LWB Luxemburger Wörterbuch
 
autoriséieren bis ounen, unnen, onen (Bd. 3, Sp. 298a bis 299b)
 
autoriséieren (oto- oder auto-) trans. Verb.: «ermächtigen».
 
Autoritéit (Oto- oder Auto-) F.: «Autorität» — hien huet keng A. — en as eng A. op (a) séngem Gebitt (Fach).
 
Autoritéiten (Oto- oder Auto-) F. Pl.: «Persönlichkeiten» — d'A. vum ganze Land woren do gewiescht.
 
Automat (Oto- oder Auto-) M.: 1) «Automat» — hie schafft ewéi en O.; 2) «automatisches Fernsprechamt» — im bes.: «Störungsstelle des Fernsprechamtes» — hie schafft am A.
 
automatesch (oto- oder auto-) Adj.: «automatisch».
 
autonom (oto- oder auto-) Adj.: «autonom».
 
otren intr. Verb.: «zu widersprechen wagen» — in der Redewendung: nët méi o.(nicht mehr aufmucken).
 
Otter (lok. Vianden: Oter) M.: «Otter» — fett wéi en O. — s. Atter(t), Lutter.
 
Ottiweiblicher Vorname — s. Odil.
 
ou Interj., Ausruf des Erstaunens, der Entrüstung: «oh, sieh mal an, wieso?» — oft wiederholt: ouou!
 
Oudelweiblicher Vorname — s. Odil.
 
ouën (Mittelsauer) — s. ouzen.
 
Ouer (Pl. Oueren, Dim. Éierchen — cf. phV. Ltb. 94 — weiter LSA, Karte 188) 1) «Ohr» — grouss, kleng Oueren — Oueren ewéi en Iesel, ewéi Baartschosselen, wéi e Schmalzdëppen, wéi Scheiliederen, wéi Schäffer (Schöpfräder) vun engem Bloswann (Blasewanne) — Oueren, datt en d'Nues dermat ka botzen — en huet d'Ouere vum Kapp stoen (abstehende Ohren, Zeichen von Abzehrung) — déi mat dene laangen Uren (spöttisch für die Einwohner von Diekirch) — hie ka mat den Ouere wackelen, wibbelen — ee mam O. huelen, engem d'Oueren zibbelen (zur Strafe am Ohr ziehen) — ech hun ës (genuch) bis iwwer d'Oueren (es langt mir völlig) — ech sin (stin) an der Aarbecht bis iwwer d'Oueren (mit Arbeit überlastet) — deen huet d'Auszieréng bis iwwert d'Oueren — e sëtzt an der Schold (as verschëlt) bis iwwer d'Oueren — en as verléift bis iwwer d'Oueren — sech d'O. zéie loossen (eine Handlung ungern vollbringen) — ech loosse mer d'Oueren nët zéien (werde nicht willfährig sein) — ech loosse mer keen O. erofräissen (dsgl.) — spaßh. Zuruf: Jongen, haalt d'Ouere stäif! (nicht nachgeben, jetzt gilt es!) — si hu mech bei deem Handel al iwwer d'Ouere gehaen (geschlon — stark übervorteilt, arg hereingelegt) — si hu mech mam O. kritt (dsgl.) — du bas jo nach nët dréchen (s. d.) hannert den Oueren — et klénkt (et dauscht) mer am O. (s. klénken sub 1) — spaßh. drohend zu Kindern: wann s de nët roueg bas, da kriss de de Kapp tëschent d'Ouere gesat! — hien huet mer bal en O. vum Kapp geschwat fir eppes ze kréien (mir stark zugeredet) — en huet mer d'Ouere voll getut (hat mich belästigt mit viel törichtem Gerede) — en huet et fauschtendéck hannert den Oueren — drohend: schreif der dat hannert d'Oueren (merke dir das wohl) — du däerfs d'Oueren nët hänke loossen (nicht mutlos werden) — wien huet him déi Flou (s. d.) dann an d'O. gesat? — sech d'Welt ëm d'Ouere schloen — Zus.: an d'Loft ëm d'Nues blose loossen (in die weite Welt ziehen, auch: sich über Verdrießlichkeiten hinwegsetzen) — deem as scho vill Wand laanscht d'Ouere gaang (er hat schon manches erlebt) — fir esou eppes muss een emol nët mam Ouer renken (sich gar nichts draus machen) — en huet d'Ouere rout vu Keelt (Kälte) — e gët rout bis hannert d'Oueren (er errötet sehr) — lo gët sech emol op en O. (op d'O.) geluegt (sich zur Ruhe, zum Schlafen hingelegt) — du kriss geschwënn eng op (un) en O. — Nösl.: du krëss éng an en Uer! — hien huet der ëm d'Ouere kritt — roueg, soss gët et eng (der) hannert d'Ouer(en) — e krut d'Ouere geseemt (Ohrfeigen) — en huet him der ëm d'Ouere gin, datt e gemengt huet, Krëschtdag a Kiirmes (Ouschteren a Päischten) wiren op engem Dag — en huet sech hannert d' (hannert dem, hannerëm) O. gekraazt (er war verlegen, auch: nachdenklich) — botz (der) d'Oueren! — en huet Oueren ewéi Moueren oder et kënnt ee Ribbsom dra séinen (Rübsamen hinein säen) — Zus.: an dee kéim an aacht Deeg erëm — ech hun e Stopp am O. (Ohrpfropfen) — hues de Stëpp an den Oueren? (wenn jem. nicht hört oder nicht hören will) — hien huet d'Oueren erkaalt (erfroren) — d'Ouere lafen em — et bäisst mech am O. — en huet aus den Ouere geblutt — d'Päerd huet d'Ouere geluet (gespëtzt — Zeichen von Tücke bei Pferden) — wann ee Pech huet, kann een de Fanger am O. briechen — en hält de Kapp, wéi wann e Waasser am O. hätt (er hält den Kopf schief) — sou eppes (schlechtes Getränk) géif een emol nët enger [Bd. 3, S. 299] Geess an d'O. schëdden — wann s d'enger Geess esou eppes an d'O. schëtts, da leeft se sech dout — lo wire mer fäerdeg — spaß. Zus.: wa mer d'Ouere nach geseemt hätten (wir sind bis auf eine Kleinigkeit fertig) — unwillig: du Aasch (Af) mat Oueren — spöttisch: e Faass mat Oueren (ein unförmlich dicker Mensch) — deen huet O. ewéi en Hues (er hört sehr gut) — bei deem geet alles zu engem O. eran an zu deem aneren eraus (a. er läßt sich nicht beraten, er hört nicht zu; b. er erzählt nichts weiter; c. er vergißt alles sofort) — en héiert nët mat deem O. (nur ein taubes Ohr leihen, von einer Sache nichts wissen wollen) — en huet keen O. (fir Musek — er ist unmusikalisch — cf. Gehéier) — en huet keen O. (er hört nicht zu) — d'Ouere spëtzen (riichten — angestrengt lauschen) — en as daf op engem O. (taub auf einem Ohr) — en héiert nëmme mam haalwen O. — ech hun et mat ägenen Oueren héieren (gehéiert) — en héiert nët mam lénken O. (wenn jem. absichtlich nichts hören will) — en hält sech d'Oueren zou (übtr.: er mag nichts hören) — d'Meedchen huet him eppes an d'O. gepëspert (geflüstert) — so mer et lues an d'O. — Ra.: kleng Kesselen hun och (hu grouss) Oueren (Kinder hören mit, was nicht für sie bestimmt ist — cf. Dëppen) — et as mer zu Ouere komm; 2) «ohrähnlicher Gegenstand» (Griff, Henkel, runde Handhabe) — eng Kap mat Oueren (Mütze mit Ohrklappen) — auch: Querkap; im bes.: a. «umgebogene Ecke in einem Buch» — s. Ieselsouer; b. «an Schuhen, Kappe»; c. «Ohr bei der Setzlinie» (Druckerspr.) — Zussetz.: Iesels-, Kallefs-, Lapp-, Schwéngsouer — Jägerspr.: Läffel (s. d. sub 3); 3) «Kiemen des Fisches» (Mosel).
 
Ouer- (-e)beicht F.: «Ohrenbeichte»; -bidden F.: «Henkelbütte mit zwei runden Griffen»; -(e)bléiser M.: «Ohrenbläser» — dazu: Ouerebléiserei F.; -(en)dokter M.: «Ohrenarzt»; -(en)ducker M.: «Ohrentaucher» (Podiceps auritus); -fei, -feil, -feier F.: «Ohrfeige»; -(e)fett N.: «Ohrenschmalz»; -flap F. — s. -fei; -(e)kap F.: 1) «Ohrmütze» — im bes.: a. «Ohrmütze für Pferde»; b. «Ohrenwärmer»; 2) «Ohrfeige» — s. -fei; -(e)krécher, -kriw(w)ler M. — s. -schlëffer; -lach N.: 1) «Öffnung des Ohres»; 2) «Loch im Ohrläppchen zum Tragen der Ohrringe» — sech Ouerlächer stieche loossen; -läffel(chen) M.: «löffelartiges Gerät zum Reinigen der Ohren»; -läppchen M.: «Ohrläppchen»; -mark F.: «Ohrmarke»; -rénk M.: «Ohrring» — Folkl.: das Tragen von Ohrringen verhindert Augenkrankheiten, daher trugen auch Männer früher Ohrringe — half auch gegen Kopfweh, Zahnweh — d'Schëffer (Schiffer) haten Ouerréng, dat war gutt géint d'Zännwéi; -(e)schlëffer M.: «Ohrwurm» — Folkl.: es besteht mancherorts der Glaube, heute nur noch bei Kindern, daß der Ohrwurm in das Ohr kriecht und bis zum Gehirn vordringt; -(e)schmalz N.: «Ohrenschmalz»; -stëpp(e)ler M.: «Ohrputzer»; -tachtel F. — s. -fei; -triwweler M. — s. -schlëffer; -wéi N.: «Ohrweh».
 
ouerbéideg Adj. — s. auerbéideg.
 
Ouerdrauf F. — s. Houerdrauf.
 
Ouerlaf M. — s. Houerdrauf — dazu: Ouerlaafsdrauf F. — s. Héierchen sub 2).
 
ounen, unnen, onen (auch: anen) trans./intr. Verb.: «ahnen» — et ount méch näischt Gutts — et huet mer geoont — wann ech eppes esou o., war et sele falsch.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut