| Planton (wie frz., Ton: 1) M.: 1) «Laufbursche, Bote»; 2) «militärische Ordonnanz» (Ga).
Planz (lok.: Plaanz) F.: 1) «Pflanze» — Zussetz.: Apdektesch-, Bësch-, Doktesch-, Feld-, Gaarde-, Gëft-, Geméis-, Heel-, Setz-, Som-, Waasserplanz — im bes. (meist Pl. Planzen); 2) a. «Setzling, Pflänzling» — Planze setzen (Setzlinge stecken) — d'Planze versetzen (repikieren) — Zussetz.: Buche-, Eeche-, Fichte-, Geméis-, Kabes-, Zalote-, Zellerisplanz usw.; b. (Nösl.) «Fichtenpflänzling» — ee-, zwee-, dräijäreg Planzen — märr sen am Gang Planzen ze setzen; c. (Nösl.) «Fichtenschonung»; d. (Mosel) «Rebensetzling».
Planze(n)- -buedem M.: «guter Boden, Erde zum Pflanzen»; -etikett F.: «Schildchen mit dem Pflanzennamen»; -frënd M.: «Botaniker» — dafür auch lok. (spaßh.): Äerdflou; -geck M.: «Pflanzenliebhaber, bes. Blumennarr»; -kenner M.: «Botaniker» — cf. -frënd; -mëscht M.: «guter Pflanzendünger»; -press F.: «Pflanzenpresse».
planzen trans. Verb.: 1) «pflanzen» — Kabes, Zalot, Zelleri p. (Kohl-, Salat-, Selleriepflänzlinge stecken) — Nösl.: mer sen am Gang ze p. (im Begriff Fichten anzupflanzen) — a Reie p. — mam Setzer, Setzpoul p.; 2) «im Frühjahr den Garten bestellen» (C) — ech hun nach guer nët geplanzt, de Buedem as nach ze kal — eng Kautsch p. — Zussetz.: be-, ëm-, ver-, uplanzen.
plapperen intr. Verb.: «ausplaudern» — dafür auch: bätschen (s. d. sub 2), maulen (s. d. sub 4).
placéieren trans. Verb.: 1) «placieren, in eine Stellung bringen» — mir hun d'Kanner elo all placéiert — hien as gutt placéiert (hat eine einträgliche Stellung) — de Jhang huet him de Jong op d'Eisebunn placéiert (eine Stellung, einen Arbeitsplatz bei der Eisenbahn verschafft) — säi Meedchen as gutt placéiert (hat gut geheiratet); 2) «einen bestimmten Platz zuweisen» — a wou solle mer déi sëlleche Leit all p.? — hues de se all placéiert kritt?; 3) «anlegen, unterbringen» (Kapital) — ech hu méng Suen all gutt placéiert — hien huet säi Verméigen an Aktie placéiert — cf. uleën; 4) refl.: «sich klassieren» — en huet sech als drëtte placéiert — cf. klasséieren — dazu: gutt placéiert Verbadj.: 1) «gut gestellt» — e gutt placéierte Mann; 2) in der Wendung: ech si gutt p. fir dat ze wëssen (sitze an der Quelle).
Placeuse (wie frz., Ton: 1) M.: «Platzanweiserin» (Kino, Theater).
Placement (wie frz., Ton: 1 oder 3, dann ohne Nasalierung), Plassemang M.: 1) «Kapitalanlage» — da's e gudde P.; 2) «das angelegte Kapital».
Plastik I (Ton: 1) M.: 1) «Kunststoff» — haut as ewell ganz vill Geschir aus P. — dazu in Zussetz.: Plastiks-ämer M.; -bittchen F.; -becher M.; -geschir N.; -hatt F.; -plättchen F.; -rouer M., -schnouer F. usw.; 2) «Plastilin».
Plastik II F.: «Plastik» (Bildhauerkunst).
Plastron (wie frz., Ton: 1), Plastrong M.: 1) a. «(gestrickter) Brustlatz an Männer- und Frauenkleidung»; b. «gestärktes Vorhemd» — cf. Schmisett; 2) «Brustleder der Fechterkleidung».
Plat (wie frz.) M. — s. S. 354.
Plat (Echt.: Platt, Nösl.: Plätt — Pl. Platen, Platten, Plätten — Dim. Plättchen — s. d.) F.: «(große) Steinplatte» — eng stenge Pl. (Steinplatte) — eng leë P. (Schieferplatte) — Nösl.: fréier luche bal iwwerall gruuss blooch Plätten an de Kéchen (Küchen) an an den Hausgäng — cf. Plack sub 1), Blat I sub 3, Blat II — Zussetz.: Dëschplat — s. Dëschblat.
Platan (Ton: 2) F.: «Platane» — dafür auch: Plattdänn. [Bd. 3, S. 358]
platen, plätten trans. Verb.: «mit (großen Stein-)Platten, Fliesen belegen» — den Hausgank wor schéi geplat — Abl.: Geplaats N.
Platen ON.: «Platen» — Dorf der Gemeinde Bettborn, Kanton Redingen — 219.
Platin M.: 1) «Platin» (Metall); 2) (meist Pl. Platinnen) «Platinblättchen im Autozündmechanismus» — d'Platinne mussen ersat gin.
platinéieren trans. Verb.: «platinieren».
platinéiert Verbadj.: «platiniert, platinblond» — p. Hoer.
platinnen, platéngen Adj.: «aus Platin» — ech krut vum Zänndokter eng platinne Plack agesat — eng platinne Ketten.
Plateau (wie frz., Ton: 1), Platto M.: 1) a. «Servierbrett, Präsentierteller» — et stoung e ganze P. voll Ham um Dësch, jidderee konnt huele, wat e wollt — iron. zu einem anspruchsvollen und wählerischen Burschen oder Mädchen: mengs de du kriits nach eent (een) op engem sëlwer P. zerwéiert? — du kriss et nach op engem P. (zu jem., der anspruchsvoll ist); b. «Schale der Waage» — d'Plattoë vun der Wo; 2) «Plateau» — de P. vun der Rumm (Rhamplateau - Luxemburg-Stadt); 3) «großes, flaches Setzschiff mit ausschiebbarer Zunge für Tabellen usw.» (Druckerspr.) — dafür auch: Pied à coulisse (wie frz.), Galée (wie frz., Ton: 1), Galéi (s. d. sub II). | |