — en huet keen O. (fir Musek — er ist unmusikalisch — cf. Gehéier) — en huet keen O. (er hört nicht zu) — d'Ouere spëtzen (riichten — angestrengt lauschen) — en as daf op engem O. (taub auf einem Ohr) — en héiert nëmme mam haalwen O. — ech hun et mat ägenen Oueren héieren (gehéiert) — en héiert nët mam lénken O. (wenn jem. absichtlich nichts hören will) — en hält sech d'Oueren zou (übtr.: er mag nichts hören) — d'Meedchen huet him eppes an d'O. gepëspert (geflüstert) — so mer et lues an d'O. — Ra.: kleng Kesselen hun och (hu grouss) Oueren (Kinder hören mit, was nicht für sie bestimmt ist — cf. Dëppen) — et as mer zu Ouere komm; 2) «ohrähnlicher Gegenstand» (Griff, Henkel, runde Handhabe) — eng Kap mat Oueren (Mütze mit Ohrklappen) — auch: Querkap; im bes.: a. «umgebogene Ecke in einem Buch» — s. Ieselsouer; b. «an Schuhen, Kappe»; c. «Ohr bei der Setzlinie» (Druckerspr.) — Zussetz.: Iesels-, Kallefs-, Lapp-, Schwéngsouer — Jägerspr.: Läffel (s. d. sub 3); 3) «Kiemen des Fisches» (Mosel).
 
Ouer- (-e)beicht F.: «Ohrenbeichte»; -bidden F.: «Henkelbütte mit zwei runden Griffen»; -(e)bléiser M.: «Ohrenbläser» — dazu: Ouerebléiserei F.; -(en)dokter M.: «Ohrenarzt»; -(en)ducker M.: «Ohrentaucher» (Podiceps auritus); -fei, -feil, -feier F.: «Ohrfeige»; -(e)fett N.: «Ohrenschmalz»; -flap F. — s. -fei; -(e)kap F.: 1) «Ohrmütze» — im bes.: a. «Ohrmütze für Pferde»; b. «Ohrenwärmer»; 2) «Ohrfeige» — s. -fei; -(e)krécher, -kriw(w)ler M. — s. -schlëffer; -lach N.: 1) «Öffnung des Ohres»; 2) «Loch im Ohrläppchen zum Tragen der Ohrringe» — sech Ouerlächer stieche loossen; -läffel(chen) M.: «löffelartiges Gerät zum Reinigen der Ohren»; -läppchen M.: «Ohrläppchen»; -mark F.: «Ohrmarke»;

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut