LWB Luxemburger Wörterbuch
 
Parasol bis Parlatinchen (Bd. 3, Sp. 315b bis 316b)
 
Parasol (wie frz., Ton: 1) M.: 1) «Sonnenschirm» — s. Sonneparapli; 2) «Pilzart» — cf. Parapli sub 4).
 
Paravent (wie frz., Ton: 1) M.: «Ofen-, Wandschirm» — si souzen hannerëm P. (abgesondert).
 
parat Adj./Adv.: 1) «bereit, fertig» — maach dech p. — ech si p. fir matzegoen — ech stoung p. do — drohend: maach dech op eppes p. (halte dich auf eine Strafpredigt gefaßt) — hien huet ëmmer eng (scil.: Äntwert, Dommheet, Näischnotzegkät) p.; 2) «griffbereit» — et steet alles p. do, du brauchs nëmmen unzefänken — et loug alles p. — cf. prett.
 
Paräis (lok.: Paréis, Lux.-Stadt: Parais, Osten: Paris(s) — alle Ton: 2) ON.: «Paris» — hien as op P. gaang fir d'Sprooch ze léieren — ech wor wäit hanner P. (spaßh.: sehr weit weg) — waars de nach nët zu P.? (zu jem., der die Tür nicht schließt — Zus.: do man se d'Diren zou) — zu P. kënnen déi kleng Kanner ewell franséisch — hatt hat e Rack un, et huet ee Metz a P. derdurech gesinn (so leicht oder so fadenscheinig) — d'Meedchen huet (Metz a) P. gewisen — schëtt enger Geess dee Schluutchen an d'Ouer, da leeft se bis op P. — Ra.: P., Pa(r)schäis, ech gin heem bei méng Mamm — lok. Mosel: Pariss, Parschiss, et as geschass!
 
Paräisser M., Subst. und Adj.: «Pariser» — dat as P. Moud — wann et reent, da maache mer et wéi déi P., mir loossen et reenen oder mir lafen ënner dem Reen erduurch.
 
Paräisserpointen Pl. F.: «Pariserstifte» (Ga).
 
Pardessus (wie frz., Ton: 1 oder 3) M.: «Überzieher». [Bd. 3, S. 316]
 
Pardong (Ton: 2), Pardon (wie frz., Ton: 2) M.: 1) «Verzeihung, Nachsicht» — do as (gët) kee P. — deen huet kee P. fir keen; 2) Interj. (fast nur: Pardon, wie frz., Ton: 1) «Verzeihung, Entschuldigung» — P., wann ech glift (verzeihen, entschuldigen Sie, bitte!).
 
pardonnéieren, pardënnéieren trans./ intr. Verb.: «verzeihen».
 
pardutz(ig), pardjëft, -jëss, pardauf(deg) Interj.: «potztausend, plumps» — cf. bardaatsch.
 
Par(r)éck, Pärréck (Ton: 2) F.: 1) «Perücke» — eng P. aus richtegen, falschen Hor — im Märchen: zer Zäit wéi d'Mais Parrécke gedroen hun an d'Rate Keidelen (zur Zeit als die Mäuse Perücken und die Ratten Haarbeutel trugen), auch: wéi d'Fräsche Parrécke gedroen an d'Mais Krinolinnen — Neujahrswunsch der Kinder: vill Gléck am neie Jor an eng P. aus (mat) Gäässenhor (s. d.); 2) «starkes, üppiges Kopfhaar» — wat hues du eng P., géi emol bei de Coiffeur — ech hun e mat der P. geholl; 3) übtr.: en huet eng P. (er ist betrunken).
 
Par(r)écke- -bam M.: «Perückenstrauch, Gelbholz» (Cotinus coggygria); -bock M.: «Rehbock mit Perückengehörn» (Jägerspr.); -kapp M.: «Perückengestell»; -mécher M.: 1) «Perückenmacher»; 2) «Frisör» (veraltet); -stänner M.: «Perückengestell».
 
paréieren intr./trans. Verb: 1) «(blind) gehorchen» — lo heescht et p. odder krepéieren — den Hond paréiert op d'Wuert — hei gët paréiert an nët gemault; 2) «parieren» — en huet schlecht paréiert — Abl.: Paréiers, Geparéiers N. — all P. hoat näist gedéint, en hoat missen droa gläwen (Echt.).
 
Paresseuse F.: «Haube ohne Bänder» (C).
 
par forces. sub per.
 
Parfum (wie frz., meist Ton: 1), Parfüm, Parfum, Perfüm, Perfum (alle Ton: 2) M.: «Parfum» — dat richt no alles aneschteres wéi no P. — maach der e bësselche P. op d'Hor — iron.: dat as de P. vum Land (Jauchegeruch).
 
parfüméieren, perfüméieren trans./ refl. Verb.: «parfümieren» — dazu Verbadj.: parfüméiert — eng p. Zigarett — p. Seef — abfällig: e parfüméierten Af, Geck — e parfüméierte Wäin.
 
Parfüméierten, Parfëméierten M.: «Schwächling» — dat as där Parfüméierter een.
 
Park (Pl. Parken, Nösl.: Parrick — Ton: 1) M.: 1) «Parkanlage» — de Mondorfer, de Stater, den Escher P. — e Gaart ewéi e P.; 2) «eingefriedigter Weideplatz, Viehpferche» — cf. Perrech; 3) «Laufstall für Kinder»; 4) «Autopark».
 
Park- -drot M.: «Einfriedigungsdraht»; -plaz F.: «Parkplatz»; -scheif F.: «Parkscheibe» (Neol.); -véi N.: «Vieh, das sommersüber in Pferchen gehalten wird» — d'Metzler halen nët esou staark op d'P. ewéi op dat anert.
 
parken, parkéieren trans./intr. Verb.: «parken» — en hat falsch geparkt — e wor falsch parkéiert — substantiv.: Parken N. — d'P. as hei verbueden.
 
Parquet (wie frz., Ton: 1) M.: 1) «Staatsanwaltschaft» — de P. général (Generalstaatsanwaltschaft) — e schafft um P. — de P. beim Geriicht; 2) «Parkett» — auch: Parkett; 3) «Parkett, Teil des Zuschauerraums» (Theater) — mir huele P. (Parkettplätze).
 
Parkettbuedem M.: «Parkett-Fußboden» — lok. dafür auch: Plancher.
 
Parcours (wie frz., Pl. Parcourën) M.: «vorgezeichnete, bestimmte Strecke» — de P. vun der Course as ze schwéier fir d'Jhunioren — dazu: Libre P. (früher: gemeinsames Triftrecht auf den offenen, unbebauten Feldern verschiedener Gemeinden — cf. fräie Weedgank).
 
Parlamotts. Palamott.
 
Parlatinchen M.: 1) «Unterhaltung, Geschwätz» — et souzen dräi Gefuedeschen am Wiirtshaus bis an d'Nuecht, mat hirem P., an dronken eng Moosser uecht (im Volkslied: Zu Arel op der Knippchen); 2) (lok.: Hosingen) «redseliger, gut aufgelegter Mensch» — du bas haut dee richtege P.

 

Eingabe
Wörterbuchtext:
Stichwort:
 
  

 

© 2010 - Projekt LexicoLux des Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises der Universität Luxemburg, in Kooperation mit dem Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften an der Universität Trier
Hinweis zum problematischen Wortgut