LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Pang bis papeg (Bd. 3, Sp. 312a bis 313a)
 
Pang M.: «Bettseite».
 
Pangkoch, -kuch M. — s. Paangech.
 
Pangkuchspan F.: «Pfannkuchenpfanne».
 
Panier (wie frz., Ton: 1 — Pl. Panjeën) M.: 1) «Körbchen mit Spielmarken» (bei verschiedenen Kartenspielen) — maach de P. alt an d'Rei, da fänke mer un (lege die Spielmarken bereit, zähle die Spielmarken ab) — ech hu mäi P. (habe meine Spielmarken in vorgesehener Zahl) — loosse mer e P. spillen — de P. as eidel, mir musse bäisetzen; 2) «Seitenbausch des Reifenrocks» (Ga).
 
Pankratius Heiligenname: «Pankratius» — Wetterregel: P., Servatius a Bonifatius derbäi, dat sin där Helleger a gestreng Hären dräi (dass déi streng Hären zum Schënner wären — D) — Pankraz, Servaz a Bonifaz, déi maachen dem Bauer a Gäertner baang, zëm Gléck d'streng Häre regéiere nët laang (D) — cf. Äishellegen.
 
Pann I F.: «Panne, Störung» — eng P. um Auto, am Elektrëschen, am Tëlefon usw.; 2) (übtr.) «Hemmung».
 
Pann II F.: «Art Seidensamt».
 
Pann III. F. — s. Pan.
 
Panneau (wie frz., Ton: 1) M.: 1)s. Panéil; 2) «Holzplatte»; 3) «Reklame-, Anschlagtafel».
 
Panoram(m)a M.: 1) «Panorama»; 2)s. Pallramma.
 
pan(t)schen trans./intr. Verb.: «panschen» (Wein, Milch verfälschen); 2) «planschen».
 
Pan(t)schert M.: «Panscher» — Zussetz.: Wäipan(t)schert — cf. Schmierert sub 3).
 
Pant (lok.: Pont) M.: «Kahm» (Schimmel auf Essig, Wein) — dafür auch: Kon (s. d. sub I).
 
Pantëffelchen M. u. F.: 1)Dim.von Pantoffel (s. d.); 2) «Pantoffelspiel»; 3) «Pantoffelblume» (Calceolaria).
 
panteg Adj.: «kahmig» — de Wäi gët p. — cf. Pant.
 
Pantoffel, Pantuffel M. und F.: 1) «Pantoffel» — ënner dem P. stoen — e war nach (schons) an de Pantoffelen (noch nicht [nicht mehr] fertig angezogen) — cf. Schlapp F.; 2) «Schuh» (spaßh.) — wat hues du fir Pantoffelen? — dazu: Pantoffelheld M. — wie hd.
 
Pantomin, Pañtomin (Ton: 3) F.: «Pantomime» — Echt.: si hoan en Zäitche matenä P. gespillt.
 
Panz (phV. cf. LSA Karte 2) [ganz], Pl. Pänz, Dim. Pänzchen — Pl. Echt.: Pënz, Dim. Pënzchen) F.: 1) «Pansen, erster Magen der Wiederkäuer» — d'P. as fir Kuddelfleck ze maachen — d'Kou huet d'P. opgelaf; 2) (übtr. derb) «Wanst, Magen, Leib, Bauch» — wat huet deen eng P.! — eng P. ewéi eng Bauchbidden — der Däiwel mag deem d'P. ewechschleefen! (er hat sehr viel gegessen) — Verwünschung: der Däiwel huel (hëlt) der d'P. — deen daagt (dem Däiwel) an der P. näischt — deen huet der Däiwel an der P.! — hues de keng Schimt an der P.? — du domm P. do! — du verfroosse P.! — hie kennt nëmme séng (bet.) verfroosse P. — hien as sénger P. kee schlechten Här — en as sénger P. getrei — en huet sech d'P. (eng P.) voll gefriess, an du as e gaang — lo hu mer d'Pänzchen erëm gefëllt — si haten sech eng P. voll gesoff, et hätt ee kënnen eng Séissel op hirem Nuebel klappen — en huet sech d'P. schwenke gelooss (er hat sich freihalten lassen) — deen huet all Dag d'P. voll (ist betrunken) — en huet d'P. voller Feierowend (dsgl.) — wat haten déi erëm d'P. voll! — kommen ech voll heem, da wënscht méng Fra mer nach e Fudder (derbäi) an d'P. — du kriss der laanscht d'P., 't gët der laanscht d'P., mäi léiwe Jong (bekommst Prügel) — ech hun e mam Fouss op d'P. gestouss (gerannt), datt et gequackst huet — ech rennen dech mam Fouss op d'P., datt s de vrecks — ech krut se (scil.: d'P.) al gerappt (wurde streng ausgescholten) — en as faul an der P. (er ist tuberkulös, auch: er ist nicht gesund) — en huet sech d'P. erkaalt (erkältet) — e läit mat der fauler P. nach am helle Virmëtteg am Bett — ech hun d'Aarbecht (hun alles) op der P. — dat as der gutt op der (dommer) P. (schadet dir rein gar nichts) — hien as ellen op d'P. gaang (gefall — er ist arg hingefallen) — bleif du dach mat der (mat dénger dommer) P. doheem, ewech do; 3) «Wölbung» — 't as eng P. an der Strooss — de Schlauch huet eng P. — d'Faass rënnt an der P.; 4) «Knirps, Bube» — nu kuck emol déi verdréinte [Bd. 3, S. 313] P.! — gitt der ewech, dir kleng Pänz! — cf. Pänzer(t) — Zussetz.: Béier-, Déck-, Drecks-, Friess-, Frooss-, Grompre-, Kou-, Lidder-, Saufpanz.
 
Panz- -brudder M.: «Dickwanst»; -guert F. u. M.: 1) «Bauchriemen» (Pferdegeschirr — dafür auch: Wantriär (frz. ventrière)); 2) «Leibriemen, -gürtel» — maach, datt d'P. nët räisst (gesagt, wenn jem. viel ißt); 3) «Korsett, Schnürleib» (spaßh.); -majouer M.: «dickleibiger Mensch»; -rappecht F.: «Schelte, Gardinenpredigt» — wat krut ech eng P.!; -rëss M.: 1) «Faßumriß, -umfang» (Küferspr.); 2) «Bauchumfang»; -schlag M.: 1) «Sturz, Fall» (burschikos) — wat hun ech e P. gemaacht, zéng Meter durech d'Luucht; 2) «Aufschlag auf das Wasser bei mißglücktem Kopfsprung» — cf. Plongeon; -speck (lok. Binsfeld: Pannspeck) M.: «Speck vom Bauch»; -vollist M.: «Betrunkener» (spaßh.) — et wore gëscht nawell vill Panzvollisten eraus.
 
Panzer M. — wie hd. — stur ewéi e P.
 
panzeren trans. Verb. — wie hd. Verbadj.: gepanzert — e gepanzerte Won (Mil.).
 
Panzerpäerd N. — in der Ra.: hie kënnt do opgedonnert wéi e P.
 
Pap (Nösl.: Papp) M.: «Pappe, Kleister» — 't as eppes ewéi P. (z. B. von einer mißglückten weißen Tunke) — P. opmaache fir ze tapezéieren.
 
Pap- -ämer M.: «Kleistereimer»; -biischt F.: «Kleisterbürste»; -dëppen N.: «Kleistertopf»; -gräz, -greez F.: «Schimmel des Kleisters»; -schossel F.: 1) «Kleistertopf»; 2) auch M.: «Buchbinder» (spöttisch — Gestalt in «De Scholdschäin» von Dicks); 3) «Schmeichler, Schönredner» — dazu das Dim.: Papschësselchen (iron. Kosewort).
 
papeg Adj.: 1) «klebrig»; 2) «süßlich, widerlich, schmeichlerisch» — sou e papegt Wiese geet mer géint de Stréch — ee! deen as esou p. — dazu:

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut